Afleveringen
-
D'HĂŽpitaux Robert Schuman plangen eng Struktur fir ambulant Chirurgie op der Cloche dâOr. De Projet kĂ«nnt zu engem ZĂ€itpunkt, wou dâRegierung grad nei Reegele fir ambulant Strukture virbereet. Ass dat dâZukunft vun de Spideeler? A wĂ©i grouss gĂ«tt dâKonkurrenz tĂ«schent Klinicken a privaten Initiativen? Dat froe mir de Marc Berna, President vun der FHL a Generaldirekter vun den HĂŽpitaux Robert Schuman.
-
D'Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes begréisst dat neit Bibliothéiksgesetz, dat d'Chamber gëschter gestëmmt huet - mat just e puer klengen AschrÀnkungen.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
D'FDA fuerdert, datt d'Reform vum Statut vum Independant - déi am Koalitiounsaccord ugekënnegt gouf - elo endlech ugepaakt gëtt.
-
E Freideg trëtt dat neit Gesetz iwwer d'OuvertureszÀiten am Commerce a Kraaft. Wat Ànnert?
-
No der Affaire Lyhanna a FrankrÀich: wéi geet d'Lëtzebuerger Justiz a FÀll vun Abus sexuel mat de presuméierten TÀter ëm?
-
Theeme sinn déi Klima-onfrëndlech Mesuren am Resilienzpak, Ännerungen um Naturschutzgesetz a Warnunge ronderëm déi schlecht Qualitéit vun de Lëtzebuerger Gewässer.
-
WĂ©i grouss ass den Impakt vum Resilienzpak op d'Staatsfinanzen an op zukĂŒnfteg Projete wĂ©i z. B. d'Steierreform?
-
De Sozialdialog schéngt nees ze funktionéieren. Mee wéi stabil ass deen neie Fridden tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung? A wéi koum en op eemol esou séier zustanen?
-
Huet de "sĂ©ieren Tram" sĂ€in Numm nach verdĂ©ngt? Ass den ArrĂȘt Wickreng noutwenneg? An ass den Tram op der Metzeschmelz, wann dĂ©i Ă©ischt Leit do eraplĂ«nneren?
-
Nom DP-Kongress ass d'Parteipresidentin bei eis am Studio, fir iwwer d'Tripartite, d'Zesummenaarbecht mat der CSV an d'Zukunft vun der Partei ze schwÀtzen.
-
Ginn op der Tripartite ënner dem Deckmantel vun der Inflatiounsbekämpfung Decisioune geholl, déi net gutt fir Ëmwelt a Klima sinn?
-
Wéi eng Perspektive gesÀit hie fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen? A wéi eng Roll kann d'Diplomatie dobÀi spillen?
-
D'Gewerkschafte fuerderen, datt si an Zukunft iwwer d'Sozialpolitik vum Land kënne matdecidéieren. Wat halen d'Sozialiste vun dÀr Propos?
-
Wat ass sech ze erwaarde vun de Verhandlungen tëschent Regierung, Patronat a Gewerkschaften, déi haut uginn? Mir froen d'Nadine Schartz vum Wort an de Pol Reuter vu Reporter.lu.
-
Wéi staark ass d'Lëtzebuerger Industrie elo scho vun den héijen EnergieprÀisser betraff? Déi Fro stelle mir dem FEDIL-President éier muer d'Tripartite-Verhandlungen ufÀnken.
-
D'Stolindustrie ass fir 10 Prozent vun de weltwÀiten CO2-Emissioune verantwortlech. Steelwatch wëllt de Wandel zu enger decarboniséierter Stolproduktioun virundreiwen.
-
Zënter bal 25 Joer ass de Lëtzebuerger an der Direktioun - fir d'éischt als 2. Mann, zënter 2020 als Haaptchef - vum Miami University Dolibois European Center in Luxembourg (MUDEC)
-
Gi Polizisten ëmmer méi dacks selwer Affer vu Gewalt? Dat ass eng vun de Froen, déi mer dem Police-Direkter stellen.
-
Bissen ass dëse Weekend gelong, wat virun der Saison kee geduecht hätt: Den Opsteiger huet gepackt Champion ze ginn! Mir froen de President vum Club wat säin Erfollegsrezept ass.
-
Bis 2029 soll de Lëtzebuerger Defense-Budget all Joer ëm 0,1 % op dann 2,3 % vum RNB wuessen: déi prÀzis Trajectoire huet d'Ministesch virgëscht an der Chamber presentéiert.
- Laat meer zien