Afleveringen
-
An dĂ«ser Episod vu SportlycĂ©e - DE PODCAST begrĂ©isst d'Shari Schenten drĂ€i GĂ€scht, dĂ©i eis iwwert hir Erfarunge mam SportlycĂ©e erzielen. Op Besuch sinn dâ Sprinterin Patrizia van der Weken, aktuell qualifizĂ©iert fir d'olympesch Spiller 2024 zu ParĂ€is, dâEuropameeschterin vun 2019 am Karate, dâJenny Warling, an den aktuellen 1iĂšre SchĂŒler a Gymnast Quentin Brandenburger.
Eis Invitéen tauschen sech doriwwer aus wéi de Sportlycée hinne bei hirer KarriÀr gehollef huet, awer och wéi eng Erausfuerderungen et goufen, an och haut nach ginn.
-
Normalerweis froen dâ Proffen an der Schoul dâSchĂŒler:Innen op. An dĂ«ser Episod ginn dâ Rollen awer e mol getosch an dâ EnseignantĂ« musse Ried an Ăntwert stoen.
DâShari huet sech mam Lynn Peiffer, Yves Grandjean a Bob Kies drĂ€i erfuere Proffen un dâSĂ€it geholl a freet no, wat hir grĂ©issten Erausfuerderunge sinn a wat si motivĂ©iert als Enseignant am SportlycĂ©e ze schaffen.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Grad am SportlycĂ©e verpasse SchĂŒler:Inne mol deen een oder anere Cours wĂ©inst Sport-Competitiounen am Ausland. Eng Erausfuerderung fir dĂ©i Jonk selwer, awer och fir dâLĂ©ierkrĂ€ft, esou wĂ©i fir de klassesche Schoulmodell, deen dorop net ausgeluecht ass.
Mussen eng alternativ Leierkultur an individuell ugepasste Schoulstrukturen hir? Wéi gëtt dat aktuell am Sportlycée gehandhaabt a wéi gesÀit d'Entwécklung aus? Dat beschwÀtzen d'Shari an den Educatiounsexpert, a Beroder vum Sportlycée, Murat Alpoguz an dëser drëtter Episod.
-
An der zweeter Episod vu Sportlycée - DE PODCAST geheie mir e Bléck hannert d'Kulisse vun den ënnerschiddleche Servicer déi am Sportlycée ugebuede ginn. Wat fir Servicer ginn et a wat ass hire RÎle? Fir dës Froen ze beÀntwerten hëlt d'Shari sech an dëser Episod déi Responsabel vu verschiddene Servicer un d'SÀit. D'Dani Konsbruck, d'Tammy Diderich, d'Stéphanie Viellevoye an de Frank Muller erziele vun hirem Alldag am Lycée an och hiren Challengen. Lauschtert era fir méi gewuer ze ginn.
-
Nowuessleeschtungssport: e schwéiert Wuert a komplext Thema, ma einfach fir vill driwwer ze diskutéieren. Genee dowéinst huet d'Shari sech fir dës Episod bekannten Nimm aus dem Fussball, dem Basket an aus dem Sportlycée selwer agelueden. Wie sinn eigentlech déi bekanntsten Nimm, déi aus dem Sportlycée kommen? Wat huet et mam Centre de Formation op sech? A wat sinn d'Vir- an Nodeeler wann een hei zu Lëtzebuerg SportlerIn wëll ginn? Doriwwer a méi schwÀtzt d'Shari mam Manuel Cardoni, Ken Diederich a Laura Hoffmann an dëser éischter Episod vu Sportlycée - DE PODCAST.
-
De Sportlycée mécht elo e Podcast! Wat, oder wien, Iech do all zwou Wochen erwaart, dat gitt dir an dëser éischter Episod 0 gewuer. Op wéi eng Invitéeë kënnt Dir Iech freeën, wien ass den Host, wéi eng Froe gi gestallt a wat wëlle mir domat erreechen? Lauschtert eran an d'Welt vum Sportlycée fir e Bléck hannert d'Kulisse vun der Schoul a vum Nowuesssport an all senge Facetten ze kréien.