Afleveringen

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut trainéiere mir d'Alphabet op Lëtzebuergesch. Mir héieren och e Beispiller, wou d'Alphabet trainéiert gëtt.

    ---

    Transkript

    D'Alphabet op Lëtzebuergesch

    D’Alphabet op Lëtzebuergesch

    A wéi Adress

    B wéi Bus

    C wéi Computer

    D wéi Dokter

    E wéi Elteren

    F wéi Famill

    G wéi Gebuertsdag

    H wéi Handysnummer

    I wéi Informatiker

    J wéi Joreszäit

    K wéi Kaffi

    L wéi Lëtzebuerg

    M wéi Meedchen

    N wéi Noper

    O wéi Owend

    P wéi Proff

    Q wéi Quetsch

    R wéi Restaurant

    S wéi Samschdeg

    T wéi Telefon

    U wéi Universitéit

    V wéi Virnumm

    W wéi Woch

    X wéi Xylophon

    Y wéi Yoga

    Z wéi Zuch

    Elo héiere mir dräi kuerz Dialoger.

    Am Cours vum INLL

    Apprenant : Gudde Moien, ech sinn am A1-Lëtzebuergesch-Cours.

    Proff : Jo, wéi ass Ären Numm, wgl. ?

    Apprenant : Sachinoli Ortega.

    Proff : Kënnt Dir Äre Virnumm buschtawéieren, wgl. ?

    Apprenant : Jo, natierlech. S-A-C-H-I-N-O-L-I.

    Proff : A jo, ären Numm ass hei op der Lëscht. Wëllkomm !

    Am Cours

    Yarina : Moien, wéi heeschs du ?

    Kevin : Ech heesche Kevin. An du?

    Yarina : Mäin Numm ass Yarina.

    Kevin : Wéi schreift een dat ?

    Yarina : Y-A-R-I-N-A.

    E Rendez-vous beim Dokter

    Patient : Gudde Moien, ech brauch e Rendez-vous beim Dokter Thill.

    Rezeptionnistin : Wéi ass Ären Numm, wgl. ?

    Patient : Marcel Landewyck

    Rezeptionnistin : Kënnt Dir dat buschtawéieren, wgl. ?

    Patient : Jo. M-A-R-C-E-L, Landewyck L-A-N-D-E-W-Y-C-K

    Rezeptionnistin : An der Rei. E Moment, wgl…

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog tëschent Elteren iwwer hir Kanner. Duerno lauschtere mir, wéi eng Mamm e Message op de Repondeur vum Dokter schwätzt.

    ---

    Transkript

    Alldag mat Kanner

    Sara: Hallo Maria, wéi ass et, du gesäis e bësse midd aus?

    Maria: O, fro net..

    Sara: Wéi dann? Wat ass lass?

    Maria: Ech sinn immens iwwerfuerdert mat deem Klengen. Geet et dir dann net esou?

    Sara: Ech gleewen dir! Mir goung et och esou, wéi meng Kanner nach kleng waren, mee elo geet et awer.

    Maria: Wierklech? Wéi gesäit da bei dir sou en Dag aus?

    Sara: Ech schaffe jo Hallefzäit an dofir hunn ech och genuch Zäit, fir mech ëm alles ze këmmeren. Moies erwächen ech d’Kanner a mir drénken zesumme Kaffi. De Ben preparéiert sech säi Müsli souguer selwer. D’Kanner di sech och selwer un an da bréngen ech si an d’Schoul. Hir Schoul läit jo um Wee, fir op meng Aarbecht. No der Schoul ginn d’Kanner an d’Maison Relais an ech gi si da géint fënnef Auer nomëttes sichen. An der Tëschenzäit ginn ech akafen oder ech maachen de Stot. Wann d’Kanner bis doheem sinn, mécht mäi Mann mat hinnen d’Hausaufgaben an ech kachen. Mir iessen all zesummen an um néng Auer ginn d’Kanner an d’Bett. Do hu mäi Mann an ech dann e bëssen Zäit fir eis.

    Maria: Dat kléngt trotzdeem no engem volle Programm.

    Sara: Ass et jo och, mee wéi gesot, et gëtt awer méi einfach mat der Zäit. Wéi ass et da bei dir?

    Maria: Mäi Mann wollt sech elo nach net säi Congé Parental huelen, dofir verbréngen ech de ganzen Dag eleng mat mengem Meedchen. Hatt erwächt nuets all zweet Stonn, well et geniert muss ginn an dofir sinn ech och esou midd. Jo a moies fiert mäi Mann gemittlech op d’Schaff an ech sinn dann aacht Stonnen eleng mat deem Klengen. Ech maachen dann en Tour mat him a mam Mupp. Hatt schléift meeschtens an der Kutsch an. Wann ech heemkomme raumen ech e bëssen a kache fir d’Mëtteg-an d’Owendiesse vir. Wann hatt bis wakereg ass beschäftegen ech mech mat him. Heiansdo gi mir an de Schwammcours oder ech treffe mech mat anere Mammen aus dem Duerf.

    Sara: A, dat ass gutt! Du solls dech och mat anere Mammen austauschen an em Rot froen. Hëllefen deng Elteren dir dann och bëssen?

    Maria: Jo, wa si Zäit hunn, da ginn ech bei si. Meng Mamm passt gär op d’Ella op. Ech profitéieren dann dovun a schlofen alt e bëssen oder ech ginn an den Danzcours. Do kann ech dann e bëssen ofschalten.

    Sara: Flott!

    Message um Repondeur

    Repondeur:
    Moien, hei ass de Repondeur vum Dr. Wald. De Moment sinn all eis Leitunge besat. Rufft wannechgelift méi spéit nach eng Kéier un oder hannerloosst e Message mat Ärem Numm, mat Ärer Nummer op Ärer Krankekeesskäertchen a mat Ärem Uleies. Wann dir nei Patiente sidd, da sot wannechgelift och nach Är Adress an Är Telefonsnummer. Mir kontaktéieren Iech dann esou séier wéi méiglech. Äddi!

    Patientin:
    Moien. Hei ass d’Amélie Kohl. Mäi Meedchen ass krank a brauch e Rendez-vous. Mir sinn am Januar op Stengefort geplënnert an nei Patientinnen. Säi Virnumm ass Lina a säi Familljennumm ass Schmit-Kohl. Schmit, Bindestréch, Kohl.
    Seng Sécurité-sociales-Nummer ass 2019021504392.
    Eis Adress ass: 15, rue Schéi-Vue, L-8642 Stengefort.
    Eis Telefonsnummer ass 27 838 456 oder meng Handysnummer, 621 89 38 33.
    Merci! Äddi!

  • Zijn er afleveringen die ontbreken?

    Klik hier om de feed te vernieuwen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    ---

    Transkript:

    Sally: Daniela, kann ech dir eng Fro stellen?
    Daniela: Jo, natierlech.

    Sally: Okay... Also Daniela: Wou bass du gebuer wgl.?

    Daniela: Ech sinn a Rumänien zu Bucharest gebuer. Ech hunn awer och direkt eng Fro fir dech, Sally: Wéini bass du gebuer?

    Sally: Ech sinn den 18. September 1986 gebuer.

    Daniela: Dann hues du jo haut Gebuertsdag! Alles Guddes! Wat hues du dann den Owend geplangt?

    Sally: Den Owend ginn ech gemittlech eppes mat mengem Mann iessen. De Weekend hu mir e puer Frënn bei eis invitéiert. Ech hoffen et reent net. Da kéint ee vläicht nach eng Kéier grillen.

    Moderator: Soss, méchs du einfach déi éischt Raclette vun der Saison. Da schmaacht se nach extra gutt.

