Afleveringen
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
-
Transkript:
A: Hues du scho PlÀng fir de Summer?
B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien.
A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg!
B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen.
A: Dat héiert een an der leschter ZÀit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen?
B: Fir mech ass et wichteg, dâĂmwelt esou mann wĂ©i mĂ©iglech ze belaaschten. Dofir probĂ©ieren ech, manner ze flĂ©ien a mĂ©i op den Ă«ffentlechen Transport zrĂ©ckzegrĂ€ifen.
A: Dat kléngt verstÀnneg. Mee heiansdo ass e Fluch vill méi bëlleg wéi en Zuchbilljee!
B: Leider ass dat wouer. Dat fannnen ech och e bësse paradox.
A: Dâlescht Joer sinn ech fir 40 ⏠a Spuenie geflunn. Fir dee sewlechte PrĂ€is wier ech emol net bis a FrankrĂ€ich komm.
B: Dat ass e seriöe Problem. Vill Leit géife gÀr méi ëmweltbewosst reesen, wann et net esou deier wier.
A: Warscheinlech. AnerersĂ€its verstinn ech och dâLeit, dĂ©i nĂ«mmen eng Woch an dâVakanz fueren a keng Loscht hunn, zwanzeg Stonnen am Zuch ze verlĂ©ieren.
B: Jo, dat kann ech novollzéien. ZÀit spillt natierlech och eng Roll.
A: WĂ©i bass du eigentlech op dâIddi komm, nohalteg ze reesen?
B: Viru Kuerzem hunn ech en Dokumentarfilm iwwer de Klimawandel gekuckt. Duerno hunn ech ugefaang, iwwer mÀin eege CO2-Emissiounen nozedenken.
A: An zanterhier flitts du guer net méi?
B: Dach, heiansdo schonn. Mee definitiv manner wĂ©i virdrun. Ech versichen einfach, mĂ©i bewosst zâentscheeden, wĂ©i ech reesen.
A: Dat fannen ech e gudden Usaz. Vill Leit mengen, et misst een direkt alles perfekt maachen.
B: Jo, an dat muss ee jo net. Kleng VerÀnnerunge maachen heiansdo scho vill aus.
A: Wou waars du da fir dâlescht an der Vakanz.
B: An ĂisterrĂ€ich.
A: A wéi war et?
B: Ganz flott! Et muss een net Ă«mmer wĂ€it reesen, fir eppes Spezielles zâerliewen. DâLandschaft war immens schĂ©in, an dâRees mam Zuch war vill mĂ©i entspaant wĂ©i e Fluch.
A: Wierklech? Ech fannen et ustrengend, mam Zuch ze reesen. Et weess een ni, ob en Zuch Verspéidung huet, a wann ee Pech huet, verpasst ee sÀin Uschloss.
B: Jo, mee mam Fléien ass et net anescht. Wann emol e Streik ass, falen dacks vill Flich aus.
A: Dat stĂ«mmt och alt nees. WĂ©i kriss du dâZĂ€it am Zuch dann Ă«m?
B: Et kĂ«nnt drop un. Ech liesen, lauschtere Musek a kucken dâLandschaft.
A: Kléngt relax.
B: Jo, ass et och. Ausserdeem ass mir och opgefall, datt vill Leit an der Vakanz souwisou ëmmer dat selwecht maachen. An dofir muss een net wÀit fléien.
A: Wéi mengs de dat?
B: Ma, vill Leit fléie bis op dat anert Enn vun der Welt, a verbréngen dann awer de gréissten Deel vun hirer Vakanz an der SchwÀmm vum Hotel.
A: Haha, do hues de Recht. Dat ass wierklech oft esou.
B: Jo, an dofir muss een net onbedéngt zwielef Stonnen am Fliger sëtzen.
A: Ech mengen, fir vill Leit ass et eng ManĂ©ier, dem Alldag zâentkommen.
B: Jo, mee dat kann een awer och méi no vu sengem Doheem maachen.
A: Ech well awer trotzdeem eng Kéier a Japan fléien.
B: Ech och!
A: Do gĂ«tt et awer schwĂ©ier, nohalteg ze reesenâŠ
B: Net onbedéngt. Ech fannen, et kann een och wait reesen, wann een e bëssen oppasst.
A: Wéi mengs de dat?
BâŻ: Et muss ee jo net all Joer eng Fernrees maachen. Wann ee sech eemol am Liewen e speziellen Dram erfĂ«llt, ass dat eng aner Saach.
AâŻ: Jo, dat klĂ©ngt fair.
BâŻ: An op der Plaz selwer kann een och Ă«mweltbewosst handelen, an deem een zum Beispill a lokal Restauranten iesse geet, den Ă«ffentlechen Transport benotzt oder kleng Hoteller Ă«nnerstĂ«tzt.
A: Dat ass wouer. Ech mengen, hautdesdaags denken dâLeit e bĂ«sse mĂ©i iwwer dâAuswierkunge vun hirem Reesen no. FĂ«nns de net?
B: Dach, deen Androck hunn ech och.
A: VlÀicht ass et an e puer Joer jo ganz normal, mam Zuch ze fueren. A vlÀicht gëtt et dann och méi bëlleg.
B: Dat wier mÀin Dram!
A: Da kanns du och méi oft an Italie goen.
B: Genee. An iergendwann packen ech et vlÀicht och bis op Sizilie mam Zuch!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun hirem Beruff als Informatikerin erzielt.
Vill Spass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer d'Auwiel an d'Umellung vun enger CrÚche schwÀtzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwÀtzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Donnerwiederen uechter dâLand
A: Elo reent et schonn nees!
B: Jo, de Moment komme wierklech oft Schaueren erof. An de Noriichte melle se och nees Donnerwiedere fir den Owend.
A: Um wéi vill Auer?
B: Géint 20.00 Auer.
A: Ok, ech muss virdrun dann nach mam Hond eraus. Deen Aarme fĂ€ert dâDonnerwiederen enorm. En DĂ«nschdeg war et krass. Ech hat Homeoffice an et huet jo e puer Mol den Dag gedonnert. Hien hat vill Angscht. Bei all Donner ass en opgestan an op eng aner Plaz gelaf. Hie konnt sech guer net berouegen. Et war wĂ©i bei de Knupperten op Silvester...
B: Deen Aarmen. Ech muss soen, ech hunn esou Wiederen am Summer immens gÀr. Et ass zwar den Dag iwwer immens schmeier, mee wann et da sou richteg knuppt a wéi aus Eemere schëtt, da fannen ech dat immens gemittlech. Natierlech nëmmen, wann ech doheem sinn...
A: Ech haassen, wann et dompeg ass. Mir ass dann Ă«mmer schwindeleg. Ech verdroen dâHĂ«tzt an dĂ©i hĂ©ich Fiichtegkeet an der Loft guer net gutt.
B: A, ok. Dat deet mer leed! En DĂ«nschdeg war et och e bĂ«sse vill. De CGDIS hat vill AsĂ€tz uechter dâLand.
A: Jo, ech selwer hat Chance, mee a menger Noperschaft si vill Kelleren iwwerschwemmt ginn. Meng Nopere si staark betraff. Si hunn zënter Deeg Waasser am Keller.
B: O Nee! Bei menger Schwëster war et och schlëmm! A senger Strooss ass eng al Eech ëmgefall!
A: O mei! Ech hoffen, se ass net op en Haus oder op en Auto gefall! Ass ee blesséiert ginn?
B: Nee, et ass glĂ©cklecherweis kee blessĂ©iert ginn. Se ass op dâStrooss gefall. WĂ©inst dem ville Reen war glĂ©cklecherweis keen dobaussen Ă«nnerwee. DâStrooss ass allerdĂ©ngs nach Ă«mmer gespaart.
