Afleveringen
-
Den Invité vum Dag ass deen neien Direkter vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren.
-
Mir froen den Escher Buergermeeschter, wéi hie seng Gemeng wëllt prett maache fir 50.000 Awunner.
-
Am Gespréich mam Stater DP-Mobilitéitsschäffe geet et ëm d'Verkéierssituatiounen um Lampertsbierg an zu Gaasperech.
-
Mam Direkter vun der Industriellefederatioun Fedil schwätze mir ë. a. iwwer d'Stroftaxe vum US-President Trump.
-
Mam Generaldirekter vun der Police geet rieds iwwer dee massive Recrutement, d'2024er Kriminalstatistik an d'Aféierung vun de Bodycams (vum 1. Juli un).
-
Den EU-Agrar-Kommissär ass den Invité beim Maurice Molitor.
-
Froen un den neie President vum COSL, dem Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois, deen e Samschdeg d'Nofolleg vum André Hoffmann un der Spëtzt vun deem zentralen Organ vum Lëtzebuerger Sport iwwerholl huet.
-
D'OGBL-Presidentin trëtt um Kongress vun der Gewerkschaft nach eemol fir ee weidert Mandat vu fënnef Joer un. Wat huet si sech virgeholl an Zäiten, an deenen d'Gewerkschafte viru groussen Erausfuerderunge stinn?
-
Riskéiert d’Theema Klimawandel lues awer sécher am generellen Oprüsten ënnerzegoen? A wat mécht een dogéint? Dat froe mir d'Presidentin vum Mouvement écologique no hirem Kongress de Mëttwoch Owend.
-
Lant déi nei Zort Gentechnik geschwënn op eisen Telleren? A passt déi nei EU-Agrar-Strategie och op Lëtzebuerg? Dat freet d'Christiane Kleer d'CSV-Landwirtschaftsministesch.
-
D'ASTI geheit der Regierung vir net genuch géint Rassismus ze ënnerhuelen, an dat obschonn de Problem a ville Beräicher vun der Gesellschaft present wier. Wat fuerdert d'Associatioun konkret? Dat freet d'Christiane Kleer hiren Direkter.
-
D'Directrice vun der Ecole nationale de santé (ENSA, ex-LTPS) iwwer d'Erausfuerderunge vun der Ausbildung an déi dréngend Noutwendegkeet, Leit fir d'Gesondheetsberuffer ze motivéieren.
-
Wéi eng Conclusiounen zitt d'CSV-Sozialministesch aus der Pensiounsdebatt vu gëschter?
-
Den Direkter vun der IGSS erkläert d'Projektiounen iwwer déi finanziell Ofsécherung vum Pensiounssystem, déi seng Verwaltung am Virfeld vun der Pensiounsdebatt gemaach huet.
-
D'Cheemikerin vun der Uni Lëtzebuerg erkläert, wat sech hanner de sougenannte PFAS verstoppt a wat déi Éiwegkeets-Chemikalien esou geféierlech mécht.
-
Wat geschitt mat den agefruerene russesche Verméigen? A wou soll d'Geld hierkommen, fir d'Investissementer an d'Verteidegung ze finanzéieren? Froen un de Finanzminister
-
Mir froen de Generalsekretär vun der CSJ an de President vun de jonke Sozialisten, wat si am Pensiounsdebat vun hire Mammeparteien erwaarden.
-
Mir froen d'Deputéiert vun déi gréng, wat d'Spezialkommissioun iwwer d'Caritas-Affär bis elo bruecht huet.
-
Wéi wäert d'Luxemburger Wort sech an den nächste Jore weiderentwéckelen? Mir froen déi nei Chefredaktesch.
-
Wéi realistesch ass et, datt d'Walgesetz wierklech geännert gëtt? Dat froe mir den CSV-Députéierten, den Institutiounekommissioun an der Chamber presidéiert.
- Laat meer zien