Afleveringen
-
No enger schwĂ©ierer Kandheet am Texas plĂ€dĂ©iert Alok Vaid-Menon mat Poesie a Comedy fir en tolerant Zesummeliewen. Haass kann een nĂ«mme mat LĂ©ift bekĂ€mpfen, fĂ«nnt si. An dâLiewe wier ze kuerz fir sech iwwer Pronomen opzereegen.Si ass mat hirer neier Comedy Show "Hair Situation" e Sonndeg am Atelier. DâClaire Barthelemy huet sech hir KarriĂ€r ugekuckt.
-
Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d’artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d’Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland: Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d’Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d’Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Dëse Samschdeg ginn d’Diere vun der Architektur Biennale zu Venedeg op, a fir dës 19. Editioun ass och Lëtzebuerg mat der Ausstellung “Sonic Investigations” dobäi. En Donneschden a Freideg ass d’Avant-Première vun der Biennale. De Joé Birchen war de Moien (08.05) am Lëtzebuerger Pavillon a krut och schonns éischt exklusiv Ablécker an d’Ausstellung.
-
De Mozart an de Reger hunn zu verschiddenen ZÀite gelieft a sech deemno ni kennegeléiert. Beim nÀchste Concert vun der Kammerata Luxembourg begéinen déi zwee sech awer an engem eenzege Programm. Ganz nom Motto "Mozart a Reger am Dialog" geet et dorëms ze weisen, wat déi zwee gemeinsam hunn a wat si vuneneen ënnerscheet.D'Presidentin a Geiistin vum Grupp, d'Sandrine Cantoreggi, verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
-
De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch ZĂ€itrees goen. An zwar an d'ParĂ€is vum 17. Joerhonnert, fir mĂ©i genee ze sinn an de Palais du Louvre. Ănner dem Titel "Le Coup de MajestĂ©â presentĂ©iert den Ensembel Le PoĂšme Harmonique Ă«nner der Leedung vum Theorbist Vincent Dumestre a mat der Mezzosopranistin Eva ZaĂŻcik eng Villfalt u KlĂ€ng aus dĂ«ser Epoch. De Programm Ă«mfaasst Balleten a Kammermusek bis zu DrĂ©nklidder, Vollekslidder an Extraiten aus italieeneschen Operen. DâMarie Trussart huet sech mam Vincent Dumestre, deen den Ensembel Le PoĂšme Harmonique och matgegrĂ«nnt huet, iwwer seng Passioun fir d'Kultur vum 17. Joerhonnert Ă«nnerhalen an doriwwer, wat fir eng ZĂ€itrees de Public den Owend erwaart.
-
Si ass SchrĂ«ftstellerin an Editrice, zĂ«nter 2012 leed si de Verlag Capybarabooks. Haut ass dâSusanne Jaspers awer bei eis fir e Buch virzestellen, wat eng weider berufflech Richtung vun hir ausmĂ©cht. E Reesguide, deen eis duerch LĂ«tzebuerg fĂ©iert. "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" ass den Titel vun dĂ«sem Wierk, deen am Emons:-Verlag publizĂ©iert ass. WĂ©i geet e vir fir 111 Plazen ze sichen an ze fannen a vill weider Froe beĂ€ntwert d'Susanne Jaspers am GesprĂ©ich mam Valerija Berdi.
-
Am Kontext vum European Month of Photography, kuerz EMOP, ginn zu Lëtzebuerg grad eng Hellewull Fotoexpoen op. "Rethinking Photography" ass de Mount iwwerschriwwen. Vill jonk Fotokënschtler:innen hunn dësen Defi ugeholl, andeems si vereelzt Technike mat innovative Methode fir experimentell Fotoinstallatioune mixen. D'Stater Fotothéik ass esou eng Plaz, wou fréier Fototechniken an hir Pionéier preservéiert ginn. Den Owend invitéiert d'Ekipp op eng Konferenz zum Theema "D'Autochrome vum Batty Fischer". An d'Kerstin Thalau gouf gewuer, firwat esouwuel dee Fotograf wéi och seng Aarbechtsmethod bis haut begeeschteren.
-
Der Marcy hir zweet EP wÀert zÀitgenëssesche Pop mat Rock-Elementer aus den 2000er Jore verbannen. Nodeems d'Kënschtlerin um United Islands of Prague Festival 2024 gespillt huet an am Februar 2025 fir Livingston an OneLastTime opgetrueden ass, wëlle mir de Point mat hir maachen.
-
"M for Amnesia" ass den Titel vum Roman, deen dĂ«st Joer mam renommĂ©ierte Servais-PrĂ€is ausgezeechent gouf. An eiser Literaturemissioun "DĂ©i wonnerbar Valibrairie" huet d'Valerija Berdi mat der Autorin vum Roman, der Anne-Marie Reuter geschwat. Hei ass en Extrait, wou d'SchrĂ«ftstellerin an Editrice iwwer hiert Wierk schwĂ€tzt. Dat ganzt GesprĂ©ich mat der Anne-Marie Reuter kĂ«nnt Dir an eiser MediathĂ©ik lauschteren. âM for Amnesiaâ ass am Verlag Black Fountain Press publizĂ©iert.