    Sally: Effektiv. Dat ass wierklech eng Iddi! Daniela, wat hues du dann de Weekend geplangt?

    Daniela: Ech hoffen och net, dass et ze vill reent. Da kann ech mat de Kanner op d'Spillplaz goen.

    Sally: A sou? Du hues Kanner. Wéi heeschen si dann a wéi al si si?

    Daniela: Mäi Meedchen heescht Valentina an hatt ass 3 Joer al, a mäi Jong heescht Adrian, hien huet 6 Joer. Du has virdru gesot, dass du mat dengem Mann iesse gees. Wéi laang sidd dir da scho bestuet?

    Sally: Mir hunn eis de 6. Juni 2016 bestuet, zënter 8 Joer also.

    Daniela: Hutt dir iech zu Lëtzebuerg bestuet?

    Sally: Nee, dunn hu mir nach net hei gewunnt. Mir sinn eréischt 2019 op Lëtzebuerg geplënnert.

    Daniela: A wéini hues du ugefaange Lëtzebuergesch ze léieren?

    Sally: Am Februar 2020 hunn ech mäin éischte Cours am INLL gemaach. Dat war net esou einfach, well am Mäerz 2020 all d'Coursen online waren, wéinst Covid. Dat war am Ufank alles net esou einfach.

    Daniela: Dann hat ech jo méi Chance. Ech léieren elo zënter zwee an engem hallwe Joer Lëtzebuergesch. Et ass awer och net esou einfach fir meng Famill, d'Aarbecht an d'Coursen ënnert een Hutt ze kréien. An da maachen ech och nach heiansdo gär Sport.

    Sally: Wat méchs du da fir ee Sport?

    Daniela: Ech gi gär an de Bësch lafen. Am Summer ginn ech och gär schwammen... Am Wanter maachen ech dat net esou gär. Dann as et mir ze kal. An dann hunn ech keng Loscht fir och nach an dat kaalt Waasser ze sprangen.

    Sally: Dat verstinn ech. Fiers du net gär Vëlo?

    Daniela: Dach, elo wou mäi Jong schonn e bësse méi al ass, kënne mir scho kleng Tier zesumme maachen. Dat mécht wierklech Spaass. An du Sally? Wat méchs du gär an denger Fräizäit.

    Sally: Ech sinn elo net méi esou sportlech. Ech hu léiwer méi e gemittleche Programm. Ech gi gär an de Kino, ech probéiere gär nei Restauranten aus, ech interesséiere mech och fir Konscht a gi reegelméisseg nei Expoe kucken. Heiansdo ginn ech och emol op e Concert. Dat maachen ech awer net esou oft. Als Kand hunn ech méi Sport gemaach. Ech hunn ëmmer gär Basket an Handball gespillt. Wéi ech 19 Joer hat, hunn ech mech awer relativ schlëmm um Knéi blesséiert an zënterdeemsinn ech gezwonge méi lues ze maachen.

    Daniela: Dat deet mir leed ze héieren! Wat bass du da vu Beruff?

    Sally: Ech sinn Affekotin a schaffen an enger Etude hei an der Stad.

    Daniela: Dann hues du bestëmmt genuch Stress.

    Sally: Jo, dat stëmmt. Et ass ni langweileg a mir hu wierklech vill Aarbecht. Ech freeë mech schonn op d'Pensioun!

    Daniela: Op d'Pensioun? Du hues dach nach keng 40 Joer a schwätz scho vun der Pensioun. Hues du da scho Pläng, wann s de fäerdeg bass mat schaffen?

    Sally: Jo. Mäi Mann an ech wëllen eis e klengt Haus an Italie kafen, mat engem schéine grousse Gaart. Do kënne mir eis et da gutt huelen a vum Liewe profitéieren an dat ouni Stress.

    Moderator: Dat kléngt no engem ganz flotte Plang! Et deet mir leed dir Dammen, dass ech iech hei ënnerbrieche muss. Mee ech gesinn, dass eis Emissioun gläich fäerdeg ass. Ech wënschen iech allenzwee nach ganz vill Gléck fir är Zukunft! Sally, dir proposéieren ech fir eventuell Lotto ze spillen. Vläicht gewënns du jo, an da kanns du scho ganz geschwënn en Haischen an Italie kafen.

    Sally: Jo, dat kéint ech emol probéieren.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    An dësem Episod erkläre mir iech, wéi dir iech an engem Cours am INLL umelle kënnt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Fir déi Persounen, déi d’lescht Semester schonn e Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Aschreiwungen schonn den 10. September un. Dës Persounen hunn also schonn e MyINL Konto a kënne sech via hire Konto aschreiwen.

    Fir déi Persounen, déi nach kee Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Aschreiwungen den 11. September un. Dir musst Iech also fir d’éischt e MyINL Konto maachen. Fir dat ze maachen, musst Dir op de Site www.inll.lu goen, da klickt Dir uewe riets op MyINL, da klickt Dir op “Je me connecte” oder “I am intreseted”, da klickt Dir uewe riets op “Se connecter/S’enregistrer” a schlussendlech klickt Dir op “Créer votre compte MyINL”.

    Fir Iech anzeschreiwen, braucht Dir e valabelen Niveau Recommandé. Liest wgl. d’Instruktiounen ënnert "Mes niveaux" a maacht den online Pre-Test. Fir Chineesesch a Russesch gëtt et kee Pre-Test. Falls Dir e komplette Ufänger sidd, kënnt Dir Iech direkt den 11. September fir en Niveau A1 umellen.

    Fir all aneren Niveau musst Dir Iech e Rendez-vous fir eis Orientéierungsdeeg huelen, ënnert der Rubrik "Mes niveaux". D’Orientéierungsdeeg sinn den 16. an de 17. September.

    Soubal Dir e valabelen Niveau Recommandé hutt:

    Mellt Iech op Ärem MyINL Kont un.

    2. Kuckt d’Offer vun de Coursë fir déi gewielte Sprooch. Déi gëtt a grénger Faarf ugewisen an orientéiert sech un Ärem recommandéierten Niveau.

    3. Wielt d’Format, den Horaire an de Site, dee bei Iech passt.

    4. Klickt dann op "S'inscrire".

    Mir hoffen, mir konnten Iech heimat e bëssen hëllefen oder op d’mannst Iech drun erënneren, dass d’Aschreiwungen d’nächst Woch ufänken.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d'Schueberfouer.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Lynn : So, Pit, ech hu gelies, datt d’Schueberfouer dës Woch ufänkt. Wat ass dat eigentlech ?

    Pit : Jo, dat ass richteg ! D’Schueberfouer fänkt dëst Joer den 23. August un. Se ass all Summer vun Enn August bis Ufank September. Et ass eng riseg Kiermes hei an der Stad um Glacis, mat allerlee flotten Attraktiounen, Spiller an Iess- a Gedrénksstänn.

    Lynn: Dat kléngt spannend! Wat kann een dann do alles maachen?

    Pit: O, et gëtt esou vill! Et hänkt dovun of, wat dech interesséiert. Ech ginn zum Beispill ëmmer gär op eng Achterbunn oder eng Geeschterbunn a bei d’Schéissbuden. Mat mengem Neveu ginn ech oft op e Karussel fir Kanner oder fëschen. Hien ass nach ze kleng fir déi grouss Spiller.

    Lynn: Cool! Gëtt et och traditionnelt Iessen?

    Pit: Natierlech! D’Gromperekichelcher sinn e Muss. Dat ass eng Lëtzebuergesch Spezialitéit. Mee et kann een och gebakene Fësch, Eisekuchen, gebrannt Mandelen oder Uebst mat Schockela iessen. Et ginn och e puer Stänn, wou ee Béier oder aner Saachen drénke kann.

