Afleveringen
-
Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach nÀischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppes iwwer Frituren, fir de kurzweilegen Nolauschterer spille mir Entweder/Oder a mir maachen natierlech lauter domm Witzer op KÀschte vu Minoréiten, Majoritéiten an eis selwer.
-
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast ErklÀr&Laach?
Ăntwert: De Podcast ErklĂ€r&Laach ass nach Ă«mmer aktiv a gĂ«tt reegelmĂ©isseg aktualisĂ©iert.
Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "drÀi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert.
D'Themen si variĂ©iert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wĂ©i "Tatort: LĂ«tzebuerg â D'WaldbĂ«lleger Band". D'Hosts kombinĂ©ieren dacks Ironie mat engem kriteschen BlĂ©ck op d'LĂ«tzebuerger Gesellschaft.
Dir kënnt ErklÀr&Laach op Spotify, Apple Podcasts, Podtail an TuneIn lauschteren.
Fir méi Informatiounen a fir um Lafenden ze bleiwen, kënnt Dir hinnen op Instagram follegen.
Wann Dir Fan sidd, kënnt Dir och hire Merch-Shop besichen.
Mir hÀtten et net kéinte besser soen.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
WÀissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire VersÀumnisser. Dir kënnt iech eisem Kult ab elo uschléissen, maacht eis einfach en Digi mat op mannst engem drÀistellege Betrag.
An aneren News: Bee Secure huet eis gefrot, fir nach emol kloerzestellen, dass Pornoen net d'Realitéit duerstellen (hu mir je de Géigendeel behaapt??). Hire Message ass wichteg a richteg: Dat wat een op PornosÀite gesÀit, huet wéineg bis nÀischt mat richtegem Sex ze dinn...
-
Dir wënscht iech eng Ulafstell fir Àr Froen, eng Plaz, wou een endlech eppes iwwer de Sënn vum Liewe léiert, ee Safe Space fir all déi peinlech, intim, awer wichteg Sujeten ze beschwÀtzen, déi iech scho laang beschÀftegen?
Da sidd dir hei genau richteg. Mir këmmeren eis an dëser Folg ëm all déi Themen, déi soss vun der Gesellschaft ënnert de symboleschen Teppech gekiert ginn: Den Arschlach-Effekt, déi zweet Virnimm vu Presidenten, a villes méi.
Presentéiert zesumme mam Psychiater-Verband Lëtzebuerg.
-
Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser.
DâTheme gi wĂ©i gewinnt wĂ€it auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei dâLĂ«tzebuerger Influencer ass hei alles dobĂ€i, wat kee sech gewĂ«nscht huet. An nach e wichtegen Disclaimer vum Joe: OPGEPASST SATIRE
-
Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mÀsseg nokucke kënnt fir Àre PlÀséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.
-
Mir sinn zrĂ©ck vun eisem Ausfluch bei d'Clickbait-Götter vun der gĂ«llener Fro. Nom wierklech normalen a gesellege GesprĂ©ich mat eisen zwee Podcast-Kompatrioten ass et dofir ZĂ€it, dass mir an eiser steinzeitlecher Höhl nees den IQ-Thermostat op 5 Grad Ă«nner 0 stellen. Dir sidd zrĂ©ck an Ă€rer WohfĂŒhlstubn, beim zweetbeschte Podcast vu LĂ«tzebuerg.
-
No eisem Ausfluch an den True-Crime-Genre kënnt elo den Origin-Album vun eiser drëttklasseger Boyband: eng chaotesch an oniwwersiichtlech Mëschung aus eisen drÀi Stëmmen a Stëmmungen. Vun der Tatort-Aftermath iwwer d'weltpolitesch Lag bis bei d'Wanderausstellung vum ZLS decke mir alles oof, wat iech am Moment net beweegt.
Dee ganze Mélange gëtt gewierzt mat enger Prise AI-Witzer an enger BÀilag mat eiser neister Rubrik: Genial doniewt.
-
40 Joer no den Evenementer rondrëm d'Waldbëlleger Band hëlt den Nico Reisdorff sech ZÀit fir e Gespréich mat eis. Hien bléckt zréck an zielt eis seng Siicht op d'Evenementer vun deemools...
-
D'Situatioun spĂ«tzt sech zou: Op enger enormer Verfollgungsjuegd mat der Police an der Gendarmerie ginn de WaldbĂ«lleger soulues d'LĂ©isungen aus... hunn si et lo engĂŒlteg ze wĂ€it gedriwwen? Oder gĂ«tt et nach en Auswee aus dĂ«ser Eskalatiounsspiral?
