Afleveringen
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut schwÀtze mir iwwer d'FueszÀit zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Schued! GeschwĂ«nn ass dâFuesent scho rĂ«m riwwer!
B: Waars de op engem Fuesbal?
A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op zwou Kavalkaden!
B: Wow! Du hues vill Energie! Als wat waars de da verkleet?
A: Ech war eng KĂ©ier als Prinzessin an eng KĂ©ier als Maus verkleet, a fir op dâKavalkaden hunn ech en ĂisbierekostĂŒm ugedoen, well et esou kal war.
B: Witzeg!
A: Waars de och op engem Fuesbal?
B: Nee, dat ass net esou menges... Ech hunn dâFuesmusek iwwerhaapt net gĂ€r.
A: Mee Kavalkade sinn awer flott! Do ass Ă«mmer eng gutt StĂ«mmung. DânĂ€chst KĂ©ier gees de mat eis!
B: Nee, ech verkleede mech net gÀr. Als Kand hat ech et gÀr, mee elo seet dat mir nÀischt méi.
A: A ok! HĂ€ss de da Loscht den nĂ€chste MĂ«ttwoch op RĂ©imech ze fueren? Da gĂ«tt de StrĂ©imĂ€nnche verbrannt! Ech war dâlescht Joer do. Dat ass och flott! An do ass keng Fuesmusek!
B: Wat ass dat?
A: Zu RĂ©imech gĂ«tt traditionell op ĂschermĂ«ttwoch de StrĂ©imĂ€nnche verbrannt, fir der Fuesent an dem Wanter Ă€ddi ze soen.
B: Oho! Dat kléngt extra! Kanns de mer dat méi genee erklÀren?
A: De StrĂ©imĂ€nnchen, eng Figur aus StrĂ©i, gĂ«tt an engem Danz-CortĂšge duerch dâStroosse vu RĂ©imech bis op dâMuselbrĂ©ck gedroen. Op der BrĂ©ck gĂ«tt de MĂ€nnche mat Feier ugefaang an an dâWaasser geheit. An de Schaltjoren gĂ«tt eng StrĂ©ifrĂ€che verbrannt.
B: E FrÀsch?
A: Nee, eng FrĂ€chen. Dat ass eng vereelzt an Ă«mgangssproochlech Diminutivform vu âFraâ. Dat seet een elo net mĂ©i, mee dann erkenns de dânĂ€chst KĂ©ier dâWuert, wann s de et hĂ©iers oder lies.
B: Ok! Wat mécht een do nach?
A: Si zerwĂ©iere gebakene FĂ«sch a Gromperekichelcher, an et kritt ee GlĂŒwĂ€in ze drĂ©nken.
B: Hm. WĂ©ini ass dann ĂschermĂ«ttwoch?
A: Dëst Joer fÀlt en op de 5. MÀerz.
B: Waart, ech kucken a mÀin Agenda...Nee, do kann ech net, ech hunn deen Dag zwou wichteg Reuniounen. Ech ka mer net frÀi huelen.
A: Schued! VlĂ€icht hues de dânĂ€chst Joer ZĂ€it.
B: Jo! Gëtt et net nach e Fest, wou mir dem Wanter Àddi soen? Déi Traditioun kënnt mir bekannt vir.
A: Genee! DâBuergbrennen!
B: A jo! Dat hunn ech schonn héieren. Ass dat iwwerall oder just an deenen Uertschaften, wou eng Buerg steet?
A: Nee, dat ass a ville Gemengen uechter dâLand. Lokal VerĂ€iner kĂ«mmere sech Ă«m dâOrganisatioun. Si bauen dâBuerg an zerwĂ©ieren och Iessen a GedrĂ©nks. DâBuerg besteet aus Holz, aus alen Ăscht, aus StrĂ©i, aus den ale ChrĂ«schtbeemercher, asw. DâForm vun der Buerg ka variĂ©ieren. Oft ass se a Form vun engem KrĂ€iz.
B: Mee firwat ass dâBuerg dann net a Form vun enger Buerg? Firwat heescht et da Buerg?