    Lynn: Mmh, Gromperekichelcher hunn ech immens gär! Mee, so, ginn et dann och speziell Evenementer oder Spektakelen op der Schueberfouer?

    Pit: Hmm, jo, de leschten Dag vun der Schueberfouer ass meeschtens e grousst Freedefeier. Et gëtt och de Bierger- an de Familljendag. Do sinn d’Spiller méi bëlleg. An dann ass den éischten Dag vun der Schueberfouer natierlech och nach den Hämmelsmarsch.

    Lynn: Den Hämmelsmarsch? A wat ass dat dann?

    Pit: Et ass en Ëmzuch mat Schof, wou eng traditionnel Musek gespillt gëtt. Hei, lauschter, dat kléngt esou: (Musek).

    Lynn: A jo, dat hunn ech schonn emol héieren. Elo sinn ech wierklech gespaant! Hues de Loscht, eng Kéier zesumme mat mir op d’Schueberfouer ze goen?

    Pit: Gär! Wéi wier et nächste Samschdeg? Mir kënnen eis nomëttes treffen an dann de ganzen Owend op der Fouer verbréngen.

    Lynn : Perfekt ! Treffe mer eis um 16 Auer beim Riserad ?

    Pit : Jo, dat geet. Tipptopp, ech freeë mech schonn! Bis dann!

    Lynn: Ech mech och! Bis e Samschdeg!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir d'Selma am Studio. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht (Niveau B1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Moderator: Moie Selma a wëllkomm an der Poterkëscht. Mir soen dir Merci, dass du bereet waars mat eis deng Liewensgeschicht ze deelen. Erziel eis emol fir d’éischt, wéi s du iwwerhaapt op Lëtzebuerg komm bass.

    Selma: Ech soen Iech Merci, dass dir mech invitéiert hutt. Ech si viru 27 Joer op Lëtzebuerg komm. Meng Eltere sinn an den Nonzeger Jore virum Krich an Ex-Jugoslawie geflücht. Si sinn als éischt, mat Hëllef vun der Croix-Rouge, an eng kleng Stad an der Belsch geflücht a réischt e puer Joer méi spéit si mir op Lëtzebuerg komm.

    M: A sou. Bass du dann an der Belsch gebuer ?

    S: Nee, ech sinn a Bosnien, wärend dem Krich, gebuer. Ech war nëmmen dräi Méint al, wéi mir an d’Belsch komm sinn.

    M: Du waars jo nach e Puppelchen! Kanns du dech dann un deng Zäit an der Belsch erënneren?

    S: Ech ka mech net wierklech u vill Saachen erënneren, well ech scho mat véier Joer op Lëtzebuerg komm sinn. Ech ka mech awer nach e bëssen un d’Crèche an un eis Wunneng an där mir gelieft hunn erënneren.

    M: Konnten deng Elteren da scho Franséisch, wéi dir an d’Belsch komm sidd?

    S: Mäi Papp konnt schonn e bësse Franséisch, well hien dat an der Schoul geléiert hat, mee meng Mamm huet misse vun null ufänken. Et gouf Volontairen, déi Sproochecoursen ugebueden hunn an esou hu meng Elteren d’Sprooch geléiert. Am Dag hu se geschafft an owes hate se hir Coursen.

    M: Dat heescht, deng Eltere konnten direkt schaffen?

    S: Jo, mäi Papp konnt direkt als Architekt schaffen a meng Mamm huet als Serveuse an engem Café geschafft.

    M: Dann hate se jo Chance, fir direkt kënnen ze schaffen an d’Sprooch am Alldag ze benotzen.

    S: Jo, genau, dat huet hinnen immens vill gehollef, fir séier Franséisch ze léieren.

    M: Du sos, du waars véier Joer al, wéi s du op Lëtzebuerg komm bass. Bass du dann direkt an d’Spillschoul gaangen a wéi war dat fir dech mat der lëtzebuergescher Sprooch?

    S: Jo, ech sinn direkt an d’Spillschoul gaangen. Ech konnt jo scho Franséisch, dofir war et net schwéier mat der Joffer ze kommunizéieren a Lëtzebuergesch hunn ech och immens séier geléiert, well déi aner Kanner mat mir Lëtzebuergesch geschwat hunn. Wann ee Kand ass, da léiert een eng Sprooch immens séier, ouni et wierklech ze mierken. Mir hunn deemools op engem Camping am Weste vum Land gelieft an do waren immens vill Hollänner a meng Schwëster an ech hunn och op eemol Hollännesch geschwat.

    M: Dat ass jo interessant. Kanns du dann nach ëmmer Hollännesch?

    S: Nee, leider hunn ech alles vergiess.

    M: Schued. Wéi laang hutt dir dann op deem Camping gelieft a wéi war dat fir deng Elteren?

    S: Mir hunn ongeféier sechs Joer do gelieft. Et war net einfach fir meng Elteren, well dat net dat Liewe war, dat si sech fir hir Kanner a sech selwer virgestallt hunn. Meng Mamm krut ganz laang kee Permis de travail an huet um Camping als Botzfra geschafft. Eréischt no véier Joer konnt si hire Beruff ausüben. Wéi si genuch Suen op der Säit haten, hu si sech eng Wunneng am Süde vum Land kaf a mir si geplënnert.

    M: War et dann och schwéier fir dech an deng Schwëster?

    S: Fir eis war et natierlech net esou schwéier, well mir dat deemools net esou richteg verstanen hunn. Mir hunn immens séier d’Sprooch geléiert an hate vill Frënn, wat eis gehollef huet eis z’integréieren. Ech fille mech haut och iergendwéi méi, wéi eng Lëtzebuergerin, well ech hei grouss gi sinn a mir mäi Liewen hei opgebaut hunn. Natierlech vergiessen ech net vu wou ech kommen an ech pfleege meng Relatioune mat mengem Heemechtsland och, andeems ech eemol d’Joer a Bosnie ginn an nach vill Kontakt mat menger Famill hunn.

    M: Dat ass schéin ze héieren. Ech soen dir op dëser Plaz villmools Merci fir d’Matdeelen a wënschen dir nach vill Erfolleg hei zu Lëtzebuerg.

    S: Merci!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. Mir maachen zesummen eng kleng Entspanungsübung.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Haut maache mir eng Entspanungsübung zesummen. Fir dësen Exercice braucht dir 5 Minutten Zäit an eng roueg Plaz.
    Setzt Iech op e Stull oder leet Iech op de Kannapee, Äert Bett oder op de Buedem oder eventuell op d’Plage an de Sand.
    Setzt oder leet Iech esou, datt et confortabel fir Iech ass.
    Maacht Är Aen zou a probéiert un näischt ze denken. Konzentréiert Iech op meng Stëmm.
    Otemt déif duerch d’Nues eran an otemt lues duerch de Mond eraus.

    Otemt nach eng Kéier an an aus.

    Elo probéiere mir eis nach méi z’entspanen.
    Konzentréiert Iech op Är Féiss an Zéiwen, a spiert, wéi se ëmmer méi schwéier ginn, fir d’éischt de rietse Fouss mat sengen Zéiwen an dann de lénksen. Spiert, wéi Är Féiss an Zéiwe sech entspanen.
    Konzentréiert Iech elo op Är Been. Se ginn och ëmmer méi schwéier an entspane sech.
    Spiert elo, wéi Ären Hënner fest sëtzt oder läit.
    Spiert, wéi Der ëmmer méi schwéier gitt a wéi sech den ënneschten Deel vun Ärem Kierper ëmmer méi entspaant.
    Denkt elo un Äre Réck an Äre Bauch.
    Wann Dir grad sëtzt, leet Iech e bëssen no hannen a spiert de Kontakt mam Stull. Äre Réck relaxt ëmmer méi.
    Entspaant elo Äre Bauch a probéiert en entspaant ze loossen, och wann Dir an- an ausotemt.

