Afleveringen
-
An Zukunft brauch een 1.000 Ënnerschrëften méi, fir datt an der Chamber iwwer eng Petitioun diskutéiert gëtt. Mee firwat? Dat freet de Rick Mertens d’Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun.
-
Wéi eng Roll huet d’Klimapolitik an der Campagne fir d’Europawale gespillt? A wéi eng Klimapolitik bräicht et an der EU? De Rick Mertens freet de Generalsekretär vum Europäeschen Ëmweltverband EEB.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
An Däitschland ass déi europäesch Spëtzekandidatin vun de Liberalen eng vun de bekannste Politikerinnen. Wat wëllt si elo am Europaparlament areechen? Déi Fro stellt de Rick Mertens der FDP-Politikerin.
-
An den éischte Woche vum Europawalkampf gouf de sozialistesche Spëtzekandidat als ze zam kritiséiert. De Rick Mertens freet hien, wéi zefridden hie selwer mat senger Campagne ass.
-
Diskussiounsronn zum Theema Migratioun am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun LSAP, ADR, d’Bréck an déi Konservativ. Moderatioun: Maurice Molitor
-
De Maurice Molitor schwätzt mam CEO vun der ABBL iwwer d’Clôture vu Konte bei der ING an iwwer déi nei SPV-Initiativ vum Bankesecteur fir dem Wunnengsbau nees op d’Been ze hëllefen.
-
D’Ëmfroe soen de Gréngen a ville Länner grouss Verloschter bei den Europawale viraus. Ass den Negativtrend nach ze stoppen? De Rick Mertens freet déi europawäit Spëtzekandidatin.
-
Mam neie Generaldirekter vun der Police schwätzt de Maurice Molitor ë. a. iwwer lokal Police-Unitéiten a massiv Rekrutementer, iwwer Equipementer an Digitalisatioun.
-
Am Virfeld vun den Europawalen: eng Ronn mat Vertrieder vun dräi klenge Parteien, déi keng Aussiicht op e Sëtz hunn: VOLT, déi Konservativ a KPL. Moderatioun: Maurice Molitor
-
Iwwer déi Fro diskutéiert de Rick Mertens en Vue vun den Europawalen mat Vertrieder vun DP, déi Lénk, Fokus a Mir d’Vollék.
-
Bei den Europawale gëtt mat engem Opschwong fir déi radikal riets Parteie gerechent. Firwat ass dat esou? Dat freet de Rick Mertens d’Politologin vun der Uni Tréier.
-
Lëtzebuerg ass e räicht Land, an awer ass bal all véiert Kand vum Aarmutsrisiko betraff. Firwat kréie mir dat net an de Grëff? Dat freet de Rick Mertens d'Invitée, déi de soziale Secteur am Land gutt kennt.
-
Bis 2030 wëllt Nidderaanwen klimaneutral sinn. Klengt gutt, mee wat heescht dat genee? A wéi steet den CSV-Buergermeeschter zur Klimapolitik vu senger Partei? Dat freet d'Christiane Kleer de Fred Ternes.
-
Diskussiounsronn am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun déi gréng, DP, CSV an ADR. Theema: Landwirtschaft. Moderatioun: Maurice Molitor
-
Den éisträichesche Kommunist ass bei den Europawalen de Spëtzekandidat vun der Partei vun der europäescher Lénker, zu där och déi Lénk vu Lëtzebuerg gehéieren. Hien äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
-
De Maurice Molitor schwätzt mam President vum FC Déifferdeng 03 iwwer den 1. Championstitel an der Geschicht vum Veräin, dee virun 21 Joer aus der Fusioun vu Red Boys an AS Déifferdeng ervirgaangen ass.
-
De Maurice Molitor schwätzt mat der CSV-Justizministesch ënner anerem iwwer d’Stéchwierder Heescherei, Jugendprisong a Comparution immédiate.
-
Et gëtt ëmmer méi Wëld am Bësch - an dat deet deem net gutt. Wiisst dowéinst d'Unerkennung vun der Juegd a wéi eng Fuerderungen entstinn doraus? Dat freet d'Christiane Kleer de Vize-President vun der Jeeërfederatioun.
-
Déi europäesch Wirtschaft erlieft de Moment keng ganz einfach Zäiten. D'Konkurrenten USA a China leien a Saache Wuesstem e gutt Stéck vir, gläichzäiteg suerge geopolitesch Tensioune fir Stress an d'Transitioun a Richtung gréng Zukunft erfuerdert vun enger Partie Entreprisë vill Efforten. D'Lobbyorganisatioun BusinessEurope fuerdert dofir, datt an der nächster Legislatur vun der EU-Kommissioun eng Rei Weiche nei gestallt ginn. Hire President, den Eisträicher Markus Beyrer ass dem Christiane Kleer säin Invité vum Dag.
-
Sinn d’Lëtzebuerger Gemenge gutt genuch géint Cyberattacke geschützt? Dat freet de Rick Mertens de President vum Gemengeverband Syvicol.
- Laat meer zien