Afleveringen
-
An der siwenter Episod ass mam Katrin Kohl eng ambitionĂ©iert Para-Sportlerin am Podcast âSport aus der Heemechtâ dobĂ€i. D'LĂ«tzebuergerin schwĂ€tzt Ă«nner anerem iwwert seng Erfarungen op de Paralympesche Spiller zu ParĂ€is, wĂ©i hat iwwerhaapt am Para-Sport gelant ass a wou et nach Verbesserungspotenzial gĂ«tt.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun.
1'15" - Den Ufank vum Katrin senger KarriÀr.
5'00" - Dem Katrin seng gréissten Erausfuerderungen.
6'05" - Den Opbau vum Katrin sengem Training.
7'30" - D'Thema Inklusioun zu Lëtzebuerg (I).
8'50" - Wéi entstinn d'Kategorien am Para-Sport?
15'00" - Entweder, oder?
21'45" - D'Paralympesch Spiller zu ParÀis.
37'05" - D'Thema Inklusioun zu Lëtzebuerg (II).
44'00" - Ofschléissend generell Froen.
50'00" - Outro.
Merci un den Eddy Peters fir d'Foto um Cover vun der Episod.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
An der zweeter Episod vun der Fussball-Rubrik âTrivelaâ ass de Christophe beim Ben op Besuch, fir iwwer d'WM ze schwĂ€tzen. Ganz trei dem Motto âno der Gruppephase ass virun der KO-Phaseâ blĂ©cken si net just op dat zrĂ©ck, wat scho geschitt ass, mee och op dat no vir, wat eis eventuell erwaarde kĂ©int. Vill Spaass! :)
-
An der Ă©ischter Episod vun der Fussball-Rubrik vun âSport aus der Heemecht - De Podcastâ diskutĂ©iert de Ben mam Anthony iwwer d'WM 2026.
Kann de Cristiano Ronaldo sÀin éischte WM-Titel feieren? Kritt de Kylian Mbappé sÀin Ego op d'SÀit geluecht? Soll de Manuel Neuer bei DÀitschland am Gol stoen? Ass Japan den Underdog op deen ee setze soll? Wéi wÀit kommen d'Gastgeber-Natiounen? Gëtt et dem Lamine Yamal sÀin Turnéier? Huet Argentinien nach deen néidegen Honger? Packt et Brasilien aus der Krise?
Dës a nach vill méi Froen probéiere mir an der éischter Episod ze beÀntweren. Vill Spaass! :)
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun vum Podcast.
1'00" - Football oder Soccer?
1'15" - Déi éischt WM mat 48 LÀnner.
6'30" - Grupp A (Mexiko, SĂŒdafrika, SĂŒdkorea & Tschechien)
9'55" - Grupp B (Kanada, Bosnien & Herzegowina, Katar & SchwÀiz)
15'10" - Grupp C (Brasilien, Marokko, Haiti & Schottland)
24'00" - Grupp D (USA, Paraguay, Australien & Tierkei)
30'30" - Grupp E (DĂ€itschland, Curaçao, ElfenbeinkĂŒste & Ecuador)
48'20" - Grupp F (Holland, Japan, Schweden & Tunesien)
55'25" - Grupp G (Belsch, Ăgypten, Iran & Neuseeland)
67'25" - Grupp H (Spuenien, Kap Verde, Saudi-Arabien & Uruguay)
76'55" - Grupp I (FrankrÀich, Senegal, Irak & Norwegen)
85'10" - Grupp J (Argentinien, Algerien, ĂisterrĂ€ich & Jordanien)
88'20" - Grupp K (Portugal, DR Kongo, Usbekistan & Kolumbien)
98'10" - Grupp L (England, Kroatien, Ghana, Panama)
105'40" - Iwwerbléck & Predictions.
108'40" - Outro.
-
Mat der Fussball-Weltmeeschterschaft steet dëse Mount dat wuel gréisste Sportevent vun der Welt um Programm. Dofir ass an der sechster Episod mam Louis Marasi een amtéierende Champion an U21-Nationalspiller am Fussball als Invité dobÀi. Nieft aktuellen Theme ronderëm d'WM hëlt de Spiller vum FC Atert Bissen eis mat an d'Emotioune vu sengem entscheedende Gol um leschte Spilldag an erzielt, wat d'Ambitioune fir d'nÀchst Saison sinn, wann hie mat senger Ekipp an der Champions League spillt.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun vum Podcast.
0'40" - Dem Louis sÀi Championstitel mam FC Atert Bissen.
16'35" - Champions League mam FC Atert Bissen.
23'55" - D'ZĂ€it an der U21-Nationalekipp.
27'20" - D'Thema Talent, Entwécklung & Belaaschtung.