    Och Är Äerm, Är Hänn an Är Fangere gi schwéier. Fir d’éischt de rietsen Aarm an déi riets Hand mat hire Fangeren an dann dee lénksen Aarm an déi lénks Hand mat hire Fangeren ; alleguer ganz schwéier.
    Denkt elo un Är Schëlleren. Spiert, wéi d’Uspanung vum Alldag, déi op Äre Schëllere sëtzt, lues a lues fortgeet a wéi Är Schëlleren ëmmer méi no ënnen hin entspanen.

    Konzentréiert Iech elo op Äre Kapp an op Äert Genéck, op deem de Kapp sëtzt.
    Se gi schwéier an Dir entspaant Iech ëmmer méi. De Kapp ass esou entspaant, datt Dir un näischt Aneres denkt wéi un Äre Kierper a wéi relax e sech grad ufillt.

    Zum Schluss konzentréiere mir eis nach op d’Gesiicht.
    Probéiert d’Muskelen an Ärem Gesiicht ze lackeren.
    Äre Kënn gëtt schwéier, Äre Mond, Är Baken an och Är Oueren dernieft, Är Aen an Är Stier. Alles gëtt schwéier an alles entspaant sech.
    Otemt elo nach eng Kéier déif an an aus.

    Dir spiert, wéi Äre ganze Kierper relax ass.

    Maacht lues Är Aen op a probéiert Är entspaant Kierperdeeler duuss ze beweegen.

    Elo sidd Dir prett, fir Ären Dag méi entspaant weiderzeféieren.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut ass de leschten Episod virun der Summervakanz. De Summer publizéiere mir just all zwou Wochen en neien Episod, an dat mëttwochs.

    Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi en Ausfluch plangen, an duerno zwou Persounen, déi e Grillfest organiséiere wëllen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    En Ausfluch plangen

    A : Moie Pit ! Hues de Loscht, de Weekend en Ausfluch ze maachen ?

    B : Jo, dat kléngt flott ! Wuer wëlls de da fueren ?

    A : Wéi wier et mam Mëllerdall ? Ech hunn héieren, do ass et schéin.

    B: Mëllerdall? Do war ech nach net. Wat kann een dann do maachen?

    A: Mir kënnen en Trëppeltour maachen an d’Fielse kucke goen. Et ginn och e puer kleng Waasserfäll a kleng schéi Brécken.

    B: Flott! Wéi gëtt d’Wieder de Weekend?

    A: E Samschdeg soll et sonneg a waarm ginn, ongeféier 25 Grad.

    B: Perfekt! An e Sonndeg?
    A: E Sonndeg gëtt et e bësse méi kill, ongeféier 18 Grad, an et ass Ree gemellt.

    B : Hmm, dann ass et besser, mir ginn e Samschdeg wanderen. Solle mer dann och op Beefort d’Schlass kucke goen? Dat ass do an der Géigend.
    A: Dat ass eng flott Iddi. Mee ech mengen, dat gëtt e bësse vill.

    B: Jo, do hues du och Recht. Solle mir dann owes op Iechternach eppes iesse goen?

    A: Wëlls de léiwer op den Iechternacher Séi oder an d’Stad selwer goen?

    B: Mir ass dat egal. Mir kënnen dat jo spontan e Samschdeg kucken.

    A : An der Rei. Solle mir eis e Samschdeg de Moien dann um 9 Auer op der Gare treffen ? Do kënne mir de Bus bis an de Mëllerdall huelen.

    B: Jo, dat geet. Super, ech freeë mech schonn!

    A: Ech mech och! Bis e Samschdeg!

    B: Bis dann!

    E Grillfest plangen

    Anna : So Ben, solle mer de Weekend e Grillfest organiséieren? Et gëtt gutt Wieder, 28 Grad!

    Ben: Ou jo, dat ass eng gutt Iddi! Wéini?

    Anna: Wéi wier et e Samschdeg den Owend ? E Sonndeg fueren ech scho mat Frënn op de Stauséi.

    Ben : Perfekt ! Ech hunn e Samschdeg Zäit. Mee da musse mir awer elo ufänke mat plangen.

    Anna: Richteg. Also, fir d’éischt brauche mer Fleesch fir op de Grill. Wéi vill Leit solle mer invitéieren?

    Ben: Hmm, de Pit, den Tom a seng nei Frëndin, d’Jessie, a vläicht d’Lisa an d’Marta.

    Anna : Jo, dat kléngt gutt. D’Marta bréngt bestëmmt och säi Brudder mat, deen ass de Moment op Besuch. Da si mir zu aacht.

    Ben : Ok. Da proposéieren ech, mir kafen aacht Grillwurschten a sechs Kotletten.

    Anna: Pass awer op, den Tom an d’Jessie si Vegetarier. Mir brauchen och eppes fir si.

    Ben: A jo, stëmmt. Wat kënne mer da fir si maachen?

    Anna: Ech proposéieren, mir grille Geméis an Tofu. Villäicht kënne mer och e puer Geméisspiisser maachen.

    Ben : Ok. Dann notéieren ech nach : véier Poivronen, dräi Courgetten, zwee Päck Champignonen an zwee Päck Tofu.

    Anna: Gutt Iddi! Wat brauche mir nach?

    Ben: Vläicht e bësse Brout fir bei d’Grillwurschten an e puer Zaloten? Ech kann eventuell eng Gromperenzalot preparéieren. Dofir brauch ech dann annerhallwe Kilo Gromperen, zwou Ënnen an e Glas Mayonnaise.

    Anna: O jo, deng Gromperenzalot ass ëmmer den Hit! Ech bréngen dann e puer Baguettë mat. Ech denken, dräi Stéck ginn duer. Ech kann och nach eng gréng Zalot kafe goen. D’Marta bréngt bestëmmt seng italieenesch Zalot mat Tomaten a Mozzarella mat.

    Ben: Ech mengen, mir hunn elo genuch z’iessen. D’Jonge brénge bestëmmt och e puer Tute Chips a Béier mat. A propos Béier, wéi ass et mam Gedrénks?

    Anna: Ech kann zwou Fläsche Rosé kafe goen. Waasser a Cola hunn ech nach doheem. Villäicht ka jo jiddereen eppes ze drénke matbréngen?

    Ben: Dat ass eng gutt Iddi. Da musse mir net ze vill kafen.

    Anna: Tipptopp ! Da schreiwen ech elo jidderengem eng SMS mat enger Invitatioun. Solle mer eis muer den Owend treffen an alles an de Supermarché kafe goen?

    Ben: Dat ass eng gutt Iddi. Bis muer!

    Anna: Ciao!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir e puer Frënn, déi zesummen eng Vakanz fir de Summer plangen. Duerno lauschtere mir d'Postkaart, déi si aus der Vakanz geschéckt hunn.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Dialog

    Anna: So, hutt dir scho Pläng fir de Summer?

    Tom: Also ech nach net. Ech géif awer gär an eng Stad goen. Wat denkt dir?

    Lara: Dat kléngt super ! Wuer solle mer da goen ?

    Anna : Wéi wier et mat Berlin ? Do gëtt et vill ze kucken.

    Lara : Hmm, ech war schonn e puer Mol zu Berlin. Ech géif léiwer op eng waarm Plaz goen.

    Tom : Vläicht Barcelona ? Do ass et schéin a waarm.

