Afleveringen
-
An dëser Episode hunn mer de Jim an den Andy vum Jugendtreff Norden ob Besuch. De Jim erzielt eis alles vu sengem Volontariat an senger Zäit bei Jugendtreff Norden. Mam Projet Heated Emotions huet den Andy ville Jonken eng flott Aart a Weis vermëttele Gefiller an Emotiounen ze verschaffen. Ausserdeem schwätze mer iwwert hire Youtube Kanal "Onnéideg". Eng witzeg an informativ Episode déi et derwäert ass gelauschtert ze ginn.
Hues du Froen oder Umierkungen, dann schreif eis op [email protected].
-
An dëser Episode hunn mir d’Aline vum Kanner-Jugend-Telephon op Besuch, hat erkläert eis wat de Kanner-Jugend-Telefon genau ass, wat si maachen an wien si sinn. Mir schwätzen driwwer wat ee maachen kann, wann ee selwer vun Gewalt (sexuell, physesch, psychesch, finanziell, emotional) betraff ass, wat een maache kann wann ee Frënd oder eng Frëndin betraff ass an wisou dat ee kuerze Rack keng Aluedung ass.
Och Elteren dierfen bei de Kanner-Jugend-Telefon uruffen, genau gesot bei den Elteren-Telefon. Hei fann dir ëmmer een oppent Ouer, egal wéi een Thema iech grad beschäftegt.
Och Léit, déi selwer erkennen, dat si sech vläicht a verschidden Statiounen net ënner Kontroll hunn, fannen hei eng Plaz fir sech ee Rot ze huelen.
https://www.kjt.lu/de/
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
An eiser drëtter Episode schwätze mir iwwert Rassismus. "Black lives matters" war 2020 Thema op alle soziale Plattformen, mee wat heescht et betraff ze sinn a wat heescht et privilegéiert ze sinn. Ween ass dann elo eigentlech vun Rassismus an Diskriminéierung betraff. Sinn mer Deel vun der Léisung oder Deel vum Probleem.
Fir dëst wichteg Thema hunn mer eis zum engem den Andy Shammo, een deen sech net nëmmen am Kader vu sengem Studium mam Thema Diskriminéierung auserneen setzt, mee och privat aktiv handelt, un d'Säit geholl. An och de Khalid, ee jonke Museker, deen am Nigeria op d'Welt komm ass an virun 11 Joer seng zweet Heemescht zu Lëtzebuerg fonnt huet, deelt mat eis seng Erfahrungen zu dësem wichtegen Thema.
-
An dëser Episode geet et emol "quer durchs Beet". Mir schwätzen iwwert "Go's" an "No-Go's" bei engem éischten Date, iwwert komesch Proffen an der Lycée's Zäit, "blo maachen" an Aarschlachmomenter.
-
An dëser éischter Episode, stelle mir (d'Cathy an d'Jessica) eis vir. Ween si mir, wat maache mir, wat hu mir eis bei dësem Podcast geduecht a wisou hu mir den Tutebatti an d'Liewe geruff an wat huet d'Prinzessin mat der Botzfra um Hutt.