Afleveringen
-
Op sengem leschte (Schaff-)Dag: wéi beurteelt de Lëtzebuerger Nach-Kommissär d'Traktatioune vun der leschter Woch am Europäesche Parlament?
-
No 45 Joer am Déngscht vu méi séchere Stroossen zitt den Nach-President vun der Sécurité routière sech zeréck. De Maurice Molitor freet hien no sengem Bilan.
-
Den däitsche Mathematiker a Statistiker warnt viru falsche Conclusiounen aus demographesche Projektiounen a virun engem Kapital-gedeckte Pensiounsregimm.
-
Den Direkter vun der Fondation pour l’accès au Logement schwätzt iwwer 15 Joer Gestion locative sociale hei am Land, déi hien eng "success story" nennt.
-
No der Weltklimakonferenz vu Baku: Froe vum Maurice Molitor un de Lëtzebuerger Ëmweltminister
-
Ass nach mat engem Accord op der Welt-Klimakonferenz ze rechnen? Mir froen déi fréier Ëmweltministesch, déi elo fir déi gréng an der Chamber sëtzt.
-
D'Caritas-Affär gëtt zanter gëschter an der Chamber opgeschafft. Wat ass d'Zil vun der Spezialkommissioun? Mir froen hir Presidentin vun der CSV.
-
Gëtt et trotz de rezente Krise weider finanzielle Spillraum am Staatsbudget? Mir froen de President vum Conseil national des finances publiques.
-
Muss de Staatsrot reforméiert ginn? Mir froen deen neie President vum Conseil d'Etat.
-
Gëtt déi nei Regierung den Erwaardunge vum Patronat bis elo gerecht? Dat froe mir den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL.
-
Iwwermuer (17. November) gëtt et ee Joer, datt d'CSV-DP-Koalitioun d'Regierungsverantwortung iwwerholl huet. No den éischten 12 Méint zitt de Maurice Molitor en Tëschebilan mam Premier.
-
No der "nationaler Consultatioun" iwwer den Ausbau vun den erneierbaren Energien zu Senneng: Froen un den Energieminister.
-
De President vun der Gewerkschaft vun de Gemengebeamten FGFC mat Suergen ëm den TICE an Onverständnis iwwer en Accord salarial, deen nach ëmmer net ëmgesat ass.
-
De Maurice Molitor freet déi gréng Europadeputéiert, wéi d'Auditioune vun den designéierten EU-Kommissäre verlaf sinn.
-
De Maurice Molitor schwätzt mam President vun der Copas iwwer d'Problemer, déi et am Secteur vun der Fleeg ginn, fir genuch Mataarbechter ze fannen.
-
Bréngt den Donald Trump als neien US-President d'Weltuerdnung endgülteg duercherneen? A wat ass vun Neiwalen an Däitschland ze erwaarden? Dat freet d'Christiane Kleer de fréieren LSAP-Ausseminister Jean Asselborn.
-
Wéi sollen d'Europäer mam designéierten US-President Donald Trump ëmgoen? A wat bedeit d'Enn vum der Ampel-Koalitioun an Däitschland? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam liberalen Europadeputéierten.
-
De Robert Harmsen ass Politikwëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg, hien ass do och Dekan vun der Fakultéit vun de Sciences humaines, an den Erzéiungs-a Sozialwëssenschaften. Mat him beliichte mir déi neiste Resultater vun den US-Walen.
-
Enger Etüd vum Luxembourg Institute of Health no ginn et manner Stierffäll wéinst Kriibs. Wat dat am Detail bedeit, erkläert déi wëssenschaftlech Direktesch vum Kriibsregëster a Co-Auteure vun der Etüd.
-
Mam CSV-Ëmweltminister schwätze mir iwwer d'Resultater vun der COP16 an d'Biodiversitéit hei am Land.
- Laat meer zien