38'15" - D'Fussball-Weltmeeschterschaft 2026.
78'45" - Outro.
-
Fir de Luc an de Ben war de Grousse PrÀis vu Kanada dee bis elo animéiertste Weekend vun dëser Formel-1-Saison. Nieft dem Duell ëm d'Spëtzt tëscht Russell an Antonelli hunn och den Hamilton an de Verstappen fir flott Momenter op der Streck gesuergt. Nieft der Streck huet virun allem McLaren mat engem Strategie-Debakel op sech opmierksam gemaach a bei enger Mëttelfeld-Ecurie gëtt d'Zukunft vun engem Grand-Prix-Gewënner hannerfrot. Zum Ofschloss prÀsentéieren de Luc an de Ben mat Hëllef vun ChatGPT e puer interessant Verbesserungsvirschléi fir de Grousse PrÀis vu Monaco méi attraktiv ze maachen. Vill Spaass! :)
-
An der fënnefter Episod huet de Ben sech fir déi éischte Kéier an dësem Podcast eng Profisportlerin un d'SÀit geholl: D'Anne Simon. Déi talentéiert an ambitionéiert Basketspillerin erzielt vun hirem Wee aus der Jugend vum AB Contern bis an déi grouss wÀit Welt. D'Bundesliga war dobÀi just eng Tëschestatioun, de Championstitel mam BBC Gréngewald de kréinenden Ofschloss zu Lëtzebuerg an de Stipendium an den USA eng immens Liewenserfarung. Mëttlerweil ass d'Anne Simon Profi an Italien an eng Féierungsspillerin an der Nationalekipp.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun vum Podcast.
0'30" - Wat bedeit Basket fir d'Anne?
1'45" - WĂ©ini huet et âClickâ gemaach?
4'55" - Den DebĂŒt am SeniorsberĂ€ich.
6'30" - De Sprong an d'Bundesliga.
9'45" - 2018/19: De Retour op Lëtzebuerg, de Champions-Titel mam Gréngewald & d'ZÀit op der PremiÚre.
19'35" - D'ZĂ€it an den USA.
29'40" - Spill: Dem Anne seng Top-3.
42'00" - D'Profi-Liewen an Italien & firwat et net mat der WNBA geklappt huet.
67'40" - D'KarriÀr an der Nationalekipp.
76'25" - Anekdoten.
79'25" - Dem Anne sÀi Podcast mam Magaly.
83'40" - Ofschléissend generell Froen.
88'40" - Outro.
-
An der drëtter Episod vum Podcast BOX BOX blécken de Ben an de Luc op de grousse Comeback vun der Formel 1 zu Miami zréck a stellen sech dobÀi interessant froen: Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen? Wéi steet et ëm dem Max Verstappen seng Zukunft? Ass Williams endlech 2026 ukomm? Wéi wÀit kann Aston Martin nach falen? etc. Mir wënschen iech vill Spaass. :)
-
Fir déi véiert Episod huet de Ben sech een Invité un d'SÀit geholl, deen am lëtzebuergesche Fussball quasi alles gesinn a gewonnen huet: Den Delvin Skenderovic. Hien erzielt vun den Héichten an Déiften aus senger KarriÀr & hëlt eis mat op sÀi Wee vum Spiller zum Direkter vun der Racing-Akademie & Co-Trainer vun der éischter Ekipp.
Lauschtert elo dĂ©i vĂ©iert Episod vu âSport aus der Heemecht - De Podcastâ & fannt eraus wĂ©i den Delvin vum jonken Nowuessspiller zu enger gestanener GrĂ©isst am lĂ«tzebuergesche Fussball ginn ass, wat hien dofir huet missen opferen, firwat hie bereet war alles fir eng Victoire ze maachen & wat hien um Terrain ausgezeechent huet. Ech wĂ«nschen iech vill Spaass.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun vum Podcast.
0'40" - Dofir ass Fussball fir den Delvin méi wéi just Sport.
2'05" - Jugendfussball beim FC Schëffleng & beim F91 Diddeleng.
5'15" - Vum Offensivspiller zum Defensivspiller.
7'15" - Den Iwwergang vum Jugend- an de SeniorsberÀich.
9'50" - DrÀi Joer UN KÀerjeng: Duerchbroch, Ofstig & Opstig.
16'20" - NÀchst Statioun: Péiteng.
19'10" - De Retour op Diddeleng & wéi sech ee VerÀin aus Lëtzebuerg zwee Mol fir d'Europa League qualifizéiere konnt.
34'50" - De Racing als lescht Statioun.
52'35" - Den Delvin beschreift sÀi Wee als Spiller an zitt ee Fazit.
59'20" - Dem Delvin seng Dram-Ekipp.
68'45" - Maach de Saz fÀerdeg.
