Afleveringen
-
Fiasko Fest mam Gilbert Pregno a Sarah Mandres ass e grousse Best of mat villen Tréine vu Begeeschterung, vun Trauregkeet, voll mat Liewen an natierlech och dem Doud. A wéi dat esou dacks ass, wann e Psycholog mat am Raum ass, gëtt och iwwer Eltere geschwat, awer och iwwer Fëmmen oder net méi fëmmen. An um Enn gëtt Merci gesot. Wisou? Vläicht huet et mat der leschter Fro vum Luc Spada ze dinn ...
-
Den Antoine Grimée ass Illustrateur, ënner anerem vum Buch “L’arnaque des nouveaux pères“, an dat ass schonn emol e gudden Ausgangspunkt fir iwwer déi eege Fiaskoen ze schwätzen. An hei spuert och de John Wolter, Museker, net mat Éierlechkeet. Et entsteet e gemeinsaamt Gespréich mam Luc Spada, dat net un Tréinen an un Déift spuert. Awer och Humor an Hoffnung fannen hir Plaz.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
D’Nathalie Oberweis huet lescht Joer hiert Mandat am Stater Gemengerot opginn. Zanterdeem huet si méi Zäit, schafft elo als Proff an awer vermësst si et keng Plattform méi ze hunn. Dat ass et nämlech wat ee brauch, wann een eppes bewierke wëllt an deene Leit eng Stëmm ginn, déi keng hunn.
Ganz aner Ziler huet den Daniel Balthasar, dee virun allem eppes wëllt: Musek maachen. Ouni Musek ass hien net ze erdroen, seet hien iwwer sech selwer. Mee wisou interesséiert hie sech trotzdeem net fir déi grouss Karriär? -
Den Alain Welter huet nach ni Fiasko Fest gelauschtert. De Luc Spada huet hien trotzdeem invitéiert. De Moler vu Koler ass gären ënnerwee, awer fillt sech och „am Duerf“ ganz wuel a sicht seng Wouerecht iergendwou tëscht Credibilitéit a Mainstream. Déi zweet Invité ass d’Anny Keller. Si ass an der Pädagogik doheem. Laang huet si um Terrain geschafft, awer mëttlerweil fillt si sech och „am Büro“ ganz wuel. Wat ass do geschitt?
-
D’Scheitere fänkt scho mam éischte Saz vun der Sendung un an dat huet mam Nonumm vun der éischter Invité, d’Schrëftstellerin Florence Sunnen, ze dinn. Hei léiert de Luc Spada, wat sou zwee Punkten op engem „u“ ausmaache kënnen - Oder eben och net. Allgemeng kann een alt erëm vill bei Fiasko Fest léieren. Natierlech iwwert d’Liewen, iwwert den Doud, awer och Europa. Hei weess d’Anouk Faber vill ze erzielen. Si war laang Zäit d’Assistentin an d’politesch Coordinatrice fir de Commissaire Nicolas Schmit. An hei stellt sech iergendwann d’Fro: Em wat geet et eigentlech? A wéi geet et weider?
-
De Georges Metz ass Direkter vum Service National de la Jeunesse an de Luc Spada sicht no der emotionaler Äntwert, wisou ee sech sou staark fir d’Jugend engagéiert. Muss een do selwer eng ustrengend Jugend gehat hunn? Déi zweet Invitée bei Fiasko Fest ass d’Politikerin Josée Lorsché, déi iwwer hir Feeler vun de leschte Jore schwätzt, wann et dann iwwerhaapt Feeler waren.
-
"Luan? Wëllt Dir traureg a faarweg sinn?" Dat war eng vun den éischte Froen, déi de Luc Spada an der éischter Emissioun Fiasko Fest vum neie Joer 2025 dem Kënschtler Luan Lamberty gestallt huet. An zesumme mat der zweeter Invitée, der Journalistin a Verleeërin Christiane Kremer stelle mir eis d’Fro vum Alter a wéi deen sech eigentlech esou ufillt. An um Enn schwätze mir iwwer déi Themen, iwwer déi nach ëmmer muss geschwat ginn, obwuel et vill méi schéi wier, wann dat net méi néideg wier.
-
De Yannick Muller (oder Bobby Bieles) schwätzt net gären, mee benotzt léiwer seng Hänn, als DJ oder och fir ze molen. Hie schwätzt mam Luc Spada iwwer Widderhuelung, Kreativitéit, a wou hei de Lien zum Scheiteren ass, a wéi doraus e Buch entstoe kann.
Fir datt eppes geschéie kann, muss et heiansdo wéidoen. Eng Iwwerzeegung, déi och d’Magaly Teixeira deelt, déi bei Fiasko Fest ënner anerem iwwer hir Flugangscht schwätzt. -
An dëser Fiasko Fest geet et ëm Moral a Recht, ëm Muppen an d'Elengsinn, ëm Strof a Verzeiung, Punk Rock a Schold. Dofir huet de Luc Spada den Affekot Frank Wies an d’Kënschtlerin Chantal Maquet bei sech an de Studio agelueden. An d’Moral vun der Geschicht: Net kräischen, well et war schéin. An dat muss gefeiert ginn. A wann een um Enn näischt ze soen huet, ass dat guer net esou schlëmm.
-
D’Elise Schmit ass Schrëftstellerin a spéitstens mat Covid gouf hir kloer, datt Elengsinn näischt fir si ass. Och datt Schreiwe richteg haart ka sinn, huet si an de leschte Jore missen erliewen. Net vill anescht ass dat och an der Musek, weess de Sacha Hanlet (Them Lights), deen zweeten Invité bei Fiasko Fest. Säi gréisste Problem bei der musekalescher Kreatioun ass d'Schreiwen. Vill méi wichteg awer: Et lount sech, well dacks muss ee falen an Echecken erliewen, fir richteg gutt ze ginn.
