Afleveringen
-
Caroline Lentz ass geleiert Franséischproff. 2022 ass si duerch eng Operatioun vun haut op muer an d'Menopause komm wou Sie 45 Joer al war. Doropshin huet si sech immens vill zum Thema informéiert a mëscht haut eng Formatioun als Healthcoaching mat enger Holistescher vue vu Gesondheet an Nutritioun mam Schwéierpunkt op Menopause bei der Fra. Sie huet och fir de Forum en Artikel geschriwwen iwwert den Tabu vun der Menopause an der Gesellschaft a virun allem och an der Aarbechtswelt. Ma wat ass iwwerhaapt genee Menopause, mir ginn dësem Kapitel am Liewe vun der Fra an dësem Episode op de Gronn.
-
Haut interesseieren mer ais fir Konstellatiounen, net dei am Himmel vun den Staeren mee dei an aiser Famill, Arbechtswelt oder aaner Grupp vun Zesummenliewen.
Mir sinn jo all Deel vun engem System - ais Famill, ais Frenn, aist Aarbechtsemfeld. An heiansto sin hei och mei schwiereg Situtaiounan oder Konflikter verstoppt. Onbewosst wiederhuelen mir dei selwecht Geschichten, Thematiken ëmmer nees. Mat enger systemescher Konstellatioun kann een des Problemer erauskristalliseieren an och Leisungen fannen. Wei dat ausgesait erklärt ais haut d’Isabelle Faber. -
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
50 Episoden am Rèckblèck!
-
Tai Chi ass eng meditativ Kampfkonscht. Nodeems de Johnny Li Northern Shaolin Kung Fu praktizéiert huet an a verschidde Buddhistesche Monastères war ass hien op den Tai Chi komm - mei prezis Wu Taijiquan - e ganz aalen Selbstoofwier System deen och déif am Taoismus an Buddhismus verankert ass. An dëser Technik, déi aus der Kampfkonscht kennt, geet et awer net drëms géint een ze kämpfe vu baussen, mee an der Ligne vun der TCM (Traditioneller chineeseschen Medezin) gëtt een als Praktikant ëmmer besser an et kann ee weider heelen, egal wei al een zB ass. De Johnny Li huet huet an de lëschte 7 Joer säin Liewe ganz ëmgekrämpelt fir an duerch den Tai Chi an haut ënnerriicht hie selwer.
-
D’Feierdeeg sti virun der Dier an ech wollt mech haut emol mat der fro beschäftegen - wat kann een als Vegan oder vegetaresch Optiounen op den Dësch zauberen. An dofir schalte mir live op Wien bei d’Liz Sinner vu vegelizious . Si ass Rezeptentwecklerin an “Food”-Fotografin a schafft och zesumme mat BIOG oder der Moutarderie de Lux. Den Ament studéiert déi jonk Fra Diätologie zu Wien an haat nach ëmmer eng grouss Leidenschaft fir Iessen a Kachen.
-
Den Eberhard Driesler kënnt ursprünglech aus Bayern a schafft zanter gudd 30 Joer hei am Land. Hien ass Diplom-Theolog, Diplom-Psycholog, huet e Bachelor an der Philosophie an en Zousatzstudium an der Erwuessepädagogik,
Formatioun als systemesche Psychotherapeut an EMDR. Hien huet laang als Pastoralassistent an der Lëtzebuerger Kierch geschafft a gläichzäiteg als Familljen- a Koppelstherapeut am Familljencenter. Zanter 5 Joer sinn ech Psychotherapeut bei Omega90 an schwätzt iwwert Trauer an Trauerbegleedung. -
An dësem Episode gi mir an de Bësch fir eng psychologesch Berodung. A Kader vun de Semaines de la Santé mentale déi all Joer am Oktober sinn interesséiere mer äis nämlech fir eist mentaalt a psychescht Wuelbefannen. D'Anne Stauder trëfft hier Patienten net an engem Cabinet, mee am Bësch an erkläert äis wat hannert der Forest Walk & Talk Technik stécht.
-
An dësem Podcast interesséiere mer äis fir ADHS bei Erwuessenen. D'Estelle Thilgen ass diploméiert Psychologin mat enger Spezialisatioun an der Neuropsychologie an ADHS. Sie ass och Fondatrice an therapeutesch Coordinatrice vun der "Clinique de l’Attention", ee Service ambulatoire, deen sech op ADHS bei Erwuessene spezialiséiert am Centre Hospitalier du Nord.
