Afleveringen
-
An der 20. Episod schwätzen de Yannick an de Sam iwwert d'Véierelsfinalle vun der Futtball Europameeschterschaft an Däitschland.
-
An der 19. Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwert den 1. Spilldag vun der Futtball Europameeschterschaft an Däitschland.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
An der 18. Episod huelen de Jeff an de Sam d'Champions-League -Finall ënnert d'Lupp.
Donieft ass awer och Rieds vun den Trainerwiessele vu Bayern München an dem FC Barcelona, wéi och den Testmatcher vun de roude Léiwen an der EM. -
An der 17. Episod freet sech de Yannick beim Sam iwwert déi Dortmunder Participatioun an der Champions-League-Finall.
-
An der 16. Episod schwätzen de Yannick an de Sam iwwer d'Allersmatcher an den Halleffinallen vun der Champions League.
-
An der 15. Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer d'Véierelsfinalle vun der Kinneksklass an och iwwer déi international Championnater.
-
An der 14. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwer d'Allersmatcher an de Véierelsfinalle vun der Kinneksklass geschwat.
-
An der 13. Episod diskutéieren de Yannick an de Sam iwwer d'Hären Nationalekipp, U21-FLF-Selektioun an d'Dammen Nationalekipp.
-
An der 12. Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer den Tirage vun de Véierelsfinalle vun de Kinneksklass an d'Nations-League-Playoffs.
-
An der 11. Episod hunn de Yannick an de Sam iwwert déi éischt Retourpartië vun den Aachtelsfinalle geschwat.
Donieft hu si awer och hir Dram-Eelef opgestallt. -
An der 10. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwert d'Allersmatcher vun den Aachtelsfinalle geschwat.
Donieft gouf awer och nach iwwert den Dany Mota a verschidden Transferte vun de Lëtzebuerger Nationalspiller diskutéiert. -
An der 9. Episod hunn de Yannick an de Sam zesumme mam Jeff Kettenmeyer e Bilan gezunn an hunn den Tirage vun der Aachtelsfinall ënnert d'Lupp geholl.
-
An der 8. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwer d'Champions League geschwat an et gouf eng kleng Quiz-Ronn.
-
An der 7. Episod hunn de Sam Rickal an de Yannick Zuidberg de Bilan vun der EM-Campagne vun der Hären Nationalekipp gezunn.
Donieft war um Mëttwoch awer och rieds vun der Kader Presentatioun vum Dan Santos fir déi lescht zwee Matcher vun der Dammen Nationalekipp an der Nations League. -
An der 6. Episod hunn de Yannick Zuidberg an de Sam Rickal iwwert hir éischt a schéinst Erliefnisser am Futtball geschwat.
Donieft war awer och rieds vun der Nationalekipp an der Zukunft vum Nationaltrainer Luc Holtz wéi och vum 4. Spilldag an der Champions League. -
An der 5. Episod hunn de Sam Rickal an de Yannick Zuidberg zesumme mam Jeff Kettenmeyer ënner anerem iwwert dem Jeff seng Karriär als Kommentator geschwat.
Donieft hu si och d'Champions League an déi zwee Matcher vun der Dammennationalekipp an der Nations League géint d'Tierkei ënnert d'Lupp geholl. -
An der véierter Episod hunn de Yannick Zuidberg an de Sam Rickal iwwer d'Lëtzebuerger Nationalekippe geschwat.
-
An der drëtter Episod kucken de Sam Rickal an den Yannick Zuidberg op d'Kader-Presentatioun vum Luc Holtz, d'Dammen Nationalekipp an d'Champions League.
-
An der zweeter Episod kucken de Sam Rickal an de Yannick Zuidberg zeréck op den 1. Spilldag an der Champions League.
-
An der éischter Episod hu mir zesumme mam Jeff Kettenmeyer d'Gruppe vun der Champions League ënner d'Lupp geholl.