Afleveringen
-
Vakanzenzäit, dat ass Auszäit a Fräizäit. Mee wat ass eigentlech eng Auszäit, a wéisou ass se anescht wéi déi normal Zäit? A wéisou stressen sech esou vill Leit mam Gedanken, hir fräi Zäit net ideal ze notzen?
-
Hat Dir schonn eng Kéier en Dram, deen esou realistesch wouer, datt Dir net wousst, wat Realitéit a wat Dram ass? Da geet et Iech wéi dem René Descartes. Tatsächlech hat den Descartes a senger Jugend dräi wichteg Dreem, déi säi Liewe verännert hunn. De Lukas Held presentéiert dem Descartes seng Dreem a stellt sech allgemeng d’Fro, wat d’Roll vun den Dreem an eisem Liewen ass.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Kann een eng subjektiv Erfarung vollstänneg duerch objektiv wëssenschaftlech Fakten erklären? Oder gëtt et Aspekter vun eisem Bewosstsinn, déi sech esou enger Erklärung entzéien? Bedeit dat, datt et bestëmmten Aarte vu Wësse gëtt, déi mir nëmmen duerch direkt, perséinlech Erfarung erreechen? Dozou gëtt et ee Gedankenexperiment vum Lukas Held.
-
Wéi géif eist Verständnis vu Gerechtegkeet, Eethik a Moral sech änneren, wa mir géife gezwonge ginn an enger ganz anerer sozialer Schicht ze liewen? Wéi beaflosst eis soziaalt Ëmfeld eis Perceptiounen an eist Versteesdemech vun der Welt? Dozou gëtt et ee Gedankenexperiment, dat de Lukas Held presentéiert.
-
Wie gären emol duerch de Bësch spadséiere geet, am Gaart schafft oder mam Hond trëppelt, dee muss an dëser Joreszäit besonnesch gutt op ee Predateur oppassen: d’Zeck. An dat dank dem Klimawandel och net mei just am Summer, mee iwwer dat ganzt Joer! Jiddweree weess, datt Zecke ganz geféierlech Krankheete kënnen iwwerdroen. Manner bekannt ass, datt Zecken och zu philosophescher Éier komm sinn. Wéi a wisou? Dat verréit de Lukas Held.
-
Wann een iergendwou ass, wou een sech net kennt, da fänkt ee vir d'éischt domat un, sech ze orientéiere. Meeschtens geet dat och ganz gutt. Mee wat ass, wann ech mech net orientéiere kann? Wat, wa keng Unhaltspunkten do sinn? Wat, wann ech ganz verluer sinn? Op dëst Froen huet de Philosoph René Descartes eng praktesch Äntwert. Detailer vum Lukas Held.
-
Enn lescht Joer huer d’Unesco d’Hiewanskonscht zum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet deklaréiert - och op Demande vu Lëtzebuerg. D’Hiewanskonscht ass en Handwierk, dat sech iwwer Joerhonnerten iwwerliwwert an ugeräichert huet. De Lukas Held mat Iwwerleeungen iwwer déi philosophesch Dimensioun vun der Hiewanskonscht
-
Op den éischte Bléck schéngt et jo eng relativ simpel Saach ze sinn: entweder et seet een d’Wourecht, oder et seet een eng Ligen. Fir Wourecht ze soe muss ee just d’Saache soen, wéi se sinn. A wann ee litt, da seet een d’Saachen net esou, wéi se sinn. Mee wann een doriwwer nodenkt, dann ass déi Trennung guer net esou evident. Wat ass eigentlech eng Ligen? Iwwer dëse Sujet ënnerhält sech de Luc Melsen mam Lukas Held.
-
Aarmut, Räichtum an Ongläichheet - et gouf se schonn ëmmer an der enger oder anerer Form. An der Anthropologie ass awer scho méi laang gewosst, datt et verschidden Definitioune vun Aarmut a Räichtum gëtt an datt Ongläichheeten och anescht kënnen organiséiert ginn.
-
Sou nennt sech eng Denkmethod, bei der et dreems geet, sech op dat ze konzentréieren, wat een net weess. Wisou? Well een besser doriwwer Bescheed weess, wat net geet, wei doriwwer, wat geet. Dës Method huet hier Originnen an der Theologie an Philosophie.
-
Den däitsche Philosoph Theodor Adorno, dee selwer virun den Nazien huet misse flüchten, huet sech säi Liewe laang mat Auschwitz beschäftegt. De Lukas Held presentéiert dëse Philosoph a seng Gedanken zur Fro: Wei ass Erzéiung no Auschwitz méiglech?