    Anna: O jo, ech wëll onbedéngt d’Sagrada Familia gesinn!

    Lara: De Park Güell ass och impressionant. A mir kënnen op d’Plage goen an am Mier schwammen.

    Tom: Ma tipptopp! Wou solle mer iwwernuechten?

    Anna: Ech proposéieren eng Jugendherberg. Dat ass bëlleg a mir kënnen nei Leit kenne léieren.

    Lara: Dat ass eng gutt Iddi. A wéi komme mer op Barcelona?

    Tom : De Fliger ass déi bescht Optioun. Dat geet séier.

    Anna : Ech sinn averstan. Ech fueren net gär laang Auto. Wéini fléie mer?

    Tom: Fir mech ass Mëtt August ideal. De 15. August ass Feierdag a mir maachen d’Bréck op der Aarbecht.

    Lara: Perfekt fir mech! Geet dat och fir dech, Anna?

    Anna: Jo, ech hunn de ganzen August Congé a si flexibel.

    Tom : Super ! Ech schloe vir, mir treffen eis de Weekend a buchen alles, éier et ze deier gëtt.

    Lara: Ok! Bis de Weekend!

    Anna: Bis de Weekend!

    Postkaart

    E schéine Bonjour vu Barcelona!

    Eis Vakanz ass bal eriwwer a mir hu vill erlieft. D’Wieder war leider net immens. Et huet oft gereent a mir konnten net op d’Plage goen. D’Lara war net frou!

    Dofir si mi a vill Muséeë gaang. Dat huet dem Anna immens gefall. De Picasso-Musée war interessant, an och d’Sagrada Familia war impressionant.

    Eis Jugendherberg war super! Et war ganz gemittlech a mir hu vill Leit aus anere Länner kenne geléiert. Owes si mir zesummen Tapas iesse gaang oder hunn an der Jugendherberg gekacht.

    Mir freeën eis schonn, iech alles z’erzielen a Fotoen ze weisen!

    Léif Gréiss

    Anna, Lara an Tom

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir fir d'éischt e klengen Interview mam Lola aus Spuenien. Duerno héiere mir e puer Andréck vun der Porte ouverte am INLL, déi den 29. Juni 2024 war.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Fir dësen Episod ass keng Transkriptioun verfügbar.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut trainéiere mir erëm bëssen d'Aussprooch.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Tranksript:

    A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “e Accent aigu, i” an “ä, i”?

    B: Dat ass eng gutt Fro!

    D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey”
    oder “Ey”.
    So eng Kéier: [ɜɪ].

    A: [ɜɪ]

    B: Tipptopp!

    So eng Kéier “Äddi”.

    A: Äddi

    B: Beim “ä” maache mir de Mond grouss op: Äddi

    Beim “é, i” ass de Mond méi zou wéi beim “ä, i” : [ɜɪ]
    Beim “ä, i” ass de Mond méi grouss op wéi beim “é, i” : [æːɪ]
    Lauschter eng Kéier: “ä, i” : [æːɪ] an elo “é, i” : [ɜɪ].
    [æːɪ], [ɜɪ] [æːɪ], [ɜɪ].

    So eng Kéier “äääiii”.

    A: äääiii

    B: An elo “éééiiii”.

    A: éééiii

    B: äi, éi, äi, éi

    A: äi, éi, äi, éi

    B: Tipptopp!
    So eng Kéier “wéi”.

    A: wéi

    B: An elo “Wäin”

    A: Wäin

    B: So “wéi, Wäin”

    A: wéi, Wäin

    B: So “Wéi geet et dir?

    A: Wéi geet et dir? (accentuer le Wéi)

    B: So elo “Wäi geet et dir?”

    A: Wäi geet et dir? (accentuer le Wäi)

    B: Dat ass falsch, gell?
    “Wéi geet et dir?” ass richteg.
    “Wäi geet et dir?” ass falsch.
    Hei sinn nach Wierder mat “äi” fir d’Aussprooch ze trainéieren:
    Äis, äiseg, äiskal, Äiszäit, Zäit, Veräin, mäin, däin, säin, bäissen, Däitsch,
    däischter, jäizen, näischt, Päischtvakanz, säit/Säit, wäiss.

    A: Villmools Merci fir deng Hëllef!

    B: Ganz gär geschitt!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d'Stärenzeechen an déi verschidde Charaktereegenschafte vun de Stärenzeechen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Laura: So, Julie, weess du zoufälleg, wat de Max am Horoskop ass? Du kenns dech jo esou gutt domat aus.

    Julie: Jo, hien huet den 10. Februar Gebuertsdag, dofir ass hie Waassermann. An dat passt gutt bei hien: hien ass éischter onkonventionell, an ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt.

    Laura: Dat stëmmt! Hien ass wierklech originell an huet déi verrécktsten Iddien. A wat ass mat denger Frëndin, dem Anouk? Wat fir e Stärenzeechen huet hatt?

    Julie: D’Anouk ass e Stéier. De Stéier ass ganz gedëlleg a buedestänneg. Ech fannen, datt dat gutt zoutrefft. Wat mengs du?

    Laura: O jo, total! D’Anouk ass ëmmer immens roueg an entspaant, esouguer a stressege Momenter. Hatt ass wierklech en typesche Stéier. A wat ass mam Tom, eise Matbewunner?

    Julie: Den Tom ass en Zwilling. Hien ass ganz gespréicheg an huet vill verschidden Interessien. Ech fannen, dat passt och gutt bei hien.

    Laura: Jo, definitiv. Den Tom ka mat jidderengem schwätzen an interesséiert sech fir esou vill Saachen: Vëlo fueren, Schach spillen, baken, Dokumentarfilmer … Et ass wierklech interessant, wéi d’Stärenzeechen heiansdo total bei d’Leit passen, fënns de net?

    Julie: Op alle Fall! Mee et stëmmt awer net ëmmer. Kuck emol meng Schwëster, d’Lisa. Hatt ass Skorpioun. De Skorpioun ass leidenschaftlech an intensiv. Fënns du, datt dat bei hatt passt?

    Laura: Nee, éischter net. Ech hätt net geduecht, datt d’Lisa e Skorpioun ass. Hatt ass jo éischter méi roueg an zeréckhalend. Mee bei mengem Brudder ass et och esou. Hien ass Léiw, mee hien ass alles anescht wéi dominant an extrovertéiert. Hien ass éischter de Géigendeel dovun : schei an introvertéiert !

    Julie: Wat beweist eis dat? Stärenzeeche sinn zwar interessant, mee ob se wierklech stëmmen, dat ass eng aner Saach.

    Laura : Do hues de Recht.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt gelauschtert. Deng Vakanz kléngt jo wonnerbar! Ech si frou, dass de dech erhuele konnts!

