Afleveringen
-
Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun kommentéiert d'Untrëttsried vum Donald Trump an d'Wafferou am Noen Osten.
-
Den Ex-Minister an -Deputéierten an aktuelle Member vum Staatsrot iwwer säi Buch "“Le Luxembourg, son régime politique et ses institutions”
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
25 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft hunn sech an enger neier Plattform zesumme gedoen. Wat wëllen se domat areechen?
-
Zu Lëtzebuerg gi méi dacks Kanner an Heemer placéiert, wéi an aneren europäesche Länner. Firwat ass dat esou? mir froen d'Direktesch vum Service national de l'enfance.
-
De Premier huet d'Gewerkschaften op eng "Sozialronn" invitéiert. Geet dat duer fir d'Gemidder ze berouegen? Mir froen den LCGB-President.
-
Kënnt eng Pensiounsreform? Mir froen d'Sozialministesch, ob si sech scho festgeluecht huet.
-
Mir froen den neien Direkter vun der Waasserverwaltung, wéi gutt Lëtzebuerg géint Héichwaasser geschützt ass.
-
De Chef vum Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Noutwennegkeet vu Resilienz an onsécheren Zäiten.
-
Wéi ass d'Situatioun um Aarbechtsmaart a wéi wäert se sech am Laf vun 2025 weider entwéckelen? Dat erkläert d'Directrice vun der ADEM am Gespréich mam Maurice Molitor.
-
Dee fréiere Caritas-President schafft haut als eethesche Beroder. Mir froen hien, wéi een Impakt seng Berodung huet, a wéi hien d'Caritas-Affär erlieft huet.
-
Froen un d'Presidentin vum OGBL, déi op en haart Joer 2025 agestallt ass.
-
Wéi schuet de Klimawandel de Weltmierer, a wat fir Konsequenzen huet dat fir eis all? Dat freet d'Christiane Kleer d'Miereswëssenschaftlerin aus Lëtzebuerg, déi op der Universitéit vu Washington fuerscht.
-
Den Dekan vun der Fakultéit vun de Geeschteswëssenschafte vun der uni.lu leet zanter dem 1. Januar och dat neit Institut fir digital Ethik um Belval. Wat gëtt do gefuerscht a wat kënne Politik a Gesellschaft vun de Resultater erwaarden?
-
Wéi packt een den Dry January, a vu wéini un ass de Konsum vun Alkohol problematesch? Dat froe mir d'Chargée de direction vum Centre thérapeutique vun Useldeng CTU.
-
Mam Generaldirekter vun der Fédération des artisans schwätzt d'Christiane Kleer iwwer seng Vue op d'Roll vun de Gewerkschaften an d'Bedeitung vun de Kollektivverträg fir d'Handwierk.
-
Sinn d'Lëtzebuerger Gesetzer streng genuch, fir Frae viru sexueller Gewalt ze schützen? Déi Fro stelle mir der politescher Direktesch vum nationale Fraerot.
-
Wat sinn d'Problemer, d'Suergen an d'Revendicatioune vun de Lëtzebuerger Studenten? Froen un den neie President vun der ACEL.
-
De CEO vun der Luxembourg Confederation zitt e Bilan vum Chrëschtdagsgeschäft a kommentéiert déi geplangten Neireegelung vun den Ouvertureszäiten am Commerce.
-
Sozialdialog, Kollektivverträg, Ouvertureszäiten a Pensiounsreform si Stéchwierder am Gespréich mam President vum Patronatsverband UEL.
-
Kënnt Google elo awer nach op Biissen? Mir froen de Buergermeeschter.
- Laat meer zien