Afleveringen
-
Wéi ënnerriicht ee Kompositioun? Et géif drëms goen, déi Froen ze fannen, déi een nuets wakereg halen, an déi notzen, fir weider ze kommen. Bei dësem drëtten Episod gëtt de Komponist Marcel Reuter en Ableck a seng Approche, wéi hie senge Schülerinnen a Schüler am Conservatoire du Nord d’Komponéiere vermëttelt. Doriwwer eraus geet et och ëm seng Passioun fir d’Literatur an ëm d’Fro, wéi Gedichter seng Musek inspiréieren.Jingle: John Adams – Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi)Beispiller & Opnam: Marcel Reuter & Kammerata Luxembourg – Mezza Voce; No Hue of Atfernoon
-
An dësem Episod erzielt d’Pianistin Cathy Krier iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt si eng Passioun fir mei modern Kläng entwéckelen, an esou spillt dat Experimentellt fir si och haut nach eng wichteg Roll. Sech trauen Neies ze entdecken an auszeprobéieren, dat war och ee vun de Grondsteng vun der enker Zesummenaarbecht mat der Komponistin Catherine Kontz.Musek:Jingle: John Adams – Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi)Beispiller & Opnam: Catherine Kontz – Murmuration; Like a Moth to the Light; Bookends I & II
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Am éischten Episod trëfft sech de Pit Brosius mam lëtzebuergesche Komponist Camille Kerger. Seng Musek, mee och hien als Persoun faszinéiert de Public ëmmer erëm mat ganz vill Charme a Wëssen. Hien erzielt, wat hien alles begeeschtert a wéi ee seng Inspiratiounen a senger Musek héiere kann.