A: Jo, dat ass e bĂ«sse witzeg. âBuergâ kĂ«nnt vu LatĂ€in âburereâ, dat heescht âbrennenâ.
B: WĂ©i? Dann heescht âBuergbrennenâ eigentlech âBrennenbrennenâ?
A: Jo!
B: Wat kann een dann do iessen an drénken?
A: Oft gĂ«tt et Ierzebulli, dat ass eng Zopp aus Ierbessen, et gĂ«tt Grill- a Mettwurschten, Bouneschlupp, eng Zopp mat Bounen, GlĂŒwĂ€in an anert GedrĂ©nks.
B: WĂ©ini ass dat? Och op ĂschermĂ«ttwoch?
A: Nee, e puer Deeg duerno. Buergbrennen ass Ă«mmer den Ă©ischte Sonndeg oder och Samschdeg no der Fuesent. DĂ«st Joer ass et den 8. an 9. MĂ€erz.
B: Dat ass gutt! Ech hunn de Weekend besser ZĂ€it. Duer kann ech matkommen!
A: Super! Da kënns de bei eis! Dat gëtt flott!
B: Ech freeĂ« mech drop! Ech wĂ«ll onbedĂ©ngt all dâLĂ«tzebuerger Traditioune kenne lĂ©ieren!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
-
Transkript
Aluedung op eng HochzÀit
A: O, kuck emol! Ech sinn op eng HochzÀit invitéiert ginn!
B: Ou?! Vu wiem dann?
A: Vum Marie a vum Bruno.
B: Da lies emol vir, wat op der Invitatioun steetâŻ!
A: Ok, ee Moment ⊠Léift Lucie, du bass heimat hÀerzlech invitéiert, dee schéinsten Dag vun eisem Liewe mat eis ze feieren.
B: WĂ©i romantesch!
A: De 15. Juni um 15 Auer bestuede mir eis an der Kierch zu RĂ©imech.
B: O, op der Musel! WĂ©i flott!
A: Jo. Ech liese weider: Duerno feire mir mat Iech am Restaurant WÀistuff. Fir Iessen, Gedrénks a gutt Musek ass gesuergt.
B: O, an der WÀistuff war ech schonn op enger Kommioun! Dat ass e gudde Restaurant, an et gëtt bestëmmt och gudde WÀin.
A: Ech si scho gespaant. Zum Schluss steet nach: So eis wgl. bis den 1. Mee Bescheed, ob s du kënns, an ob s du eng aner Persoun matbréngs. Mir freeën eis drop!
B: O, kann ech matkommen?
A: Haha, nee, ech mengen, ech froen de Marc. Mir waren nach ni zesummen op enger HochzÀit.
B: Et war just e Witz! Natierlech gees du mat dengem Frënd.
E Kaddo fir eng HochzÀit
A: Hey! So, kanns du mir hĂ«llefen? Ech gouf op eng HochzĂ€it agelueden, mee ech si mir net sĂ©cher, wat ech als Kaddo matbrĂ©nge soll. Op der Invitatioun stoung och eng IBAN-Nummer, weess du, firwat dĂ©i kĂ©int sinn?B: A jo, dat ass ganz normal hei zu LĂ«tzebuerg. DâIBAN-Nummer ass meeschtens dofir, datt s du direkt Suen iwwerweise kanns. Et ass hei ĂŒblech, Sue fir dâHochzĂ€it ze schenken.
A: Wierklech? Suen?! Dat fannen ech komesch. Ass dat net onpersĂ©inlech? Bei eis an England gĂ©if een Ă©ischter e richtege Kaddo matbrĂ©ngen. Eppes, wat fir dâKoppel nĂ«tzlech ass oder eng Bedeitung huet. Zum Beispill e Service oder eng Dekoratioun mat den Nimm vun der Koppel. Sue gĂ©if bei eis kee schenken, hĂ©chstens e Bong.
