Afleveringen
-
Muer den Owend de 5. Abrëll gëtt am CAPE zu Ettelbréck verféiert. Erausgesicht goufen dofir Operenarië vun deene bekanntste Komponisten (Puccini, Mozart, Bizet, Donizetti, Verdi a Gounod). Den Orchestre de Chambre du Luxembourg huet dräi international Solisten invitéiert. D'Dirigentin fir dëse Projet ass d'Camilla Rossetti, déi 2024 zwou Opere mam OCL opgeféiert huet. Si gëtt vun der Associatioun Sequenda Opera Studio gefërdert an de Christophe Mirkes huet bei der jonker Dirigentin nogefrot, wat si zum Opereprojet vu muer den Owend verféiert huet.
-
D'Ausstellung war scho geplangt, mee da stierft de Moler onerwaart. De leschte September war et d'Nouvelle, datt de Max Dauphin mat nëmme 47 Joer d'Suitte vun engem Accident a Südfrankräich net iwwerlieft huet. Hien hannerléisst eng Fra an zwee kleng Kanner. An d'Famill decidéiert fir den Expo-Termin awer bäizehalen. D'Kerstin Thalau war an der Galerie Reuter-Bausch an ass vun der Catherine Dauphin-Decker gewuer ginn, firwat dat fir si, grad elo, esou wichteg ass.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Eng Musek fir an iwwer Schildkröte komponéieren? Dat huet d'Catherine Kontz elo gemaach. Net einfach esou, mee fir den Internationale Klarinetteconcours, deen den 11. Abrëll am Kader vum Klenge Maarnecher Festival am Cube 521 zu Maarnech ass. Wéi den Titel "Tortoise: For Mango and Teal" et scho verréit, huet d'Lëtzebuerger Komponistin dëst Wierk fir hir eegen zwou Schildkröte geschriwwen. D'Mango an d'Teal sinn dräi Joer al an hu verschidde Charakteren, déi d'Catherine Kontz och an der Musek verkierpert. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si méi verroden.
-
De Lëtzebuerger Schrëftsteller Pierre Joris ass den 27. Februar gestuerwen. Hie selwer huet sech als Nomad vun der Literatur bezeechent, en Explorateur, deen duerch international Literaturen a Kulturen a ville Sproochen navigéiert. Nieft sëllege Gedichter, Essaien a kuerze Prosatexter, huet de Pierre Joris dem Paul Celan seng Gedichter an d’Englescht iwwerdroen.
Valerija Berdi erënnert dëse Sonnden an hirer Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valibrairie” un de Pierre Joris. Mir lauschteren elo en Extrait.
Déi ganz Emissioun, de Sonnden um 11 Auer. -
Mat hirem Roman "Halbinsel“ (Luchterhand) gouf déi däitsch Schrëftstellerin Kristine Bilkau 2025 mam Präis vun der Leipziger Buchmesse ausgezeechent. D'Valerija Berdi mat enger Kritik
-
Dës Serie erzielt d'Geschicht vum Mossad-Spioun Eli Cohen, gespillt vum Sacha Baron Cohen. De Simon Larosche huet se gesinn an erzielt eis seng Impressiounen.
-
Dës Woch ass de Film "La mort viendra“ an eise Kinoen ugelaf. E Thriller, dee sech zu Bréissel ofspillt an dee vun der Lëtzebuerger Filmproduktiounsfirma amour fou mat produzéiert gouf. D‘Valerija Berdi huet mam Regisseur Christoph Hochhäusler iwwer “La mort viendra“ geschwat.
-
A sengem neie Roman beschreift den Antoine Pohu, Joergang 1999, dat komplizéiert Gefillsliewe vun engem Bréisseler Student.
-
All zwee Joer kënnt ... den EMOP, de European Month of Photography. Momentan kollaboréieren dofir déi sechs europäesch Haaptstied Berlin, Bréissel, Lissabon, Paräis, Wien an eebe Lëtzebuerg. Jo: Lëtzebuerg ass esouguer de Siège vun der EMOP ASBL. “Rethinking Photography” ass déi 10. Editioun vum Festival iwwerschriwwen. Mat ee Grond fir d’Kerstin Thalau de Paul Di Felice, Matgrënner vun der Café-Crème-Foto-ASBL a vum EMOP, an de Studio ze invitéieren, fir datt mir, souzesoen als EMOP-Opwiermübung, all zesummen iwwer Fotografie nodenke kënnen.
