Afleveringen
-
De Patrick vun INHUMAN RAMPAGE war bei ons an huet ons eng wichteg Lextioun gelΓ©iert.
Wei ee mat puerem Haass a brutalem Sound sengem Frust einfach nogΓ«tt an et an d'Welt eraus jΓ€izt. Mir schwΓ€tzen natierlech och iwwert hir lΓ«scht Release "Savage" dΓ©i nach viru kuerzem verΓ«ffentlecht ginn ass an och iwwert ZukunftsplΓ€ng a wou et mat INHUMAN RAMPAGE nach esou hi geet
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Eng wΓ€iss Leinwand ouni vill drop? Een neie SchrΓ«ftzuch an eng fett Portioun Emotiounen? DΓ©i neitsten EP vun PARITY huet alt nees ofgeliwwert u ModernitΓ©it an engem Musical Knowhow wΓ©i een sech weiderentwΓ©ckelt an sech nΓ©i erfΓ«nnt. De Message ass kloer, Limite ginn et Keng! Mir haten d'Sandra an de Ben op Besuch an hunn verschidde Geheimnisser iwwer PARITY gelΓ«ft, de kommende Metal Battle diskutΓ©iert a kucke gemeinsam op eng nΓ©i gΓ«llen Era vu LΓ«tzebuerger Metal Acts.
-
Et gΓ«tt nees hΓ©ich Zeit fir iwwer Black Metal ze schwΓ€tzen, oder villmΓ©i iwwert AtmosphΓ€resch Aspekter ouni der KreativitΓ©it Grenzen ze setzen. Genau dat mΓ«scht AEONIK zu der wuel aktuell intressantster Black Metal Band aus dem LΓ€ndchen. Den Γnder huet ons hannert Kulisse vun AEONIK gefouert a mir sinn gespaant wat nach aus dΓ«ser Dynamik entstoe kann.
-
We do talk a lot about Metal, and over the years we came across several people that cannot hear those very noticeable differences between Rock and Metal. And yet the differences are pretty clear and define our beloved Metal Music and all of it's Subgenres in every detail. So the main question is: Where is the Difference?
-
Een neie Milestone ass erreecht an dat gΓ«tt gefeiert mat engem Video Q&A vun ons fir iech. KamΓ©idi feiert hier 100 Episode a stΓ«llt sech Γ€re Froen. Mir hoffen et gefΓ€lt, ons huet et jiddefalls Spaass gemaach a mir wΓ€erten dΓ«se Format sΓ©cher widderhuelen.
DΓ«st ass ons Audioversioun, wann der ons wΓ«llt nokucke wΓ©i ons GesprΓ©icher usech ausgesinn da klickt op de Link a gitt ons een thumbs up!
Video kuckt sech hΓ©i:
www.linktr.ee/kamΓ©idi
-
Mir hunn ons nees un eng Lescht gewot, eng Lescht iwwer "Top 50 best MetalBands of all Time" vun der Internet Platform Loudwire an hunn ons dΓ©i Γ©ischt 25. PlacΓ©ierungen ugekuckt an debattΓ©iert. Et ass alt nees fir jiddereen eppes dobΓ€i. Lauschtert an deen Γ©ischten Deel bis eran, zweeten Deel ass an der Maach!
-
Mir kennen et alleguerten, et geet een owes op ee Concert an da gewéinlech muss ech jo och eppes iessen, leider ass awer ganz oft d'Auswiel vum Iessen alles ausser gutt. Also ass ee schonn bal forcéiert ausserhalb eppes ze iessen. De Metal Inspector an ech hunn ons des Froe gestallt wéi ee mei Diversitéit an dëst kéint rabréngen. Hu dir Loscht ob ee Snack? Dann lauschtert bis eran
-
Relioun a Metal? Ginn dΓ©i zwee Themen Hand an Hand? Ass et relevant, an ob dΓ«s Themen een Impakt op d'Metal Musek hunn?Alles Froen dΓ©i een esou delikat wΓ©i mΓ©iglech muss handhaben a mir hunn ons des Froe gestallt a sinn ons eenz dat d'Metal Musek an d'Musek generell eng reng Konscht Saach ass. An dat d'Metal Musek Γ«mmer wΓ€ert dΓ©i bΓ©is Musek sinn, dat wΓ«sse mer, mee domat kΓ«nne mer gutt liewen.
-
Γmmer frΓ«sch! Dat ass de Motto vun de LΓ«tzebuerger Rock Newcomer SEMPERVIRENT. Eng Band am Ufanksstadium mat Talent, enger grousser Ambitioun an enger staarker BΓΌnepresenz. Et gouf fill ze entlΓ«ften a wie mΓ©i well wΓ«sse lauschtert bis eran oder mΓ«scht sech den 20.01.24 op den
Hall O Metal zu DΓ©ifferdang fir eng Live Kostprouf ze krΓ©ien.
-
Ee SchΓ«ff op enger Rees ouni kloer Destinatioun, gedroe vu metallesche Wellen a stiermeschem Groove!
D'Band DROGHER mΓ«scht kloer dat hire Wee net a Stee gemeesselt ass mee lΓ©ist sech um oppene Mier mat gehisste Seegelen droen, mat am GepΓ€ck sinn deftegen Death Metal gemΓ«scht mat Groove an Thrash Elementer an mir sin mat u Bord gaangen an hu staark mat diskutΓ©iert.
-
Darkthrone gehΓ©iert zu deene bescht bekannte Metal Acts aus der zweeter Norwegescher Black Metal Well dΓ©i och nach haut sou munches ze soen hunn a mat 37 Joer Bandgeschicht gΓ«tt et genuch ze zielen. De Pit an de Gilles hun sech ob eng kal a rau Rees gemaach fir iwwert ebe genau des Band ze schwΓ€tzen
- Laat meer zien