B: Et ass interessant, wĂ©i verschidden dat vu Kultur zu Kultur ass. Hei zu LĂ«tzebuerg an an den NopeschlĂ€nner schenken dâLeit oft Suen, fir dâHochzĂ€itskĂ€schten ze decken. Virun allem eng grouss HochzĂ€it ka sĂ©ier an de Portmonni schloen. Ausserdeem notze vill Koppelen dĂ©i Suen, dĂ©i si fir hir HochzĂ€it krĂ©ien, fir hir HochzĂ€itsrees ze finanzĂ©iert oder sech soss eppes ze gönnen. Heiansdo gĂ«tt dâKoppel dat och spezifesch un, zum Beispill wa se fir eng grouss Rees oder en Haus spueren.
A: A, dat mĂ©cht SĂ«nn. Mee schreift dâKoppel dat da wierklech schon an dâInvitatioun? Bei eis wier dat e bĂ«ssen, wĂ©i soll ech soen, direkt?
B: Haha, jo, et ass vlĂ€icht e bĂ«ssen direkt, mee hei wierklech ganz normal. Heiansdo steet och e klenge Sproch oder en Hiweis an der Aluedung, zum Beispill ,,Eise Stot ass scho komplett, dofir gĂ©ife mir eis iwwer e klenge BĂ€itrag fir eis HochzĂ€itsrees freeĂ«n.ââ Da wĂ«ssen dâGĂ€scht direkt Bescheed.
A: Dat ass wierklech ganz anescht, wĂ©i ech et gewinnt sinn! Op deenen HochzĂ€iten, wou ech bis elo war, kruten dâGĂ€scht am Viraus eng LĂ«scht geschĂ©ckt mat Saachen, dĂ©i dâLeit direkt fir dâKoppel kafe konnten.
B: Dat ass och praktesch, an dovun hunn ech och schon hĂ©ieren. Dat gĂ«tt hei zu LĂ«tzebuerg oft gemaach, wann eng Koppel Nowuess kritt. Da gĂ«tt et oft eng LĂ«scht, wou dâLeit e Kaddo fir de Puppelche kafe kĂ«nnen.
A: Dat ass praktesch! Mee, so, eng Fro hunn ech awer nach. Weess du, wéi vill Suen ech da schenke soll? Gëtt et do eng Reegel?
B: Eigentlech net, mee meeschtens kuckt een, wĂ©i gutt een dâKoppel kennt, oder wĂ©i vill dâFeier ongefĂ©ier kascht. Sou Ă«m dĂ©i 50 bis 150 Euro si schon ĂŒĂŒblech, mee bei enke FrĂ«nn oder Familljemembere kann et natierlech och mĂ©i sinn.
A: Ok, dann iwwerleeën ech emol, wéi ech et maachen. Et kléngt op alle Fall méi einfach, wéi e grousse Kaddo matzebréngen, mee ech muss mech nach e bëssen un de Gedanke winnen.
B: Dat kann ech verstoen. Du kanns jo och eng schĂ©i Kaart dobĂ€ileeĂ«n an dâSuen dodran iwwerreechen. Dat gĂ«tt hei och oft gemaach a gesĂ€it mĂ©i persĂ©inlech aus.
A: O jo, dat ass eng gutt Iddi! Dat maachen ech! Merci fir deng HĂ«llef!
B: Et ass gÀr geschitt!
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! E Freideg ass de 14. Februar, also VÀltesdag. Haut lauschtere mir en Dialog, wou eng Koppel iwwer dëst Theema diskutéiert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
VĂ€ltesdag
A: So, du weess jo, geschwënn ass VÀltesdag.
B: Wat ass geschwënn?
A: Ma, VĂ€ltesdag.
B: Hei, nee, fĂ€nk net erĂ«m un! Ech hunn dir dach dâlescht Joer schonn erklĂ€ert, datt ech dee blöden Dag net feieren.
A: Ech verstinn dat einfach net. Jidderee mécht eppes Romantesches deen Dag oder schenkt sengem Partner oder senger Partnerin eng Klengegkeet. Just ech kréie rëm nÀischt.
