Afleveringen
-
D’Slowakei gouf 1992 als ee vun den zwee Nofollgerstaate vun der Tschechoslowakei gegrënnt. Et zielt 5,4 Milliounen Awunner:innen an iwwer 200 Schlässer. Bekannt ass et och fir déi wonnerbar Bierglandschafte vun der Héijer Tatra. Hautdesdaags liewen iwwer 1.000 gebierteg Slowaken a Slowakinnen zu Lëtzebuerg. Si ginn net gäre mat Tschechen oder Slowene verwiesselt. De Cedric Reichel huet mat der Adriana Boysova, dem Juraj Stancik an der Michaela Sabolová geschwat.
-
Tunesien ass deen éischte Maghreb-Staat, dee mir an eiser Serie Fënster op thematiséieren. E Land, dat méi ze bidden huet wéi seng gréissten Insel Djerba, zum Beispill en interessante Sproochemix oder och vill gutt Iessen. De Cédric Reichel huet mat der Sarra Maatallah, der Inès Chihi an dem Nizar Ayed geschwat.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Déi féier brittesch Kolonie, déi réischt am Joer 1964 offiziell hir Onofhängegkeet krut, ass Lëtzebuerg eigentlech zimmlech änlech. Malta ass e klengt Land mat enger interessanter Sprooch, an dem och vill Auslänner:innen liewen. Zanterdeem si 2004 Deel vun der Europäescher Unioun gi sinn, hunn och ëmmer méi Malteeser:innen decidéiert, op Lëtzebuerg ze kommen. Wat zitt si heihinner, wei gesinn si Lëtzebuerg a gëtt et eng malteesesch Communautéit zu Lëtzebuerg? D’Cally Kerschen huet bei der Monique Troisi Brosse, der Anabel Hyzler an dem Sean Micallef Trigona nogefrot.
-
Pakistan ass dat fënneft bevëlkerungsräichste Land op der Welt mat der zweetgréisster muslimescher Bevëlkerung. Et huet Landesgrenze mat Afghanistan, Indien, China an dem Iran an ass bekannt fir seng héich Bierger a Landschaften. D’Nationaldéier ass de Markhor, eng well Geess an am Sport ass dëst Land virun alle bekannt fir Cricket, Baseball an Hockey, awer net um Äis.
Méi gewuer iwwer Pakistan gi mer vun eisen dräi Invitéen: der Ayesha Khan, dem Uzair Farooq an dem Muhammad Tahir Khan -
Slowenien ass bekannt fir seng Bierger an d’Ski fueren, an deementspriechend och eng ëmmer méi reegelméisseg Vakanzendestinatioun fir Lëtzebuerger:innen. Wei fillen sech Slowenier:innen, déi zu Lëtzebuerg liewen? Wéi dacks ginn si zeréck an hier Heemecht an dierfen si nach am Heemechtsland wielen? An kann een hei zu Lëtzebuerg authentesch sloweenescht Iesse fannen? D’Cally Kerschen huet bei der Liljana Savić, der Nina Inkret an der Esada Rastoder nogefrot!
-
Dat ostafrikanescht Land huet 52 Milliounen Awunner an huet eng grouss Barbecue-Kultur. Fir méi iwwer Kenia gewuer ze ginn huet sech de Cédric Reichel mat der Lucy Kreisher, dem Bernard Ndolo a dem Michael Amatta ënnerhalen.
-
Wann et drëms geet, wéi een d’Feierdeeg verbréngt, huet jiddweree seng eegen Traditiounen. Wa mir dann nach e bëssen iwwer den Tellerrand kucken, ginn déi Ënnerscheeder nach eemol e gutt Stéck méi grouss. An dat maache mir an enger Spezial-Feierdag-Editioun vun eiser Serie Fënster Op. Mir froen no, wéi an anere Länner uechtert Welt Chrëschtdag oder Silvester gefeiert gëtt.
-
D’Schwäiz ass eent vun de Länner, mat deem Lëtzebuerg am Ausland dacks verwiesselt gëtt, well et jo awer bësse wéi dee klenge Brudder oder Cousin vun eisem Land ass. Och d’Schwäiz ass e Land mat enger komplexer Relatioun zu Sprooch. Wéi fille sech Schwäizer:innen, déi zu Lëtzebuerg liewen? A wéi einfach ass et hinne gefall, Lëtzebuergesch ze leieren? D’Cally Kerschen huet bei der Martina Christen an der Yasmin Labidi nogefrot.
-
Esouguer vun där anerer Säit vum Planéit huet et Leit bis op Lëtzebuerg verschloen. Firwat geet ee vun Neuseeland fort, fir an Europa ze liewen? Spillen déi all Rugby hei a kann een zu Lëtzebuerg och buerféiss ënnerwee sinn? D’Cally Kerschen huet mat dräi Neuseelänner:inne geschwat, déi zu Lëtzebuerg liewen: der Tama Moiser, der Kate Frost an dem Simon Neale.
-
Déi litauesch Communautéit huet sech zu Lëtzebuerg exponentiell vergréissert an de leschte Joren. Wéi ass de Lien mam Heemechtsland an d'Relatioun mat der Mammesprooch, wann een an engem anere Land wunnt? Gëtt et e staark Gefill vu Communautéit fir d'Litauer:innen hei zu Lëtzebuerg? A gëtt et gudden Hierk zu Lëtzebuerg? D’Cally Kerschen huet bei der Aistė Vyšniauskaitė, der Ugne Vitkute an der Gintaré Parulyté nogefrot!
