Afleveringen
-
An dëser Episod vu Plottwist gëtt et waarm — net nëmme wéinst den Temperaturen, mee och wéinst de Meenungen. Mike an Yannick schwätzen iwwer de grousse Star-Wars-Retour mat The Mandalorian and Grogu, deen éischter no Sidequest wéi no groussem Kino-Event wierkt, an iwwer Passenger, deen esou vill Frust ausléist, dass een de Kino léiwer fréi verléisst.
Am Mëttelpunkt steet awer Obsession: e Film, deen mat senger düsterer Inszenéierung, ongemittlecher Atmosphär an enger staarker Performance richteg ënner d’Haut geet. Dobäi geet et ëm Wënsch, Kontroll, toxesch Léift an d’Fro, wéi vill vun enger Persoun nach iwwreg bleift, wann eng Obsession alles iwwerhëlt.
Donieft ginn et nach kuerz Andréck zu Swabbed an The Sheep Detectives — inklusive Kino-Rants, YouTuber-Regisseuren, Horror-Begeeschterung an der éierlecher Fro: Wéini ass e Film just schlecht, a wéini bleift en engem wierklech am Kapp?
-
An dëser frëscher Plottwist-Episod sprange mir duerch déi aktuell Film- a Serien-News, wou et gefillt iwwerall no „2“ richt: The Devil Wears Prada 2 steet am Raum – mir schwätzen doriwwer, wat eng Fortsetzung iwwerhaapt muss kënnen, fir net just Nostalgie ze sinn. Dono geet et mat voller Wucht an d’Arena: Mortal Kombat 2 – méi Fatalities, méi Spektakel, mee och d’Fro, ob et dëst Kéier wierklech e gudde Film gëtt (oder „just“ e geilen Event).
Op der Serien-Säit huele mir eis Euphoria Staffel 3 vir: Wou kann d’Geschicht nach higoen, a wat erwaarde mir tonal a personell? Duerno gëtt et däischter a krabbeleg mat Infested – e Film, deen eis iwwer Horror, Spannungsopbau a „Nope“-Momenter schwätze léisst. A fir ofzerënnen kucke mir op Half Man: wat d’Prämiss versprécht, wat eis drun triggert, a firwat mir gespaant sinn, ob dat e Geheimtipp gëtt oder e komesche Curveball.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
An dëser Episod vu Plottwist, ärem Filmpodcast op Lëtzebuergesch, schwätze mir iwwer zwee vun de spannendste Releases: Lee Cronins *The Mummy an _Michael_ (2026), de Film iwwert Michael Jackson. Mir kucken, wat The Mummy moderniséiert, wéi gutt d’Atmosphär a Spannung fonctionnéieren, an ob d’Neiinterpretatioun dem Mythos wierklech e frësche Kick gëtt. Duerno gi mir op Michael* an: Wéi wierkt d’Biopic-Erzielung, wéi gëtt eng Welt-Ikon op der Leinwand agefaangen, a wat heescht dat fir Fans an Filmfrënn?
-
Wat hu Super Mario, d'Zendaya, eng brutal Ronn Hide-and-Seek an de Steve Carell gemeinsam?
Si sinn alleguer Deel vun eiser neier Episod hei bei Plottwist! Dës Woch hu mir nees e richtege Mix aus Animatioun, psycheschem Thrill, Horror an HBO-Comedy fir iech zesummegesicht. Hei ass eise Programm fir dës Episod:
The Super Mario Galaxy Movie: Mir huelen iech mat an de Weltraum a kucken, ob den Nintendo-Held och a sengem zweeten animéierten Deel iwwerzeege kann. The Drama: Eng schwaarz romantesch Komedie vun A24. De Robert Pattinson an d'Zendaya liwweren sech kuerz virun hirer Hochzäit eng psychesch Achterbunnfaart, déi et wierklech an sech huet. Ready or Not 2: Fir all eis Horror- a Gore-Fans geet d'Bluttbad weider! D'Samara Weaving ass zréck a muss sech mat neie Famillen am nächste stierwlechen "Hide-and-Seek" moossen. Ass de Sequel den Hype wäert? Rooster: Ze gudder Lescht geheie mir nach e Bléck op déi nei HBO-Serie mam Steve Carell. Bréngt dës nei Campus-Komedie de richtege Vibe an Humor mat sech?Lauschtert eran a gitt mat eis op d'Sich nom nächste grousse Plottwist! Loosst eis och gären an de Kommentare wëssen, wéi ee vun dëse Release äre Favorit ass.