B: Wie vun eise Kolleege feiert dat dann, wannechgelift?
A: De Ben an dâLaure gi schick iessen, de Marco sot hie gĂ©ing dem Vanessa Rousen op de BĂŒro schĂ©cken an dâMarte bastelt dem Sven eppes.
A: A wat mĂ©cht de Sven dono domat? Et flitt an dâPoubelle.
B: Sief dach net esou.
A: Ech verstinn einfach net wat esou speziell un deem Dag ass. Dat ass einfach erfonnt ginn, fir rëm onnéideg Saachen ze verkafen a Suen domat ze maachen. Mengs du wierklech datt een am Februar Rouse kritt? Déi mussen dach vu wat weess ech wou importéiert ginn, fir datt mir eis domat beschenke kënnen. Also ëmweltfrëndlech ass et och emol net.
B: Jo, du hues jo Recht, mee et musse jo keng Rouse sinn. Du kanns mir jo och einfach eng léif Kaart schreiwen, mir Knippercher kafen oder mech an e Restaurant invitéieren.
A: Knippercher? Sos du net viru kuerzem du wéilts méi oppassen, wat s du ëss? Ausserdeem gi mir jo awer reegelméisseg an de Restaurant an ech schreiwen dir quasi all Dag, dass ech dech gÀr hunn. Ech weess net, wat een nach vun engem erwaarde kann.
B: Jo, du bass jo och e super Frënd an ech ka mech och net bekloen, mee ech sinn ëmmer e bësse jalous, wann ech héieren, datt déi aner eppes Flottes maachen oder kréien.
A: Also, wann dat dir wierklech esou wichteg ass, da kann ech mir jo eng afale loossen.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, wéi d'Schivakanz vun de Frënn aus dem leschten Episod war a wat si alles gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Iwwert eng Schivakanz schwÀtzen
A: Hallo! An wéi war Àr Schivakanz? Schued, datt mir eis do net iwwert de Wee gelaf sinn. Ech war och do mat de Kanner
B: Jo, den Tony sot mir, dass dir och do waart, mee vlÀicht ass et och besser, datt mir eis net iwwert de Wee gelaf sinn.
A: Firwat dann dat?
B: O, well ech awer e puermol en décke Kapp hat. Mir ware quasi all Owend op den AprÚs-ski an du weess, wéi dat geet.
A: O mam, jo! Wéi ech nach keng Kanner hat, war ech ëmmer dat éischt um AprÚs-Ski. Mee wéi war Àr Vakanz dann nach esou?
B: Et war wierklech flott. Ech ginn immens gĂ€r an ĂistrĂ€ich an dâBierger. Mir sinn dĂ«st Joer och an der Nuecht gefuer a hate quasi kee Stau.
A: Mir maachen dat och mëttlerweil esou. Et ass e bëssen ustrengend, fir esou fréi opzestoen, mee et lount sech awer. Hat dir dann en Appartement oder en Hotel gelount?
B: Mir hunn en Appartement gelount. Du weess jo wĂ©i deier Ă«mmer alles an der Schivakanz ass, dofir hu mir eis dâKĂ€schte vum Appartement zu sechs gedeelt.
A: Zu sechs? Dat wier mir ze vill.
B: Am Ufank war och e bĂ«sse skeptesch, mee mir sinn awer all ganz gutt eens ginn an et war wierklech genuch Plaz do. Mir hate vĂ©ier Schlofkummeren, zwee BuedzĂ«mmer, nach eng separat Toilette an e Balcon mat Vue op dâSchipisten.
A: An dir hat awer keng Kichen a Living?
B: Ma dach, natierlech. Moies hu mir Ă«mmer zesummen an der Stuff Kaffi gedronk. Ausser den Tom , deen huet Ă«mmer bis 12 Auer geschlof an ass dann direkt Schi fuere gaangen.
A: Typesch! So, hues du och fonnt, dat et dĂ«st Joer extreem deier war? Si hu jo iwwerall dâPrĂ€isser eropgesat. Wann et esou weidergeet, da weess ech net, ob mir eis dat nach fir vĂ©ier Persoune leeschte kĂ«nnen.