71'35" - Dem Delvin seng duebel Roll um Racing.
72'20" - D'Roll als techneschen Direkter vun der Racing-Akademie.
94'30" - D'Roll als Co-Trainer vun der éischter Ekipp.
101'25" - Pronostic.
104'10" - Schlussfollgerung.
107'50" - Outro.
-
An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Luc iwwer dat, wat si vum Grousse PrÀis vu Japan zréckbehalen hunn: Wat sinn d'Ursaachen & Konsequenze vum Bearman-Crash? Ass de Kimi Antonelli Favorit op de WM-Titel? Ass McLaren zréck am Kampf ëm Victoiren? Wat leeft beim Max Verstappen? Wee gëtt Teamchef bei Aston Martin & Audi? Zum Schluss kënnt et och zu engem Blind Ranking. Mir wënschen iech vill Spaass. :)
-
Mam grousse Start an dĂ©i nei Ăra vun der Formel 1 ass och âBox Boxâ, de Formel-1-Talk vum Podcast âSport aus der Heemechtâ elo lancĂ©iert. An der Ă©ischter Episod probĂ©ieren de Ben an de Luc dĂ©i vill Froen, dĂ©i een sech no den Ă©ischten zwou CoursĂ« ka stellen, ze beĂ€ntweren: Ass Mercedes iwwerhaapt ze klappen? Gett et eng Team-Order bei Ferrari? WĂ©i dĂ©if fale McLaren a Red Bull? Wat leeft schif bei Aston Martin? Wat kĂ©int sech um Transfertmaart alles doen? Wat erwaart eis an de nĂ€chste Coursen? ... Mir wĂ«nschen iech vill Spaass! :)
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun vum Podcast.
---- Grousse PrÀis vun Australien ----
2'20" - Mercedes géint Ferrari un der Spëtzt.
7'00" - Debakel fir McLaren & Red Bull.
14'15" - Ass den George Russell iwwerhieflech?
17'10" - Kann den Isack Hadjar de Max Verstappen erausfuerderen?
22'30" - D'Nummer 4 bei Red Bull: Arvid Lindblad oder Liam Lawson?
24'30" - Steet de Franco Colapinto besser do wéi d'lescht Joer?
26'00" - D'Transparenz vum Mercedes-Motor.
27'45" - Dem Carlos Sainz seng Decisioun fir Williams a géint Audi / Sauber.
32'05" - Katastroph bei Aston Martin.
35'20" - Fatal Transferte vum Fernando Alonso.
---- Grousse PrÀis vu China ----
46'20" - Spektakel zu Shanghai.
47'45" - Ass Kimi Antonelli ee Kandidat op de WM-Titel?
55'10" - Keng Team-Order bei Ferrari.
63'45" - Dem Oliver Bearman seng Positioun an der Ferrari-Hierarchie.
67'35" - Den Opstig vun Alpine.
72'40" - De grousse Stuerz vu McLaren.
82'10" - Wat zeechent den Oscar Piastri aus?
---- Grousse PrÀis vu Japan ----
86'15" - Honda-Heemspill & wat nach méiglech ass fir Aston Martin.
91'00" - Wat dra beim Max Verstappen?
95'45" - Wat geschitt mat de Course a Bahrain & Saudi-Arabien?
101'25" - Outro vum Podcast.
-
An der drĂ«tter Episod vun âSport aus der Heemecht - De Podcastâ ass d'Nathalie Neumann op Besuch. Am GesprĂ©ich mam Ben gĂ«tt hat exklusiv AblĂ©cker an hir KarriĂ€r als ambitionĂ©iert Fra am Automobilsport & schwĂ€tzt iwwer hir Ziler am europĂ€eschen NASCAR. D'LĂ«tzebuergerin huet Motorsport am Blutt & Ă«mmer eng enk Verbindung zu hirem Rennwon.
Lauschtert elo dĂ©i drĂ«tt Episod vun âSport aus der Heemecht - De Podcastâ & fannt eraus, wĂ©i et sech ufillt, um Yas Marina Circuit eng Course ze fueren, wat d'Nathalie mĂ«scht, wann et op der Streck e bĂ«sse mĂ©i knapp zougeet & wĂ©i hat nieft dem Motorsport och eng LĂ©ift zum Hyrox entwĂ©ckelt huet. Ech wĂ«nschen iech vill Spaass.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun vum Podcast.
0'50" - Den Ufank vum Nathalie senger KarriÀr am Autocross.
3'00" - De grousse Schrëtt an de Radical Cup UK.
5'35" - Dem Nathalie seng grĂ©isste Lektioun & den Ămgang mat Accidenter.
9'30" - Firwat opgi fir d'Nathalie ni eng Optioun ass.
10'30" - Anekdoten & Ritualer.