-
E Klassiker an der Modernitéit, e Rebell - esou beschreift de Jury vun den International Classical Music Awards (ICMA) de Komponist Christoph Ehrenfellner, deen dëst Joer de Composer Award gewonnen huet. Fir de Christoph Ehrenfellner ass et eng bedeitend international Unerkennung, wéi hie selwer seet - grad wéi hien och confirméiert, als Komponist een Non-Konformist ze sinn. De Guy Engels huet sech de 19. Mäerz 2025 mam Komponist zu Düsseldorf virun der Präisiwwerreechung vun den International Classical Music Awards ënnerhalen, ënner anerem iwwer seng non-konformistesch Manéier Musek ze schreiwen.
-
D’Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Mat hiren 23 Joer huet si schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour Jeunes Solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d’Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert d'Trompettistin ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.
-
Méi a méi Audiophiller versammelen sech neierdéngs a Baren, déi a Premium Hifi-Ausrüstung investéiert hunn, fir Vinylen ze spillen - an deenen hire Klang optimal am Raum ze diffuséieren. Ee Phenomeen, deen aus Japan an Europa eriwwergeschwappt ass.
-
"Ich rauche nicht, ich trinke sehr wenig" - dat seet den däitsche Pianist Oliver Triendl. Amplaz vun de méi geleefege Suchtmëttelen ass et bei him éischter d'Produktioun vun neien Albumen. Mat senge 55 Joer huet hie schonn iwwer 150 Albumen erausbruecht an ass domat definitiv ee vun de produktiivste Museker an der Welt vun der klassescher Musek. Dëst Joer krut hien de Special Achievement Award bei den International Classical Music Awards (ICMA) an der Tonhalle zu Düsseldorf. De Guy Engels war op der Plaz an huet sech mat him ënnerhalen, ënner anerem iwwer seng Sucht, wéi och iwwert seng Passioun net nëmme Musek vu bekannte Komponisten a Komponistinnen ze spillen an opzehuelen.
-
"Voyage à travers les siècles, les trésors des trios avec piano" ass ee Concert den 2. Abrëll 2025 am Ettelbrécker CAPE. Musikalesch geet et hei an d'Zäit tëschent Barock an dem 20. Joerhonnert. Vun Haydn a Mendelssohn, iwwer Schostakowitsch a Piazzolla. An alles vun Enseignanten aus dem Conservatoire gespillt.D'Schüler:inne sollen duerch esou Concerten dann och d'Méiglechkeet kréien hir Proffen op der Bün ze erliewen an esou déi Stécker an engem professionelle Kader ze héieren, déi si selwer vläicht grad och üben.Mee gëtt dës Méiglechkeet vun deene Jonke vill genotzt a firwat stinn dëst Joer grad d'Tasten am Vierdergrond?
-
"Rede zur Literatur" ass eng Serie, déi vum Centre National de Littérature publizéiert gëtt, e schmuelt Bichelchen, an deem Autorinnen an Auteuren aus Lëtzebuerg hir Iwwerleeungen iwwer d’Literatur dem Grand Public matdeelen: An der Tëschenzäit si mir hei bei Band 14 ukomm an dat dréit d'Ënnerschrëft vum Léon Rinaldetti. Am Gespréich mam Valerija Berdi schwätzt de Léon Rinaldetti iwwer d'Literatur a wat déi mat engem mécht ...
-
Den Nummwiessel op Maz Univerze huet de Rapper Maz gutt iwwerlieft ... an déi staark Gefiller, déi d'Erwuessegi mat sech bréngen, och. Gepresst op Plack ergëtt dat "Little Prince", de klenge Prënz, eng nei Plack iwwer d'Groussginn zu Lëtzebuerg, mat där vill sech identifizéieren dierfen. Ee Gespréich mam Museker
-
And the winner is...: Jil Lahr! De leschte Freiden ass d'Multi-Media Kënschtlerin an der Escher Konschthal mam Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, ausgezeechent ginn. Mat 12.500 Euro ass de LEAP ee vun den héchstdotéiertste Präisser fir visuell Konscht. D'Jil Lahr, Joergang 1991, lieft a schafft zënter hire Konschtstudien zu Hamburg. A Rauminstallatiounen übt si mat Molerei, Keramik, Fotoen an haaptsächlech gesammelten Alldagsobjeten eng satiresch Gesellschaftskritik. D’Kerstin Thalau mat Impressioune vun der LEAP-Soirée 2025.
-
D’Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Si huet mat hire 23 Joer schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour jeunes solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d’Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert si ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.
-
De Fränz Hausemer huet mat sengem Documentaire e Portrait vum Dichter a Cineast Gast Rollinger gezeechent. De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn de Film de leschte Samschdeg an der Emissioun Grousse Kino beschwat.
-
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
- Laat meer zien