-
"Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu MĂ€erzeg spille wĂ€ert. De LĂ«tzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobĂ€i ass. Um Programm steet Musek vu fĂ«nnef Komponisten an am Fokus ass dem HĂ€ndel seng weltberĂŒĂŒmte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wĂ©i Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gĂ«tt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wĂ©i de Rosch Mirkes verrĂ©it.De Leeder vun Ad Libitum, erzielt mĂ©i am GesprĂ©ich mam Marie Schockmel.
-
Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie hunn de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.
-
Eng Affekotin, dĂ©i Sexualverbriecher verteidegt, gĂ«tt selwer zum Affer vun engem Viol, eng Schoulklass studĂ©iert FrĂŒhlingserwachen vum Frank Wedekind a mierkt op eemol unhand vun hiren eegenen Erfarunge mat hirer SexualitĂ©it, wĂ©i aktuell dâWierk nach ass - an zwou Schauspillerinne weisen dâLimitte vum Feminismus. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezensĂ©ieren haut dĂ©i drĂ€i TheaterstĂ©cker "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "Itâs a Scam".
-
Haut de Moien (05.05.) huet dâPhilharmonie hir nei Saison virgestallt. De Programm basĂ©iert op 4 Grondprinzipien: âLeading Figuresâ, âUne saison inĂ©dite pour notre orchestreâ, âLes rĂ©cits du Mondeâ an âOpenness.Collaboration.â. Deemno stoungen dĂ©i grouss Klassikstaren am Vierdergrond, dâLĂ«tzebuerger Philharmoniker an enger Saison ouni Chefdirigent, Musek a Kulturen aus aller Welt, a Collaboratioune mat educativen AktivitĂ©iten.E BegrĂ«ff, dee wĂ€rend der Pressekonferenz och Ă«mmer nees opgetaucht ass, war d'AccessibilitĂ©it. Wat dat genee heescht, erklĂ€ert de Christophe Mirkes am GesprĂ©ich mam Jeff Schinker.
-
Am Géigendeel zum Siren’s Call, deen der Sintflut vum leschte Joer zum Affer gefall ass, huet de Messtival dat miserabelt Wierder vum leschte Joer iwwerlieft a geet a seng véierte Ronn. Domat gëtt en esou lues zu enger Institutioun am Süde vum Land. De Jeff Schinker huet den Organisateur Julien Primout an de Curateur Maz bei eis an de Studio fir ee Gespréich agelueden.
-
Den 10. European Month of Photography, kuerz EMOP, ass mat "Rethinking photography" iwwerschriwwen. KrĂ€iz a queesch uechter eis Kulturinstitutioune kĂ«nnt Dir vun elo u visuell Aarbechte vun internationalen an nationale KĂ«nschtler:innen a Fotograf:innen entdecken, dĂ©i de Medium hannerfroen, an deels ganz experimentell Ăntwerte ginn. An den Diddelenger Centres d'art Nei Liicht an Dominique Lang sinn Eenzelausstellunge vu Serge Ecker a Patrick Galbats opgaangen: an do dominĂ©iert d'Fro a wĂ©iwĂ€it e Fotograf sech nei erfanne kann. DâKerstin Thalau beim Expo-Hopping zu Diddeleng
-
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.
-
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probĂ©iert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen, dĂ©i de Jonken dâWuert gĂ«tt. A well et Ă«m grouss an universell Theeme geet, kĂ«nne sech och dĂ©i manner Jonk domat auserneesetzen. DâClaire Barthelemy war fir eis kucken an huet mam Luc Spada, de Curateur, geschwat.
-
"Dat bedeit puer Freed, well mir ganz vill Musek zesummen erlieft hunn", Ă€entwert d'Maria Miteva op d'Fro wat dĂ©i 10 Joer Ars Nova Lux fir si bedeiten. Bei deem Ensembel ass si net nĂ«mmen d'FlĂŒttistin a Leederin, mee si huet en och virun 10 Joer zesumme mat der Komponistin Albena Petrovic an d'Liewe geruff. Am Fokus vun hire Concerte steet zanter dem Ufank Musek vu LĂ«tzebuerger Komponist:innen. De Samschden 3. Mee spillen si e Concert an der Philharmonie, mam Motto "Ways". Do geet et drĂ«ms, Kulturen zesummen ze brĂ©ngen. Dofir sti Wierker aus Japan, Bulgarien, Kroatien a LĂ«tzebuerg op der Affiche.D'Maria Miteva erzielt am GesprĂ©ich mam Marie Schockmel mĂ©i.
-
Zu LĂ«tzebuerg ass EMOP: also European Month of Photography. A vu datt et dĂ©i 10. Editioun ass, hunn dĂ©i LĂ«tzebuerger Initiateure vun der CafĂ© CrĂšme ASBL decidĂ©iert, se Ă«nner de Motto âRethinking Photographyâ ze stellen. Op emoplux.lu gĂ«tt ee gewuer, datt dĂ©i meescht Expoen tĂ«schent dem 13. a 16. Mee opginn, dee Moment och en etlech international Fotografen am Land sinn, mee och momentan kĂ«nnt Dir schonn eng ganz Rei interessant fotografesch DecouvertĂ« maachen. Esou zum Beispill am NationalmusĂ©e um FĂ«schmaart
- Laat meer zien