A: Ee Gléck ass kengem eppes Schlëmmes geschitt! Wéi geféierlech!
B: Jo, am ganze Land si vill Beem Ă«mgefall oder dâĂscht sinn ofgebrach an op dâStrooss oder och Autoe gefall.
A: Et sinn och vill an deelweis grouss KnĂ«ppelsteng gefall! Hues de dâFotoe gesinn? Se ware sou grouss wĂ©i GolfbĂ€ll oder esouguer TennisbĂ€ll!
B: Jo! Ech hunn dat bei engem Kolleeg op Instagram gesinn! Hien huet elo lauter TĂ©itschen am Auto. Mee lĂ©iwer dat wĂ©i datt hie selwer vun engem KnĂ«ppelsteen getraff gouf... Aner Leit haten dĂ©i Chance net a koume mat Blessuren an dâSpidol.
A: Ma jo. Huet hie just Téitschen an der Karosserie oder och an der Glace?
B: DĂ©i zwee. Hien ass bestĂ«mmt net deen Eenzegen. DâVersĂ©cherungen an dâAutosgaragen hunn dĂ«ser Deeg och bestĂ«mmt mĂ©i Aarbecht wĂ©i soss.
A: Allerdéngs. Et gëtt och nach ëmmer vill Iwwerschwemmungen an de Stroossen. An de Peegel vun de Flëss ass och nach ze héich.
B: Jo, ech hunn dâFotoe gesinn. Meng Tatta huet och Waasser am Haus, mee net am Keller. Bei hir ass dâWaasser duerch den Daach vum Haus gedrĂ«pst. Hiren Daach ass ondicht a muss erneiert ginn.
A: Wéi nerveg! Dat gëtt eng deier! Bei mengen Elteren an der Gemeng ass de Stroum ausgefall. Et ass e Mast ëmgefall.
B: O! Ass dat scho gefléckt ginn?
A: Et soll anscheinend haut gefléckt ginn.
B: Gutt!
A: Den Trafick leit natierlech och bei deem Wieder. Et gĂ«tt mĂ©i Accidenter op de Stroossen a wann dâStroossen iwwerschwemmt sinn oder Beem an de Stroosse leien, da muss de ganze VerkĂ©ier Ă«mgeleet ginn. Et sinn och vill Zich ausgefall. Wat e Gedeessems!
B: Hoffentlech hÀlt et geschwënn op mat reenen, da ka sech dat Ganzt emol berouegen. Et ass och all Dag esou dÀischter mat deenen donkelgroe Wolleken um Himmel. Ech hÀtt nees gÀre Sonn a schéi sonneg Summerowenter dobaussen op enger Terrass...
A: Ech si kee Meteorolog, mee ech si mer sĂ©cher, datt dat geschwĂ«nn nees zerĂ©ckkĂ«nnt. DâDonnerwiederen am Summer sinn normal. DâLoft ass waarm a fiicht. Wann da kal Loft kĂ«nnt, dann entstinn dĂ©i staark Donnerwiederen. An heiansdo falen dann eeben och KnĂ«ppelsteng.
B: Ok. Dann drĂ©cke mer dâDaumen, datt et geschwĂ« besser gĂ«tt.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Sech fir en Job am INLL mellen
A: Hallo, so du schaffs jo am INLL, gell?
B: Salut! Jo, genee, ech schaffe schonn zënter 6 Joer do. Firwat frees du?
A: Ech gĂ©if mech och gĂ€r do mellen, fir DĂ€itsch zâenseignĂ©ieren. Ech weess awer net genee, wĂ©i ech dat maache soll.
B: Hues du da scho gekuckt, ob se een am dÀitschen Departement sichen? Den INLL sicht heiansdo Leit fir verschidde Plazen. Net nëmmen Enseignanten, mee och an der Administratioun.
A: Nee, ech hunn nach net gekuckt, well ech net weess wou ech dat fannen. Ech weess just, dass déi puer Leit, déi ech kennen an déi do schaffen, immens zefridde sinn.
B: Jo, et ass jo och eng interessant Plaz a se ass och ganz ofwiesslungsrĂ€ich. Also dâAarbechtsannoncĂ« fĂ«nnt ee meeschtens op hirem Site, also op www.inll.lu. Da muss du erofscrollen an da fĂ«nns de et Ă«nner Eis lescht Neiegkeeten oder ganz Ă«nne lĂ©nks, Ă«nner der Rubrik Jobs. DâPlazen am BerĂ€ich Administratioun ginn awer och um Site www.govjobs.lu ausgeschriwwen.
A: A, gutt ze wëssen! An do muss een online kandidéieren oder muss ech dat per Post schécken?
B: Nee, du schécks eng digital Kandidatur op candidatures (at) inll.lu.
A: Waart, ech notéiere mir dat.... Ok, a wat muss ech do alles matschécken?
B: Et ass eigentlech Ànlech, wéi fir all anere Beruff. Du muss e CV, e Motivatiounsbréif a Kopië vun dengen Diplomer schécken.
A: Brauch een och e Sproochendiplom?
B: Dat hÀnkt dovun of. Heiansdo gëss de gefrot, wéi gutt s du aner Sproochen, wéi déi, déi s du enseignéiere wëlls, beherrschs.
A: A! Wéi eng Sprooche sinn da wichteg?
B: Déi wichtegst Sprooch ass Franséisch, déi muss du kënnen an déi aner Sprooche sinn natierlech e Plus.
A: A wat ass da wann ech zum Beispill kee Lëtzebuergesch kann?
B: Dat ass normalerweis net esou schlëmm.
A: Ok, ech verstinn. Mee ka jidderee Sproocheproff ginn?
B: Nee, natierlech net. Et brauch een normalerweis e Master an dÀr Sprooch, déi een enseignéiere wëll an natierlech ass eng pÀdagogesch Ausbildung an Erfarung am Enseignement net vun Nodeel.
A: A, ok! Gëtt et dann och vill administrativ Plazen am INLL?
B: Jo, natierlech, ganz vill souguer. Et gĂ«tt de Service des finances, de Bureau des cours, Bureau des examens, dâRessource Humaines, de Service technique asw.
A: O, wow, ech hat wierklech keng Anung. Ech hunn eng Frëndin, dat en Job an der RH sicht. Ass d'Prozedur déi nÀmmlecht, wéi wann ee sech fir e Posten als Enseignant wëll mellen.
B: Dat muss een an der Deskriptioun, déi op GovJobs steet kucken. Normalerweis muss du e CV, e Motivatiounsbréif an Diplomer eraschécken. Ausser, dass de an der AdministratiounLëtzebuergesch, Franséisch an DÀitsch schwÀtze muss.
A: Ok a muss de CV op Franséisch geschriwwe ginn?
B: Dat hÀnkt rëm dovun of, fir wat fir eng Aarbecht du dech bewerbs. Ech weess mol, dass de Motivatiounsbréif op dÀr Sprooch, déi s du enseignéiere wëlls, muss sinn. Fir e Beruff an der Administratioun, soll en op enger vun eisen drÀi administrativen Sprooche sinn.
A: Jo, dat kléngt logesch. A wat geschitt wann een op en Interview invitéiert gëtt?
B: Da soll ee gutt virbereet sinn.
A: Jo, vlĂ€icht kĂ«nne mir dat jo eng KĂ©ier zesummen ĂŒben, falls ech fir en Entretien geruff ginn.
B: Ganz gÀr. Du kanns mir och eng Kéier dÀi CV an dÀi Motivatiounsbréif schécken, da kucken ech eng Kéier driwwer.
A: O, jo, dat wier mega fein! Merci fir deng Hëllef!
