Afleveringen
-
Sunderfolk ass een taktescht Couch Coop Rollespill, bei deem ee mat bis zu 3 Kolleegen op eng fantastesch Aventure geet. Déi innovativ an erfrëschend Steierung iwwer de Smartphone mécht aus Sunderfolk ee Spill, dat een och gutt mat onerfuerene Gamer spille kann. De Patrice Sadler stellt Sunderfolk fir.
-
Déi neisten Episod an der Doom Franchise iwwerzeegt mat engem innovative Kampfsystem. D'Grafik, de Sound an de Gameplay maachen d'Spill zu enger ronner Geschicht. Frënn vu brutale Shootere kommen op hir Käschten, mengt den Yves Stephany.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
E Spill, dat esou ee grousse Succès huet, datt esouguer den Emmanuel Macron dem franséischen Entwécklerstudio gratuléiert huet. Den Yves Meyer huet sech d'Spill fir eis ugekuckt a stellt et eis fir.
-
“Split Fiction” hëlt d'Spiller:inne mat an déi fantasievoll Geschichte vun zwou Schrëftstellerinnen. De kooperative Gameplay bitt Rätselen, déi ee just zu zwee léise kann. Presentéiert gëtt d'Spill vum Patrice Sadler.
-
Der Prinzessin Peach hir Stëmm gouf vun zwee komeschen Individue geklaut! Elo mussen de Mario an de Luigi zesummeschaffen an d’Stëmm vun der Prinzessin zeréckhuelen. An och de Bowser ass bei dëser Aventure derbäi. De Filip Vukotic stellt d'Spill vir.
-
E Spill, bei deem et vill ze rätsele gëtt. Et geet drëms e geheime Raum an enger Villa ze fannen. Nëmmen da kann ee säin Ierwen untrieden. Den Yves Meyer huet sech d'Spill fir eis ugekuckt.
-
Vakanz an den Alpe mol anescht: An “Dungeons of Hinterberg” verbënnt sech magesch Fantasy mam "normalen" Alpentourismus. Tëschent Monsterjuegd, Rätselen an entspaanten Owesstonne beim Feier entdeckt Dir net nëmmen Dungeons, mee och d'Schietsäite vum Massentourismus.
-
Scho méi laang war déi nei Konsol annoncéiert, elo huet Nintendo méi Detailer zu der Switch 2 verroden. Den Yves Meyer huet d'Informatioune gesammelt a bréngt eis op den aktuelle Stand.
-
"Tetris Forever" ass eng Mëschung tëschent Dokumentarfilm a Videospill. Dëse virtuelle Musée bréngt engem déi spannend Geschicht hanner dem Kultspill "Tetris" méi no. Een absolutte Muss fir Tetris Fans, fënnt de Patrice Sadler.
-
Fans vu "Lethal Company" opgepasst, hei kënnt Äert nächst Koop-Horrorspill! Bei “R.E.P.O.” muss ee wäertvoll Objeten zeréckbréngen, fir datt ee seng Steierscholden zeréckbezuele kann a seng Matspiller net am Chaos stoe léisst. Kléngt stresseg? Jo, mee et mécht och immens vill Spaass, fënnt d'Sophie Kucharzyk.
-
An dësem Spill baut ee säin eegene Musée, et organiséiert een Expeditiounen a këmmert sech ëm d’Gäscht. An dat alles mam typeschen Humor vun der Two-Point-Rei.
-
Dee laang erwaarten 2. Deel an der "Kingdom Come Deliverance"-Rei ass endlech do! An dësem mëttelalterleche Rollespill vu Warhorse Gaming iwwerhëlt een nees d'Figur vum Henry. De Patrice Sadler stellt d'Spill vir.
-
E Spill, dat eis mat an d'Welt vun der griichescher Mythologie hëlt. Et spillt een hei Hallefgëtter an ënnerwee begéinen engem ganz vill bekannt Personnagen. Op alle Fall eppes fir d'Fans vun der Mythologie. Den Yves Meyer stellt d'Spill vir.
-
Journalismus trëfft op Horror. An "Headliners" si Dir an der Roll vu couragéierte Journalisten, déi an engem New York, dat vun Aliens iwwerfall gouf, spektakulär Fotoe schéisse mussen an dobäi ëm hiert Iwwerliewe kämpfen. E chaoteschen Horror-Titel, mat enger extra Portioun schwaarzem Humor.
-
De Wanter ass do a wien d'Schisaison gär huet, muss net onbedéngt an d'Bierger fueren. Mat “Lonely Mountains: Snow Riders” geet et rapid Pisten erof.D’Entwéckler vu “Lonely Mountains: Downhill” hunn de Mountainbike ausgetosch a setzen elo op spannend Schipisten. Relax am Zen-Modus oder packend am Multiplayer, am Spill gëtt et ganz vill Schnéi an erausfuerderend Pisten.
-
A “Keep Driving” muss de Spiller sech an d'Roll vun engem Jonke versetzen, deen déi éischt Kéier mam Auto op ee Museksfestival fuere wëllt. Eng flott Mëschung aus Rollespill a Management-Simulatioun, déi an enger detailléierter Pixelgrafik dohierkënnt.
De Patrice Sadler huet “Keep Driving” fir eis getest. -
Einfach mat sengem Gleiter vun Insel zur Insel fléien, oder direkt eng ganz Insel zu engem Schëff ëmbauen, fir datt een nei Inselen entdecke kann a seng Basis weider ariichte kann. “Aloft” kombinéiert Entdecken, Crafting a Base-Building, op eng ganz nei Manéier. D'Sophie Kucharzyk huet sech d'Spill fir eis ugekuckt.
-
Dës Kéier geet et net nëmmen ëm ee Spill, mee direkt ëm 50. UFO50 ass nämlech eng Spill-Sammlung, déi sech virun allem un de Spiller aus den 80er Joren inspiréiert. Den Yves Meyer huet sech derduerch gespillt a stellt eis se fir.
-
Mouthwashing ass ee psychologescht Horrorspill an deem een d'Roll vun engem Member vun engem Frachtraumschëff iwwerhëlt. D'Entwéckler zwéngen d'Spiller:innen a richteg onangeneem a grotesk Situatiounen eran.
Eng psychologesch Horrorerfarung vum Feinsten, präsentéiert vum Patrice Sadler. -
Stellt iech vir: eng spannend Sich no engem Schatz, däischter Geheimnisser an Nazien als Géigner – alles, wat e klasseschtIndiana-Jones-Abenteuer ausmécht. Mee dës Kéier erliewe mir et an engem Videospill! Indiana Jones and the Great Circle féiert eis op déispannendste Plazen aus der Geschicht.
- Laat meer zien