Afleveringen
-
Wat fréier E3 geheescht huet, ass haut op lauter verschidde Präsentatiounen opgedeelt: Sony State of Play, Summer Games Fest, Xbox Showcase an Nintendo Treehouse. Mir hunn eis dës all ugekuckt a schnëssen iwwer alles wat eis opgefall ass: déi gutt an déi schlecht Saachen. Wat häls du da vun all deene Präsentatiounen?
-
Ass Modern Warfare eng nei Luucht um Enn vum Tunnel vun onbeléifte Call of Doodies? Kann ee jonken James Bond d'Fans iwwerzeegen, dass et och emol anescht goe kann? Wéi ass et een James Bond-Film ze spillen?Ausserdeem huet "Paralives" am early Access alle Sims-Spiller frësche Wand ugebueden. Dat a villes méi gëtt et an dëser Episode GamerThings! Kuckt eran, lauschter eran a schwätzt mat!
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Ongescript, onzenséiert an ongeplangt! D'Jonge vu Gamer Things schwätzen an der neitster Episod iwwer Ufoen. Iergendwann hunn si sech awer erëm drun erënnert wéi de Podcast eigentlech heescht an et gouf nees op Gaming-Theeme geswitcht. De Marc huet Saros duerchgespillt a gëtt säi Review. An de Mike iergert sech iwwert déi neitste Money-Tricks vu Microsoft bei Forza Horizon 6. Dat alles a villes méi, wéi gewinnt am Podcast Gamer Things.
-
Saros ou Saros pas? De Rahul Kohli Simulator vun Housemarque ass endlech do an de Marc huet villäicht spicy Take zum Spill? Mir freeën eis all iwwert d'Annonce vun Assassins Creed Black Flag Resynced an dem Remake vum Franchise-Libling. Dat bréngt eis zu enger, mëttlerweil reegelméisseger Diskussioun ronderëm Ubisoft a seng Lamentéierungen. Alles dat an erstaunlech vill Filmdiskussiounen erwaart dech an dëser Episod vu Gamer Things.
-
De Petz huet fir sech en neit Doheem a Crimson Desert geschaf a wëll do net méi fort. Kuerz huet e säi Wee dann awer bei eis fonnt fir ze schwäermen. Dann ass mat Pragmata och en neie Banger um Marché an de Mike huet sech dat da mol intensiv ugekuckt. A fir Battlefield 6 goufen et mol erëm eng Kéier keng sou schlecht Norichten, si hunn eng Roadmap presentéiert, déi de Marc ënnert d'Lupp geholl huet. Dat a villes méi an dëser Episod vu Gamer Things. Vill Spaass a good game!
-
D'Jonge vu Gamer Things hunn dat laang erwaarte Crimson Desert gespillt a rätselen doriwwer, ob et dann esou gutt ass, wéi säi Ruff. Des Weideren hunn si sech d'Froe gestallt, wisou dann ëmmer méi Leit an der Gaming-Industrie endlos ginn an ob DLSS5 dann esou skandaléis ass, wéi jidderee seet. Wat denks du iwwert déi Saachen? A fënns du, dass den Hype ronderëm Crimson Desert berechtegt ass?
-
Komplett onerwaart, wéi aus heiterem Himmel, e reegelrechte Schock... si Sätz, déi een net wierklech mam Enn vun High Guard a Relatioun bréngt. World of Warcraft bréngt do dergéint mat Midnight eng nei Erweiderung eraus, Resident Evil 9 schléit a wéieng Bomm a Marathon fënnt méi Uklang wéi erwaart. Vill Spaass a good game wënschen d'Jonge vu Gamer Things mat der neitster Episod.
-
De Phil Spencer geet an d'Pensioun an d'XBox a Richtung AI-Hell? Sony huet op der éischter Editioun vun hirem State of Play vun 2026 eng Rei Spiller gewisen a fir déi eng an aner Iwwerraschung gesuergt. A mat Crimson Desert kënnt ganz geschwë vläit schonn de Main Contender fir d'Game of the Year eraus. Dat a villes méi, wéi gewinnt bei eise low-cortisol Gamer vu Gamer Things.
-
An dëser Episod geet et ëm de Schluss vun Ashes of Creation a wéi World of Warcraft weider um MMO-Troun sëtzt. Dann huet dat neit Spill Highguard nach fir Schlagzeile gesuergt a wat mécht AI elo nach alles an der Filmindustrie? Dat a villes Méi wéi gewinnt mat eise Jongen aus der Gaming-Zeen an der neier Episod vu Gamer Things.
-
Mir hunn eis d'XBOX Developer Direct vum Januar ugekuckt an u sech waren et mat FABLE, Forza Horizon 6, Beast of Reincarnation a KILN lauter Banger. De Marc huet awer mat enger schwéierer Trennung mat ARC RAIDERS ze kämpfen. Wat et domat op sech huet an ob hien elo trotzdeem nach offiziell als "Gamer" bezeechent dierft ginn, gëss du an dëser neier Episod vu Gamer Things gewuer. Mee natierlech gëtt et net nëmmen dat, mee et ginn nach vill méi Saachen z'entdecken. HAVE FUN!