B: ât ass gĂ€r geschitt!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun engem ganz emotionale Moien erzielt. Déi aner Person gëtt hir e puer Rotschléi, fir mat der Situatioun ëmzegoen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a verglÀicht hire Programm mam leschte Joer.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Salut Marc! An, wat hues du gëschter Owend fir Nationalfeierdag gemaach?
B: Moie Sophie! Ma, ech hunn dëst Joer zur Ofwiesslung a mengem Duerf gefeiert.
A: Seriö? Ech hat gemengt, du gĂ©ifs Ă«mmer an dâStad goen.
B: Jo, dat stĂ«mmt, normalerweis maachen ech dat och. Dâlescht Joer hat ech zum Beispill Besuch vu FrĂ«nn aus dem Ausland. Ech war mat hinnen an der Uewerstad a mir hunn de ganzen Owend do verbruecht.
A: Wat hutt dir gemaach?
B: Fir dâĂ©ischt si mir e bĂ«ssen duerch dâStad spadsĂ©iert. Et waren iwwerall vill Leit Ă«nnerwee, an dâStĂ«mmung war super. Duerno hu mir dat grousst Freedefeier gekuckt.
A: O jo, dâFreedefeier an der Stad ass Ă«mmer impressionant.
B: Jo, et huet menge Frënn och gutt gefall. Duerno si mir nach op de Glacis gaang. Do hu vill international bekannt Museker an Dje gespillt, an et war gratis! Dat hu meng Frënn bal net gegleeft.
A: Jo, mir hu wierklech Chance. Ech war dâlescht Joer och do. Ech hunn dâMuseker zwar net all kannt, mee et war awer flott, fir nei Musek zâentdecken. An et war eng gutt Ambiance, trotz e bĂ«sse Reen. Ech hu vill gedanzt.
B: Jo, mir och. Et war esou flott, datt mir eréischt moies fréi nees doheem waren!
A: Wow! A firwat bass du dĂ«st Joer net an dâStad feiere gaang?
B: Ech wollt et méi entspaant ugoen, a wollt emol gesinn, wat et esou bei mir am Duerf gëtt. Dofir sinn ech do bliwwen.
A: An, gouf et do och vill Feierlechkeeten?
B: Natierlech! DâGemeng huet e Fest op der Duerfplaz organisĂ©iert. Et waren och vill lokal VerĂ€iner sur place, dĂ©i zum Beispill Grill- oder GedrĂ©nksstĂ€nn haten.
A: Cool! Wat fir Iesse gouf dann zerwéiert?
B: Virun allem Gegrilltes, also Grillwurschten, Mettwurschten, Kotletten, Fritten⊠Mee och e puer vegetaresch Platë wéi Gromperekichelcher, an et gouf en asiatesche Foodtruck.
A: Wat fir VerÀiner waren da present?
B: DâFanfare aus dem Duerf huet gespillt, mee dâScoute waren och do, esou wĂ©i e puer Sportsclibb.
A: Du hues bestëmmt vill Kënneger gesinn.
B: Jo, e puer vu mengen Nopere waren do, an e puer aner Leit, déi een heiansdo begéint. Et war flott, esou konnt och och mat Leit schwÀtzen, déi ech eigentlech net oft gesinn.
A: Gouf et dann och en offiziellen Deel?
B: Jo, de Buergermeeschter huet eng kuerz Ried gehal. Duerno huet dâGemeng en ĂierwĂ€in offrĂ©iert.
A: A jo, den traditionellen ĂierwĂ€in!
B: Genee. Mir hunn zesumme geprost, e bĂ«sse geschwat â et war wierklech flott.
A: Waren dann och vill jonk Leit do?
B: Jo, mee Ă©ischter mĂ©i spĂ©it. Um 22 Auer huet en DJ op enger klenger BĂŒn opgeluecht, an et hu vill Leit gedanzt. Et war natierlech net esou grouss opgezu wĂ©i um Glacis, mee et war awer ganz flott.
A: A wéini waars de dës Kéier doheem?
B: Haha, net esou spéit. Ech war no Mëtternuecht am Bett.
A: Wat huet dir da besser gefall â Nationalfeierdag an der Stad oder am Duerf?
B: Ăierlech gesot hu mir bĂ©id Feiere gutt gefall. An der Stad ass natierlech mĂ©i lass an e schĂ©int Freedefeier, mee et sinn och immens vill Leit Ă«nnerwee. Wann een dat net gĂ€r huet, ass et vlĂ€icht net sou flott. Am Duerf ass et mĂ©i gemitterlech, an et kann ee besser mat de Leit schwĂ€tzen.
A: Dat stëmmt. Da wënschen ech dir nach e schéinen Nationalfeierdag haut!
B: Merci glÀichfalls!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwÀtzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Schimmel an der Wunneng
A: O Nee!
B: Wat ass lass?
A: Komm mol an dâSchlofzĂ«mmer!
A: Wat ass dat do uewen um Plaffong?
B: Wou?
A: Do am Eck! GesÀis de? Ass dat Schimmel?
B: Mengs de? Vun hei gesÀit et aus wéi e puer Spawecken...
A: Quatsch! Hues de Tomaten op den Aen? Du muss méi no drun!
B: Ok, ech klamme mol op e Stull.
A: An? Wat gesÀis de?
B: Du hues Recht! Et ass Schimmel un der Mauer! Ass es och an deenen aneren Ecker?
A: Moment...
An dĂ«sem Eck net, mee do beim Kleederschaf awer! Mengs de, et ass es och hannert dem Schaf?B: Et ka sinn...mee de Schaf ass ze schwĂ©ier fir en elo ze rĂ©ckelen. Mir mussen e fir dâĂ©ischt ausraumen an da kĂ«nne mer e rĂ©ischt vun der Mauer ewechrĂ©ckelen. Dat maache mer awer net mĂ©i haut. Et ass schonn ze spĂ©it. Ech gĂ©ing gĂ€r geschwĂ« schlofe goen.
A: Ech maache mer Suergen... Schimmel ass ganz schlecht fir dâGesondheet! VlĂ€icht schlofe mir scho sĂ€it MĂ©int an engem ZĂ«mmer voller Schimmel! WĂ©i fuerchtbar! Mir krĂ©ie bestĂ«mmt Problemer mat der Ootmung!
B: Denk elo net direkt esou negativ! Mir stĂ«bsen dâEcker vum Plaffong reegelmĂ©isseg an et ass eis ni eppes opgefall. Dat ass bestĂ«mmt nach net laang esou. A vlĂ€icht ass guer nĂ€ischt hannert dem Schaf! Jo, et gĂ«tt Schimmel, deen an der Mauer sĂ«tzt, wa se ze fiicht ass, mee dat hei ass just e bĂ«ssen. Mir hunn am Wanter eventuell net oft genuch gelĂ«ft...
A: Jo, mee am Wanter ass et kal! Ech wĂ«ll do net Ă«mmer dâFĂ«nster ophunn.
B: Sou soll et jo och net sinn, mee et soll ee reegelmĂ©isseg dâFĂ«nster wĂ€rend e puer Minutten grouss opmaachen a lĂ«ften.
A: Am Dag si mir jo awer net heiheem...
B: Wichteg ass, datt een dat nom Opstoe mécht. An der Nuecht sammelt sech vill Fiichtegkeet an der Loft.
A: Dat maache mer jo awer! An owes virum schlofe goe lëfte mer och ëmmer.
B: VlĂ€icht geet et net duer. Oder dâWunneng huet e Problem mat Fiichtegkeet.
A: VlÀicht ass iergendwou e Rouer geplatzt?
B: Hm... Muer raume mer emol de Kleederschaf aus a kucken, ob och Schimmel hannert der Mauer ass. Wann net, dann ass dat scho mol eng gutt Noriicht. Ech mengen, da geet et duer, wa mer e selwer vun der Mauer ewechmaachen.
A: Mat wat mécht een dat da fort?