-
Wëllkomm zréck bei enger neier Plottwist Episod! Dës Kéier huele mir déi aktuell Filmwelt komplett auseneen an diskutéieren iwwer dat, wat am Moment jidderee beweegt.
Mir schwätzen iwwer d'Oscars, dozou gëtt et all d'Infos an eis Meenung zum mega Sci-Fi-Projet Project Hail Mary. Fir d'Horror-Fans hu mir They Will Kill You am Gepäck, an et gëtt richteg emotional mat der Verfilmung vu Reminders of Him.
Theemen an dëser Episod:
D'Oscars: Wien hëlt d'Trophäe mat heem? Project Hail Mary: Alles wat der iwwer de Sci-Fi-Hit wësse musst. They Will Kill You: Ass dat deen neien Horror-Highlight? Reminders of Him: Vum Buch op d'Leinwand.Vergiesst net e Follow do ze loossen fir keng weider Episod ze verpassen! Schreift är Meenung zu de Filmer gären an d'Kommentaren oder loosst eis am nächste Livestream driwwer schwätzen.
-
Dës Kéier ass et eppes ganz Besonnesches: Den talentéierte lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis ass zu Gaascht a stellt eis säin neiste Wierk vir – de Coming-of-Age Roadmovie "Apples & Pears".
Am Film begleede mir d'Sofia, eng 18-järeg jonk Fra, op engem emotionalen an onberechenbaren Trip duerch Europa. Mat nëmmen engem Rucksak am Gepäck fänkt eng ongewëss Rees un, déi si op d'Sich no sech selwer schéckt. Et ass e Film iwwer d'Erwuesse ginn, flüchteg Momenter an déi vill ënnerschiddlech Facettë vum Liewen.
Wat iech an dëser Episod erwaart:
Hannert de Kulissen: Wéi de Lukas op d'Iddi fir dëse ganz perséinlechen a poetesche Projet komm ass. D'Dréiaarbechten: Wat d'Erausfuerderunge sinn, e Film mat sou villen ënnerschiddleche Locations an Europa op d'Been ze stellen. De Vibe vum Film: Firwat "Apples & Pears" eng onvergiesslech filmesch Rees ass, op déi ee sech onbedéngt aloosse muss.Maacht iech prett fir e spannenden Abléck an déi lëtzebuergesch Filmwelt a gitt gewuer, firwat dir dëse Film op ärer Watchlist musst hunn.
Lauschtert eran a loosst iech inspiréieren!
-
An dëser neier Episod vu Plottwist tauche mir nees déif an d'Welt vum Kino an! Mir kucken eis d'News an d'Erwaardungen zu deene neiste Projeten un, déi d'Filmwelt grad bewegen.
