Afleveringen
-
CSV an DP hunn eng aner Politik versprach. Och bei der bannenzeger Sécherheet. Hu si dat ageléist? Oder huet sech virun allem d’Rhetorik geännert? A wéi ass dat alles ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Aktuell gëtt un enger Reform vum Gemengegesetz geschafft. Wat soll sech domat änneren? Wourun stéieren sech d'Deputéiert? A wat seet dat iwwer hiert d'Demokratieverständnis aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Den Tripartite-Accord ass ënnerschriwwen an de Resilienzpak läit vir. Wat ass dovun ze halen? Wou gouf verpasst, déi strukturell Problemer unzegoen? A wéi koum et réckbléckend zu där séierer Eenegung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
An der Tripartite hunn d'Regierung an d'Sozialpartner méi séier en Accord fonnt wéi geduecht. Wéi koum et dozou? Op wat fir Mesurë gouf sech gëeenegt? An hu mer domat d'Kris iwwerwonnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
CSV an DP hunn eng „aner“ Klimapolitik versprach. Mee wéi zilféierend ass déi? Wou steet Lëtzebuerg a puncto Energietransitioun? A wéi wëll d’Regierung op déi aktuell Präiskris reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
De Luc Frieden huet dës Woch seng drëtt Ried zur Lag vun der Natioun gehal. Mee wéi éierlech war seng Analys? Wat huet hie verpasst ze soen? A wéi huet hien domat den Terrain bereet fir d'Tripartite? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Dës Woch kruten d'Regierung an d'Sozialpartner Zenarien zur Energiekris virgeluecht. Wéi gesinn déi aus? Wat muss lo an der Tripartite diskutéiert ginn? A wéi grouss ass den Drock op de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D'AMMD verweigert hir Ënnerschrëft ënner eng nei Konventioun mat der CNS. Wat wëllen d’Dokteren? Firwat kënnt d’Regierung deem net no? A wéi huet sech dat dës Woch op d’Quadripartite ausgewierkt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Gläich dräi Ministeren hunn sech dës Woch an der Chamber zum Dossier Sportsmusée erkläert. Wat ass dovun zréckzebehalen? Wat steet am Avis juridique zum Projet? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
De Luc Frieden wollt se laang net, elo kënnt se dach: eng Tripartite. Wéi koum et zu dëser Decisioun? An wéi vill politeschen a finanzielle Spillraum bleift nach fir d'Verhandlunge mat de Sozialpartner? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Fäll vu Feelverhale vun Doktere sinn an der Aktualitéit. Wien ass fir d’Kontroll vun de Medezinner zoustänneg? Firwat dauert et dacks laang, bis schwaarz Schof aus dem Verkéier gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
De Lëtzebuerger Immobiliemarché huet sech nach ëmmer net stabiliséiert. Wat sinn d'Ursaachen? Wat hunn déi staatlech Mesurë bruecht? A wéi kéint déi aktuell Weltlag d'Situatioun beaflossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D'Decisioun vun der Regierung zum Mindestloun stellt kee vun de Sozialpartner zefridden. Wéi ass d'Virgoe vun der Koalitioun ze beurteelen? Gouf et keng aner Optioun? A wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Duerch den Iran-Krich dréit eng nei Energiekris. Wéi vill budgetäre Spillraum huet d'Regierung fir ze reagéieren. Wéi eng Depensë kéint si reduzéieren? A wéi problematesch ass déi héich Staatsschold? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Aktuell gëtt un engem Deontologie-Kodex fir Gemengepolitiker geschafft. Firwat besteet grad bei hinnen e Risiko vun Interessenskonflikter? A wat muss aus der Affär Roberto Traversini geléiert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Säit méi wéi zwee Joer sinn LSAP an Déi Gréng an der Oppositioun. Wéi hunn déi fréier Regierungsparteien an dës Roll era fonnt? A wéi stellen si sech säitdeem personell a programmatesch nei op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
De militäresche Konflikt an der Golfregioun huet elo schonn en Impakt op Gas- a Pëtrolspräisser. Wat erwaart Europa a Lëtzebuerg? A wéi kéint hei eng méi onofhängeg Energiepolitik ausgesinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Och véier Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain schéngt e Fridde wäit ewech. Wéi ass d'Situatioun aktuell? Wéi ee Bild gëtt Europa an deem Konflikt of? A wéi ass d'Lag vun den Ukrainer zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
De Fall vum Chirurg Philippe Wilmes wërft vill Froen op. Wéi en Impakt huet dat op d’Patienten? Wéi een op d’Dokteren? A wéi kéint dës Affär de ganze Secteur a d’Gesondheetspolitik veränneren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Och zu Lëtzebuerg gëtt doriwwer diskutéiert, Jugendlecher den Zougang zu soziale Medien ze verbidden. Ass dat dee richtege Wee? Wéi grouss sinn d'Gefore vu Social Media? A wéi een Impakt huet KI? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
- Laat meer zien