    Eis Vakanz war bis elo leider net esou flott…
    Als alleréischt gouf eise Fluch annuléiert, well de Fliger eng technesch Pann hat. Mir hunn du missen 8 Stonnen zu Frankfurt um Fluchhafe waarden.
    Wéi mir zu Punta Cana ukoumen, hu mir immens laang op eist Gepäck gewaart, mee et ass net komm. Si haten eis Wallissen net verluer, mee se waren nach zu Frankfurt. Du si mir ouni Gepäck an den Hotel geféiert ginn.
    Mir hunn eis direkt eng nei Tenue, Ënnerwäsch, e Pyjama, an e Maillot an eng Schwammbox an engem Buttek am Hotel kaf. Den Hotel ass flott, mee leider si mir direkt den zweeten Dag krank ginn. Mir hunn d’Iessen net verdroen. Ech hat glécklecherweis Medikamenter a mengem Handgepäck, mee mir louchen trotzdeem zwee Deeg krank am Bett.
    Wéi mir nees gesond waren, wollte mir en Auto lounen, fir d’Insel kucken ze goen, mee eis Visaskaarten hunn net fonctionéiert a mir hunn nees missen zréck an den Hotel goen. Dunn ass mer deen Dag nach eppes Blödes geschitt! Ech si bei der Piscine ausgerutscht an hu mer de Fouss verstaucht! De Philippe féiert mech elo iwwerall mam Rollstull wéi eng Kinnigin. Ech kann zwar elo keen Tourismus méi maachen, mee Haaptsaach ech kann nach an der Piscine leien, et sinn nämlech all Dag ëm déi 37 Grad! Eis Bagagë si gëschter ukomm. Ech hoffen, et geschitt déi nächst Deeg näischt méi a mir kënnen eis Vakanz nach e bësse genéissen.
    Sou, dat war et! Bis d’nächst Woch! Ech freeë mech schonn dech erëmzegesinn! Kussiii

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    De Summer

    Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten oder Fester, déi et zu Lëtzebuerg am Summer ginn. Vläicht inspiréiert Iech dat, dat eent oder dat anert auszeprobéieren. Am Summer ass et meeschtens waarm an et kënne bis zu 35 Grad ginn. Wann et esou waarm ass, da gi ganz vill Leit op de Stauséi, d’Baggerweieren oder den Iechternacher Séi. Op dëse Plaze kann een net nëmme schwamme goen, mee et kann een och Stand-Up Paddle maachen, mam Kayak oder mam Kanu fueren, an natierlech och just chillen. Et kann een och picknicke goen oder eventuell grillen, mee da muss een oppassen, dass et net verbueden ass. Wann een an der Stad bleiwe wëll, da kann een och relax an d’Uewerstad eppes drénke goen. Do gëtt et eng Rei vu Caféë mat Terrassen, déi bis owes spéit op sinn. Wärend dem Dag, a wann et net alt ze waarm ass, kann een och op de Kierchbierg bei d’Coque goen, Petanque spillen an eppes Guddes, Kales drénken.

    Eng flott Plaz fir d’Kanner ass den Escher Déierepark. Hei kann ee verschidden Déiere gesinn an och fidderen. Do gëtt et souguer Bamhaiser, an deenen ee schlofe kann. Dat ass e flott Erliefnes fir d’Kanner.

    An da gëtt et natierlech och nach d’Schueberfouer am August, wou ee lëtzebuergesch Spezialitéiten, wéi Gromperekichelcher oder Eisekuchen, iessen oder op déi verschidde Spiller goe kann. Dat ass och ëmmer eng gutt Occasioun, fir no der Aarbecht Kolleegen ze gesinn.

    Nationalfeierdag

    A: Salut Chiara. Wéi geet et dir?

    B: O alt esou... Wéi s du héiers, hunn ech mech erkaalt.

    A: Dann hoffen ech, dass de fir de Weeekend erëm fit bass. Et ass esou vill lass an ech ka mech net entscheeden. Wat hues du da fir de Weekend geplangt?

    B: Ech maachen näischt Extraes.

    A: A sou? E Sonndeg, also den 23. Juni ass zu Lëtzebuerg Nationalfeierdag, mee mir feiere schonn den Owend virdrun, also den 22. Juni.

    B: Ass Nationalfeierdag ëmmer sonndes am Juni?

    A: Nee, et ass ëmmer den 23. Juni. Dëst Joer fält et op e Sonndeg.

    B: A firwat ass Nationalfeierdag den 23. Juni? Wat feieren d’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger dann?

    A: Haha, jo, dat ass eng witzeg Geschicht. Mir feieren offiziell Groussherzogsgebuertsdag, also de Gebuertsdag vum Groussherzog, vum Grand-Duc.

    B: Wat ass dann do witzeg?

    A: De Grand-Duc Henri huet net den 23. Juni Gebuertsdag, mee de 16. Abrëll.

    B: Dat heescht, den Datum vun Nationalfeierdag ännert net mat all Grand-Duc oder Grande-Duchesse?

    A: Genee! Mee, et ass och witzeg, well et hat nach ni e Grand-Duc oder eng Grande-Duchesse den 23. Juni Gebuertsdag!

    B: Wat gelift? Elo verstinn ech guer näischt méi!

    A: D’Grande-Duchesse Charlotte, dem Grand-Duc Henri seng Groussmamm, hat den 23. Januar Gebuertsdag. Si war bis 1964 Grande-Duchesse.
    Hire Jong, de Grand-Duc Jean, hat de 5. Januar Gebuertsdag. Duerfir hu si 1961 aus klimatesche Grënn decidéiert, datt mir den 23. Juni Feierdag hunn. Mee mir feiere schonn den 22. Juni a mir feieren an den 23. Juni eran.

    B: Interessant! Awer wierklech och witzeg! Wat méchs du dann den 22.?

    A: Mir ginn an d’Stad. Mir ginn de Fakelzuch kucken, well eist Lina mat de Scoute matgeet. Duerno gi mir eppes iessen a kucken d’Animatiounen an der Stad. Et kann een och op ville Plaze Concerte lauschteren. Um 23.00 ass dann d’Freedefeier bei der Gëlle Fra.

    B: Dat heescht, et ass just an der Stad eppes lass?

    A: Nee nee, et gëtt am ganze Land Evenementer. Du fënns bestëmmt online Informatiounen doriwwer, wat bei dir an der Géigend lass ass.

    B: A wat méchs du den 23. Juni?

    A: Moies kucke mir d’Zeremonie an der Philharmonie an d’Militärparad an der Stad op der Tëlee. Duerno komme meng Eltere bei eis, fir ze grillen.

    B: Flott! Ech kucke mol de Programm an decidéieren dann, wat ech déi zwee Deeg maachen. Ech si gespaant!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut trainéiere mir d'Aussprooch a konzentréieren eis op ,,ei'' an ,,éi''.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “d,e,i,e,r” an “D, é (e Accent aigu), i, e r”?

    B: “deier” ass de Géigendeel vu “bëlleg”, z.B. en Haus ass deier, eng Ketten aus Gold ass deier.

    A: Ok.

    B: Mir schreiwen “deier” mat d, e, i , e, r a mir prononcéieren et: deier. D’Aussprooch vum Diphthong “e,i” ass [ɑɪ]. Denk un en “a” an en “i”: [ɑɪ]. Probéier du et elo! [ɑɪ]

    A: [ɑɪ]

    B: [ɑɪ]

    A: [ɑɪ]

    B: Gutt! So elo: “deier”!

    A: deier

    B: deier

    A: deier

    B: Tipptopp! En “Déier” ass eppes Aneres. En Hond ass en Déier, en Elefant ass en Déier, e Fësch ass en Déier, a sou weider. Mir schreiwen et och anescht wéi “deier” an d’Aussprooch ass anescht. Mir schreiwen et grouss a mat Accent aigu: D, e Accent aigu, i, e, r. D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey” oder “Ey”. So eng Kéier: [ɜɪ].

    A: [ɜɪ]

    B: [ɜɪ]

    A: [ɜɪ]

    B: An elo: “Déier”.

    A: Déier

    B: Déier

    A: Déier

    B: Lauschter den Ënnerscheed:
    deier
    Déier
    deier
    Déier
    deier
    B: So “deier”.
    A: deier
    B: So “Déier”
    A: Déier

    A: Elo héieren ech den Ënnerscheed.