B: Zum Beispill mat staarkem Alkohol, Esseg oder engem spezielle Produit. Dat sprayt ee fir dâĂ©ischt op de Schimmel, da lĂ©isst een et awierken an duerno reift een alles mat enger Biischt oder enger Fatz fort.
A: An dat geet duer?
B: Fir den Ufank, jo! Mir mussen dâPlazen awer am A behalen a kucken, wĂ©i sech dat weiderentwĂ©ckelt.
Mee: muer kucke mer mol hannert de Schaf! VlĂ€icht ass et mĂ©i schlĂ«mm... Wann dâMauer fiicht ass, da musse mer onbedĂ©ngt de Proprietaire kontaktĂ©ieren, soss kĂ«nnt de Schimmel Ă«mmer nees erĂ«m. Da mussen Experten eis hĂ«llefen.A: Ech maache scho mol Fotoen als Beweis.
B: Gutt Iddi! DâFotoen hunn en Datum an dat kann an Zukunft och hĂ«llefen. Maach och e klenge Video!
A: Ass gemaach.
Fënns de, datt et komesch heibanne richt?B: Ech richen nÀischt!
A: Dach! Et richt immens muffeg! Dat passt dach bei Schimmel! Wat e MisÀr! Hu mer net scho genuch aner Suergen...?!
B: Ech mengen, du bilts der dat elo an! Ech riche wierklech nÀischt!
A: Ech bilde mer dat net an! Ech riskĂ©iere meng Gesondheet elo net mĂ©i! Ech informĂ©ieren de Proprietaire elo direkt! Soss kann ech hĂ«nt net schlofen! Ech schĂ©cken him direkt dâFotoen an de Video.
B: Waart wannechgelift of, bis mer de Schaf gerĂ©ckelt hunn! Da kĂ«nne mer him all dâFotoe matenee schĂ©cken!
A: Ok ok... mee mir schlofen dës Nuecht net an dësem Zëmmer!
B: Averstan! Komm, mir rappen dâFĂ«nstere mol all op a lĂ«ften dĂ©i ganz Wunneng fir e puer Minutten!
A muer gesi mer weider! VlÀicht ass et net esou schlëmm!B: Merci, dass du esou roueg bleifs! Ech si wierklech grad um Enn mat mengen Nerven.
A: Dat ass verstÀndlech! Mir fannen eng Léisung!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.
Haut schwÀtze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Joris, du gesÀis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof?
B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen.
A: O nee. Has de e stressegen Dag?
B: Jo, och. Mee ech fÀerten, den Handy ass och e Problem
A: Dat kennen ech. Ech huele mir all Owend vir, méi fréi schlofen ze goen, an da leien ech awer nach stonnelaang um Handy am Bett.
B: Genee dat geschitt mir och. Eigentlech wollt ech gĂ«schter um 23 Auer schlofe goen, mee herno war et awer vill mĂ©i spĂ©itâŠ
A: Wat méchs du dann um Handy? Videoe kucken?
B: All Méigleches. Instagram, Noriichten, YouTube⊠heiansdo liesen ech och Kommentarer oder kucke Fussballsvideoen.
A: Bei mir ass TikTok de Problem. Déi kuerz Videoen halen einfach ni op!
B: Jo, an et seet ee sech Ă«mmer: ,,Just nach ee Videoââ.
A: An eng Stonn méi spéit scrollt een awer nach.
B: Du sees etâŠ
AâŻ: Et gĂ«tt jo och Ă«mmer gesot, datt dĂ©i blo Luucht vum Handy schlecht fir de Schlof ass.
B: StĂ«mmt, dat hunn ech och schonn hĂ©ieren. DâGehier denkt da warscheinlech, datt et nach Dag ass.
A: Jo, an dofir fÀlt et engem méi schwéier, anzeschlofen.
B: An esouguer wann ee schléift, schléift een och net richteg déif.
A: Interessant. Ech mierke wierklech, datt ech méi schlecht schlofen, wann ech laang um Handy sinn.
B: Ech och. Besonnesch wann ech virum schlofe goen nach eppes stresseges kucken.
A: Zum Beispill negativ Noriichten?
B: Jo, oder soss Diskussiounen um Internet. Duerno denken ech oft nach laang driwwer no.
A: Dat kennen ech. No sou eppes ass mÀi Kapp och nach aktiv.
B: Genee. Fréier hunn ech virum Schlofen oft nach gelies. Haut kucken ech meeschtens op den Handy.
A: Eigentlech ass dat schued, fënns de net?
B: Dach, schonn. Liesen ass iergendwéi méi entspaanend.
A: Meng Frëndin mécht ëmmer en Handy-frÀien Owend.
B: Wat ass dat da genee?
A: Ab néng Auer leet hatt sÀin Handy ewech a lauschtert Musek oder liest e Buch.
B: Dat kléngt gesond. Mee, éierlech gesot kéint ech dat net all Dag.
A: Ech warscheinlech och net. Et ass ee sou un den Handy gewinntâŠ
B: Virun allem, well et do alles gĂ«tt: dâNoriichten, Musek, Videoen, de Kontakt mat FrĂ«nnâŠ
A: An de Wecker!
B: Haha, jo, dat ass nach e Problem. MÀin Handy lÀit direkt nieft dem Bett.
A: Bei mir och. An esoubal ech nuets kuerz waakereg ginn, kucken ech automatesch drop.
B: Ech och! An da gesinn ech dâAuerzĂ€it an denken: ,,O nee, ech muss a fĂ«nnef Stonnen opstoen!ââ
A: Da kann ee scho guer net méi aschlofen.
B: Genee!
A: Hues du scho probéiert, den Handy an engem aneren Zëmmer leien ze loossen?
B: Nee, mee vlÀicht soll ech dat emol testen.
A: MÀi Brudder mécht dat zanter e puer Méint.
B: An, déngt et eppes?
AâŻ: Jo, anscheinend schonn. Hie seet, datt hie mĂ©i sĂ©ier aschlĂ©ift a moies mĂ©i roueg ass.
B: Interessant. Moies kucken ech nÀmlech ëmmer direkt op den Handy, wann ech erwÀchen.
A: Ech och. Et ass dat Ă©ischt, wat ech maachenâŠ
B: An heiansdo gesinn ech dann direkt E-Mailen oder schlecht Noriichten. Dat ass kee gudde Start an den Dag!
A: Definitiv net. FrĂ©ier hunn dâLeit warscheinlech fir dâĂ©ischt a Rou Kaffi gedronk an eventuell dobĂ€i dâZeitung gelies.
B: Jo, bei mengen Elteren ass dat haut och nach esou. Mee eis Generatioun kuckt ëmmer direkt op den Ecran.
A: Scho geckeg, wann een esou doriwwer nodenkt.
B: Jo. Mee bon, anerersÀits huet den Handy awer och vill Virdeeler.
A: Jo, zum Beispill Schlof-Apps oder Entspanungsmusek.
B: A Meditatiounen.
A: Richteg. Et muss een den Handy warscheinlech einfach méi bewosst benotzen. VlÀicht solle mir zwee probéieren, owes e bësse manner online ze sinn.
B: Jo, kleng Schrëtt wiere scho gutt. Zum Beispill keng Videoe méi am Bett kucken.
A: Oder den Handy op dâmannst eng hallef Stonn virum schlofe goen ewechleeĂ«n.
B: Dat kléngt realistesch.
A: Mol kucken, ob mir dat packen.
B: Bestëmmt!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun op der Aarbecht erklÀert, firwat se haut ze spéit komm ass.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwÀtze mir iwwer verschidden ErnÀrungstrends.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut diskutéieren zwou Persounen iwwer d'Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hĂ©iere mir, wĂ©i zwou Persounen iwwer TransportmĂ«ttel an hire FĂŒrerschĂ€insexame schwĂ€tzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
TransportmĂ«ttel a FĂŒrerschĂ€in (A2)
A: Salut Pol! So, wĂ©i bass du haut op dâAarbecht kommâŻ?
