Afleveringen
-
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL, huet haut op eng Pressekonferenz am Grand Théùtre agelueden. Niewent der Presentatioun vun der Saison 2025-26 gouf och de Programm vum JubilÀumsconcert fir de 50. Gebuertsdag vum Orchester virgestallt, deen de 15. Mee an der Philharmonie ass, esou wéi e Buch vum Alain Steffen iwwer d'Geschicht vum Orchester. D'Marie Trussart war mat dobÀi an erzielt eis méi doriwwer.
-
Mat Musique Plus initiéiert United Instruments of Lucilin een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet.Tëschent Abrëll a Juli gëtt op fënnef Weekender d'Musek nÀmlech mat anere BerÀicher kombinéiert: Architektur, Literatur an och den eegene Sënner.Wéi dat Konzept a Realitéit ausgesÀit a wat Iesse mat zÀitgenëssescher Musek ze dinn huet, doriwwer schwÀtzen de Guy Frisch an Olivier Sliepen mam Lex Kauffmann.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
"Spring Awakenings" brĂ©ngt dem Frank Wedekind sĂ€i "FrĂŒhlingserwachen" aus dem Joer 1891 an eis ZĂ€it - also vun enger ZĂ€it, an dĂ€r SexualitĂ©it fir Jugendlecher een Tabu war an eng ZĂ€it, an dĂ€r am Internet eng ganz EnzyklopĂ€die zum Theema ee Slide mam Fanger ewech ass. Wisou d'StĂ©ck nawell esou aktuell ass, wĂ©i sech den Originaltext mat neie Geschichten, dĂ©i a Workshoppen an der Zesummenaarbecht mat Jugendlechen entstane sinn a wisou et befreiend ka sinn, eng Textvirlag ze hunn - dat hunn d'Metteure en scĂšne Anne Simon an de SchrĂ«ftsteller Antoine Pohu dem Jeff Schinker wĂ€rend sengem Besuch am Kapuzinertheater verroden.
-
Eng BD vun der Sophie Adriansena Mlle Caroline. Et geet hei ëm Mammen, déi toxesch kënne sinn. Den Nicolas Calmes huet d'BD gelies.
-
Wann Dir Iech scho mol selwer u Sound Effecter wollt probéieren, kënnt Dir dat de Sonndeg um PICelectroNIC zu Bouneweg. De radio 100,7 organiséiert do nämlech e Workshop.
-
De Samschdeg, de 26. Abrëll, erkléngen am Escher Conservatoire déi bekannte Melodien aus dem Bernstein senger "Westside Story" an aus dem "Candide". Vum Gershwin ënner anerem "An American in Paris". Et ass Musek, an déi een déif muss andauche fir se ze verstoen, well se dacks op Rhythme baséiert, déi net aus eisen europÀesche Kulture kommen. Et ass och genee dës kulturell Diversitéit, déi déi amerikanesch Musek aus dem 20.Joerhonnert esou interessant mécht, fënnt d'Pianistin Lina Druart. De Melting Pot New York ass och dat éischt un dat si muss denken, wa si un amerikanesch Musek denkt, wéi d'Lina Druat am Gespréich mam Christophe Mirkes verréit.
-
Den Numm Bert Theis stoung, a steet, fir eng sozial a politesch engagéiert Konscht: fir kënschtleresch Plattformen, also Installatiounen, déi den Dialog tëschent alle Mënsche fërdere sollen. Dat zu Mailand an zu Lëtzebuerg. Ewell sinn et knapps 10 Joer hier, datt de Kënschtler mat 64 no schwéierer Krankheet verstuerwen ass, mee säin Isola-Projet zu Mailand gëtt weidergeféiert a säin Archiv zu Lëtzebuerg opgeschafft. An do hu sech nei Erkenntnisser erginn, déi d’Escher Konschthal bis Enn September als Expo presentéiert. D’Kerstin Thalau gouf méi vum Curateur Marco Scotini gewuer.
-
De Festival ass zu engem feste Rendez-vous ginn, deen d'Festivalsaison lasstrëppelt a seng Programmatioun net verwÀssert - ganz am Contraire, wann een d'Andréck vun dësem Joer esou zesummefaasst.De Marc Clement an de Jeff Schinker schwÀtzen iwwer déi éischten ausverkaaften Editioun vum Festival.