    B: Hei sinn nach Wierder mat [ɑɪ]: Leit, hei, bei, eis, nei, Gei, schreiwen, leider, eidel, einfach, fein, Feier, Feierdag, feieren, heiheem, weiblech, zeideg, Zeil, a sou weider. An hei sinn nach Wierder mat [ɜɪ]: wéi, véier, éischt, éischter, Méindeg, schéin, Kéier, léieren, kombinéieren, notéieren, buschtawéieren, féieren, géint, héieren, séier, a sou weider

    A: Ok! Merci fir deng Hëllef!

    B: ‘t ass gär geschitt!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Am Kleederbuttek

    Verkeeferin : Gudde Moien ! Wéi kann ech Iech hëllefen ?

    Cliente: Moien! Ech sichen e Rack fir op eng Hochzäit.

    Verkeeferin: Wat fir eng Faarf soll et sinn?

    Cliente: Am léifste blo. Natierlech elegant, a vläicht aus Seid.

    Verkeeferin: Ech mengen, esou eppes hu mir. Wat fir eng Gréisst hutt dir?

    Cliente: 38.

    Verkeeferin: Kommt mat Madamm, ech weisen Iech e puer Räck.

    Cliente: Merci.

    Verkeeferin: Voilà, hei hunn ech dräi Räck am Bloen. Deen een ass och aus Seid a geet bis un d’Knéien. Wëllt dir e gär en umoossen?

    Cliente: Jo, deen do gefält mir. Wat denks du, Marc?

    Mann: Jo, deen ass schéin. Mooss e mol un.

    Cliente: Wou sinn d’Kabinnen?

    Verkeeferin: Do hannen. Braucht dir soss nach eppes?

    Cliente: Nee, merci, ech kucke fir d’éischt just dee Rack hei.

    Verkeeferin: An? Wéi sëtzt de Rack?

    Cliente: Perfekt! Marc, kuck emol !

    Marc : Jo, e geet dir wierklech gutt. Ech géif en huelen.

    Cliente: Wéi vill kascht e, wgl?

    Verkeeferin: 120 €. Mee en ass an de Solden, dofir kritt dir nach 20 % drop.

    Cliente: Super! Ech huelen en.

    Verkeeferin: Braucht dir soss nach eppes?

    Cliente: Nee, dat ass alles.

    Mann: Moment, ech brauch och nach en neie Kostüm fir d’Hochzäit!

    Verkeeferin: Ok, Monsieur, kommt mat, ech weisen Iech eis Kostümer. Soll et eng bestëmmt Faarf sinn?

    Mann: Ech mengen, donkelblo wier flott. Dat passt gutt bei menger Fra hiren neie Rack. Deen hei gefält mir ganz gutt. Hutt dir deen och am 52?

    Verkeeferin: Ee Moment, ech gi kucken … Jo, hei ass en am 52!

    Mann: Merci, ech ginn en umoossen.

    Verkeeferin: An? Ass e Mooss?

    Mann: Jo. Claire, kuck emol!

    Cliente: Jo, en ass net ellen. An e passt gutt bei mäi Rack. Mee ech weess net, ob d’Faarf dir esou gutt geet …

    Mann: Hmm … Wéi vill kascht en, wgl.?

    Verkeeferin : 250 €.

    Mann : Sinn do och nach Prozenter drop?

    Verkeeferin: Nee, leider net. D’Kostümer sinn net an de Solden.

    Mann: Hmm, ok … Ech mengen, dann iwwerleeën ech mir et nach eng Kéier. Vläicht fannen ech eppes aneres, wat mir besser gefält.

    D'Wallis paken

    Lara: Ech freeë mech schonn op eis Vakanz!

    Mike: Jo ech och! Endlech fort aus dem Reen!

    Lara: Ech weess net wierklech, wat ech apake soll.

    Mike: Also ech hunn d’Wiederprevisioune gekuckt an et gëtt sonneg an immens waarm. Ech hu liicht a bequeem Kleeder agepak.

    Lara: Mega, ech brauch definitiv e bësse Sonn! Wat hues du da genau agepak?

    Mike: Ma ech hu mäi bloen a mäi bronge Short agepak. Ech huelen och véier wäiss T-Shirten mat, du weess, ech schweesse vill. Fir owes hunn ech nach mäi gréngt a schwaarzt Hiem agepak. Wat d’Schong ugeet, huelen ech just meng bequeem rout Turnschlappe mat.

    Lara: Ok. Ech mengen, ech paken da mäi faarwegt Kleed a meng giel Blus an. Dann huelen ech och nach meng blo kuerz Box, mäi grénge Short, meng geblummelegt Jupe, mäi rouden T-Shirt, meng gëlle Sandalen, meng schwaarz Tallekeschong...

    Mike: Ehm... Maach mol lues, mir bleiwe jo just véier Deeg do.

    Lara: Jo, mee ech huele léiwer méi mat, dann hunn ech méi Choix.

    Mike: An der Rei, sou laang alles an däin Handgepäck passt, ass dat ok.

    Lara: Maach dir do keng Suergen.

    Mike: Vergiess och net deng Sonnecrème an däi Sonnebrëll matzehuelen.

    Lara: A jo, stëmmt! A mäi gesträifte Bikini a mäi liichte Pyjama däerf ech och net vergiessen. Hmm, vläicht muss ech awer manner Saachen apaken.

    Mike: Ech mengen och. Ech loossen dech elo a Rou deng Wallis paken.

    Lara: An der Rei.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Mir maachen en Interview mat zwou Persounen, déi eis iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Speakerin : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Bei eis am Studio sinn haut d’Lisa an de Markus, déi eis e bëssen iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.

    Lisa : Moien !

    Markus : Moien !

    Speakerin : Lisa, erziel eis emol fir d’éischt vun dengem Veräin. A wat fir engem Veräin bass du aktiv, a wat maacht dir do alles?

    Lisa: Ech si Member an engem Turnveräin. Mir treffen eis zwee Mol d’Woch an der Sportshal vun eisem Lycée. Do maache mir verschidden Turnübungen an danzen zesummen.

    Speakerin: Dat kléngt spannend. Wéini trefft dir iech dann ëmmer?

    Lisa: Mir treffen eis méindes an donneschdes vu 16 bis 18 Auer, no der Schoul.

    Speakerin : Wat gefält dir da besonnesch gutt un dengem Veräin?

    Lisa: Villes! Ech fannen et flott, datt ech mech no der Schoul e bësse bewegen an nei Leit aus anere Klasse besser kenneléiere kann. Et mécht mir och Spaass, nei Turnübungen ze léieren an u Competitiounen deelzehuelen.

    Speakerin: Ginn et och Nodeeler?

    Lisa: Jo, heiansdo ass et ustrengend, no der Schoul nach op den Training ze goen, virun allem, wann ech och nach fir eng Prüfung léiere muss.

    Speakerin: Merci, Lisa! Elo zu dir, Markus. A wat fir engem Veräin bass du?

    Markus: Ech sinn an engem Schachveräin. Mir treffen eis eemol d’Woch an engem klenge Café. Do spille mir Schach a léieren nei Strategien.

    Speakerin: Wéini maacht dir dat?

    Markus: Mir treffen eis ëmmer mëttwochs um siwen Auer owes. Heiansdo bleiwe mir esouguer bis zéng Auer do, wann et eng besonnesch spannend Partie ass!

    Speakerin: A wat gefällt dir extra un dengem Veräin?

    Markus: Mir gefält déi roueg Atmosphär an den Challenge, fir sech am Schachspill ze verbesseren. Ausserdeem hunn ech och vill nei Leit kennegeléiert.

    Speakerin: Ginn et och Saachen, déi dir manner gutt gefalen?

    Markus: Heiansdo dauert eng Partie ganz laang, an dat ass ustrengend, wann ee schonn de ganzen Dag geschafft huet. An natierlech, wann ee verléiert.