B: Moie Mia! Haut sinn ech mam Bus gefuer, well mÀin Auto futti ass.
A: O nee! Wat ass da geschitt?
B: Ma, gëschter huet mÀin Auto op eemol komesch GerÀischer gemaach. An haut de Moien ass en du guer net méi ugesprongen.
AâŻ: Dat ass awer nervegâŻ! WĂ©i laang hues du dĂ€in Auto da schonn?
B: Zanter ongeféier drÀi Joer. Virdru sinn ech ëmmer mam Vëlo oder mam Bus gefuer.
A: Ech fueren och oft dacks mam Vëlo, besonnesch am Summer. Mee wann et reent, huelen ech léiwer de Bus oder den Tram.
B: Dat verstinn ech. Hues du eigentlech de FĂŒrerschĂ€in?
A: Jo, mee ech hunn e rĂ©ischt dâlescht Joer gemaach.
B: Seriö? An, war den Exame schwéier?
A: Den theoreeteschen Deel war einfach, mee am prakteschen Exame sinn ech fir dâĂ©ischt derchgefall.
B: Wierklech? Firwat, wann ech froen dÀerf?
A: Ech war ganz opgereegt an war dofir net immens konzentréiert. An ech hunn eng Rechtsvirfaart ze spéit gesinn.
B: O dat ka geschéieren. Vill Leit falen déi éischt Kéier duerch.
A: Jo, dat huet mÀi Farlehrer och gesot. Zwou Woche méi spéit hunn ech den Exame widderholl, an dunn hunn ech en och ganz gutt gepackt.
B: Super! Da waars de bestëmmt frou.
A: Jo, total. Ech hunn direkt menger Mamm ugeruff, an owes sinn ech mat mengem Frënd an de Restaurant gaang, fir dat ze feieren.
B: Flott! Ech ka mech och nach u mĂ€i FĂŒrerschainsexamen erĂ«nneren. Ech hu mech deemools immens virbereet.
A: Hues du et direkt gepackt?
BâŻ: Jo, zum GlĂ©ck. Mee ech war och immens nervös.
A: A fiers du elo gÀr Auto?
B: Jo, besonnesch fir laang Strecken. De leschte Summer sinn ech mat Frënn an Italie gefuer. Mir hu bal zéng Stonne gebraucht.
A: Wow, dat ass laang. Ech sinn dâlescht Joer mam Zuch op Berlin gefuer. Dat war och relax, well ech Ă«nnerwee liesen a Musek kucke konnt.
B: Dat ass richteg, mam Zuch fuere kann och relax sinn. Mee leider hunn dâZich oft Retard.
A: O jo! Dâlescht Woch hunn ech bal eng Stonn op der Gare gewaart, well mĂ€in Zuch VerspĂ©idung hat.
B: Dat ass typesch. Dofir huelen ech fir kuerz Strecke léiwer de Vëlo. Esou kommen ech dacks méi schnell un an ech hu mech an engems e bësse beweegt.
A: An et ass gutt fir dâĂmwelt!
B: Genee. Mee am Wanter fueren ech guer net gÀr Vëlo. Dann ass et vill ze kal.
A: Dat verstinn ech. Am Wanter huelen ech meeschtens den Tram oder de Bus fir op dâAarbecht ze fueren.
B: Eigentlech ass et gutt, verschidden Transportmëttelen ze hunn. Da kann ee méi flexibel sinn.
A: Jo, dat stĂ«mmt. Mee et ass awer praktesch, de FĂŒrerschĂ€in ze hunn.
B: Op alle Fall. Et ass ee méi onofhÀngeg.
AâŻ: Genee. VlĂ€icht kafen ech mir dânĂ€chst Joer och e klengen Auto.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwÀtzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
E Studentenjob (A2)
A: Hey! Wéi geet et dir?
B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir?
A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen?
B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob?
A: Jo, ech hu schonn en Niewenjob. Ech schaffe samschdes a sonndes an engem Café an der Stad.
B: A, wierklech? Dat kléngt interessant! Wat méchs du do genee?
A: Ech huelen dâCommanden, ech zerwĂ©ieren dâClienten, ech spullen dâGlieser an heiansdo maachen ech den Inventaire.
B: Ass et dann net ze schwéier Uni an Aarbecht ze kombinéieren?
A: Et hÀnkt dovun of. Wann ech vill Hausaarbechten hunn oder fir en Test léiere muss, dann ass et e bësse stresseg, mee ech schaffe just 10 Stonne pro Woch, also geet et nach.
B: Jo, ech verstinn. Wéi sinn deng Aarbechtskolleegen dann?
A: Topp! Meng Cheffin ass och ganz léif a verstÀndnisvoll.
B: Dat ass wichteg. A wéi vill verdéngs du?
A: Ech verdéngen ongeféier 14 Euro pro Stonn. Fir e Student ass dat net schlecht.
B: Nee, dat ass wierklech gutt.
A: Hues du schonn e CV geschriwwen?
B: Jo, ech hu mÀi CV fÀerdeg, mee ech weess net genee wou ech ufÀnke soll.
A: Du kanns online kucken oder direkt a verschiddene GeschĂ€fter a Caféë froen. Vill Plaze siche Studenten. DâUni huet normalerweis och e Site, wou reegelmĂ©isseg Studentenjobs gepostginn.
B: A ok, dat wosst ech net. Ech wollt vlÀicht Nohëllef ginn, well ech gutt an der Mathé, Physik a Chimie sinn.
A: Dat ass perfekt! Vill Eltere sichen Nohëllef fir hir Kanner am Lycée.
B: Jo, an ech kann da meng ZÀit besser organiséieren.
A: Genau. Dat ass de Virdeel vun esou engem Job.
B: Firwat hues du dann eigentlech en Niewenjob gesicht?
A: Ech wollt méi onofhÀngeg sinn a meng eege Saache bezuelen, wéi Bicher, Kleeder oder Reesen.
B: Dat verstinn ech. Ech wëll och Sue spuere fir meng Vakanz am Summer.
A: Wou wëlls du hifueren?
B: Ech wëll mat Frënn a Spuenie goen, vlÀicht op Barcelona.
A: O, dat ass eng flott Stad! Do war ech dâlescht Joer.
B: Da muss ech séier e Job fannen!
A: Dat wÀert scho goen. Wann s de wëlls, kann ech meng Cheffin froen ob si nach ee sicht.
B: Hmm, ech probéieren et als éischt emol mat der Nohëllef a wann net, da mellen ech mech nach eng Kéier bei dir.
A: Ok, kee Problem.
B: Merci awer fir deng Hëllef.
A: ât ass gĂ€r geschitt. Ech hoffen, du fĂ«nns sĂ©ier eppes, dat dir gefĂ€lt.
B: Ech och!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen diskutéieren, wou si hir Vakanz verbrénge wëllen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Vakanz um Mier oder an der Stad (B1)
A: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du an der grousser Vakanz maache wëlls?
B: Nee, nach net genau. Ech schwanken tëscht enger Rees an eng Stad an enger Vakanz um Mier. An du?
A: Ech gĂ©if lĂ©iwer op dâMier fueren. No deene leschte stressege MĂ©int brauch ech e bĂ«sse Rou.
B: Ech verstinn. Mee, éierlech gesot fannen ech e Citytrip méi interessant. Et kann een esou vill kucke goen an erliewen!
A: Dat ass wouer. Mee um Mier kann ee sech am beschten entspanen. Ausserdeem ass dâWieder do meeschtens besser.