-
Déi Europäesch Investment Bank huet dëst Joer Wierker vum israeelesche Kënschtler Gilad Ashery an hir Privatkollektioun integréiert. De Sculpteur huet am November 2024 eng Kënnschlerresidenz tëschent der Abtei Neimënster an der Cité des Arts Internationales zu Paräis gemaach. Déi Konschtwierker sinn ënner anerem zu Veianen um Miertchen entstanen. Eis Paräis-Korrespondentin Lucie Wahl huet dee jonke Kënschtler getraff.
-
âOn a des liens plus que professionelsâ - dat seet dâMichĂšle Kerschenmeyer iwwer de Quatuor Louvigny, an deem si d'Pianistin ass. Hiren nĂ€chste Concert an der Philharmonie ass den 28. AbrĂ«ll owes um hallwer 8. En ass organisĂ©iert vun de Solistes EuropĂ©ens, Luxembourg.DĂ©i fĂ«nnef Museker kenne sech alleguer schonn zanter Laangem: dĂ©i eng ware Professer vun deenen aneren, an dĂ©i aner si wierklech Famill mateneen. DâPianistin an de Geiist Philippe Koch spille schonn zesummen zanter mĂ©i wĂ©i 20 Joer. Um Programm vun dĂ«sem Concert sti Kammermusekswierker vu Shostakovich a Brahms.Am GesprĂ©ich mam Marie Schockmel erzielen dĂ©i zwee mĂ©i iwwer de Concertsprogramm an iwwer dĂ©i familiĂ€r AtmosphĂ€r an hirem Ensembel.
-
Si si 4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen. Rieds geet vu Los Bitchos, déi dëse Weekend um Out of The Crowd spillen. D’Claire Barthelemy huet mat der Lead-Gittaristin geschwat.
-
D’Traditioun wëllt, dass um Out of the Crowd Festival och ëmmer eng Koppel local Bands d’Bün vun der Kulturfabrik beglécken däerfen. Dëst Joer sinn dat déi jonk Punk-Band Waffle Killers, an d’Hardcore Band Ultranothing. Mat deenen hate mir Enn lescht Joer iwwer hiren Debut geschwat, mat den Eisekuchemäerder nach net, also gouf et héich Zäit. D’Waffle Killers sinn een typesche Rock-Power-Trio an huele sech vu Grunge a Punk, wat d’Feier am Bauch ausdréckt. D’Sängerin a Gittaristin Lilo Sour steet Ried an Äntwert.
-
Um Piano am Stater Conservatoire huet dem Anselme Pau säi musikalesche Parcours ugefaangen. Zu San Francisco huet hien da Film studéiert, an duerno ass hie quasi aus Zoufall an de Beräich vun der Filmkompositioun gelant. Datt Musek eppes bei anere Leit bewierkt, huet de Lëtzebuerger Komponist schonn am Alter vun 9 Joer gemierkt. Elo huet hien en neien Album erausbruecht, mat 26 Kompositiounen aus verschiddene Filmer. Den Titel “Hidden Scores” passt zu 100 Prozent och op hien, well hien ëmmer hanner der Musek ass.
An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Anselme Pau ënner anerem méi iwwer seng Musek fir Documentairen, Filmer a Reklamme verroden. -
Mëttlerweil ass déi siwent Staffel vun der Serie op Netflix ze gesinn. Hei ginn Zukunftszenarien opgemaach, déi gäre mol ganz düster sinn. De Simon Larosche seet eis, ob sech déi Neiste lount.
-
DâAmelia Baker - KĂ«nschtlernumm Cinder Well - ass eng amerikanesch Singer-Songwriterin. Hir musikalesch UfĂ€ng sinn op den Albume vun der kalifornescher Anarcho-Folk-Band Blackbird Raum ze hĂ©ieren. Fir hiren Interessi un traditioneller Musek ze verdĂ©iwen ass si an Irland geplĂ«nnert, wou hire Solo-Folk-Projet Cinder Well gebuer ass. Ănner der Woch huet si am Ratelach zu Esch ee Concert gespillt. Den Nicolas Calmes huet hir nom Concert e puer Froe gestallt.