-
Et gëtt eescht fir d'Waldbëlleger, déi et nach eng leschte Kéier ganz grouss packe wëllen. Mat engem Iwwerfall, deen et sou zu Lëtzebuerg virdrun nach ni gouf... an dat aus guddem Grond.
-
D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren IwwerfÀll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'KÀpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...
-
No hirer Origin Story geet et lo am zweete Kapitel vun eiser Geschicht ëm di éischt IwwerfÀll an Schéissereie vun der Band. Och wann et uganks nach gutt leeft, a si d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg op en neie Level hiewen, wÀerte sech scho séier di éischt Problemer weisen... Keen ass sécher, och net d'Band selwer.
-
Viru 40 Joer huet sech ee vun de gréisste KriminalfÀll an der Lëtzebuerger Geschicht zougedroen. Eng Rei jonk MÀnner hunn deemools mat IwwerfÀll, Schéisseren a Morden dee ganze Grand-Duché an Angscht a Chaos gestierzt. No laangen an ausféierleche Recherche si mir elo prett, fir d'Geschicht vun der Waldbëlleger Band nei ze vertounen an iech se als Hörspiel z'erzielen, mat esou villen Detailer wéi nach ni virdrun.
HÀerzlech Wëllkomm bei Tatort: Lëtzebuerg.
-
Och am neie Joer kënnt dir vun eis nees ee Podcast-Schmaus op StÀren-Niveau erwaarden. Haut zervéiere mir e Velouté aus feinstem Wuertwitz, Aktualitéit an literareschem Savoir-Vivre.
Mee mir maachen och eppes neies: Mir wiesselen (temporÀr!) vun eisem gewinnte Podcast-Genre, an deem mir eis sou wuel fillen - dat kéint ee mat vill guddem Wëllen als 'Divers' bezeechnen - riwwer an den True Crime Genre.
Mir wëllen ab der nÀchster Folg déi wuel gréisste Kriminalgeschicht, déi et jeemools am Grand-Duché gouf, nei erzielen.
Méi Informatiounen dozou gëtt et an dëser Folg... an ab nÀchster Woch dann en Experiment. Stay tuned!
-
HÀerzlech Wëllkomm bei den Décke Fësch am Bambësch. Mir huelen dës Woch vum Jay-Z bis bei de Gast Gybérien d'Patriarchat ënner d'Lupp a wierzen dat natierlech wéi gewinnt mat Wuertwitzer an Hallewwëssen.
Bonus Content op DVD 2 (Sorry kids, boomer joke): De Pippo huet 10 Fakten iwwert de Kambodsch a mir schwÀtze fir d'éischte Kéier iwwert en neie Projet um Horizont...
-
Yo Talahons, sorry fir d'Interruption bei Àrem Söder Kebap, mee wéi der wësst, ass lo nees cold & grey zu Lëtzebuerg. A grad an der WanterzÀit (fréier AdventszÀit genannt) brauche mer nees méi WÀermt, méi Mateneen, méi Versteesdemech.
OnoofhÀngeg dovunner hu mir eng nei Fold vun der E&L opgeholl. Themen si wéi gewinnt net kontrovers: D'politesch Shitshows an DÀitschland an an den USA; de Poopst zu Lëtzebuerg; de Vullegast, a villes méi.
Mir moderéieren dat ganz gechillt fort a soen zum Schluss just eise Sponsere Merci: Maryland, ArcelorMittal an natierlech der Pizzeria LeSpecial.
-
LĂ«tzebuerg lĂ€it alt nees an der MĂ«tt vun der Welt: D'Piratepartei schĂ©isst sech selwer LĂ€cher an d'SchĂ«ff a bei der Caritas gĂ«tt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (HĂ«lt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwĂ€tzen dat zesumme mat weideren onkriddelegen Themen, zum Beispill FlĂŒchtlingen a Relioun. Mir haten och nach e ganzen Deel mat Joe-Biden-Presidentschaftswitzer dran, mee de Joseph huet eis nawell e StrĂ©ch duerch d'Rechnung gemaach. Domadder ass et elo offiziell: Eise Podcast ass nach mĂ©i lues wĂ©i en ale wĂ€isse Mann.
-
De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesÀit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus?
Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen?
A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze Fliiger giess huet?
-
Mir mellen eis just kuerz aus eisem ErklÀr&Gaart fir mat iech eng Partie Gossip Gurlz ze spillen - an iech ze berouegen, dass déi nÀchst Folg E&L um Wee ass. Oder ass dat éischter beonrouegend?
- Laat meer zien