Afleveringen
-
D'Aileen Wuornos huet eng immens traumatesch Kandheet a Jugend duerchlieft a wat esou eppes mat engem Mënsch ka maache wéisst dëse Fall ganz gutt. Well d'Aileen gëtt zu enger Seeriemäerderin. Mee wat ass alles geschitt, fir dass et esou wäit konnt kommen a wéi ass alles ofgelaf? Dat alles gitt dir an dëser Episod gewuer.
-
Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Den 11. Mee geet d'Yangjie Li zu Dessau joggen, wéi et dat esou oft mécht. Mee dës Kéier sollt et net méi a senger WG ukommen. De Sebastian Flech an d'Xenia Lang hunn e perfide Plang, deen se ëmsetze wëllen. Dësem Plang fält d'Yangjie zum Opfer a sollt dat Ganzt net iwwerlierwen. Wat genau geschitt ass, erziele mir an dëser Episod.
-
2005 ass dat 18 Joer alt Natalee Holloway mat Frënn op Aruba fir hire Schoulofschloss ze feieren. Mee um Dag vun der Ofrees ass d'Natalee net um Flughafen opgedaucht. Fir d'lescht gouf et mat 3 lokale Männer gesinn, mee déi wëssen och net wou d'Natalee ass... oder villäicht dach? Gitt et an eiser neier Episod gewuer.
-
Den 11. Abrëll 2001 ass den 20-järege Branson Perry amgaangen d'Haus ze raumen an ze botze fir wa säi Papp aus dem Spidol heem kënnt. Dobäi fënnt hie Kabelen, déi hien an de Schapp brénge wëll. Mee de Jong kënnt aus dem Schapp ni zeréck. Vun him feelt all Spuer. Wat ass mam Branson geschitt? Firwat wierkt et sou wéi wann déi Stad Skidmore Verbrieche reegelrecht unzezéien?
-
Am Mee 2007 ass d'Famill McCann a Portugal an d'Vakanz. Een Owend sinn d'Elteren iessen an d'Kanner sinn eleng an der Wunneng. All 30 Minutte geet een no de Kanner kucken, bis op eemol d'Maddie verschwonnen ass. Dëst ass den Ufank vun engem vun de gréisste Vermësste-Fäll aus Europa. Wat genau geschitt ass a wéi et weider geet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
-
Den 29. Mäerz 2015 wëll den 18-järege Caleb Diehl sech mat engem Kolleeg treffen. Nom angeblechen Treffen daucht de Jong awer net méi op. Wou ass en? Wat ass geschitt? Seng lescht Spuere feieren op den Haff vun engem Famillje-Kolleeg. Huet dësen eppes mam Verschwanne vum Caleb ze dinn? Lauschter d'Episod a fannt et eraus.
-
An den 1980er Jore war de Karl Koch grouss an der Hacker-Zeen dran an huet sech do en Numm gemaach, schliisslech gouf e vum KGB agestallt fir ze hacken. Wéi et dozou komm ass a firwat säin Doud sou komesch war, gitt dir an dëser Episod gewuer.
-
Den 20. November 2021 verschwënnt dat 18 Joer aalt Bobbi-Anne McLeod zu Plymouth. Kuerz drop gëtt seng Läich fonnt, well den Täter sech selwer stellt. Schockant un deem Ganzen ass, dass et net wierklech ee Motiv gëtt. Firwat misst d'Bobbi-Anne stierwen?
-
Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold.
An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld. -
Dës Kéier ass et kee Fall, dee mir iech presentéiere, mee mir wäerten dës Kéier iwwert eis Faszinatioun fir True Crime schwätzen an doriwwer wat eis an dës Spart gefouert huet. Dat natierlech mat ëmmer rëm klengen Diskussiounen iwwert verschidde Fäll.
-
Am Joer 1986 verschwannen d'Kanner vun der Famill Weimar, Ufanks gëllen se als Vermësst, bis d'Läiche vun de Meedercher fonnt gi. Mais wien huet d'Kanner ëmbruecht a firwat? Dat diskutéieren d'Juie an de Charel an dëser Episode.
-
Et ass rëm déi wonnerbar Zäit vun Halloween, Horrorfilmer, erschrecken, grujeleg verkleeden, Kürbisse schnëtzen asw., mee net alles ass ëmmer esou flott. Dobausse ginn et och richteg Monstere, Mäerder. An dëser Episod kritt dir 3 kuerz Mordfäll presentéiert déi op Halloween begaange goufen.
-
Am Mäerz/Abrëll 2014 sinn d'Kris Kremers an d'Lisanne Froon op enger Work-and-Travel-Rees a Panama. Den 1. Abrëll wëllen déi 2 Meedercher eng kleng Wanderung iwwert den El Pianista Trail maachen, e relativ einfachen Dages Ausfluch. Mee vun dësem sollen déi 2 net méi rëmkommen. Woche méi spéit fënnt een Iwwerreschter vun de Meedercher. Wat ass mat hinne geschitt?
-
De 14. Februar 2008 verschwënnt d'Sigrid Paulus no engem heftege Sträit mat sengem Mann, de Gerd.
Den Dag selwer an déi kommend Deeg hofft een nach dass d'Sigrid rëm kënnt, mee fir déi nächst 5 Joer ass näischt vum Sigrid ze fannen. Bis d'Duechter d'Christina mat enger Iwwerleeung bei d'Police geet. -
Am Zëmmer 348 vun enger Pension am Texas gëtt den Greg Flineke dout opfonnt. Äusserlech feelt dem Mann näischt, mee seng Innereien sinn zerfetzt. Wat ass geschitt, dass den Greg sou säin Enn fonnt huet?
-
Den 29. August 2007 ass d'Hannah Wiedeck um Wee fir Heem, nodeems et bei sengem Frënd war. D'Eltere waarde mam Owesiessen op hat, mee et kënnt do ni un. Puer Deeg drop fënnt een d'Läich vun engem Meedchen. Wat ass mam Hannah geschitt?
-
De 26. Mäerz 1998 gëtt den 13 Järegen Tristan Brübach zu Frankfurt am Liederbachtunnel vun engem Onbekannten op grausam Aart a Weis ermort. Wien dësen Onbekannten ass a firwat den Tristan stierwe misst, ass bis haut net gekläert.
Wat iwwert de Fall gewosst ass a wat do sou geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod. -
De 7. September 1996 no engem Boxkampf zu Las Vegas, kënnt et zu engem Drive-by-shooting. Hei schéisst een Onbekannten op den BMW an deem den Tupac dran souz. Dëse gett déidlech blesséiert. Wie geschoss huet, ass bis haut net gekläert.
-
1965 kommen d'Sylvia Likens a seng Schwëster bei d'Gertrude Baniszewski, déi di zwee Kanner bei sech ophëlt. Ufanks ass alles an der Rei, ma et dauert net laang bis fir d'Sylvia d'Hell ausbrécht an hatt méi spéit ëmbruecht gëtt. Wat alles geschitt ass, duerch wien a wéi genau, gidd dir an dëser Episod gewuer.
- Laat meer zien