B: Hm, dat kĂ«nnt dorop un, wuer ee fiert. A SĂŒdeuropa ass et am Summer oft immens waarm. Dat ass mir heiansdo ze vill.
A: Also, ech si frou mat der Hëtzt. Ech leie léiwer an der Sonn, wéi de ganzen Dag duerch eng Stad ze trëppelen.
B: Ech ginn dogĂ©int lĂ©iwer ronderĂ«m an entdecken nei Plazen. An enger Stad gĂ«tt et einfach mĂ©i Ofwiesslung: MusĂ©eĂ«n, Resturanten, ButtekerâŠ
A: Mee, ass dat net och ustrengend? An der Vakanz wëll ech eigentlech net esou vill plangen.
B: E bësse plange gehéiert dozou, mee dat mécht mir och Spaass. Ech si léiwer méi aktiv wéi just op der Plage ze leien an ze faulenzen.
A: Nëmmen op der Plage leie géif ech och net. Et kann ee jo och Ausflich maachen. Mee insgesamt ass eng Vakanz um Mier méi relax fir mech.
B: VlÀicht wier e Mix am Beschten. Eng Stad um Mier, zum Beispill.
A: Dat ass eng gutt Iddi. Esou huet ee béid Saachen: Kultur an Erhuelung.
B: Genee. Da kĂ©int ee moies dâStad kucke goen an nomĂ«ttes op dâPlage goen.
A: Dat kléngt ideal. Mee esou Plaze sinn oft méi deier, oder?
B: Jo, leider schon. Eng reng Rees an eng Stad ass oft méi bëlleg wéi eng Vakanz op enger beléifter Destinatioun um Mier.
A: Fir mech ass et awer wichteg, datt ech mech gutt erhuele kann. Dofir géif ech och léiwer e bësse méi Suen ausginn.
B: Ech verstinn dÀi Punkt. Fir mech ass de PrÀis méi wichteg. Ech géif léiwer méi bëlleg reesen an dofir méi gesinn.
A: Also, ech fannen eng schéi Plage méi wichteg wéi vill Aktivitéiten.
B: An ech fannen Aktivitéite méi wichteg wéi Erhuelung. Mir hu wierklech ënnerschiddlech Prioritéiten.
A: Haha, dat ass wouer. Mee genau dofir ass eng Kombinatioun vlÀicht déi bescht Léisung.
B: Jo, ech denken och. Wou kéint een dann esou eppes maachen?
A: VlÀicht an Italien oder a Spuenien. Do ginn et vill Stied direkt um Mier.
B: Spuenie gĂ©if mir mĂ©i zousoen. DâStied sinn do oft mĂ©i lieweg, fannen ech.
A: Mir gefÀlt Italie besser, virun allem wéinst dem Iessen.
B: Do hues de Recht, ech fannen italieenescht Iessen och wierklech besser.
A: Also, Italien oder Spuenien?
B: Hmm⊠schwiereg. VlÀicht musse mir verglÀichen, wat méi bëlleg ass.
A: Gutt Iddi. A vlĂ€icht kucke mir och, wou dâWieder am Beschten ass.
B: Genee. A wou net ze vill lass ass â dat ass mir och wichteg.
A: Mir och. Ech géif léiwer op eng roueg Plaz goen.
B: Da siche mir am beschten zesummen eppes eraus.
A: Jo, komm, mir kucken den Owend zesummen a verglÀichen e puer PrÀisser.
B: Perfekt, ech freeë mech schonn!
A: Ech mech och! Egal, wuer mir fueren â Haaptsaach Vakanz an am wichtegsten zesummen!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen erzielen, wat si gëschter gemaach hunn.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Den Dagesoflaf am Passé
A: Salut Luc! Wéi war dÀin Dag gëschter?
B: Hallo Marie. MÀin Dag war an der Rei, mee och e bësse stresseg. An dÀin?
A: MÀin Dag war ganz gutt. Ech si fréi opgestanen, um 6 Auer. An du?
B: Ech si méi spéit opgestanen, géint hallwer aacht. Ech hu mÀi Wecker net direkt héieren, dofir hunn ech mech du getommelt.
A: O, dat kennen ech! Ech hu mech fir dâĂ©ischt am Bett gestreckt an dunn hunn ech mech ugedoen. Duerno hunn ech dâKaffismaschinn ugemaach an e Kaffi gedronk.
B: Ech hunn och direkt en TĂ©i gedronk, mee ganz sĂ©ier. Ech hu mir de Mond esouguer verbrannt. Dunn hunn ech mech am BuedzĂ«mmer gewĂ€sch a mech ugedoen, an du sinn ech direkt mam Auto opdâAarbecht gefuer.
A: Hues du kee Kaffi gedronk�
BâŻ: Nee, leider net. Ech hat keng ZĂ€it. Ech hu just e MĂŒĂŒslirigel an en Apel matgeholl. An du?
A: Ech hu gemittlech doheem Kaffi gedronk. Ech hunn eng Schmier mat Gebeess an e Jughurt giess. Duerno hunn ech mech prett gemaach a sinn op de BusarrĂȘt gaangen. Ech hat Chance an de Bus war pĂŒnktlech.
B: DÀi Moie kléngt vill méi relax wéi mÀin! Wat hues du dann alles op der Aarbecht gemaach?
A: Ech hunn op vill E-Maile geÀntwert a mat Aarbechtskolleege geschwat. Mëttes hunn ech mech mat enger Frëndin getraff a mir hunn zesumme giess.
B: Flott! Ech hunn de ganzen Dag am BĂŒro geschafft. Ech hat vill Reuniounen an hu mech fir eng aner Reunioun mat mengem Chef virbereet.
A: O, dat klĂ©ngt ustrengend. WĂ©i ass dâPresentatioun gelaf?
B: Gutt. Ech war e bëssen nervös, mee mÀi Chef war zefridden.
A: Super! No der Aarbecht hunn ech e bĂ«sse gerascht. Ech hu mech op de Kannapee geluecht an hunn e bĂ«ssen dâTĂ«lee gekuckt.
B: Ech hunn no der Aarbecht Sport gemaach. Ech sinn an de Fitness gefuer an hunn eng Stonn trainéiert.
A: Dat ass eng gutt Iddi. Hues du dech duerno besser gefillt?
B: Jo, definitiv. Doheem hunn ech mech geduscht an eppes fir zâiesse preparĂ©iert.
A: Wat hues du gekacht?
B: Nuddele mat Geméis a Poulet. An du?
A: Ech hu just eng Zalot giess. Ech war net immens hongereg.
B: A wat hues du owes gemaach?
A: Ech hunn e bĂ«sse LĂ«tzebuergesch gelĂ©iert. Duerno hunn ech mech an dâBett geluecht an hunn e Buch gelies.
B: Ech hunn nach e bësse Playstation gespillt, mee um 22 Auer sinn ech schlofe gaangen. An du, um wéi vill Auer hues du geschlof?
A: Ech hu gĂ©int 23 Auer dâLuucht ausgemaach a si sĂ©ier ageschlof.
B: Dat kléngt jo no engem gudden Dag. Muer stinn ech méi fréi op, fir datt ech net erëm esou midd a gestresst sinn.
A: Gutt Iddi! Ech probéieren och, mÀin Dag lues unzefÀnken.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Trennung schwÀtzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Iwwer eng Trennung schwÀtzen (A2)
A: Moien! Wéi geet et dir? Ass alles ok?
B: Hallo! Ăierlech gesot geet et mir net esou gutt.
A: O! Firwat?
B: De Marco an ech... mir hunn eis getrennt... also, de Marco huet sech vu mir getrennt.
A: O Nee! Dat deet mer immens leed! Wéini?
B: Virun drÀi Deeg.
A: Wéi geet et der?