-
Haut virun 100 Joer gouf deen éisträichesche Philosoph Paul Feyerabend gebuer. De Feyerabend ass als e grousse Wëssenschaftsphilosoph an d’Geschicht agaangen, notamment wéinst senger “anarchistescher“ Approche zur Wëssenschaft. Esou war de Feyerabend z. B. der Meenung, datt d’Wëssenschaft just ee vu villen Weeër zum Wëssen ass. Iwwer dem Paul Feyerabend seng Philosophie ënnerhält de Luc Melsen sech mam Lukas Held.
-
Mam Heescheverbuet koum och d’Theema Aarmut an de leschte Wochen erëm an d’Akualitéit. Enger rezenter Etüd vum Statec no si 17 Prozent vun de Leit an eisem Land am Aarmutsrisiko, well si manner wéi 2.250 € de Mount zur Verfügung hunn. Mee wat ass eigentlech mam Contraire vun der Aarmut, dem Räichtum? Wisou zéie mir bei der Aarmut eng Grenz, mee awer net beim Räichtum? Wéi kéint eng Räichtumsgrenz ausgesinn? Ass Räichtum iwwerhaapt moralesch vertrietbar? Iwwer dës philosophesch Froen ënnerhale mir eis mam Lukas Held.
-
Am Koalitiounsaccord vun der neier Regierung ass dacks Rieds vu Flexibilitéit, besonnesch a Saachen Aarbechtszäit. Esou z. B. bei der Upassung vun den Ëffnungszäiten am Handel an am Horeca oder bei der geplangter Flexibiliséierung vum Congé de maternité. Mee wisou gëtt Flexibilitéit esou gutt ugesinn? An ass flexibel sinn dat nämmlecht, wei fräi sinn? Iwwer dës Froen ënnerhält de Luc Melsen sech mam Lukas Held.
-
Spéitstens zanter dem Erfolleg vu ChatGPT ass d'Theema Kënschtlech Intelligenz omnipresent an eise Medien. Dobai ass dacks rieds vum groussen Potential vun dëser Technologie, mee et gëtt awer och grouss Geforen. Viru wéi eng eethesch Erausfuerderunge stellt eis d'kënschtlech Intelligenz? Doriwwer ënnerhält de Luc Melsen sech mam Lukas Held.
-
Mir hunn alleguer schonn eng Kéier eng Ongerechtegkeet erlieft. An deem Moment spiert ee ganz däitlech, datt een ongerecht behandelt gouf. Mee ass dat ëmmer esou einfach ze bestëmmen? Wat ass eigentlech gerecht, a wéini ass eppes ongerecht?
-
Hale mir eis u Reegelen, well mir mussen, oder well mir wëllen? Si Mënsche vun Natur aus moralesch oder nëmme wéinst Reegelen a Gesetzer? Iwwer dës Froe geet et dës Kéier mam Philosoph Lukas Held.
-
Alles verännert sech, stänneg! Dat ass gewosst. Mee si mir eis dëse Verännerungen iwwerhaapt wierklech bewosst? Heiansdo huet een Erënnerungen, déi een zeréck an d'Zäit reesen dinn. Da gëtt ee sech de ville Verännerungen am Liewe richteg bewosst. Mam Lukas Held schwätzt d'Angie Maquil iwwer een alen Zuchticket an de Laf vun der Zäit.
-
Dëst Joer feiere mir de 400. Gebuertsdag vum franséische Philosoph a Mathematiker Blaise Pascal. Grond genuch fir sech eng Kéier mat sengem Liewen a sengem Denken auserneenzesetzen. Iwwer de Blaise Pascal huet d'Angie Maquil sech mam Lukas Held ënnerhalen.
-
Et gëtt Saachen an eisem Liewen, déi géife mir gäre vergiessen. Ee peinlechen Moment, eng Dommheet, déi eis geschitt ass oder déi mir gemaach hunn, oder ee traumatescht Erliefnis. Mee wat wier, wann dat méiglech wier? Wat, wa mir eis Erënnerunge kéinte läschen? Dat ass déi Grondfro, ëm déi et am Film "Eternal Sunshine of the Spotless Mind", op Däitsch "Vergiss mein nicht" geet. Dëse Film leeft nächste Méindeg (26.6.) an der Cinemathéik, an doriwwer huet d'Angie Maquil sech mam Philosoph Lukas Held ënnerhalen.
- Laat meer zien