B: Jo, also fir eng Persoun geet et nach, mee wann ech fir eng ganz Famill misst bezuelen, da gĂ©ing ech mir et och zweemol iwwerleeĂ«n. De PrĂ€is vum Schipass ass net an dâLuucht gaangen, mee dofir awer dâLocatioun vum Schimaterial. Mir hunn all eng Helm, Schischong, dâSchi an dâBengele gelount an dat war duebel esou deier, wĂ©i dâlescht Joer.
A: SchlĂ«mm..an dâAppartement?
B: Dat war nach ok, well mir jo zu sechs waren, mee et war och net geschenkt. Wat awer och deier war, war dâIessen an dâGedrĂ©nks an de HĂŒtten an um AprĂšs-Ski. Ech hu 5⏠fir eng Limonad bezuelt, de BĂ©ier huet 9⏠kascht an dâCocktaile 13⏠an da ware se mol net gutt.
A: O mei. Mir hu just eemol an engem Restaurant um Bierg giess an dono hu mir eis Ă«mmer Schmiere matgeholl, well et einfach ze deier war. Ech menge mir ginn elo just nach all zweet Joer an de Wantersport. Mir musse jo och nach dâSchischoul fir dĂ©i Kleng bezuelen a fir siwen Deeg, gĂ«tt dat eng deier Affaire.
B: Dat ass wierklech schued, well dat ass quasi déi eenzeg Plaz wou se nach gudde Schnéi hunn a wou net esou vill Konschtschnéi lÀit.
A: Jo, ech weess, do kann ee wierklech nach gutt fueren, mee wann et esou an de Portmonni geet, da kann een net méi all Joer goen.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Personen hir Walliss fir an de Wantersport paken. Duerno héiere mir e Gespréich am Auto. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dirhei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt wgl. einfach op ,,Access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwÀtze mir iwwer eng Lëtzebuergesch Traditioun, Liichtmëssdag. Wat dat genau ass, héiere mir haut. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Hallo Luc! Ech hu viru Kuerzem vun enger lëtzebuergescher Traditioun héieren, déi ech nach net kennen: Liichtmëssdag. Kanns du mir soen, wat dat ass?
B: Natierlech! LiichtmĂ«ssdag gĂ«tt zu LĂ«tzebuerg all Joer den 2. Februar gefeiert. Dat ass de Virowend vum Dag vum Hellege Blasius, an do ginn dâKanner liichten.
A: Liichten� A wat ass dat dann�
B: DâKanner gi vun Dier zu Dier, meeschtens a klenge Gruppen. Wann dâKanner kleng sinn, ginn oft nach dâEltere mat. Se hunn e Liichtbengel mat engem Lampion, dee si meeschtens an der Schoul gebastelt hunn. Se sangen e Lidd a krĂ©ien da meeschtens vun de Leit Kamellen oder SĂ©issegkeeten.
AâŻ: Flott! Dat klĂ©ngt e bĂ«sse wĂ©i Halloween, mee ouni KostĂŒm. Wat sangen dâKanner dann?
B: Et ass en traditionnellt Lidd, mir nennen et ,,LĂ©iwer Herrgottsblieschenââ. Et klĂ©ngt esouâŻ: (Lidd).
AâŻ: SchĂ©inâŻ! Mee ,,Speck an Ierbesseââ ginn et hautdesdaags warscheinlech net mĂ©i, oder?
B: Nee, wéi ech gesot hunn, ginn et meeschtens Séissegkeeten oder alt emol e puer Euro.
A: Ok! A wĂ©ini kommen dâKanner deen Dag meeschtens?
B: Oft gi se no der Schoul, also am Nomëtteg fort, mee heiansdo komme se och nach owes.
A: Gutt, da passen ech op, datt ech deen Dag e puer Kamellen oder Schockela am Haus hunn. Mee eng Fro hunn ech awer nach. Wien ass den ,,Herrgotssblieschenââ?