B: Ech sinn esou traureg. MÀin HÀerz ass gebrach. Ech krÀischen de ganzen Dag.
Mir ware véier Joer zesummen. Ech wÀert ni méi glécklech sinn.A: O, du Aarmt! Ech si mer sécher, dass et dir iergendwann nees besser geet. Véier Joer Bezéiung ass eng laang ZÀit an no drÀi Deeg ass et normal, dass du dech nach esou traureg fills.
B: Mir haten esou eng schéin ZÀit.
A: Firwat huet de Marco da Schluss gemaach, wann ech froen dÀerf?
B: Hien huet sech an eng aner Fra verléift. Mir hunn déi lescht Méint och oft gestridden. Am Fong ware mir allen zwee net méi glécklech,
A: Dat kléngt schwiereg.
B: Mee et deet trotzdeem wéi.
A: Dat verstinn ech. Et kann een traureg sinn, och wann et vlÀicht déi richteg Decisioun war...
B: Ech verlaangere sou vill no him! Eis Wunneng ass esou eidel ouni hien. Mir hu bal drÀi Joer zesumme gewunnt.
A: Hm, dat heescht, hien ass schonn erausgeplënnert...?
B: Jo... direkt. Hie wunnt elo bei senger neier Frëndin.
A: Wat?!
B: Jo, hien ass mir friemgaangen. Si haten déi lescht siwe Méint eng AffÀr! Ech sinn esou enttÀuscht!
A: Schrecklech! Dat deet mer esou leed!
B: Merci... meng Schwëster wunnt de Moment bei mer. Dat hëlleft...
A: Dat ass gutt. Et hëlleft, mat aneren ze schwÀtzen.
B: Jo. Nuets denken ech awer vill no a ka kaum schlofen.
A: Dat gleewen ech der direkt. Wéini ass dÀin nÀchste Congé? VlÀicht ass et gutt, wann s de aus der Wunneng kënns an e puer Deeg fortfiers...en Tapéitewiessel!
B: Dat ass warscheinlech eng gutt Iddi. An der Wunneng erënnert mech alles un hien. Ech wÀert och net do wunne bleiwen. Ech ka mer de Loyer eleng net leeschten. Och nach dat! Elo muss ech nach eng nei Wunneng sichen!
A: Dat muss jo net haut oder muer sinn. Sich der eng Vakanzendestinatioun eraus fir e puer Deeg fort. Duerno geet et der bestëmmt besser! Soll ech matkommen? Ech ka mer e puer Deeg frÀihuelen.
B: Bass de sécher? Dat ass immens léif vun dir!
A: Duerfir si Frënn do!
B: Merci, dass de fir mech do bass!
A: GĂ€r geschitt! Komm, mir kucken emol, wuer mer hifueren.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Plënnere vun engem Student an eng Studentewunneng schwÀtzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Saache fir eng Studentewunneng kafen
A: Wat scrolls du schonn erëm op dengem Handy?
B: Majo, ech sinn hei op enger InternetsÀit fir secondhand Saachen ze kafen oder ze verkafen.
A: Sichs de eppes BestĂ«mmtes oder verkeefs de Saachen? Hues de doheem dâFrĂ©ijoersbotz gemaach?
B: Nee, mĂ€i Meedche geet geschwĂ«nn op dâUni a fir seng Ă©ischt eege Wunneng brauch hatt elo allerhand Saachen.
A: Wéi flott! Mee jo, dat kascht bestëmmt vill, wann een dat alles nei kafe muss.
B: Genee, mir wĂ«llen net alles nei kafen an ech hunn hei secondhand e flotten Zerwiss vun enger gudder Mark fonnt fir nĂ«mmen 20 âŹ. En ass zwar net ganz komplett, mee dat ass net schlĂ«mm.
A: Wat feelt dann?
B: Eng Taass, eng Schossel an zwee Glieser. Déi grouss an déi kleng Tellere sinn nach all do. Hatt ass jo eleng, da gi fënnef Tasen, fënnef Schosselen a véier Glieser duer. Hatt ka sech jo nach eppes nokafen, wann hatt et brauch.
A: Jo. Fir den Ufank ass dat jo net schlecht. Wat brauch hatt dann nach alles?
B: Hatt brauch nach Dëppen a Panen: e grousst Dëppe fir Nuddelen ze kachen, e klengt Dëppe fir Zoossen ze maachen, eng grouss Pan fir Geméis ze broden an eng kleng Pan fir zum Beispill Spigeleeër ze maachen.
A: Wéi ass et mam Besteck?
B: Mir hunn nach kee Besteck, mee et steet ganz uewen op der Lëscht.
A: Ma, ech hunn nach en aalt Besteck. VlÀicht feelen do och e puer Forschetten, Messeren oder LÀffelen, mee fir eng Persoun misst et awer duergoen. Wier dat ok fir iech?
B: Genial! Villmools Merci, dat wier super!
A: Topp! Dat lÀit sÀit Jore bei eis am Keller an enger Këscht. Ech si frou, wann een et gebrauche kann.
B: Wéi vill frees de?
A: NÀischt! Ech schenken iech et! Entweeder dir kritt et oder mir bréngen et op de Recycling.
B: Déck léif! Merci!
A: GĂ€r geschitt! Wat brauch hatt dann nach alles...?
B: Op der Lëscht stinn nach e Schnéibiesem, en ZoppelÀffel, e BrÀilÀffel aus Holz, ... ëmm ...
A: Kichemesseren?
B: Jo, e grousst an e klengt Kichemesser. An e Schneidbriet.
A: An eng Kaffismaschinn?
B: VlĂ€icht mĂ©i spĂ©it. Fir dâĂ©ischt kafe mer dĂ©i wichteg Saachen, wĂ©i zum Beispill e Wasserkocher, e BĂ©chsenĂ«ffner, Kichendicher, ...
A: A jo, a Botzgeschier!
B: Jo! Fir an der Kichen: SpĂŒli, e SchwĂ€mpchen, Spulllompen, eng Biischtchen, an dann nach, fir allgemeng ze botzen: e Staubsauger, Torschongen, eng Raclette, eng Kierbiischt, an natierlech BotzmĂ«ttelen.
A: An Dreckstuten.
B: Jo! Déi éischt Botzmëttelen an Tute kafe mir, fir datt et weess, wat een alles brauch. Duerno muss hatt dat awer selwer nokafen.
A: Et brauch ee wierklech vill fir eng nei Wunneng. Wéi ass et mat de Miwwelen?
B: Do hate mer Chance. Mir kĂ«nnen dâMiwwelen vun der viregter Studentin iwwerhuelen. VlĂ€icht kafe mer eng nei Matrass. DĂ©i momentan ass scho mĂ©i al a richt net gutt.
A: Dat kann ech verstoen! Freet dÀi Meedche sech op dat neit Kapitel?
B: Jo! Hatt ass schonn immens opgereegt!
A: A wéi geet et dir domat?
B: Ech freeĂ« mech fir hatt, mee ech wĂ€ert et immens vermĂ«ssen! Hatt wĂ€ert eemol de Mount oder all sechs Wochen heemkommen, wann et ZĂ€it huet. Dat ass och gutt esou. Et ass wierklech en neit Kapitel an enger neier Stad, ouni seng Elteren, eng eege Wunneng, nei FrĂ«nn, nei Erfarungen. Ech hu super ErĂ«nnerungen u meng StudienzĂ€it an ech hoffen, datt et bei him dâselwecht flott gĂ«tt.
A: Ech och! Trotz den Examen. Ech wënschen him eng super ZÀit.
B: Merci!
A: WĂ©ini soll ech dâBesteck matbrĂ©ngen?
B: Wann s de ZÀit hues! Mir hunn nach e puer Wochen ZÀit éier hatt plënnert!
A: An der Rei!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.