-
Haut interesséieren mer äis fir Diabetes, an dat ass un sech en Iwwerbegrëff fir verschidde Stoffwiessel Erkrankungen. All gemeinsam hunn se dass se zu erheischten Bluttzockerwäerter feieren a Patienten e Mangel um Insulin Hormon hunn oder d’Insulin Wierkung verréngert gëtt.
Jessica Durbach huet e Master an der Gesondheetsfërderung an Erzeihung. Ass Expertin an der Suchtpreventioun an elo säit 2 Joer an der Maison du Diabète an do och zanter engem Joer Chargée de Direction. Niewenbai gett sie och Traininge fir evidenzbaseiert Suchtpreventioun.
D'Kerstin Haller ass Infirmière an da Maison du diabète a responsabel fir Präventioun an den educativen an therapeuteschen Volet.
[enter link description here](https://www.ald.lu/de) -
Be Well Podcast mam Tamara Leuck vun kierperfeissaseil.com
-
Somatics, aus dem engleschen - bedeit un sech de Beräich vun der Kierperraarbecht an der Bewegungsléier an zwar wei een wat vu bannen emfend a wei een déi Erfahrungen ka betounen. Tessy Beckené ass eng ganzheetlech a kierperorienteiert psychopedagogesch Beroderin a somatesch Coach. Sie ass spezialiséiert op Neurodiversität, wie ADHS-Beratung an -Coaching, Traumaverarbeitung, Bindungsproblematiken, souwei Hypersensibilitéit. Des Weideren huet si e Master a “Geistiger Behinderung und Entwicklungsstörungen” gemacht a schafft säit deem am Beräich Diagnostik, Berodung a Begleedung. Dëst geet vu Geeschteger Behënnerung iwwer Léierschwieregkeeten, Autismus, ADHS bis zu Héichbegabun, an all d’Schwieregkeeten déi emotional, familiär a systemesch domat verbonne sinn. Bei hirer eegener Traumaveraabeschtung koum déi somatesch Approche dobäi an dorop huet si sech elo spezialiséiert an ass Somateschen Coach gekoppelt mat Trauma-informéierter Beroderin.
-
Mir sinn all eenzegaarteg op dëser Welt a gesinn deemno och eenzegaarteg aus! Des Eenzegaartegkeet gëtt dann och nach duerch eng Kombinaisoun vun Nuancë vun eisem äusserleche Wiese betount- äis Aenfaarf, Hoerfaarf, Hautfaarf… Styliste kennen dëst scho laang ma och ee selwer kann erausfanne weieng Faarwe gutt bei ee passen an domat gesäit et net just optesch besser aus, ma et entseet och en neit Liewensgefill. Fir iwwer Farfanalyse ze schwaten ass haut d’Sabrina Iacovazzi am Studio. Dei haaptberufflech Danzproff hëlleft anere Leit fir déi richteg Faarwen an hiert Liewen ze kréien, an dat kann net just nëmmen äusserlech mee och ganz aanescht hëllefen.
-
Mir interesséieren äis haut fir d’Wuelbefanne vun de méi Klengen, awer natierlech kann alles dat wat mer haut beschwätzen och op déi Erwuessen iwwerdroe ginn. Et geet drëms ouni Angscht kennen am Alldag ze funktionéieren a Resilienz ass do e gudden Wee, an dat kennen och schonn Kanner a Jugendlecher leieren. D’Michele Bloes war selwer Chargé a Schouljoffer a schafft haut als Resilienzcoach mat ganz ënnerschiddleche Gruppe vun Kanner mat sengem Löwenheldtraining am Beräich vun der Mobbingpreventioun.
-
ThetaHealing ass eng Meditationstechnik a spirituell Philosophie, déi vun der Amerikanerin Vianna Stibal gegrënnt gouf. D’Theta Healing-Technik hëlleft un sech fir de Geescht,, Kierper a Séil nei anzeriichten an deem een sech mat enger méi heiger Kraaft verbënnt. Et ass keng Relioun mee awer gleeft een hei drun dass et eng Createur gëtt vun dëser Welt. Weider Detailer ginn et haut mam Kimberly Jeitz.