14'15" - De nÀchste Schrëtt an d'NASCAR Euro Series.
18'55" - Dem Nathalie sÀi Fuerstil.
20'40" - Eng Ronn um Yas Marina Circuit & wat eng perfekte Ronn ass.
24'25" - Training, Virbereedung & Hyrox.
29'40" - Entweder, oder?
38'15" - Wéi kënnt een als Fra vu Lëtzebuerg an déi grouss Motorsportwelt?
40'20" - Ass d'Formel 1 iwwerhyped?
43'30" - Wéi bleift d'Nathalie gÀr bei de Leit an Erënnerung?
44'05" - Outro.
-
âSport aus der Heemecht - De Podcastâ geet an dĂ©i zweete Ronn. Mam Mirko Mosr vun de Beaufort Knights diskutĂ©iert de Ben iwwer interessant Themen aus dem Ăishockey & Momenter, dĂ©i d'KarriĂ€r vum Nationalspiller geprÀÀgt hunn. Egal wou de Mirko um Ăis steet, hie lieft sĂ€i Sport zu 100 Prozent.
Lauschtert elo dĂ©i zweet Episod vun âSport aus der Heemecht - De Podcastâ & fannt eraus, wĂ©i een d'ZĂ€it op laangen AuswĂ€ertsreesen an d'Belsch iwwerbrĂ©ckt, wat ee gudden Ăishockey-Spiller ausmĂ«scht & ween um Enn d'Olympesch Spiller 2026 gewĂ«nnt. Ech wĂ«nschen iech vill Spaass.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun vum Podcast.
1'10" - D'Chronologie vum Mirko senger KarriÀr.
11'25" - D'ZĂ€it bei der Nationalekipp.
15'35" - Entweder, oder?
22'20" - Ăishockey ganz einfach erklĂ€ert.
28'20" - Dem Mirko seng Roll um Ăis.
29'35" - DĂ©i wichtegst FĂ€egkeeten um Ăis.
33'40" - Witzeg Anekdoten aus dem Mirko senger KarriÀr.
39'35" - KlÀppereien & de Mann am Gol.
46'20" - Dem Mirko sÀin Dram-Trio & sÀi beschte Géigespiller.
49'50" - Wee géif de Mirko a seng All-Star-Ekipp opstellen?
57'20" - De Faktor MentalitĂ©it am Ăishockey.
62'25" - Den Héichpunkt & den Déifpunkt am Mirko senger KarriÀr.
66'00" - WĂ©i beschreift sech de Mirko um Ăis?
66'45" - Ausbléck op d'Zukunft.
68'25" - Pronostic fir d'Olympesch Spiller & Diskussioun iwwer d'NHL.
80'15" - Outro vun der zweeter Episod.
-
âSport aus der Heemecht - De Podcastâ ass lancĂ©iert. An der Ă©ischter Episod diskutĂ©iert de Ben matt sengem InvitĂ© Karim Consbruck iwwer wichteg Themen, dĂ©i d'KarriĂ€r vun engem Sportler hei am Land & am ProfiberĂ€ich am Ausland beweegen. De Karim huet a senger KarriĂ€r scho verschidde Profisportler begleet & gĂ«tt eis ecklusiv AblĂ©ck a sĂ€in Alldag & seng Erfarungen als Kraaft- & Konditiounstrainer. Bekannt ass hie virun allem am Fussball, mee och Athleten aus anere Sportaarte vertrauen op sĂ€in Training.
Lauschtert elo dĂ©i Ă©ischt Episod vun âSport aus der Heemecht - De Podcastâ & fannt eraus, wĂ©i sech Ă«nner anerem de Jean-Pierre Papin, de Zlatan Ibrahimovic & de Benjamin Henrichs um Karim sengem Wee bedeelegt hunn. Ech wĂ«nschen iech vill Spaass.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & PrÀsentatioun vum Podcast.
0'40" - Ween ass de Karim Consbruck?
3'30" - Dem Karim seng ZĂ€it beim AC Mailand & Olympique Marseille.
9'40" - Wéi wichteg ass de Faktor Gléck am Sport?
10'35" - Mythos oder Wourecht?
27'55" - Dem Karim seng Athleten & Aufgaben.
38'15" - Witzeg Anekdoten aus dem Karim senger KarriÀr.
44'15" - Wee géif de Karim an enger 5v5-Ekipp opstellen?
48'00" - Dee prominentste Numm, deen de Karim a senger KarriÀr begéint huet.
50'10" - Wat ass eigentlech Talent & wourun erkennt een dat?
51'50" - D'AffÀr Brian Madjo.
59'35" - Dem Karim seng Motivatioun & Ziler.
63'40" - Prognose fir d'Joer 2026.
75'05" - Outro vun der éischter Episod.