Carma Club ass de Podcast fir all déi, déi de Kapp mol ausschalte wëllen.
Mir sinn d’Carole an d’Marylène a schwätzen iwwer dat richtegt Liewen: Bezéiungen, peinlech Momenter, Frëndschaften, Alldag, Vakanz-Desasteren an alles, wat eis zum Laache bréngt.
Éierlech, spontan an ouni Filter.
Also huel dir e Café, eng kuscheleg Decken oder däi Glas Wäin a komm an de Carma Club.
XOXO, CARole & MArylène 😉