-
Kasachstan ass dat néngtgréisste Land op der Welt an dat gréisste Land ouni direkten Zougang zum Mier. Et ass och dat Land mat der längster onënnerbrachener Landesgrenz mat Russland mat 7.644 Kilometer. Leider ass dëst Land ville Leit just e Begrëff wéinst dem fiktive Charakter Borat, mee dee spillt an dësem Gespréich keng Roll. De Cédric Reichel huet mat dräi Kasache geschwat, déi zu Lëtzebuerg wunnen: der Nurgul Tursinova, dem Sanzhar Aubakir an dem Aizhas Beisembay.
-
E Land, dat duerch Méisproochegkeet gepräägt ass. Mee wéi sinn dës Communautéite matenee verbonnen? A wéi geet et Kanadier:innen, déi hei zu Lëtzebuerg liewen? D'Cally Kerschen huet nogefrot.
-
Island huet eng Populatioun vun nëmme 400.000 Awunner, awer vill méi Schof. Et ass dat am dënnste besidelt Land an Europa. Island ass awer och bekannt fir seng Elfen a fir deftegt Iessen, zum Beispill Haifësch. Déi leschte Jore gouf et e reegelrechten Tourismusboom an Island, zu deem och Lëtzebuerger bäigedroen hunn. Iwwer all déi Theemen huet de Cédric Reichel mat dräi Islännerinnen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, geschwat: d’Hulda Valsdóttir, d’Rúna Egilsdóttir an d’Ándrea Árnadóttir.
-
Argentinien ass d’Land vum Maradona, vum Messi a vum Poopst Franziskus. Dëst sinn zumindest déi bekanntsten Ambassadeure vun dësem Land mat 47 Milliounen Awunner, dat virun iwwer 200 Joer vu Spuenien onofhängeg gouf an zanterhier ëmmer erëm politesch Turbulenzen erlieft huet. Och zu Lëtzebuerg liewen 182 Leit mat argentineschem Pass. Mir léiere véier vun hinnen dës Woch e bësse besser kennen: D’Betania Antico, de Fernando De Sarriera, d’Rita Robles an hire Jong, de Branco Dmitruk.
-
Den aktuellsten Zuele vum Statecno, liewe bal 3.700 gebierteg Syrer zu Lëtzebuerg. Déi meescht dovun hunn hiert Land no 2011 verlooss, nodeems d'Land politesch instabil ginn ass. Virdru war virun allem Damaskus als eng Staat vun den Intellektuellen an enger immens vibréirender kultureller Offer bekannt. Wéi ass et fir Syrer a Syrerinnen zu Lëtzebuerg? Wéi hunn se et erlieft vun engem Dag op den aneren de Status „Flüchtling“ ze hunn? Wéi ginn se mat der Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg em? Wou kënne Si hire Gefiller wierklech fräie Laf loossen. Mir léieren dräi vun hinnen des Woch bësse besser kennen: D’Laureena Mardini, de Yamen Mardini an den Tarek Alnabhan.
-
Zanter 2004 ass Polen Member vun der Europäescher Unioun, zanterhier profitéieren och Si vun den oppenen Grenzen. Mee och virdrun hu scho Leit mat polneschen Origine hire Wee op Lëtzebuerg fonnt an d'Grënn dofir si ganz divers. Wéi ass déi polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg organiséiert? Wéi eng Bedeitung huet déi polnesch Sprooch no esou villen Joren zu Lëtzebuerg nach am Alldag? Wéi evoluéiert d’Relatioun mam Heemechtsland iwwert d’Joren?
De Cédric Reichel am Gespréich mam der Bożena Tokaj, dem Tomasz Winiarski an der Agata Królak. -
Indien ass e Land mat enger facettëräicher Kultur. Een Aspekt ass hei d'Iessen. Wat och ëmmer méi hei am Land present ass, d'Zuel vun den indesche Restauranten zu Lëtzebuerg huet an de leschte Joren zougeholl. Mee ass dat Iesse wierklech authentesch a ginn Inder:inne selwer och an déi Restauranten iessen? Fillen si sech integréiert a wat denken si iwwer Yoga? D’Cally Kerschen am Gespréich mam Kartik Sati, der Manisha Patnala an dem Deepu Dileepan.
-
Brasilien ass net nëmmen d’Land vun de fantastesche Fussballer, mee och d’Land vum Capoeira. D’Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a Brasilien hunn eng laang Geschicht. Wéi ass et fir Brasilianer an engem Land ze wunnen, an deem hir Sprooch bal omnipresent ass? Wat vermësse si aus hirem Heemechtsland, a wéi gi si mat der wäiter Distanz ëm, fir hir Famill a Brasilien ze besichen? De Cédric Reichel am Gespréich mam Uelington Ramos de Oliveira, der Luciele Pinto Viégas Milani an der Ana Claudia Mariuba.
-
Spuenien ass zanter Joren eng vun de beléiftste Vakanzendestinatioune fir d'Lëtzebuerger. Am Grand-Duché liewen awer och iwwer 9.000 Mënsche mat spueneschen Originnen. Wat huet si heihinner verschloen? Wéi eng Klischeeën iwwer Spuenier stéiere si besonnesch a wéi sinn hir Liene mat Spuenien haut no ville Joren zu Lëtzebuerg?
De Cédric Reichel am Gespréich mat der Teresa de las Morenas, dem Ivan Boumans an dem Antoni Monserrat Moliner. -
Keng aner Kultur ass esou mat där lëtzebuergescher verflecht, wéi déi italieenesch. Wéi war et, als Italieenerin oder Italieener zu Lëtzebuerg opzewuessen, wéi fillt ee sech als Expat, a wéi ass de Bléck zeréck an Italien. D'Cally Kerschen am Gespréich mam Donato Rotunno, Sabrina Bartocci an Edoardo Carlotti