-
Dat neit Joer huet ugefaang a well dëst e Podcast mat mëttelale Männer ass, ass aus dem geplangte Preview op 2026 eng Jéimersessioun ginn... genuch gelaacht hu mer trotzdeem erëm an dat eent oder anert d'Spill ass awer méi genee ënnert d'Lupp geholl ginn.
-
2025 ass duerch an et war alles, mee just net langweileg. An dëser Episod vu Gamer Things kucke mir zeréck op d’Gaming-Joer 2025. Dat heescht mir kucken op déi gréissten Highlights, op déi Spiller, déi eis komplett zerstéiert hunn an och op déi Titelen, déi eis positiv iwwerrascht hunn. Mir schwätzen iwwer Spiller, déi nei Standarde gesat hunn, iwwer staark Story-Momenter, süchteg Gameplay-Loopen an eng Technik, déi gewisen huet, wéi d’Rees an der Gaming-Welt an Zukunft wäert ausgesinn. Wat war Game of the Year-Material? Wat ass bei eis hänke bliwwen a wat éischter net?
-
D'Game Awards 2025 si laanscht an dat alt Joer geet och gläich op een Enn. D'Jonge vu Gamer Things hunn sech d'Awards genee ugekuckt, mee dat lescht Joer gouf awer och nach eemol genau ënnert d'Lupp geholl. Wéi ëmmer gëtt alles an enger nawell lëschteger Episod analyséiert. Mee wéi hunn deng Favoritten dann iwwerhaapt ofgeschnidden? A wéi huet däi Joer a Punkto Gaming ausgesinn? Schreif de Jonge vu Gamer Things gären ee Message mat denger Meenung an dengem Réckbléck.
-
Den Dezember huet ugefaang a soumat geet de Gaming-Endspurt an d'Startlächer. Mir kucken eis d'Nominatioune fir d'GAME AWARDS un, bedeelegen eis un den neie Gerüchter ronderëm d'Half Life 3 an de Petz huet een Deel vu senger Séil verluer, well hien den neien Trailer fir Destiny 2 Renegades gekuckt huet.
-
Den neie Call of Duty ass endlech do an ass sengen Erwaardungen eigentlech zimmlech gerecht ginn an dat muss net onbedéngt eng gutt Saach sinn. Arc Raiders dogéint schéint anzeschloen, wéi eng Bomm an den Extraction Genre gëtt doduerch méi an de Mainstream gedréckt. Natierlech hunn d'Jonge vu Gamer Things sech och schonn hannert den neien ANNO 117 Pax Romana gesat. Des Weideren ass de Petz traureg, dass The Outer Worlds 2 net genuch gelueft gëtt. Dat a villes méi gëtt et wéi gewinnt am Podcast Gamer Things.
-
Haut gëtt et alt eemol erëm een Update aus der Welt vun der kënschtlecher Intelligenz. Et gëtt spekuléiert, assuméiert a philosophéiert an dat iwwert déi neitsten Updates, déi eis d'AI-Welt esou ze bidden huet. Ass wierklech alles nëmme gudde Fortschrëtt oder sollte mir méi virsiichteg mat eiser Euphorie ëmgoen? Schwätz roueg mat!
-
Back to Battlefield! Nom Release um 10. Oktober kennen d'Jonge vu Gamer Things (bal) nëmmen dovu schwäermen erëm zeréck an e Battlefield ze sprangen, dat sech och sou ufillt wéi ee Battlefield sech ufille soll. Et gi knackege Sounds, Action am Iwwerfloss an ee risege Choix u Spaass. Mee d'Spill ass nach net ganz a sengem vollem Potential opgebléit! Lauschtert eran a schwätzt mat!
-
De grousse Showdown steet bevir an nodeems mëttlerweil dann och COD seng Beta released huet kann ee spekuléiere wien d'Nues vir wäert huet. Dofir huet EA vun elo un hir Nues op anere Plazen an dës Entscheedung wäert warscheinlech net dee beschte Geroch bei der Fancommunity hannerloossen. Mat Dësen a ville weideren Theeme beschäftegen sech eis Gamer nees fir dech. GG
-
Elo nodeems mir e bëssen Zäit mat Silksong verbruecht hunn, ginn et zwou grouss Erkenntnisser. Et ass mega gäil... a mega schwéier. Wéi wäit si mir komm an huet schonn een opginn? A propos opginn: Borderlands 4 ass frësch um Marché, mee wat soen dann d'Kriticken? Dann huet Nintendo och nach eng laang Direct presentéiert, déi mir eis méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn. GG a vill Spaass.
-
Happy Rentrée, endlech gëtt et ee mol erëm News! Am September gouf endlech de laang erwaarden Titel Silksong vun TEAM CHERRY released. Kann ee säi Virgänger Hollowknight an de Schied stellen? De Remake vu Metal Gear Solid3 huet de Mike sech natierlech schonn ugekuckt, woubäi kucke wierklech déi richteg Wuertwal ass! D'Updates an den Trailer vum neie James Bond-Game sinn och absolut derwäert an dowéinst schwätzen d'Jonge vu Gamer Things natierlech och dodriwwer. Komm gären däi Pefferkär dobäi leen!
- Laat meer zien