Afleveringen
-
Dëse Weekend ass an der Luxexpo um Kierchbierg déi 42. Editioun vum Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté, dee vum CLAE organiséiert gëtt. Et ass déi Geleeënheet am Joer, wou de Comité de liaison vun elo méi wéi 200 Associatioune vun Auslänner hei am Land am visibelsten ass. Fir de Rescht schafft en éischter diskret am Hannergrond, huet awer duerchaus politesch Revendicatiounen, z. B. am Beräich Educatioun.
-
Mir froe bei der Dr Corinna Gibfried no, firwat dat esou wichteg ass.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Vun der nächster Rentrée u wäerten an der Grondschoul zu Réimech d’Conditiounen, fir Kanner aus anere Gemengen opzehuelen, däitlech méi streng ginn. Viru 14 Deeg huet de Gemengerot entscheet, datt Kanner déi an anere Gemenge wunnen, just nach eng Plaz an enger Réimecher Schoul kréien, wann een Elterendeel zu Réimech schafft.
Viséiert si vun där Moossnam virun allem déi Famillen, déi an der däitscher Grenzregioun wunnen: D’Nopeschgemeng Schengen hëlt zanter der leschter Rentrée scho keng Kanner méi aus anere Gemengen op. Zu Réimech huet een elo gefaart, datt vill Lëtzebuerger Famillen, déi an Däitschland wunnen, hir Kanner elo hätte wëllen zu Réimech aschreiwen. Dem DP-Buergermeeschter Jacques Sitz no wieren d’Capacitéite vun der aktueller Infrastruktur maximal ausgereizt. -
An Europa lafen Diskussiounen ëm méi héich Defense-Ausgaben - och zu Lëtzebuerg. Onofhängeg vun der aktueller Weltlag hat déi Lëtzebuerger Arméi zejoert schonn eng grouss ugeluechte Rekrutéierungscampagne lancéiert. Ronn 200 Zaldotinnen an Zaldote solle bis 2030 agestallt ginn. D’Sophie Schroeder huet an deem Kader Rekrutten a Rekruttinne bei hirer Ausbildung begleet.
-
Däerfe Mann a Fra zesummen an der Chamber sëtzen? Nee. Brudder a Schwëster? Papp an Duechter? Nee, och net. War dat schonn ëmmer esou? Jo. Soll et esou bleiwen, wéi et elo ass ? Mol kucken. Ass dat och anerwäerts esou? Bal néierens. Dat ass de Resumé vun deem, wat de Maurice Molitor méi am Detail erkläert. Et geet ëm familiär Incompatibilitéiten.
-
Dem Hesper Buergermeeschter säi Retour an d'Gemengepolitik, matzen am Sträit am Gemengerot, de Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté an eng Übung fir den Eeschtfall, wann en Zuch géif accidentéieren.
-
Och d’Stol- an Aluminium-Importer aus Groussbritannie ginn zënter gëschter an den USA taxéiert ... mat demselwechten Taux vu 25 Prozent, dee fir de Stol an den Aluminium aus der EU gëllt. Anescht awer wéi d’EU-Kommissioun, déi direkt Géigemesuren decidéiert huet, huet déi brittesch Regierung sech dofir entscheet ... näischt ze maachen. Explikatioune vun der 100,7-Korrespondentin Marie Billon
-
Mir froen den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, de Marc Schoentgen, wéi Elteren an Enseignantë sech sollen uleeën, wann d'Kanner hinne Froen iwwer d'Aktualitéit stellen.
-
Virgëschter gouf bei der HUT ASBL, der Nofollgerin vun der Caritas, eng éischt Personaldelegatioun gewielt. An aus deene Walen ass d’ALEBA, déi jo neierdéngs keng reng Banken- an Assurancë-Gewerkschaft méi wëllt sinn, 4 vu 7 Mandater gewonnen. Den OGBL krut der just 3, ass also elo minoritär. Wéi erkläert sech de Smail Suljic, OGBL-Zentralsekretär fir Gesondheet a Soziales, déi Néierlag?