B: Ma dat ass den Hellege Blasius, ee vun deene 14 hellegen NouthĂ«llefer. En ass bekannt dofir, datt en dâVĂ©i vun de Bauere schĂŒtzt, mee och gĂ©int HalswĂ©i, Geschwier an dâPescht hĂ«lleft.
A: Wow, du weess wierklech vill. Ech froen dech dann dânĂ€chst KĂ©ier, wann ech zu enger anerer Traditioun eng Fro hunn!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut lauschtere mir en Jobinterview. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
En Jobinterview
Accueil: Gudde Moie Monsieur.
B: Gudde Moien. Ech hunn elo um 10:15 Auer, e Rendez-vous fir en Entretien.
A: WĂ©i ass Ăren Numm wgl.?
B: Ech heesche Bertrand Lafontaine.
A: KĂ«nnt Dir Ăren Numm buschtawĂ©ieren, wannechgelift?
B: Jo, natierlech. MĂ€i Virnumm ass B-E-R-T-R-A-N-D. MĂ€i Familljennum ass L-A-F-O-N-T-A-I-N-E.A: Ajo, ech gesinn. Dir sidd op der LĂ«scht. Dir kĂ«nnt elo hei de Lift huelen an op den 12. Stack fueren. Do kĂ«nnt Dir nach ee Moment an der Salle dâattente waarden. Eis Direktesch kĂ«nnt Iech pĂŒnktlech sichen.
B: Merci.
...
Direktesch: HĂ€r Lafontaine wgl.
B: Jo. Dat sinn ech.
D: Kommt mat a mĂ€i BĂŒro wgl. Huelt Iech Plaz.
B: Merci. Dir hutt wierklech eng schéi Vue op de Park.
D: Dat stĂ«mmt. Ech si ganz zefridden. Da fĂ€nke mir mol un⊠An Ărem Dossier steet, dass Dir momentan zu Diddeleng wunnt. Ass dat korrekt?
B: Jo, dat stĂ«mmt. An der rue de lâavenir, op der Nummer 27.
D: Vu wou kommt Dir?
B: Ech kommen aus FrankrÀich, vu Montpellier.
D: Wou schafft Dir de Moment?
B: Ech schaffen de Moment als Finanzspezialist op enger Bank.
D: Wat hutt Dir virdru gemaach?
B: Ech hu virdrun als Comptabel bei ZonAma geschafft.
D: Wat maacht Dir dann elo op der Aarbecht?
B: Ech beroden dâClienten, analysĂ©ieren a suivĂ©ieren dâFinanzmarchĂ©en an ech organisĂ©iere Reuniounen.
D: Firwat sicht Dir eng nei Aarbecht?
B : Ech hunn den Ament e CDD, e contrat à durée déterminée, dee just bis Juli 2025 geet. Wat fir e Profil sicht Dir?
D: Mir sichen eng Persoun mat 5 Joer Beruffserfarung. Et ass eis och wichteg, datt dâPersoun op dâmannst zwou vun den drĂ€i offizielle Sprooche vum Land gutt schwĂ€tzen a schreiwe kann. WĂ©i vill Joer Beruffserfarung hutt Dir?
B: Jo, ech hu schonn 10 Joer Erfarung an dësem BerÀich an ech hunn och 5 Joer Auslandserfarung. Ech hunn an Indien, an den USA an och an England geschafft.
D: Jo. Firwat wëllt Dir bei eis schaffen?
B: Well Dir dâNummer 1 an Ărem DomĂ€n sidd an ech sinn iwwerzeegt, datt ech mech an Ărer Firma weiderentwĂ©ckle kann. DâAarbechtsklima schĂ©ngt mer hei dynamesch a kreativ ze sinn, wat mech immens motivĂ©iert.
D: An der Rei Monsieur Lafontaine. Hutt Dir eventuell nach Froen un eis?
B: Jo, wéi vill Kandidaten hutt Dir?
D: Mir hu ganz vill Kandidate fir dëse Posten.
