Afleveringen
-
Aus der Community huet eis eng Ufro erreecht, fir iwwer Regrets ze schwÀtzen: dat heescht, eng Erfarung dono ze beréien a sech ze wënschen, et hÀtt een*t dat net oder aanecht gemaach. De Joël, den Elie an d*e Robin schÀtzen an dëser Episod doriwwer, wat fir eng Regrets si hunn, firwat si sech op déi Erfarungen agelooss a se dono bereit hunn (oder och net): Och diskutéiere si, wéi et hinnen dono gaangen ass a wéi si domadder ëmgaange sinn.
An der Rubrik erklÀrt den Elie d Pornotrends vum Joer 2024.
Wann s du en Thema hues, vun deem s du mengs, dass et interessant wier wa mir dat beschwÀtzen, da schreiw eis iwwer Instagram, Facebook oder eng Email op [email protected].
-
Sex fannen ass haut net mĂ©i schwĂ©ier, well et gi jo Appe dofir. Op Quickie oder BezĂ©iung â an der schĂ©iner net mĂ©i esou neier Online-Welt gĂ«tt et fir jiddereen*t eppes. Oder op d'mannst wierkt et esou. De JoĂ«l an den Elie schwĂ€tzen an dĂ«ser Episod doriwwer, wisou dĂ©i Appe dacks esou ugeluecht sinn, datt et mĂ©i Ă«m dâSwipe geet wĂ©i Ă«m dâPersounen op de Profiller. Si erziele vun Iwwerangebot, vun DĂ©ieren op Profilfotoen an schwĂ€tzen doriwwer, wĂ©i een*t sech mĂ©iglechst sĂ©cher op esou Plattforme beweege kann.
An der Rubrik erklĂ€rt eis dâElla, wat et mam âMale Gazeâ op sech huet.
Shownotes:Artikel iwwer AI-Companions an der woxx
Nëtzlech Rubrik vun eis:How to: Safe(r) Sexting
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Féck de System - e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklÀren, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergÀnzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus anscheinend bessere Sex haten.
An der Rubrik erzielt den Elie davun, wéi een*t erkenne kann, ob Monogamie eppes wier een*t ass.
An der Episod erwĂ€hnt d*e Robin e Buch: D Buch heescht âAmerikas Gotteskrieger: Wie die Religiöse Rechte die Demokratie gefĂ€hrdetâ a gouf 2021 (net 2018) vun der dĂ€itscher Amerika WĂ«ssenschaftlerin Annika Brockschmidt publizĂ©iert.
Weider Quellen an Empfeelungen:âSexual Hegemony: Statecraft, Sodomy, and Capital in the Rise of the World Systemâ vum Christopher Chitty (2020)âWarum Frauen im Sozialismus besseren Sex haben - Und andere Argumente fĂŒr ökonomische UnabhĂ€ngigkeitâ vum Kristen Ghodsee (2018)âThe Dispossessedâ vum Ursula K. Le Guin (1974)
-
An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mÀ och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwÀtzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir VerÀnnerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d'Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat alles kréie mir vun zwou SÀiten aus erzielt: d*e Robin aus der Siicht vum*vun der Patient*in, den Elie aus der Siicht vum Therapeut.
An der Rubrik erzielt d'Ella eis alles, wat mir Wichteges iwwer BlosenentzĂŒndunge wĂ«sse mussen.
-
D'Halschent vun der Populatioun huet en: de Penis. An e groussen Deel vun der Populatioun ass u Penisser sexuell interesséiert. "De Penis" gëtt et dobÀi amfong net wierklech - Penisser kommen an alle Gréissten a Formen. Dominant an der Konversatioun ëm Penisser ass dobÀi oft d Gréisst vun deem Kierperdeel: d'Meenungen iwwer d'Wichtegkeet vun de Moossen ginn dobÀi oft auseneen. De Joël an d*e Robin schwÀtzen an dëser Episod doriwwer, firwat mÀer deem Ganzen amfong souvill Bedeitung zoumoossen, wat et mat "dick energies" op sech huet, a wat hir Erfarunge mat Penisgréisst sinn.
An der Episod erklÀrt den Elie an der Rubrik Aktualitét, wat dee néi entdeckten "Sexom" ass.
Aner Folgen iwwer Penis- a MĂ€nnlechkeetsufuerderungen:#059 MĂ€nnlechkeet#67 Haaptsaach eng GĂ€ns? â PenisonsĂ©cherheet an aner lĂ©isbar Problemer
-
Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances â heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsumĂ©ieren. An dĂ«ser Episod schwĂ€tze Kelly an de JoĂ«l iwwert den Ănnerscheed tĂ«scht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwĂ€tzen och doriwwer, wĂ©i a wisou mir selwer (sexy) Konscht kĂ«nne maache sollten.