Haut um Programm:
Marty Supreme: Wat kënne mir vum Josh Safdie sengem neie Film mam Timothée Chalamet erwaarden? The Testament of Anne Lee: Mir analyséieren d'Hannergrënn vun dësem mysteriéise Projet. The Bride: Eng frësch Interpretatioun vun engem Klassiker – packt d'Maggie Gyllenhaal et, eis ze iwwerzeegen -
Wëllkomm bei enger neier Episod vum Plottwist! Haut hu mir e programmatesche Mix preparéiert, dee vun emotionalen Abgrënn bis hin zu purem Horror geet. Mir huelen dës dräi Filmer genee ënner d'Lupp:
Wuthering Heights: Mir kucken eis dës nei Adaptatioun vum Emily Brontë sengem Klassiker un. Ass d'Atmosphär esou düster wéi am Buch? Rental Family: E faszinéierenden Abléck an d'Welt vun de geléinte Relatiounen. Emotionalen Déifgang oder just skurril? Return to Silent Hill: Mir ginn zeréck an déi niwweleg Stad. Kann de Reboot de Charme an den Horror vun de Spiller an den éischte Filmer erëm opliewen loossen?Egal ob s du e Fan vu klassescher Literatur oder Psychothriller bass, an dëser Episod ass fir jiddereen eppes dobäi. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
An dëser neier Episod vum Plottwist gëtt et eng bunt Mëschung aus emotionalen Highlights a spannenden Neiegkeeten. Mir huelen dës Kéier véier ganz ënnerschiddlech Projete méi genee ënner d'Lupp:
Hamnet: Mir dauchen an d'Welt vum Shakespeare sengem Jong an diskutéieren déi déifgräifend Storytelling-Elementer. Nuremberg: E Bléck op d'historesch Dramatik an d'Ëmsetzung vun dësem gewaltege Sujet. Primate: Et gëtt e bësse méi wild! Mir kucken, wat dësen Titel ze bidden huet a firwat en iwwerrascht. Send Help: Heiansdo seet den Titel scho genee dat, wat ee fillt – mir analyséieren de Humor an de Chaos vun dëser Serie. -
Wat hunn Ping-Pong-Profi Marty Reisman, e verdächtegt Hausmeedchen an eng post-apokalyptesch Welt gemeinsam? Si sinn all Thema an eiser neister Episod!
Mir diskutéieren iwwer de Stil vu "Marty Supreme", d'Geheimnisser vun "The Housemaid" an ob "28 Years Later: The Bone Temple" den Horror-Genre nees nei erfënnt. Spoiler-Alarm: Et gëtt intensiv.
-
An dëser Episod schwätze mir iwwer d’Enn vu Stranger Things a wat et heescht, sech vun enger Serie ze verabschieden, déi eng ganz Generatioun begleet huet. Mir kucken dobäi op d’Themen Erwuessen-ginn, Nostalgie an d’Konscht vum Lassloossen. Als Géigespill brénge mir Eternity an Twinless an d’Gespréich – zwee Filmer, déi op hir Manéier Verloscht, Zäit a mënschlech Verbindungen thematiséieren. Eng Episod iwwer Ofschid, Weidergoen an d’Spuren, déi Geschichten hannerloossen.
-
An dëser neier Episod vun Plottwist, eisem Filmpodcast, gi mir eemol quer duerch déi aktuell Kino- a Serienlandschaft. Vun risegen Franchise-Titelen bis bei méi kleng, perséinlech Filmer – hei ass fir jiddereen eppes dobäi.
Mir schwätzen ënner anerem iwwer Avatar: Fire and Ash a wat James Cameron dës Kéier mat Pandora virhuet. Zootropolis 2 steet och um Programm an d’Fro, ob de Charme vum éischten Deel nach ëmmer funktionéiert. Mat Les enfants vont bien gi mir e Stéck méi no a méi emotional, wärend Welcome to Derry d’Stephen-King-Welt vun IT erëm opmécht. Horror-Fans kommen mat Five Nights at Freddy’s 2 op hir Käschten, an zum Schluss kucke mir op I Love LA, e Projet, dee vill méi ass wéi just e Liebesbréif un eng Stad.
-
An dëser Episod schwätze mir mat dem Lëtzebuerger Schauspiller Timo Wagner iwwer säi ganze Wee an d’Schauspillerei. Hie erzielt éierlech, wéi alles ugefaangen huet, wou d’Struggle waren, a wéi hien et gepackt huet, sech an enger klenger awer ëmmer méi wichteger Filmszen duerchzesetzen. Vun deenen éischte Schrëtt bis bei professionell Produktionen – eng Rees voller Passioun, Zweifelen an Erfolleger.
