Afgespeeld
-
Mir starten direkt mam Joé Bidon senger Victoire iwwert den orangen Af am wäissen Haus, haangelen eis geschéckt duerch d'Minnefelder vum Covid-19 an diskutéieren à distance de gewinnte Blödsinn. Allerdéngs gi mer Iech och wäertvoll Tipps fir den Lockdown Lite, deen sech esou lues uschläicht.
-
Aus eisem Special 'on the road' gouf schlussendlech e gemittlechen Ethanol-Nomëtteg doheem am Studio (thanks rona): Mir spillen eng nei Oplag vun eisem 5-Kampf, bei deem et esou wuel eng Belounung, wéi och eng Bestrofung gëtt... Des Weideren dierfen natierlech kriddeleg Wuertspiller, domm Geschichten, an de Merci vun der Woch net feelen. Dee ganze Misär gëtt et des Woch och rëm op Youtube, esou als klenge Schmankerl, well mir Iech gär hunn. Bussi Bussi, ären Trio Farfalle.
-
Mir sinn op eng Minn gestouss: Dem mysteriéise Ben säi Youtube-Channel ass voll mat lëtzebuergeschem Content-Gold, wat mir an dëser Folg fläisseg ofdroen.
Niewebäi potere mir iwwert d'US-Walen, Dreem, 5G-Demonstratiounen zu Lëtzebuerg, d'Sandra aus de Ressources Humaines, a villes méi.
-
En Intro vum Gastron Vogel, Wine-Tasting-Tipps, de World Veggie Day, eng Dan-Spogen-Fro zum Fiederwäissen, eis Dram-Restauranten, a villes méi zum Thema Schnabulatioun kritt dir des Woch bei enger geballter Portioun Spaghetti al Ketchup an Audioform. Dëse Podcast consomméiert een am Beschte mat engem Kanister Gedrénks.
-
Mir maachen aus eisem Podcast kuerzerhand eng gutt gelaunte Morningshow, inklusiv Presserevue, schlechte Witzer, Dramberuffer, Merci vun der Woch, enger Fro vum Dan Spogen, a villem méi.
Eben sou wéi RTL fir déi aarm a geeschteg Sëlwermedailen.Mir iwwerhuele wéi gewinnt KENG Responsabilitéit falls Nolauschterer duerch dëse Podcast dauerhaft gesondheetlech Problemer kréien.
Falls awer eng Persoun, déi dëse Podcast lauschtert, onverhofft räich gëtt, kréie mir 15%.
-
De Monseigneur Joe Dennenwald duerft alt erëm d'Theme fir dësen Episod opstellen: Mir danzen um Vulkan vun der politescher Korrektheet a siche fläisseg no de Grenze vum gudde Goût.
Et geet em d'State of the Union vum Flintenuschi, Streamingstars, Nowitschok, an d'Skandaler vum Tour de Luxembourg.
Net feelen dierf natierlech de Merci vun der Woch! De Joe huet souguer een...
Bonus: Mir loossen eis vun eise besseren Hallschente beschreiwen, mat gaaanz ënnerschiddleche Resultater. -
Säit eiser leschter Episode si 34.000 nei Eldo-Podcasts erauskomm, Hei Elei ass an d'Ausland gewiesselt, an de Benoit Joachim huet es endlech genuch.
Mee lo si mir nees do, d'Podcast-Autokraten, vum Titel hier Fournisseurs de la Cour, vum Verstand hier liicht méi domm wéi e Stéck Toast.Mir hu vill ze beschwätzen: D'Erklär&Laach ass elo méi professionell, den Dan Spogen huet Froen fir eis, de Joe fantaséiert vun enger Sexzeen, mir beschwätzen de Podcast/Revue-Skandal, and much more. Mat dem gewinnten Niveau un intellektueller Éierlechkeet an akkurate Fakten.
The boys are back in town. -
De Joe ass Host... an et entsteet eng interessant Diskussioun? Wierklech?
Jo! Dat ass zwar ongeféier esou warscheinlech wéi en Nobelpräisgewënner, deen am Éislek wunnt, mee et ass wierklech geschitt! -
Maacht Iech prett fir dem Joe säi Gigabagger, dem Philippe seng Lektiounen aus der Kris, an dem Baschti säi gigantesche Penis! (Jo, dee leschten hei genannten schreift och ëmmer d'Texter...)
-
Alles wat dir braucht: Meenungen zum Thema George Floyd, déi beschte Corona-Verschwörungstheorien, eng Täscheluucht, an e Blauwalfakt. Bon appétit.
-
Eise Special fir de Summer no der grousser Quarantäne vun 2020. Mat Features vun nationale Musiker a vill méi!
-
D'Liewe geet nees un. A mir wäerte ganz geschwënn nees beienee sëtzen! Bis et souwäit ass, hei nach e klénge Kaffisbraddler mam Pippo a Baschti.
-
Den Numm seet eigentlech schonn alles. Héich intellektuell Betruechtunge vu Mann a Fra, zervéiert als auditiven Hors-d'oeuvre.
-
Mir gesinn eng Luucht um Enn vum Tunnel. Dofir musse mir eis wichteg Froen stellen: Gett et e Liewen nom Dout? Wat maache mir, wa mir eis nach un engem op der Äerd räche mussen? A firwat huet de Joe de Bauch wéi?
-
Mir klären op, wien an der geheimer Corona-Taskforce vun der Regierung sëtzt. Ausserdeem: eis fonkelnei Rubrik, a lauter onangeneem Froe fir de Joe an de Philippe...
-
Eis véiert Folg mat Social Distancing, dofir awer wéi gewinnt ouni Niveau an Intellekt. Mir sinn op der Sich no engem neie Segment, wat mir all Woch maache kënnen. Spoiler Alert: Mir fannen eppes...
-
Nodeems Hei Elei, Paus, Happy Hippo, an Tun&Max schonn de Feierstorch op senger Rees begleet hunn, ass et elo un eis. Maacht Iech prett fir eng Achterbunn vun de Gefiller op der Sich nom Scoville-Rubin.
-
De Joe probéiert seng Frëndin mat engem sténkege Kalzong ze betäuben. De Pippo iwwerhëlt beim Schwammen d'Leit vun ënnen. An de Baschti war lescht Woch op enger Corona-Party. Op mannst eng vun dësen Aussoe stëmmt...
Checkt eisen offizielle Merch-Shop! Link an der Bio op Instagram.
-
De Joe ass haut als Host drun. Wierklech, ganz éierlech. Dir kënnt jo zréck goen a lauschteren. Baschti, Pippo, Joe, Special. Baschti, Pippo, .... an dann de Joe! Naja, oder och net. (Beschte Promotext ever gell)
-
Lescht Woch hu mir eis nach live gesinn... a lo geet dat net méi! Wat ass geschitt? Wien ass schold? Dat a vill aner wichteg Themen (zum Beispill Eclairen a Biberen) kläre mir op! Haalt duerch doheem a bleift gesond. P,B&J
- Laat meer zien