Afleveringen
-
Dëse Podcast ass net méi aus der däitscher Podcastzeen ewechzedenken. De Jan Böhmermann an den Olli Schulz schwätzen all Sonnden iwwert dat wat si beschäftegt. Dëse Podcast gelt och e bëssen als Pionéier vun der däitscher Laberpodcastzeen a war ee vun den éischtemat engem Exklusivvertrag bei Spotify.
-
E Podcast vun der Cecilia Said Vieira deen als Ënnertitel huet: „Komm raus aus denger Bubble! Lëtzebuerg ass net sou kleng wéi dir mengt“. E Podcast fir d’Generatioun Z an d'Invitéë sinn dacks Lëtzebuerger Kënschtler:innen, Musiker:innen an Aktivisten an Aktivistinnen.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Kuerz a knackeg Podcaste fir deeglech säi Wëssen ze vergréisseren. Et geet ëm allméiglech Froen: Firwat kënnt den Téi a Sacheten? Firwat ass d'Toilettëpabeier heiansdo rosa? Oder firwat ginn d'Japaner:innen Chrëschtdag gäre Fast Food iessen?
-
Zu Köln war Silvester 2015 en Dag, deen e Cut an der Däitscher Gesellschaft hannerlooss huet. Dausende vu Leit hunn de Joreswiessel op der Plaz tëschent der Kölner Kathedral an der Gare gefeiert. Awer op eemol huet d'Stëmmung geännert. Méi wéi 600 Frae waren Affer vu sexuellen Iwwergrëff ginn. Meeschtens vu jonke Männer, déi deemools nach net laang an Däitschland gelieft hunn. Dëst huet déi politesch Debatt iwwer Migratioun an Däitschland geännert. Dëse Podcast ass deenen Evenementer op der Spuer.
-
E Podcast vun der däitscher Zeitung Die Zeit, deen esou laang geet, bis d'Invitéen näischt méi ze soen hunn. Esou kann eng Episod nëmmen e puer Minutten daueren, oder awer och e puer Stonnen.
-
2024 dee weltwäit zweetgréisste Podcast op Spotify. Gehost vun der Alexandra Cooper geet et hei ëm Bezéiungen, Female Empowerement, Sex, Comedy, Rotschléi a villes méi. Zu Gaascht ware schonn Nimm wéi Christina Aguilera, Miley Cyrus oder d’Kamala Harris.
-
Dëse serielle Podcast huet Lëtzebuerger Sportler:innen, déi vun de Paralympics 2024 zu Paräis gedreemt hunn an d'Hoffnung vun eisem Land op hire Schëllere gedroen hunn, wärend engem Joer begleet. D’Protagonisten a Protagonistinne sinn de Philippe Hein (Dëschtennis), de Matteo Scuto (Dëschtennis), de Joël Adams (Vëlo), mee och déi zwee Participanten, déi schlussendlech bei de Paralympics 2024 derbäi waren: d'Katrin Kohl (Liichtathleetik) an den Tom Habscheid (Kugelstoussen).
-
Zwee bekannten ZDF-Talker, déi all Woch iwwer en aktuellt Theema matenee schwätzen an dobäi keng Angscht viru kontroverser Meenung hunn. An e Metapodcast zu “Lanz & Precht”, deen an zéng Minutten den aktuellen Episod op eng ironesch Aart a Weis resuméiert.
-
All Mount hëlt de Minett Mash-Up-Podcast mat op eng Rees. Zesumme mat Gäscht leiere mir vill Sitte vun der Industriekultur kennen, awer net nëmmen. Dofir gëtt de Podcast och ëmmer anzwousch anescht opgeholl.
Produzéiert vu Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI an dem Musée vun der Aarbecht. -
All zweet Woch schwätzt d'Victoire Tuaillon mat engem oder e puer Invitéen iwwer verschidden Aspekter vun der Männlechkeet an eiser Gesellschaft. Ganz nom Motto: Et gëtt een net als Mann gebuer, mee et gëtt ee Mann."
-
En däitsche Podcast, deen en Iwwerbléck iwwer Klimapolitik gëtt. All Woch ginn hei déi dräi Top-Noriichten zur Klimapolitik presentéiert an ageuerdent, dat Ganzt an enger Véierelstonn. En Noriichte-Podcast fir jiddwereen, dee wëllt wëssen, wat aktuell an der Fuerschung lass ass.
-
En Interviewpodcast am Beräich Famill an Zesummeliewen. Gespréicher mat Hiewannen, Psychomotriciennen, Kannerpsychologen, Pediateren, oder nach spezialiséiert Pädagogen a Pädagoginnen.
-
Zwou Schwëstere resuméieren a sezéieren hei d'Bibel a setzen d'Texter an en aktuelle Kontext. Et soll awer hei kee bekéiert ginn, mee si schwätzen iwwer déi Geschichten, mat deene si opgewuess sinn. E Podcast vun der däitscher Zeitung Die Zeit
-
E Podcast, bei dem all Woch, en anert Theema beliicht gëtt. Ënnert anerem gouf et eng Serie, an där et ëm d'Situatioun vu franséische Frontaliere gaangen ass, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen. De Cédric Reichel stellt eis de Podcast vir.
-
E Podcast ronderëm Yoga, Meditatioun, Präventioun a mental Gesondheet. Eise Podcast-Expert Cédric Reichel huet eragelauschtert en deelt seng Andréck.
-
E Podcast, deen de politeschen Alldag an Däitschland behandelt an dobäi éischter engem méi konservativ-biergerleche Spektrum zouzerechnen ass. D'Hosts sinn d'Journalist:innen Dagmar Rosenfeld a Robin Alexander.
-
E Podcast, dee sech, wéi den Numm et seet, u Pendler riicht, déi all Dag op Lëtzebuerg kommen. Et geet hei ëm Theeme wéi Steieren, Pensiounen, Congé Parental oder neierdéngs och Grenzkontrollen.
-
Gutt informéiert an den Dag goen, dat ass d'Iddi hanner “Apokalypse und Filterkaffee”. All moies kritt een hei e puer vun de wichtegsten News presentéiert. Ganz eescht ass et jee no Konstellatioun vun Host a Gaascht awer och net.
-
De Cédric Reichel, de Podcastophil vum radio 100,7, huet e Podcast aus Lëtzebuerg matbruecht: Méi wéi Sex. Et geet hei awer, wéi de Numm et scho seet, net nëmmen ëm Sex, mee och ëm alles wat domadder ze di kéint hunn. De Claim vum Podcast: E Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.