-
An der Diskussioun iwwer eng Reform vum Lëtzebuerger Walgesetz, déi jo elo dës Woch an der zoustänneger Chamberkommissioun richteg lancéiert gouf, ginn et net esou vill Punkten, op deene sech vu vir eran en Accord ofzeechent. Eng Saach bei där d’Parteie sech awer eens gi kéinten ass den digitale Vott, also d’Wielen iwwer Internet. An Estland existéiert déi Méiglechkeet seng Stëmmen online ofzegi schonn zënter 20 Joer. De Mihkel Solvak, dee sech op der Universitéit vun Tartu an Estland intensiv mam Sujet befaasst, erkläert, datt d’Aféierung vum E-Voting am Joer 2005 fir wéineg Diskussioune gesuergt hätt.
-
En atomare Schutzschierm fir Europa, dat huet de franséische President Emmanuel Macron d’lescht Woch proposéiert. Hie wëllt mat den europäesche Partner doriwwer diskutéieren, de franséischen “Parapluie nucléaire” op si auszedeene fir Europa besser géint déi russesch Menace ze schützen. Kann dat funktionéieren a wat sinn hei d’Erwaardungen? Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl huet nogefrot.
-
Mir froen eis Korrespondentin zu Moskau, d'Inna Hartwich.
-
G7-Ausseminister-Treffen a Kanada, 5 Jugendparteien zu enger méiglecher Pensiounsreform a besser Zesummenaarbecht fir jonk Réi ze retten
-
Mir froen deen neien Direkter vum nationalen Archeologie-Institut, den David Weis.
-
Den DP-Schäffe reagéiert op de Sträit tëschent der Oppositioun an dem CSV-Buergermeeschter Marc Lies.
-
De 4. Mee soll a Rumänien en neie President gewielt ginn. Am 2. Ulaf. Spéitstens 14 Deeg drop, no engem warscheinleche Ballottage, misst da feststoen, wien neie Staatschef gëtt. Net méi a Fro dofir kënnt de rietsextreemen a Russland-frëndleche Calin Georgescu, deen Enn November zejoert bei engem éischte Vott komplett iwwerraschend déi meeschte Stëmme kritt hat. Seng Kandidatur gouf refuséiert.
-
D’Waasser aus der Musel kéint an enger Rei Joren als Drénkwaasser genotzt ginn. De Syndikat SEBES soll d’Waasseropbereedungsanlag bedreiwen: dat gesäit ee rezente Gesetzesprojet vum Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) vir. D’Aarbechte fir esou eng Anlag un der Musel solle beschleunegt ginn, steet am CSV-DP-Regierungsprogramm vun 2023. Wat genee ass geplangt? Dat huet de Serge Kesseler nogefrot.
-
Den Ausseminister Xavier Bettel war déi lescht 2 Deeg am Noen Osten, hien hat do politesch Rendez-vousen (mat sengen Homologen aus der israeelescher Regierung an der palästinensescher Autoritéit) nieft aneren Entrevuë wéi z. B. mam Roude Kräiz. Et war dem Xavier Bettel seng 4. Rees an d’Regioun zënter hien Ausseminister ass. “Et war ni einfach, mee et ass och net méi einfach ginn” sot hien dozou am 100,7-Interview. D’Situatioun wier "komplizéiert" a "kriddeleg".
-
US-Taxen op europäesche Stol an Aluminium, Vertrieder vum Bistum an der Caritas-Spezialkommissioun an Urteel um EUGH an der Affär Semedo
-
D’Marnie Ecker vum Zentrum fir politesch Bildung gëtt Detailer iwwer déi Journée zum Theemekomplex Demokratie an Digitalitéit muer (13.3.) an der Abtei Neimënster.
- Laat meer zien