-
Di kal Saison steet virun der Dier an do gëtt fir deen een oder aneren Wantersport dann nees groussgeschriwwen. Natierlech denkt een do virop em u Schifueren, ma et ginn och nach aner Wantersportaarte wou sech all Joers leider vill Leit verletzen. Wat kann ee preventiv maachen fir dass et net op emol awer schif ausgeet… doriwwer schwätzen ech haut mat 2 erfuerene Kinesitherapeuten, dem Geoffrey Osch & Anne Frisch.
-
Chiropraktiker konzentréieren sech virun allem op de Beweegungsapparat vun de Patienten. Et geet een heibäi dovun aus dass déi meescht kierperlech Beschwierden vu Gelenkverännerungen ausgi wei ZB Feelstellungen oder Blockaden.
De Scott Oliver war ëmmer passionéiert fir Sport a wärend senger Aarbecht um Calgary Center for Health huet hie Chiropraktik kennegeléiert a war fazineiert vum Impakt vun deser Praxis op sportlech Leeschtungen, ma och generell op d’Gesondheet an mei wait och d’Liewen vun de Leit. Haut ass de Scott Oliver Direkter vun engem ganzen Zentrum ronderëm Sport a Chiropraktik an der Stadt. Hien huet en Dokter als Chiropractiker ma ass och Kinesiologist ma hien ass spezialiséiert an der Wirbelsail, Pathologien an och ebe vill am Zesummenhang mat Sport. -
D’Mentalfeld-Techniken (MFT) ass eng liewensbegleedend net invasiv Therapie - an Selbsthellefethode fir d’Balance fir den autonomen Nervesystem. Et kann ee Stress bewältegen egal op et physeschen oder mentale Stress ass an et ass eng Therapie déi ganz gutt hëlleft bei Ängschten, Phobien, Zwäng, Prüfungsangscht, Hyperaktivitéit, chronescher Péng, Allergien asw. Am Studio ass dofir d’Mandy Poncin, eegestänneg Physiotherapeutin mat engem grousse Bagage u Weiderbildungen huet si sech hiren eegene Wee gemaach a kann haut eng ganz breetgefächert Panoplie vun Therapien ubidden, dorënner och MFT.
-
Massage ass jo bekanntlech eng Zort Behandlung vum mënschlechen Kierper duerch klappen, knieden, heemelen, drécken, zeien etc, ma des Technik déi een als Empfänger "kritt" kann och vill méi déif goen an ganz aner Blockaden léisen. D'Ayano Everling huet sech no enger Karriär am Enseignement reorientéiert an proposéiert haut ganzheetlech Massagen aus der ganzer Welt déi vill méi wäit wei just ënnert d'Haut ginn. Vun Lomi Lomi iwwer Reiki, Watsu, Thai, Balinesesch, Shiatsu bis hin zu Ayurvedeschen Massagen huet si ganz villes an hirer Handwierkskëscht an wënnt genee dat un wat grad gebraucht gëtt.
-
Virum Summer kucken mir wei mir eisen Kierper an eisen Geescht kennen stäerken. Kraafttraining kann net just d'Kierperkraaft verbesseren mee op laang dauer och en enormen Impakt hunn op ais Gesondheet an Mobilitéit am Alter. Wisou Kraafttraining wichteg ass, wei een déi Saach ungeet an och wei een dobäi blatzt, dat weess d'Conny Kayser mat hierer 20 järeger Erfarung an deem Beräich ganz gutt. Sie ass vun der Langhantel iwwerzeegt an erkläert ais weieng positive Effekter des Zort vun Training kann hunn. Lauschtert eran an gidd vun der kräfteger Energie ugestach.
-
Human Design ass souzesoen eppes wei een Bauplang fir eist Liewen. Jiddereen ass jo mat engem eenzegaartegen Zesummespill vun Veranlagungen, Eegenschaften an Talenter gebuer ginn an Human Design soll hëllefen des ze identifizéieren an domat dann d’Liewen esou ze gestalten dass een sech besser versteet an och säin ganzt Potential erfaassen kann. Deemno ass een dann och méi an der Balance an fillt sech méi ausgeglach… doriwwer wollt ech méi wëssen.
Human Design System baséiert sech op eng Mëschung vun honnertdausend aalen theorien iwwert Chakraen, also Energiepunkten am Kierper, I Gong, Astrologie mee och Quantephysik, Biochimie an Genetik. Gegrënnt gouf et virun 30 Joer an Kanada. Fir äis e bëssi eppes doriwwer ze zielen ass d’Franziska Müller am Studio. - Laat meer zien