    Speakerin: Dat kann ech verstoen. Merci, Markus a Lisa. Et war interessant, vun äre Veräiner ze héieren. Vläicht hutt dir jo eis Nolauschterer motivéiert, sech och iwwer Veräiner an hirer Gemeng z’informéieren. Nach e schéinen Dag!

    Lisa: Äddi!

    Markus: Äddi!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag?

    B: Nee, nach net.

    A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht schenken.

    B: Ech hu virun e puer Deeg e Video mat den „Top 10 Kaddoe fir Mammendag“ gesinn. Do war eppes Flottes: en Abonnement, fir Blummen ze verschécken!

    A: Wat ass dat?

    B: Majo, et gi Blummebutteker, do kanns du en Abonnement fir e Bouquet Blummen ofschléissen. Da kriss du all Woch oder ee Mol de Mount e Bouquet heemgeschéckt.

    A: A wat ass, wann de Bouquet mir net gefält?

    B: Keng Suerg, op der Internetsäit kann ee seng Preferenzen notéieren, wéi zum Beispill d’Zorte vun de Blummen an och d’Faarwen. Da kritt d’Mamma genee dat, wat hir gefält.

    A: Immens flott! Komm, mir kucke mol online.

    ...

    B: Dat do Abonnement kléngt gutt…25 Euro de Mount. Wéi vill Méint solle mer maachen? Fir 200 Euro, also 100 Euro fir jiddereen?

    A: Jo, da kritt se wärend 8 Méint e Bouquet. A wann hir dat gefält, da kënne mer hir et nach eng Kéier fir hire Gebuertsdag schenken. Si huet an 8 Méint Gebuertsdag.

    B: Tipptopp! Ok, wat solle mer hei schreiwen?

    A: Fir d’éischt: de Bouquet ass fir eis Mamm, Alter 62.

    B: Wat fir Blummen huet si gär? Tulpen...

    A: Jo, si huet giel, rosa, orange a rout Tulpe gär...keng Rousen, déi fënnt se kitscheg.

    B: Jo, a Margréidercher a Sonneblummen huet se gär.

    A: An Orchideeën!

    B: Si huet awer scho vill Orchideeëstäck doheem.

    A: Ok, keng Orchideeën. Schreif nach Narzissen!

    B: Wéi eng sinn dat nach méi?

    A: Narzissen heeschen och nach “Ouschterblummen”.

    B: A jo!

    A: Si huet och nach Péngschtrouse gär.

    B: Sees du “Péngschtrousen”? Ech soe “Päischtrousen”.

    A: Dat ass egal, déi zwee si richteg.

    B: Ok...

    A: Mir fale keng aner Blumme méi an.

    B: Mir och net. Notéier nach: “faarweg” a “waarm Faarwen”. Kee mof oder blo.

    B: Am Fong sinn d’Blummenzorten egal, Haaptsaach de Bouquet huet waarm Faarwen, ass net kitscheg an d’Blumme si regional a saisonal.

    A: Ass notéiert!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.

    Haut schwätze mir erëm iwwer d'Theema Wunnen. Fir d'éischt lauschtere mir e Voice Message, an duerno héiere mir e Gespréich, wou eng Ariichtung beschriwwe gëtt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    1. Deel

    Hallo Pit ! Wéi versprach schécken ech dir en Audiomessage, iwwer d’Appartement, dat ech de Moie kucke war. Du weess jo, datt ech scho laang no engem Appartement sichen an et ass wierklech net einfach déi perfekt Wunneng ze fannen. Ech si jo am Süden opgewuess, a géing och gär hei wunne bleiwen an dofir huet dat Appartement zu Diddeleng mech interesséiert. Den Immobilienhändler huet direkt virum Appartement op mech gewaart, huet mir et a Rou gewisen a mir op all Fro geäntwert.

    D’Opdeelung vun der Wunneng huet mir immens gutt gefall. Et huet zwou Schlofkummeren, e Büro, e Buedzëmmer mat Toilett an eng separat Toilett. Et huet och eng grouss Terrass an e Keller. Wat nach cool ass, ass, datt et am Quartier ganz vill Butteker a Restaurante ginn.

    Wat mir awer net esou gutt gefall huet, ass, datt d’Buedzëmmer ganz almoudesch ass. Dat muss ech eventuell renovéieren. Aner Nodeeler sinn, datt d’Gebai op enger Haaptstrooss läit an, datt moies immens vill Verkéier do ass. D’Gebai huet och keng eege Garage, also misst ech an der Strooss parken, wat bestëmmt net ëmmer esou evident ass.

    O mei...ech weess nach net wat ech maache soll... Wat mengs du dann?

    Allez, bis geschwënn.

    2. Deel

    A : Hallo, wéi geet et dir ?

    B : Ganz gutt, ech hu meng Wunneng endlech fäerdeg ageriicht.

    A : A jo, du bass jo geplënnert! Dann erziel mol, wéi gesäit se aus?

    B: Also, meng Wunneng huet 60 Quadratmeter. Se huet eng Schlofkummer, e Living, eng separat Kichen, eng separat Toilette, e Buedzëmmer an e klenge Balcon.

    A: Flott! Wéi hues du dann deng Stuff ageriicht?

    B: Meng Stuff ass dat gréissten Zëmmer an der Wunneng, dofir hunn ech do genuch Miwwele stoen. Wann een an d’Stuff erakënnt, steet riets e Schaf fir d’Geschier. Lénks nieft dem Schaf stinn en Iessdësch aus Holz a véier Still. Lénks widdert der Mauer steet e grénge Kannapee an iwwert dem Kannapee hänken zwou Etagèrë fir meng Bicher. Virum Kannapee steet och nach e klengen Dësch.

    A: Wow, dat si jo vill Miwwelen. Hues du keng Tëlee?

    B: Dach! Déi steet op enger wäisser Komoud. Well gréng meng Liblingsfaarf ass, hunn ech och nach e gréngen Teppech ënnert dem Iessdësch leien.

    A: Cool. Brauchs du eventuell nach e Bild? Ech wollt dir eppes fir deng nei Wunneng kafen.

    B: O, dat ass jo mega léif! Ech brauch nach e puer Biller fir opzehänken oder eventuell eng Planz.

    A: An der Rei, ech kucke mol, wat ech fannen. Ech freeë mech schonn deng Wunneng ze gesinn.

    B: An ech freeë mech, dir se ze weisen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Rendez-vous (Date) erzielt (Niveau A2.1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Ech erzielen iech mol eng witzeg Geschicht. Ech war de leschte Freideg op engem Date. Ech hunn den Typ op enger Dating-App kenne geléiert an ech wëll jo keen no sengem Ausgesi beurteelen, mee hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen. Op de Fotoen hat hie schéi laang Hoer, hie war zimmlech sportlech an huet och grouss ausgesinn.

    Mir hunn eis um 19:30 bei engem Restaurant getraff a wéi ech hie scho vu Wäitem gesinn hunn, war ech schockéiert! Hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen ... Hien hat eng Glatz a war méi kleng wéi ech! Mee ëmmerhi war e sportlech. Ech war wierklech rosen an enttäuscht, mee ech sot mer, dass e jo vläicht e gudde Charakter huet.

    Wéi mer bis am Restaurant souzen a geschwat hunn, ass mer direkt opgefall, dass hien immens sympathesch, intelligent a witzeg ass. Ech hunn deen Owend wierklech vill gelaacht.

    No eisem Owend hunn ech decidéiert, deem Ganzen nach eng Chance ze ginn a mir treffen eis d’nächst Woch, fir zesumme Schlittschong fueren ze goen.