An der Rubrik stellt Kelly eng MindfulnessĂŒbung vir.
ShownotesBuch: "erotica universalis" (TASCHEN Verlag)Performance Deborah de Robertis Youtube: Video-Essay zu Omegaverse, nach een Video-Essay zu OmegaverseFurther Reading:Susan Sontag: The Pornographic ImaginationWikipedia: History of erotic depictions
-
An dëser Episode schwÀtzen de Joël a Kelly iwwer SchwÀtzen: Mat wiem schwÀtzen si (net) gÀr iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwÀtzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwÀtzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, berÀicherende Gespréicher kommen. Dat a méi héiers du elo.
An der Rubrik schwÀtzt den Elie iwwer Poppers.
-
Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wÀertvoll sinn. Leider hu mÀer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwÀtzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen.
An der Rubrik schwÀtzt Kelly iwwer Sex an Trauma.
-
An dëser Episode schwÀtzen Elie a Kelly iwwer (gutt a manner gutt) Grënn fir no engem Konflikt Sex ze hunn. Weieng Léit hunn éischter Makeup Sex? Wat kann een ausser Sex nach machen? An wat ass mat Breakup Sex? Dat héiers du elo.
Rubrik How to Complete your Stress Cycle
-
Een neurodiverst oder neurospruddelegt Gehier ze hunn, verÀnnert déi Aart a Wéis, wéi een*t Bezéiunge feiert a wéi een*t Sex huet. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod, wéi dat fir si ass. Si erziele vun Diagnosen, vu Luuchten, déi ze haart sinn a vun de Gemeinsamkeeten tëscht Queerness an Neurospruddelegkeet.
An der Rubrik erklÀert eis Kelly, wat Meta-Gefiller sinn a wéi se eist Sex- a Bezéiungsliewen verÀnneren.
-
Hues du e Kierper oder bass du e Kierper? D'Trennung vu Kierper (body) a Geescht (mind) bestĂ«mmt, wĂ©i mer (eis) fillen a wĂ©i mer mat eis, mat Aneren a mat der Ămwelt Ă«mginn. Ween woren dĂ©i al wĂ€iss MĂ€nner, dĂ©i di Trennung/Hierarchie erfonnt hunn? An vill mei wichteg: Wat mer kenne maachen (Sex?), fir dĂ©i ze hannerfroen?
Quellen- Kapitel 8 (bonus): Besser Orgasmen
-
Déi meeschte Mënschen hu méi oder manner reegelméisseg Sex - mee firwat? DÀer Fro ginn de Joël a Kelly an dëser Episod no, an diskutéieren dobÀi iwwer verschidde Weeër fir (méi oder manner) geléifte Mënsche no ze sinn, iwwer Spaass an d Loscht, déi aus verschiddene Sourcen entstoe kann. Och schwÀtze si doriwwer, wéi a firwat "Sex hunn" als normal an obligatoresch an eiser Gesellschaft gëllt - e PhÀnomen, dat als "compulsory sexuality" bezeechent gëtt.
An der Rubrik verzielt Kelly, wéi een*t besser Orgasmen hu kann.
Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op Àre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewÀerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen.
Shownotes:Episod #126: Méi wéi just heiansdo Sex - DemisexualitéitEpisod #142: Keng Persoun, déi wëll, kee Bock, an elo? - Kee Sex hunnBuch vum Sherronda J. Brown (2022). Refusing Compulsory Sexuality - A Black Asexual Lens on Our Sex-Obsessed Culture. North Atlantic Books.
-
Obwuel mir probéieren, a Bezéiungen op Aenhéicht ze sinn, ginn et dacks Muechtënnerscheeder. Ob a Frëndschaften oder Koppelen, dacks sinn et Facteure wéi Alter, Suen oder Wëssen, déi fir Hierarchië suergen. De Joël an d*e Robin schwÀtzen an dëser Episod doriwwer, wéi si mat esou Hierarchien ëmginn a wat si maachen, fir se auszeglÀichen. Si diskutéieren net nëmmen iwwert ee finanziellen AusglÀich, mÀ och iwwert Fro, ob et méiglech ass, sÀin*seng Chef*in ze daten. An der Rubrik schwÀtzt den Elie iwwert Chemsafe.
Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op Àre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewÀerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen.
-
An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mÀer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. MÀer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen.
An dëser Episod schwÀtzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Och schwÀtzen si iwwer Pronomen, a wéi gendersensibel Sprooch a Pronomen am Lëtzeboieschen kënnen ëmgesat ginn.
An der Rubrik schwÀtzt Kelly doriwwer wéi een*t zum Orgasmus komme kann.
Robin erklÀrt firwat een*t den H-Slur net benotze sollt: Eng gutt Fro: Wat ass Intergeschlechtlechkeet?