-
Dës Emissioun ass eng Aart Special Edition. De Luc Spada gouf vun enger Invitée setze gelooss, an do war et just nach een: De Schrëftsteller Antoine Pohu. Iwwer bal eng Stonn huet de Luc Spada domadder Zäit gehat, mat him iwwer Schreiwen Ängscht, a Succès ze schwätzen, awer och iwwer Kriticken a wat et heescht, wann een op de Radio ageluede gëtt an op eemol mierkt, datt ee just ageluede gouf fir gesot ze kréien, datt een näischt kann. Dat géif engem natierlech ni bei Fiasko Fest geschéien!
-
Den John Happi huet keng Angscht virum Doud an och allgemeng ass hie kee Mënsch, dee vill Angscht huet. Mat enger Ausnam: Eppes net ze maache vu lauter Angscht ze scheiteren. An esou koum et och, datt hie säi Job als Staatsbeamten opginn huet. Donieft huet de Luc Spada d’Monica Semedo an de Studio invitéiert. An hei koume vill verschidde Froen op: Wat hätt ee kéinte besser maachen? Wat ass d'Wourecht? Macht Dir och Saache falsch?
-
De Paul Galles war Paschtouer, huet bei der Caritas geschafft an ass haut: Politiker. Hie wëllt sech, esou platt et och klengt, fir eng besser Welt asetzen. Hie weess awer, datt dat net ëmmer esou einfach ass. Och net fir dat eegent Privatliewen. Déi zweet Invitée ass d’Dänzerin Jill Crovisier, déi haut zu kengem Moment bereit sech voll a ganz enger Karriär als Dänzerin a Choreographin verschriwwen ze hunn. Mee och dat huet Konsequenzen. De Luc Spada freet méi genee no.
-
Mam Tom Hecker (Tatta Tom, Séraphine Mirage) an dem Mia Kinsch geet et dës Kéier ëm d'Konscht, Feminismus, kleng a grouss Echecken, plakeg sinn, ëm Haass aus dem Internet an eng Morddrohung. A wéi kënnt een aus deene klengen an och méi grousse Problemer hallef gesond erëm eraus? Villäicht matt enger Kichen, déi engem Disney-Film änelt. Villäicht och einfach nëmme matt engem gudden emotionale Support System.
An um Enn gëtt alles gutt, oder? -
D'Anne-Marie Reuter an d'Karolina Markiewicz schaffe mat Wierder a sinn och Proff. Allenzwee sinn dankbar, datt si am Alldag kënnen am Kontakt mat jonke Leit sinn, sichen awer och de kënschtlereschen In- an Output.
Zesumme mam Luc Spada féieren déi zwee Invitéeën en déift, och net ëmmer einfacht Gespréich iwwer d'Gesellschaft, d'Konscht an och d'Frustratioun vum Moment, wat een oder wat een och net dogéint maache kann. -
D'Betty Fontaine ass CEO vun der Brasserie Simon an hat laang Zäit Angscht, datt et net gutt ausgoe kéint mat der Firma. An och nach haut ass si konstant vun der Angscht begleet, datt et all Moment schifgéing.
Deen zweeten Invité beim Luc Spada ass de Jo Kox. Vill verschidde Beruffer, ambitionéierten Hobbyleefer an och gesondheetlech Erausfuerderunge sinn alles Deel vum Jo Kox sengem ofwiesslungsräiche Liewe mat ville Situatiounen, déi mat vill Risiko verbonne waren. -
An dëser Episod Fiasko Fest lafe mir géintd'Zäit an um Enn stellt sech d'Fro: Ass dat heiten datbeschtméiglechst Liewen? D'Aide-soignante Jil Scheuer an deKënschtler Eric Mangen schwätze mam Luc Spada iwwert verpasste Geleeënheeten,hier Ängscht an och déi Rastlosegkeet, déi een a sech dréit a wou ee matt derZäit léiere muss, dass alles ëmmer konstant am Wandel ass. An wéi eendomat ëmgeet? Dat musst dir selwer lauschteren.
-
D'Larisa Faber ass Schauspillerin a Schrëftstellerin a wat hir Konscht ugeet, huet si sech dacks fir de Wee vun der Konfrontatioun entscheet. Dat wäert sech an Zukunft änneren. Dat erzielt si dem Luc Spada bei Fiasko Fest, wou den zweeten Invité de Social Entrepreneur a Museker Pit Romersa ass. Déi fënneft Episod vun der 2. Staffel ënnert dem Motto "Mir scheiteren ëmmer nach" beweist kloer, dass e Liewen ni no Plang verleeft an dat muss net schlecht sinn.
-
De Filmproduzent Bernard Michaux huet scho mat 23 Joer seng éischt Produktiounsfirma gegrënnt, bis hien dovunner liewe konnt, huet et awer eng Zäit gedauert. Bis haut bereit hien näischt, genee esou wéineg wéi d'Nina Tomàs, déi sech der Konscht an dem Yoga verschriwwen huet. Niewebäi muss si awer och hir Krankheet Multiple Sklerose managen.
-
Djuna Bernard ass Politikerin bei déi gréng a weess mëttlerweil, wat et heescht ze verléieren a virun Erausfuerderung ze stoen, déi een total iwwerfuerdere kënnen. Et kann een awer och soen: Et ass e Léierprozess. Och fir d'Melody Hansen, Chefredaktesch beim Lëtzebuerger Journal, déi mat der Zäit léieren huet missen, datt Grenze wichteg si fir sech selwer ze schützen.
- Laat meer zien