Afleveringen
-
De meteorologesche Summer ass jo scho méi laang amgaangen a leschte Weekend si mir och am Vëlosummer ukomm: Et ass schonn déi 7. Kéier, datt an der grousser Vakanz verschidde Stroossen zäitweis oder esouguer wochelaang fir den Autostrafic gespaart an da just fir de Vëlo reservéiert sinn. Wat d’Editioun vun dësem Joer ubelaangt ginn et e puer Neierungen, villes ass awer och dës Kéier esou wéi et schonn ëmmer war ...
-
Den Tour de France fiert dĂ«st Joer direkt zweemol dĂ©i berĂŒchtegt Alpe d'Huez an de fransĂ©ischen Alpen erop: haut a muer. De Jean-Claude Franck ass sech dee Spektakel ukucken a mellt sech live vun der Plaz.
-
Elo an der Summervakanz ginn natierlech vill Leit an d’Vakanz, och um Findel geet et grad hektesch hier. Dat ka fir Leit mat kierperlechen, mee och mat net siichtbaren Aschränkungen, eng grouss Erausfuerderung an en ustrengend Ëmfeld sinn. Fir deene Leit entgéintzekommen an hire Start an d’Vakanz méi einfach ze maachen, gëtt et zanter dëser Woch e besonnesche Wartesall, deen un déi spezifesch Bedierfnesser ugepasst ass.
-
SpĂ©itstens vum 1. Januar 2029 u mussen all dâBetriber hir Rechnungen elektronesch gerĂ©ieren. Dat ass vill Opwand, virun allem fir dĂ©i mĂ©i kleng Entreprisen. D'Handwierkerkammer hĂ«lleft. Hire Chef-Ekonomist, de Max Urbany, erklĂ€ert wĂ©i.
-
De Raphaël Wisselmann ass Directeur adjoint vum technesche Service vun der RhÀin-Kommissioun. Hien erklÀert am 100,7-Interview wat fir een Impakt d'Niddregwaasser aktuell huet an nach kéint kréien. Well vill Reen ass net a Siicht.
-
Lët’z Arles ass den Numm vun der ASBL, déi zanter 2016 déi Lëtzebuerger Fotografie all Summer op de renomméierte Rencontres de la Photo d’Arles vertrëtt. Fir hire ronnen zéngte Gebuertsdag wollten d’Memberen dem Public a Südfrankräich eppes Besonnesches bidden. Si hu Lëtzebuerger Institutioune mat Edward-Steichen-Kollektiounen zesummebruecht, fir eng gemeinsam Edward-Steichen-Expo fir d’Rencontres op d’Been ze stellen, an zwar ënner dem Titel “La nature d’Edward Steichen”. Eng Weltpremière! D’Kerstin Thalau war op der Semaine d’ouverture vun de Rencontres d’Arles.
-
De Finanzminister erklÀert, wat senger Analys no nom 31. August mat den israeelesche Staatsobligatioune geschitt a firwat d'Decisioun vun der CSSF net éischter bekannt gemaach gouf.
-
De Fall vum dĂ€itschen CDU-Politiker Jens Spahn, deen zesumme mat sengem Mann Papp gouf â mat HĂ«llef vun enger sougenannter Leihmutterschaft - huet fir vill Welle gesuergt - an net nĂ«mmen an DĂ€itschland dâDiskussioun ronderĂ«m de Sujet nei ugestouss. WĂ©i ass dâSituatioun, wat sinn eventuell Gesetzer iwwer dâLeihmutterschaft oder wĂ©i bei eis och gesot gĂ«tt âdâgestation pour autruiâ an aneren europĂ€esche LĂ€nner - a wĂ©i gesĂ€it et eigentlech zu LĂ«tzebuerg aus?
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europÀesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
D'Uelzecht zu Steesel soll renaturéiert ginn. Dat mam Zil fir d'GewÀsserqualitéit an den Héichwaasserschutz ze verbesseren. Virun 3 Joer gouf ee gréissere Projet annoncéiert, zesumme mat der Regierung, der Gemeng an der EuropÀescher Investitiounsbank. Elo ass een éischte klengen Tronçon fÀerdeg. Ob a wéini de gesamte Projet kéint ofgeschloss ginn, ass ongewëss. De Moris Garzaro huet sech am Fréijoer op der Plaz mat der Steeseler Buergermeeschtesch getraff, fir doriwwer ze schwÀtzen.
-
De Marc Besch ass GeneralsekretÀr vum Staatsrot an huet elo e Buch iwwer d'Entsteeung vun dÀr Institutioun geschriwwen. Mir geheie mat him ee Bléck zeréck an déi Geschicht.
-
Rieds ass vum schlëmmste Bëschbrand iwwerhaapt an der Regioun: Am Nordoste vu Madrid hunn 1.200 Mënschen aus méi wéi 30 Uertschafte missten evakuéiert ginn. Elo kéint Besserung a Siicht sinn. Een Update mat eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois
-
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
-
Een zentraalt Klimaschutzinstrument vun der Europäescher Unioun soll reforméiert ginn: den Emission Trading System, kuerz ETS, deen et schonn zënter 2005 gëtt. Déi Europäesch Kommissioun hat hir Virschléi dozou e Freideg zu Bréissel presentéiert. Zënterdeem ginn et positiv wéi negativ Reaktiounen.
Wéi reagéiert déi Lëtzebuerger Industrie op d’Proposen? A wat genee huet d’EU-Kommissioun virgeschloen? -
Mir froen d'Martine Peters vun der Waasserverwaltung, éier haut de Renaturéierungsdësch zesummekënnt.
-
Dem Christopher Nolan seng imposant filmesch Interpretatioun gëtt dem Homer sengem Klassiker absolut gerecht, et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotip.
-
An de Grondschoule sinn d’Preparatioune fir d’Aféiere vun der franséischer Alphabetiséierung dëst Schouljoer op Héichtoure gelaf. No der Summervakanz trëtt am September d’Reform da landeswäit an alle Grondschoulen a Kraaft. Fir ze gesinn, wéi déi organisatoresch Viraarbecht genee ofleeft, huet d’Pia Oppel engem Regionaldirekter bei der Aarbecht iwwer d’Schëller gekuckt.
-
MĂ©i BegrĂ©ngung an der Stad ass en aktuellt politescht Theema â an och fir dâKanner aus der Schoul Um Kiem um Kierchbierg spillt d'BegrĂ©ngung eng grouss Roll. Si wĂ«nsche sech Ă«nner anerem mĂ©i Beem a GrĂ©ngflĂ€chen am Schoulhaff. Am Kader vum KIKARO, dem Kiemer Kannerrot, hunn dĂ©i aacht gewielte Kannervertrieder:inne sech dat ganzt Schouljoer iwwer fir dĂ«se Projet agesat an hir Propositioune bei der Gemeng virgedroen.
-
De Kinnek Charles wäert deen neie Labour-Leader haut mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptragen. Mee wien ass dee Successeur vum Keir Starmer? Explikatioune vun eiser Korrespondentin Sara Menaï
-
De Manuel Cardoni, techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, verréit, wéi hien d'Weltmeeschterschaft erlieft huet a wat hien dovun zeréckbehÀlt.
-
D'Regierung an d'Associatioun ALMEVS goufe sech eens iwwer e spezifesche Statut fir déi jonk Dokteren, déi nach an der Ausbildung sinn.
- Laat meer zien