-
Ob an eisen Dreem, beim MasturbĂ©ieren oder einfach matzen am Dag â dĂ©i meescht vun eis hu sexuell Fantasien. Si kĂ«nne ganz harmlos sinn, si kĂ«nnen intrusiv sinn oder och esou komesch, datt mir se net wĂ©ilten Ă«msetzen. An dĂ«ser Episod maachen sech d*e Robin, den Elie an de JoĂ«l op eng Rees an d'Onbewosstsinn a probĂ©ieren erauszefannen, wouhier eis Fantasien eigentlech kommen. Si schwĂ€tzen iwwert komesch Theorien, wĂ©i gesellschaftlech Normen an eis ganz privat Fantasien andrĂ©ngen an doriwwer, wĂ©i si mat hire Fantasien Ă«mginn.An der Rubrik schwĂ€tzt den Elie iwwer Chemsex â net just fir all fir all dĂ©i, dĂ©i (nach keng) Fantasien doriwwer hunn.
-
Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen - an oft eng Erfarung, mat dÀer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwÀtze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn.
An der Rubrik gëtt Kelly en How To fir mat schwierege Gefiller eenz ze ginn.
Hei sinn aner Episoden, dĂ©i mĂ€er schonn zum Thema Trennung opgeholl hunn:#87: Ende gut, alles gut? â Vu SchlussstrĂ©cher an aneren Enner#112: Kontaktpausen, ParkgesprĂ©icher an de leschte Sex â Wei kann een*t sech trennen?#146: De Kuerf krĂ©ien an de Kuerf ginn â Ee gudden Ămgang mat ZrĂ©ckweisung
Falls et guer net mĂ©i geet, kanns de der hei ĂnnerstĂ«tzung an HĂ«llef sichen:https://454545.lu/https://www.kjt.lu/de/https://www.kjt.lu/de/elterentelefon/https://www.prevention-suicide.lu/
-
Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: DĂ©i Ă©ischte KĂ©ier. MĂ€ Moment emol, vu wat fir enger Ă©ischter KĂ©ier schwĂ€tze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen JoĂ«l, Robin a Lynn diskutĂ©ieren, ob hir âĂ©ischte KĂ©ierâ iwwerhaapt hir wierklech âĂ©ischte KĂ©ierâ wat an iwwerleeĂ«n sech, wĂ©i dâAusernanersetze mat der persĂ©inlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter Ă«mdefinĂ©iert. Ausserdeem schwĂ€tze mir iwwert deen Ă©ischte queere Sex, dâSex-Olympiad a Jalousie op aneren hir Ă©ischte KĂ©ieren. An der Rubrik erklĂ€ert eis den Elie, wat Sober Sex ass.Shownotes:Episod #125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker â Ă©ischt KussenEpisod #109: Wann et einfach net geet â Vaginismus
-
Fir eisen End of Season Event vun der 6ter Staffel hate mer net nëmmen zwee wonnerbar Workshops an eng Drag Show, mee mÀer hunn och mat eiser wonnerbarer Community live eng Episod opgeholl!
Mir hu mat Iech driwwer geschwat, wat "queer" amfong ass, an hunn dobĂ€i villfĂ€lteg Aspekter vun deem Thema beliicht (och mat Ărer Participatioun!). Si net-monogam a neurodivergent MĂ«nschen inherently queer? GĂ«tt et amfong "d queer Community"? A wat ass eigentlech queere Sex?
An der Rubrik schwÀtzt Kelly iwwer Bindungsmusteren a Sex.
-
Et deet wĂ©i, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun Ă«nnerhalb vun enger BezĂ©iung eis zerĂ©ckweist. Dat Gefill ka mol mĂ©i schlĂ«mm, mol manner grouss sinn. An dĂ«ser Episoden zielen d*e Robin an de JoĂ«l, wĂ©i si domadder Ă«mginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkĂ«nnt. MĂ€ net nĂ«mme mir selwer kĂ«nnen ee Kuerf krĂ©ien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zerĂ©ckweise mussen. Och dat ass net einfach, vlĂ€icht esouguer mĂ©i schwiereg â mĂ€ och hei huet Ă€ren Liblingssexpodcast Tipps fir Iech! An an der Rubrik schwĂ€tzt den Elie doriwwer, wĂ©i ee Business Meeting hĂ«llefe kann, besser ze kommunizĂ©ieren. Vergiesst och net eisen Event de 6. Juli an de Rotonden, wou dir bei Workshops a bei enger Live-Opnam vun enger Episod kĂ«nnt dobĂ€i sinn.
-
Schwangerschaft ass eng aschnéidend ZÀit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. GlÀichzÀiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi sÀi Kierper sech verÀnnert huet. Och schwÀtzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verÀnnert hunn.
An der Rubrik schwÀtzt Kelly iwwer de Mythos vum vaginalen Orgamus.
- Laat meer zien