Afleveringen
-
Mam grénge Vize-Premier, Mobilitéits- an Arméiminister kucke mir op ee Joer zeréck, dat op en Neits vun der Corona-Pandemie markéiert war. Mir froen och, wat déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun an hirer neier Zesummesetzung bis zu de Chamberwalen nach wëlles huet. Moderatioun: Pia Oppel
-
Den internationale Kontext ass fir dëse Secteur besonnesch wichteg: Leit musse reesen, touren a gesinn sech mat verschiddene Situatiounen a Reegelen a verschiddene Länner konfrontéiert. Wat fir een Ausbléck erlaabt dës Situatioun?
Een Iwwerbléck mat Vicky Zeimetz (Atelier), Luka Heindrichs (De Gudde Wëllen), René Penning (Kulturfabrik), Jerôme Reuter (Rome) um Mikro vum Marc Clement. -
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Déi laangjäreg héich EU-Beamtin ass zënter Juli Presidentin vum Verlaagshaus, dat ënnert anerem d'Lëtzebuerger Wort an de Contacto eraus gëtt - an dat elo net méi dem Bistum, mee dem belsche Mediekonzern Mediahuis gehéiert. D'Pia Oppel schwätzt mat der Martine Reicherts iwwer d'Zukunft vun de klassesche Medien an Zäite vu Facebook-Meenungen, Telegram-Konspirationsmus an TikTok-Trends.
-
Mam Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2021 geet rieds iwwer Bluttsëffer an Ouereschlëffer, Kannertheater a Kabarä, Corona-Middegkeet a Wander-Loscht.
-
Ronn 76 Prozent vun den Awunner vu méi wéi 12 Joer si komplett géint de Covid-19 geimpft. Elo leeft d'Kampagne fir eng zousätzlech Impfung fir eeler Persounen. Aus wéi enge Grënn bal ee Véierel vun der Populatioun sech net impfe léisst, a wéi een an der Impfcampagne soll kommunizéieren, doriwwer diskutéieren ënner anerem den Dr. Jean-Paul Schwarz an de Psychiater Jean-Marc Cloos.
Moderatioun: Carole Schimmer -
Wéi een Undeel huet de Klimawandel un eenzelen extreeme Wiederphenomeener? Déi däitsch Physikerin a Philosophin ass eng Pionéierin vun dëser neier Fuerschungsbranche.
Am Gespréich mam Pia Oppel erkläert d'Fuerscherin um Londoner Imperial College, wat déi sougenannt "Attributiounswëssenschaft" ka leeschten - a wat si sech vum UN-Klimasommet erwaart. -
D'Gemengegesetz gëtt moderniséiert fir sech den Erausfuerderunge vun haut unzepassen. Well verschidden Elementer vun där Reform nach virun de Gemengewalen 2023 solle kënnen ëmgesat ginn, wëllt d'Inneministerin Taina Bofferding dräi Haaptvoleten virzéien, dat sot si rezent op engem Ronndëschgespréich mam President vum Syvicol Emile Eicher an dem President vun der Gemengebeamtegewerkschaft FGFC, dem Marco Thomé.
-
Am Gespréich mam President vum Groupement des Entrepreneurs geet et ëm d'Wunnengskris, déi geplangte Grondsteierreform grad wéi ëm säi professionelle Parcours als Bauentrepreneur.
Moderatioun: Pia Oppel
-
Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen a Sakralbauten zu Lëtzebuerg nei genotzt ginn? Dat diskutéiere mer mat véier Invitéen: Der Architektin Sala Makumbundu, dem Kierchenexpert Alex Langini, dem Gérard Kieffer vum Bistum, an dem Robert Mangen, Schäffe vun der Gemeng Déifferdeng, wou d'nächst Woch déi desakraliséiert Kierch vu Lasauvage ageweit gëtt. Moderatioun: Pierre Reyland
-
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer Zukunftspläng: seng eegen an déi vun der blo-rout-grénger Regierung, zu där hie fir den Ament Mol nach gehéiert. Moderatioun: Pia Oppel.
-
Mam President vun der Handelskammer geet et drëms, wat d'Betriber sech vun der blo-rout-grénger Regierungskoalitioun erwaarden, fir déi grouss Defiën a Saache Klimaschutz, Wunnengsbau a Steiergerechtegkeet ze meeschteren. Moderatioun: Pia Oppel.
-
Dëse Sonndeg steet Däitschland am Mëttelpunkt: Ronn 60 Millioune Wieler sinn opgeruff en neit Parlament ze wielen. Wat sinn d'Enjeue fir Däitschland, d'Europäesch Unioun an d'Groussregioun?
Där Fro gi mir an engem Riicht eraus Spezial no, mat Hannergrënn, Analysen an Aschätzunge vum Max Tholl a Matthias Kirsch, eise Korrespondenten zu Berlin, an dem Danièle Weber, eiser EU-Korrespondentin zu Bréissel.
