Afleveringen
-
Den Alain Atten iwwert bekannten a manner bekannte Mee-Bräich aus vergaangenen Zäiten.
-
Den Alain Atten kuckt schonn an deen nächste Mount a säi Kraitchen.
-
Den Alain Atten iwwert d'Traditioun an d'Konscht vum Eeërfierwen
-
"Buxus sempervirens" - oder méi einfach: Pällem. Den Alain Atten erzielt eis haut, 1 Woch virun Ouschteren, vu Gréngs, vum Blëtz a vun engem Iesel.
-
Haut ass St. Patrick's Day, den ireschen Nationalfeierdag, mä dat interesséiert den Alain Atten elo net.
-
Den Alain Atten erkläert eis nach eemol de Brauch vun der Bretzel a vum Ouschteree.
-
Neimound, Ouschteren, Schaltjoer, Bauerereegelen, Kierchentraditiounen an d'Joer 532 - den Alain Atten kritt eis haut nees un d'Rechnen.
-
Bis d'Fréijoer do ass, dauert wuel nach e Strapp. Den Alain Atten verspreet awer schonn e bëssche Virfreed ...
-
Geseente Käerzen, e Reech am Grapp, eng Sprenz am Hals an e Wollef deen d'Schwäin zeréckbréngt. Den Alain Atten zielt eis dann och nach, datt den hellege Blasius effektiv eppes mat blosen ze dinn huet ...
-
Den Alain Atten erzielt haut vun engem Dacks a vu Schnéier aus Wues. Liichtmëssdag - de Brauch vum heesche goen ...
-
Den Alain Atten erzielt eis haut d'Geschicht vum Toni a sengem Schwäin.
-
Den Alain Atten hëlt eis nees mat op eng Zäitrees bei där eng Rechemaschinn nawell vu Virdeel ka sinn ...
-
Hutt dir schonns är Galette des rois eragefeiert an d'Boun fonnt? Dann net vergiessen d'Kroun unzedoen. Dat ass jo esou e flotte Brauch ëm den Dräikinneksdag. Dozou gëtt et awer nach vill méi ze soen, eise Sproochmates Alain Atten geet deem Dag vum 6. Januar mol op de Fong.
-
De Sproochmates huet sech haut mam Pätterstéck.
-
Haut ass Hellegowend. Muer Chrëschtdag an iwwermuer den 2. Chrëschtdag, Stiefesdag. Den Alain Atten erënnert awer nach un e ganz alen Numm fir de 26. Dezember ...
-
Den Alain Atten zielt eis haut eppes iwwert de Beemchen.
-
4 Käerze fir déi 4 Sonndeger viru Chrëschtdag. Den Alain Atten erzielt haut iwwert de Brauch vum Adventskranz.
-
D'lescht Woch huet den Alain Atten eis eng Rutt bruecht, haut ginn et Kaddoen an e gutt gefëllten Teller. Nach 3 mol schlofe goen, dann ass Niklosdag.
- Laat meer zien