Afleveringen

  • Schueberfouer, dining out and open-air concerts. In this episode, Teodor Georgiev takes you on a summer trip through Luxembourg City. Between two roller coaster rides, he sits down with Laurent Schwaller, who turned his love for the funfair into a job for the state, and bumps into Marc Ruppert (Fokus) whose grandmother used to own the Kugener restaurant. Down the grund, he has a conversation with François Dickes, owner of Vins Fins, who showcases how key dining out is during summertime, before heading to Den Atelier, where its managing partner, Michel Welter, gives him a dip into Luxembourgish nightlife.

    When the summer gives way to the colder part of the year though, life in Luxembourg City continues and the municipality's activities as well. Teo meets with Corinne Cahen (DP) and Claudie Reyland (déi gréng) to chat about intergration, mobility, housing and the council's work in a commune where foreigners comprise 70 per cent of the population.

    This podcast is provided to you free of charge. If you want to support our team and promote quality journalism, subscribe now: https://journal.lu/en/products

  • Déifferdeng ass eng Stad mat dausend Gesiichter – bal 30.000, fir genau ze sinn. Fir vill vun hinne geet et am Summer Richtung Ausland, bei d'Famill oder an den Hotel, an am Zentrum gëtt et virun allem am August relativ roueg. Eng Plaz, wou awer ëmmer eng lass ass, ass de Minettpark Fond-de-Gras. Wärend den Train1900 an d'Minièresbunn bei Jonk an Al fir Begeeschterung suergen (zanter Kuerzem kann ee jo souguer an engem vun den ale Waggonë schlofen), zéien déi vill verschidde Festivals all Joer Leit aus Lëtzebuerg, mee och dem Ausland un. De Blues Express, d'Anno 1900 Steampunk Convention, Kiwany's History Vehicles: ronderëm déi fréier Industrie-Gare gëtt et esou munches ze erliewen an de Wee an den déiwe Süden ass definitiv derwäert.

    Déifferdeng huet wéi all Stad awer och mat klengen a gréissere Boboen ze kämpfen. Virun allem d'Theme Verkéier, Sécherheet a Beliewe vum Zentrum stinn an der Gemeng ëmmer nees am Vierdergrond. D'Laura Tomassini war e puer Deeg an der Minett-Stad ënnerwee an huet esouwuel mam Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP), der Oppositiounspolitikerin Manon Schütz (déi gréng), ewéi och dem Steampunk-Fan Pascal Zimmer a Passant*innen iwwer dat geschwat, wat Déifferdeng ausmécht, wou de Schong nach dréckt a wéi een hei de Summer verbrénge kann.

    Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

  • Zijn er afleveringen die ontbreken?

    Klik hier om de feed te vernieuwen.

  • De Summer verbanne vill Lëtzebuerger*inne mat Vakanzenaktivitéiten. Zu Jonglënster ass dat zanter 2009 d'Kannerspillstad Mini-Lënster, an der de Fonctionnement vun enger richteger Gemeng vun de Kanner nogestallt gëtt. Et ginn Dokteschpraxissen, eng Post, e Policebüro, eng Zeitung, jee alles, wat eng Gemeng esou brauch. Et gi souguer Walen ofgehalen, an deenen eng Buergermeeschtesch oder e Buergermeeschter mat engem Schäff*innerot gewielt gëtt. De Mich Weber war selwer eng Kéier Buergermeeschter vu Mini-Lënster a war dëst Joer déi éischt Kéier mat an déi richteg Gemengewalen.

    Mat him, esou wéi mat anere Politiker*inne vu Jonglënster, schwätzt d'Melody Hansen doriwwer, wat Jonglënster sech vu Mini-Lënster kann ofkucken, wéi eng Erausfuerderungen de schnelle Wuesstem vun der Gemeng mat sech bréngt a wéi d'Multikulturalitéit vun der International School sech och an der Gemeng ëmmer méi erëmfënnt.

    Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

  • Pour lancer cette deuxième saison, Camille Frati vous emmène à Vianden, une commune connue à l'échelle européenne voire mondiale. Mais le serait-elle sans son château ? Probablement pas. L'été, c'est lui qui attire des milliers de touristes du Grand-Duché. Depuis le télésiège qui offre une vue grandiose sur la vallée, le long du musée Victor Hugo et en pleine fête médiévale, elle a parlé avec habitant·es et touristes de passage.

    Néanmoins, Vianden est aussi un village qui ne veut pas vivre seulement pour le tourisme. Avec 2.000 habitants, ses besoins sont ceux de toute autre commune : école, maison-relais, centre médical… Autant de défis que doit relever la nouvelle équipe du conseil communal sortie des urnes en juin dernier, menée par le bourgmestre Francy Weyrich. Sans oublier la réouverture de la piscine qui manque à tant de Viandenois·es et de Luxembourgeois·es.

    Ce podcast est mis à ta disposition gratuitement. Si tu veux soutenir notre équipe et le journalisme de qualité, abonne-toi maintenant:
    https://journal.lu/de/products

  • De Gemengepodcast ass endlech zréck!

    An der zweeter Staffel dréint sech alles ëm de Summer an denger Gemeng. Wou kann ee sech u waarmen Deeg am beschten ofkillen oder am Congé de Kapp fräikréien? A wat beschäftegt Lokalpolitiker*innen iwwert de Summer? D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal waren nees am Norden, am Süden, am Osten an am Zentrum ënnerwee.

    Hues du deng Gemeng am Teaser erëm erkannt? Da so et der ganzer Noperschaft! En Donneschden, den 31. August geet et lass.

    Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

  • Lëntgen ass wuel dat perfekt Beispill vun enger Gemeng, déi lues awer sécher – zesumme mam ganze Land – wiisst. Seng ronn 3.400 Awunner*inne ginn net ganz duer, fir et "grouss" ze nennen, ma "ganz kleng" ass et och net méi sou wierklech – zumindest politesch. Dësen 11. Juni gëtt nämlech hei fir d'éischte Kéier am Proporzsystem gewielt. Fir vill Leit war den Henry Würth, deen 30 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng stoung, eng Konstant. Ma mam Wiessel an de Proporzsystem huet hien decidéiert : Et geet him duer. Mir kucke mat him op e Liewe Lokalpolitik zeréck, ier mer mat senge potenziellen Nofollger schwätzen. Zwee vun hinne sinn hei bekannt Gesiichter : De Schäffe Louis Pinto vun den Engagéiert Bierger fir eng sozial Gemeng Lëntgen, ass an de leschte Walen ëm dräi Stemmen net selwer scho Buergermeeschter ginn. De Schäffe Jeannot Toisul geet fir d'DP – déi eenzeg Parteilëscht – mat an d'Course, ma ass ganz bewosst net Spëtzekandidat. An de Charles Margue vun Di Nei Ekipp kennen déi meescht wuel éischter aus der nationaler Politik, well en Deputéierte fir déi gréng ass. Wäert et hei esou roueg weider goe wéi d'Leit et gewinnt sinn? Oder ass et Zäit fir e Wiessel? An wat wënsche sech d'Leit iwwerhaapt hei am Zentrum vum Land, an enger Gemeng, déi lues a lues ëmmer méi zu engem Viruert vun der Stad gëtt?

    Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

  • Zanter 1957 gëtt d'Gemeng Ettelbréck vun CSV-Buergermeeschteren dirigéiert. Nom Léon Mischo, Eugène Simon, Ed Juncker a Pierre Kraus ass et säit 20 Joer de Jean-Paul Schaaf (CSV), deen d'Rudder vun der Gemeng am Grapp huet. Och dëst Joer ass de 57-järegen nees Spëtzekandidat vu senger Partei a wënscht sech, wéinstens an der politescher Majoritéit ze bleiwen. Säi wuel gréisste Konkurrent wäert den 11. Juni den 1. Schäffe Bob Steichen (LSAP) sinn, dee bei de leschte Gemengewalen 2017 stëmmtechnesch just knapp hannert dem Jean-Paul Schaaf louch. Ob d'Koalitioun CSV-LSAP och déi nächst Jore wäert bestoe bleiwen, oder et un der politescher Spëtzt vun Ettelbréck wäert e Wiessel ginn, dat steet eréischt Enn der Woch fest. Mir hunn awer elo schonn nogehaakt, wat déi Jonk aus dem Hariko an der Nordstadjugend sech nach alles fir hir Gemeng wënschen, wéi et em déi kapverdianesch Communautéit zu Ettelbréck steet a wat d'Ettelbrécker Geschäftsleit a Passant*innen an der Foussgängerzon zu hirer aktueller Politik ze soen hunn.

    Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

  • Laang Zäit ënnert der Leedung vun der DP an der CSV, sinn 2005 mam Henri Kox als Schäffen an 2009 mat him als Buergermeeschter eng éischte Kéier déi gréng mat der CSV als Koalitiounspartner un d'Muecht komm. Bei de Gemengerotswalen 2017 hunn déi gréng zwee Sëtz verluer an den Henri Kox gouf Véiertgewielten. Säitdeem ass d'DP-CSV-Koalitioun zréck mam Jacques Sitz (DP) als Buergermeeschter. Ob hien déi Projeten, déi en an de leschte Joren ugestouss huet, wäert kënne finaliséieren, entscheeden um Walsonndeg d'Awunner*inne vu Réimech. Mir huelen dech mat an d'Jugendhaus, op d'Petanquespist, bei d'Geschäftsleit an an d'Gemeng, fir erauszefannen, wat d'Suergen an d'Wënsch vun de Leit zu Réimech fir déi ustoend Gemengewale sinn – a wéi eng Pläng d'Lokalpolitiker*inne fir d'Zukunft vun hirer Stad hunn.

    Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

  • Pour cet épisode sur les élections communales, Audrey Somnard vous emmène dans sa commune d'adoption depuis plus de 15 ans maintenant. Esch-sur-Alzette était aux mains de la gauche et en particulier des socialistes depuis toujours, une triple coalition CSV-DP-Déi Greng a renversé l'ordre établi il y a six ans lors des dernières élections communales. Le bourgmestre Georges Mischo doit défendre son premier bilan dans une commune qui accumule les difficultés. Les Eschois·es vont-ils·elles lui renouveler leur confiance? Nous sommes allés au marché, à la mairie, au match de foot de la Jeunesse un beau dimanche après-midi, pour donner la parole à des politiciens, à des eschois·es de naissance mais aussi de coeur, des gens fier·e·s de leur commune pas comme les autres, mais qui n'en oublient pas pour autant les problèmes.

    Ce podcast est mis à ta disposition gratuitement. Si tu veux soutenir notre équipe et le journalisme de qualité, abonne-toi maintenant:
    https://journal.lu/de/products

  • Vu Sëll an d'Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal huelen dech mat op eng Rees duerch déi 102 Gemengen am Land. An der éischter Staffel stinn d'Gemengewalen, den 11. Juni, am Fokus. Mir hunn all Walbezierk vum Grand-Duché besicht an hunn do mat Awunner*innen a lokale Politikerinne geschwat. D'Episode sinn an ënnerschiddleche Sproochen.