Donieft huet d'Christina Heidt nogefrot, wat d'Direktkandidate vun Tréier zu Berlin a punkto Mobilitéit an der Groussregioun wëllen erreechen. -
An Däitschland gëtt de 26. September een neie Bundestag gewielt. Wéi een Afloss hunn dës Walen an hiert Resultat op Lëtzebuerg an op déi Europäesch Unioun?
Dat analyséiert de Serge Kesseler mat senge Gäscht: den LSAP-Parteipresident Yves Cruchten, de WOXX-Journalist Raymond Klein an de Publizist Pierre Lorang. -
D'Familljeministerin huet eng mouvementéiert Woch hanner sech: No der Presentatioun vum Rapport Waringo iwwer d'Infektiouns-Clusteren an den Alters- a Fleegeheimer gouf si hefteg kritiséiert. D'Oppositioun huet souguer fir d'zweet bannen e puer Méint hir Demissioun gefrot. Wéi eng Léieren zitt d'Corinne Cahen aus dem Rapport? A wéi reagéiert si op d'Diskussiounen do ronderëm? Dat sinn dem Maurice Molitor seng zentral Froen am Gespréich mat der Familljeministerin an DP-Presidentin.
-
Iwwer 80 Prozent vun der Fläch vu Lëtzebuerg si ländlech Regiounen. A bal 40 Prozent vun den Awunner liewen um Land. Wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler? A wéi gëtt d'Entwécklung vum ländleche Raum gesteiert an Zäite vun héijem Wuesstum?
Doriwwer geet rieds mat dräi Invitéen: De Biekerecher Buergermeeschter Thierry Lagoda; den Arno Frising aus dem Ministère fir ländlech Entwécklung; an der Odile Simon, Direktesch vum Kulturzentrum Cube 521.
Moderatioun: Pierre Reyland -
Mat Mask am Cours, virum Ecran doheem: Zanter méi wéi engem Joer ass an de Lëtzebuerger Klassesäll villes anescht wéi virdrun. Mee ass dorun alles schlecht? Wat fir Léieren zitt d'Schoul aus engem gudde Joer Coronavirus? Dat diskutéiere mir ënner anerem mam Educatiounsminister Claude Meisch an dem Jean Theis vum Collège vun de Lycéesdirekteren. Moderatioun: Christiane Kleer
-
De russesche Staatssender Russia Today hätt gär eng Lëtzebuerger Lizenz fir per Astra-Satellit en däitschsproochegen Tëleesprogramm ze diffuséieren, huet d'Süddeutsche Zeitung gemellt. Firwat dat fir Lëtzebuerg an Däitschland ee Problem ass - a wéi eng Defie sech fir d'Medienopsiicht an der EU méi allgemeng stellen, ass een Theema mam Invité Mark Cole, Droitsprofesser an Expert fir Medierecht op der Uni Lëtzebuerg.
Moderatioun: Pia Oppel -
De Satellitte-Bedreiwer SES huet net just wéinst der Pandemie ongewëss Zäiten matgemaach. Déi lescht Joren hu sech d'Marchéen an d'Ëmfeld vun der SES immens verännert. De Public kuckt manner Tëlee an d'Konkurrenz lancéiert dausende Minisatellitten.
Wéi sech d'SES adaptéiert, doriwwer schwätzt d'Michèle Sinner mam SES-Direktiounsmember Ferdinand Kayser.
-
Wéi eng Wierkung kéinten déi rezent Annoncë vun de G7-Finanzministere fir multinational Firmen méi do ze besteieren, wou se aktiv sinn, net just um Siège, op déi Lëtzebuerger Ekonomie hunn?
Gutt Fro, huet den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza an der Emissioun gemengt. A sengen Ae war et richteg, déck Konjunkturpäck ze annoncéieren - d'Regierung hat alles an allem eelef Milliarden ugekënnegt, mee just 1,7 Milliarden Euro goufen agesat - schonn eleng fir d'Leit ze rassuréieren, datt si net géifen am Ree stoe gelooss ginn.
Aner Sujeten an der Emissioun waren, wéi vill d'Lëtzebuerger Residenten an der Pandemie u Sue gespuert hunn an d'Lëtzebuerger Ekonomie un Zäregasemissiounen.
Moderatioun: Michèle Sinner -
Iwwer d'Zukunft vum Gesondheetswiesen gëtt aktuell um Gesondheetsdësch diskutéiert - an och a Riicht eraus um radio 100,7: Invitéiert sinn d'Santésministerin Paulette Lenert, de Romain Nati, Generaldirekter vum Stater CHL a Vize-President vun der Spidoolsfederatioun FHL, an den Alain Schmit, President vun der Dokter-Associatioun AMMD. Moderatioun: Pia Oppel.
- Laat meer zien