-
D'Luxembourg Saxophone Association huet vum 7. bis 9. AbrĂ«ll hiren allerĂ©ischte Saxofonsfestival zu LĂ«tzebuerg fir Klassesch- an Jazzsaxofonisten a -saxofonistinnen organisĂ©iert. Ufank vun der Ouschtervakanz hat dâSaxofonsfamill sech zu Esch versammelt, fir an deenen Ă«nnerschiddlechsten Atelieren ronderĂ«m dat polyvalent Instrument ze schaffen. Si waren alleguer komm: vum Sopran iwwer den Alto an den Tenor bis bei de Bariton.De Guy Engels huet e puer AndrĂ©ck vun Esch matbruecht.
-
De Prozess tëschent deenen zwee hat deemools Welle geschloen, de Rousekrich tëschent der Amber Heard an dem Johnny Depp gouf zu engem Medien-Event, dat och am Internet d'Mënschheet tëschent Pro-Depp a Pro-Heard gedeelt huet. Mat "Toronto" bréngt d'Elisabeth Benoit elo ee Roman eraus, dee weist, wéi duerch d'Demokratiséierung vum Zougrëff op d'Informatioun am Internet haut ee Privatliewe ka quasi duerch de Kaleidoskop vun Dausende vu Meenunge klinesch sezéiert an exposéiert ginn. Dem Jeff Schinker seng Rezensioun féiert eis duerch de Meenungs-Dschungel - an erklÀert, wisou alles beim Kultauteur Hunter S. Thompson ugefaangen huet.
-
DĂ©i vĂ©iert Produktioun vum Centaure dĂ«st Joer ass och glĂ€ichzĂ€iteg, wann een dâReprise vun der âPoupĂ©e barbueâ an den Accueil vun âNorma Jeane Baker de Troieâ matzielt, dee vĂ©ierte Monolog, deen een an de leschten aacht MĂ©int am Centaure konnt gesinn. A "Prima Facie" geet et Ă«m eng knallhaart Affekotin, dĂ©i reegelmĂ©isseg Sexualverbriecher verteidegt - bis si selwer Affer vun engem Viol gĂ«tt an de Justizsystem vun dĂ€r anerer SĂ€it kennelĂ©iert. Mir hunn dâMetteuse en Marja-Leena Junker an dâSchauspillerin CĂ©line Camara bei eis am Studio fir iwwer der Suzie Miller hiert StĂ©ck ze schwĂ€tzen.
-
Gëschter hunn déi ronn 45 jonk Sänger vun de Pueri Cantores de Shinkansen geholl fir a knapp zwou Stonne vu Kyoto op Tokio ze kommen. Et ass de séiersten a pénktlechsten Zuch op der Welt. Och soss ass hiren Alldag am asiatesche Land voll mat spannenden Entdeckungen.
Ënner anerem wunne si bei Gaaschtfamillen an typesch japaneschen Haiser an iessen och déi traditionell Platen. Wien u Japan denkt, kann natierlech och net den Téi, spezifesch de Matcha, vergiessen. De Chouer huet eng ganz Stonn laang eng traditionell Téizeremonie materlieft.
Nieft kulinareschen a kulturelle Momenter stinn och eng sëlleg Concerten um Programm. Een Highlight war hiren Optrëtt viru ronn 500 Leit am Lëtzebuerger Pavillon am Kader vun der Weltausstellung zu Osaka.
Zwee vun de Bouwen an den Dirigent Pit Nimax verroden eis méi. -
Enn MĂ€erz hu sech d'LĂ«tzebuerger MilitĂ€rmusek an hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun zesummefonnt, fir eng Rei Wierker opzehuelen. ĂnnerstĂ«tzung krute si dobĂ€i vum Ă©istrĂ€ichesche Komponist an Dirigent Otto M. Schwarz, wĂ©i och dem Sound-Ingenieur Lex van Diepen.Iwwer e puer Deeg hu si am Proufsall am Stater Conservatoire hir persĂ©inlech Coup de coeuren opgeholl, dĂ©i si deemnĂ€chst och op de StreamingdĂ©ngschter erausbrĂ©ngen. De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet dĂ«s Produktioun op der Plaz suivĂ©iert.
- Laat meer zien