-
Dës Episod vu Plottwist féiert dech duerch dräi ganz ënnerschiddlech Filmwelten. Mir schwätzen als éischt iwwer Frankenstein vum Guillermo del Toro op Netflix – eng frësch Interpretatioun, déi vill méi Häerz huet wéi ee vu sou engem Monster erwaarde géif. Dono geet et weider mat Make it Short, der kuerzer, mee immens kreativer Sammlung vu Filmer vum Andy Bausch, déi kloer weist, wéi vill Faarf a Form d’lëtzebuergescht Kino ka bidden. An zum Schluss dréint sech alles ëm Wicked: For Good, wou mir kucken, wéi gutt d’Magie vum Musical op d’Leinwand transportéiert gouf. Eng Episod tëscht Grusel, Kreativitéit a richteg vill Film-Léift – perfekt fir all Filmfreak, dee gären e bësse méi déif an d’Matière geet.
-
An dëser Episod schwätze mir iwwer Regretting You, The Smashing Machine, Bugonia an Welcome to Derry.
Vun emotionalem Drama bis zu brutalem Sportfilm, mir huelen alles ënnert d’Lupp.
-
An dëser Episod geet et em follgend Filmer:
Black Phone 2
Springsteen: Deliver Me from Nowhere
Nouvelle Vague
-
An dëser Plottwist-Episod schwätze mir iwwert de Sci-Fi Blockbuster Tron: Ares, d’Netflix-Serie Monster déi sech dës Kéier ëm den Ed Gein dréint, an A Big Bold Beautiful Journey. Et geet ëm Cyberwelten, grujeleg True Crime a Gefiller, déi direkt un d’Häerz ginn. Eng Mëschung aus Filmkritik, Serien-Analyse a Leidenschaft fir dat wat eis virum Écran fesselt.
-
An dëser Episod vu Plottwist huele mir véier ganz ënnerschiddlech Filmer ënnert d’Lupp: One Battle after Another, d’romantesch Komedie Splitville, d’Rees duerch Natur a Selbstfindung an The Salt Path an en animéierte Film mat The Bad Guys 2. Mir kucken, wat d’Filmer ausmécht, wou se iwwerraschen a wéi se sech géigesäiteg am Kinojoer ofsetzen.
-
An dëser Episod vu Plottwist huele mir dräi ganz verschidde Kino-Erfarungen ënnert d’Lupp:
The Conjuring: Last Rites – Den neie Kapitel an der populärer Horror-Rei, deen d’Warrens nach eng Kéier an en däischteren Fall féiert. Mir schwätzen driwwer, wéi de Film un déi viregt Deeler uknëppt, wat en nei bréngt an ob d’Franchise nach ëmmer frësch bleift. Eden – E Film iwwer Idealismus a Muechtspill op der Galapagos-Insel Floreana, wou eng Grupp Leit versicht hiert eegent Paradäis ze bauen. Mir analyséieren d’geschichtlech Inspiratioun hannendrun, d’Konflikter tëscht de Personnagen an d’Spannung tëscht Utopie an Realitéit. 22 Bahnen – Eng intim Familljendrama aus Däitschland, dat d’Geschicht vu schwéiere Familljebänn, zwee Schwësteren an enger kämpfender Mamm erzielt. Mir kucken, wéi de Film mat Themen wéi Verantwortung, Identitéit a Generatiounswonnen ëmgeet.Duerch dës dräi Filmer beweege mir eis tëscht Horror, Historiendrama a Coming-of-Age-Erzielung an diskutéieren, wéi se all op hir Manéier Froen iwwer Glawen, Idealismus a Famill stellen.
-
An dëser Episod vun Plottwist schwätze mir iwwer zwee Filmer, déi d’Grenze vun der Léift op brutal Aart a Weis ausloten. Am Together mam Dave Franco an Alison Brie gëtt eng Bezéiung sou intensiv, datt d’Partner lues a lues kierperlech zesummewuessen – Body-Horror als Metapher fir Co-Ofhängegkeet. Am Géigendeel dozou geet et an The Roses mat Benedict Cumberbatch an Olivia Colman ëm eng Hochzäit, déi sech an e richtege Krich verwandelt: schwaarz Satire, Humor an Explosiounen inklusiv.
Mir analyséieren, firwat béid Filmer esou extrem Weeër wielen, wéi Horror an Humor zesumme funktionéieren, a wat se iwwert d’Natur vun der Léift a vum Zesummeliewe soen.
- Laat meer zien