Haut trainéiere mir d'AuerzÀiten.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
ï· De Schoulmeeschter
De Schoulmeeschter schafft an enger Schoul.
Hie fÀnkt um hallwer aacht moies mat schaffen un.
Hien hĂ€lt um VĂ©ierel op drĂ€i nomĂ«ttes mat schaffen op.ï· DâDoktesch
DâDoktesch schafft an enger Praxis.
Si fÀnkt um Véierel vir siwe moies mat schaffen un.
Si hĂ€lt um hallwer vĂ©ier nomĂ«ttes mat schaffen op.ï· De BĂ€cker
De BĂ€cker schafft an enger BĂ€ckerei
Hie fÀnkt um hallwer fënnef moies mat schaffen un.
Hien hĂ€lt um hallwer zwou nomĂ«ttes mat schaffen op.ï· DâVerkeeferin
DâVerkeeferin schafft an engem Buttek.
Si fÀnkt um néng Auer moies mat schaffen un.
Si hĂ€lt um VĂ©ierel vir sechs owes mat schaffen op.ï· Den Infirmier
Den Infirmier schafft op Schichten an enger Klinick. Haut huet hien Nuetsschicht.
Hie fÀnkt um Véierel vir zéng owes mat schaffen un.Hien hÀlt um Véierel op 6 moies mat schaffen op.
Ech erwÀchen um hallwer siwen.
ï· Um VĂ©ierel op siwen drĂ©nken ech Kaffi.
ï· Ech fueren um VĂ©ierel vir aacht doheem fort.
ï· De Cours fĂ€nkt um hallwer nĂ©ng un.
ï· Um VĂ©ierel op nĂ©ng maachen ech eng Paus.
ï· Ech schaffe bis VĂ©ierel vir zwielef.
ï· Um hallwer eng iessen ech zu MĂ«tteg.
ï· Ech treffe meng FrĂ«ndin um VĂ©ierel vir eng.
ï· Um hallwer drĂ€i drĂ©nken ech e Kaffi.
ï· Ech hunn um VĂ©ierel op drĂ€i e Rendez-vous.
ï· Um VĂ©ierel vir drĂ€i ginn ech heem.
ï· Ech maachen um hallwer vĂ©ier Sport.
ï· Um VĂ©ierel vir fĂ«nnef duschen ech.
ï· Ech kachen um VĂ©ierel vir sechs.
ï· Um hallwer siwen iessen ech zu Owend.
ï· Ech kucken um VĂ©ierel op siwen dâTĂ«lee.
ï· Um VĂ©ierel vir aacht telefonĂ©ieren ech.
ï· Ech liesen um hallwer nĂ©ng e Buch.
ï· Um VĂ©ierel op nĂ©ng ginn ech schlofen.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Noriichten iwwer Hënn. Duerno héiere mir, wéi zwee Noperen e Catsitting organiséieren.
-
Transkript:
Zwou Noriichten iwwer Hënn
A: O, wow!
B: Wat ass?
A: Hei steet, datt zu Stuttgart e Labrador aus engem Mouer gerett gouf.
B: O mei! Wéi ass en dann do erakomm?
A: E war vun doheem fortgelaf an am BerÀich vun engem Séi am Bulli agesackt. E konnt sech net méi vun eleng befreien!
B: O, deen aarme Mupp!
A: Jo, e war anscheinend an enger liewensgeféierlecher Situatioun!
B: An dunn?
A: SpadsĂ©iergĂ€nger hunn am NomĂ«tteg dem Hond sĂ€i Gebills hĂ©ieren an dâPompjeeĂ« geruff.
B: Zum GĂ©ck hu si dat hĂ©ieren! WĂ©i hunn dâPompjeeĂ«n den Hond dann du gerett?
A: Fir dâĂ©ischt hu si en Zougank bei den Hond misse leeĂ«n, well de Buedem jo net fest war.
B: A wéi hu si dat gemaach?
A: Si hunn dat mat Deeler vun enger Leeder gemaach. Du goufen zwee Secouristen am Neopren mat Seeler geséchert an du konnte se den Hond erreechen a schlussendlech befreien. U Land gouf en du mat Waasser versuergt.
B: Uff!
A: DâPolice huet dâBesĂ«tzerin ermĂ«ttelt an hir den Hond, de Leo, erĂ«m iwwerreecht.
B: Schéin!
A: Et waren am Ganzen zéng Pompjeeën am Asaz!
B: Wow! Wat eng Geschicht! Ech hoffen, de Mupp erhëlt sech geschwë vun deem Schreck!
A: Ech och!
B: Ech hunn och eng Geschicht vun engem Hond hĂ©ieren, mee do ass den Hond den Held oder besser: dâHeldin. Et ass eng Hondsdamm.
A: Erziel!
B: An der Nuecht war bei enger eelerer Koppel am Keller e Feier ausgebrach. DâFra hat gĂ©int 1 Auer den Noutruff gewielt a si an hire Mann konnte mat ZĂ€it dâHaus verloossen, ier dâRettungsekippen an dâPompjeeĂ«n op dâPlaz koumen. DĂ©i zwee hunn awer misse mat Verdacht op eng DampvergĂ«ftung an dâSpidol, mee et hĂ€tt kĂ«nne mĂ©i schlĂ«mm ausgoen. Mee, dank hirer Hondsdamm ass net mĂ©i geschitt. DĂ©i hat nĂ€mlech esou laang gebillt, bis dâKoppel erwĂ€cht ass a gemierkt huet, dass dâHaus voller Damp war.
A: Super!
B: An net nĂ«mme koum si mat ZĂ€iten eraus, och dâFeier war relativ sĂ©ier gelĂ€scht.
A: Wéi geet et dem Hond?
B: Deem ass och nÀischt geschitt!
A: Weess een, firwat et gebrannt hat?
B: Jo, iergend en Defekt un enger Modelleisebunn.
A: O! Glécklecherweis ass et gutt ausgaang!
Catsitting an nom Haus kucken
A: Salut Julie, hues du kuerz ZÀit�
BâŻ: Jo, wat ass lassâŻ?
AâŻ: Ma, ech fueren dânĂ€chst Woch fir zĂ©ng Deeg an dâVakanz an ech hunn nach kee fonnt, deen no menger Kaz, dem Luna, kucke kann. KĂ©ints du dat villĂ€icht maachen?
B: Jo, natierlech! Wat muss ech da genee ech maachen?
A: Merci! Dat hĂ«lleft mir vill. Also, dâLuna och ganz lĂ©if an onkomplizĂ©iert. Ech brauch just een, deen him all Dag moies an owes dâFudder gĂ«tt a frĂ«sch Waasser dohi stellt.
B: Dat kann ech maachen. Geet dâLuna net eraus?
A: Nee, hatt ass gewinnt, dobannen ze bleiwen.
B: An der Rei. Soll ech villÀicht soss nach eppes maachen, wÀrend s de an der Vakanz bass?
A: Jo, kĂ©ints du vlĂ€icht all puer Deeg eng KĂ©ier an dâBoĂźte kucke goen an de Courier eraushuelen?
B: Kee Problem, dat maachen ech. Soss nach eppes?
A: Nee, ech mengen net. A⊠dach. Du kĂ©ints vlĂ€icht owes eng KĂ©ier dâFĂ«nster opmaachen an e bĂ«sse lĂ«ften, a kucken, op dâPlanzen um Balcon kee Waasser brauchen. DâStrĂ€nz steet och um Balcon.
B: Ok, dat geet.
A: Merci! Hei ass de Schlëssel.
B: A wéini kënns du zeréck?
AâŻ: Den 18. Mee, owes.
BâŻ: Ok, et ass notĂ©iert.
A: Merci fir deng Hëllef, Julie, ech wÀert mech bei dir revanchéieren.
- Laat meer zien