B: WĂ©ini krĂ©ien ech vun Iech eng Ăntwert?
D: Mir kontaktéieren Iech bannent enger Woch.
B: An der Rei. Merci, datt Dir mech invitéiert hutt.
D: Mir soen Iech Merci fir Ăren Interessi.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer sÀin Hobby, Badminton spillen, a sÀin Engagement an engem VerÀin zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer sÀin Hobby, a wéi et dozou komm ass, datt hie President vun engem VerÀin ginn ass.
Moien, Emmanuel! Kanns du dech kuerz virstellen?
B: Moien! Ech heeschen Emmanuel, ech sinn 38 Joer al. Ech kommen aus FrankrÀich a wunnen zu Lëtzebuerg zanter 2009.
B:âŻâŻElo wunnen ech am Rollingergronn, (no bei der StĂ€replaz).
A: Wat ass dÀin Hobby?
B: Dat ass Badminton.âŻAwer dat ass mĂ©i wĂ©i en Hobby: dat ass eng Leidenschaft!
A: Zanter wéini méchs du dat schonn?
B: Ech war 11 Joer al, wĂ©i ech ugefaang hunn, Badminton ze spillen. Ech hu 7 Joer gespillt an dann hunn ech missen ophale fir dâSchoul/(Uni). Ech hunn erĂ«m ugefaang wĂ©i ech 2009 op LĂ«tzebuerg komm sinn.
A: WĂ©i hues du LĂ«tzebuerg ugefaang?
B: 2009 hunn ech um Lampertsbierg gewunnt. Also hunn ech um Site vun der Federatioun no engem VerÀin no bei mengem Appartement gesicht, and dat war de Badminton Club Européen zu Dommeldeng.
A: Du bass elo President vum VerÀin. Wéi ass et dozou komm?
B: Gutt Fro, haha. De VerĂ€in war kleng, wĂ©i ech ugefaang hunn. De ComitĂ© war net ganz motivĂ©iert. Ech hat dâIddi, fir AktivitĂ©iten ze maachen, oder mĂ©i Competitiounen ze spillen. An dunn huet de President mir eng Plaz an dem ComitĂ© offrĂ©iert, an ech hunn acceptĂ©iert. Mir waren deemools 25 Spiller, an haut, si mir 130 Spiller. Mir haten eng Mannschaft fir Erwuessener an dem Championnat, an haut hu mir 5 Ekippe fir Erwuessener an zwou Jugendekippen an dem Championnat.
A: Interesséiere sech vill Jugendlecher fir de Sport?
B: Jo, mĂ©i a mĂ©i. Dat ass ganz gutt fir de Badminton zu LĂ«tzebuerg. DâFederatioun wĂ«ll mĂ©i SaacheâŻmaache fir mĂ©i Jugendlecher un dâSpillen ze krĂ©ien, mat der Iddi, datt LĂ«tzebuerg een oder zwee Spiller fir dĂ©i nĂ€chst Olympiad huet!
A: Cool! A ginn et vill Benevollen?
B: Net vill, awer genuch. Ech hÀtt gÀr e puer Benevollen méi, fir méi Aktivitéiten ze maachen, mee mir hu genuch Benevolle fir datt de VerÀin gutt funktionéiert.
A: Ech verstinn. An nach eng lescht Fro: Si vill aner Expats am VerÀin aktiv?
B: A mengem VerÀin, jo. Mee an der Federatioun si mir net esou vill Expats, fir ze hëllefen. An dem Comité vun de Federatioun ass een Expat vun 10 Memberen. A mengem VerÀin an am Comité hu mir ee Lëtzebuerger vun 8 Memberen. Mir sinn den eenzege VerÀin an der Stad, an dofir méi international wéi aner Clibb.
A: Interessant! Merci, Emmanuel, datt s du haut bei eis am Episod waars.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hĂ©iere mir en Dialog, an deem eng Koppel sech am ReesbĂŒro iwwer hir Vakanz beschwĂ©iert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am ReesbĂŒro
A: Gudde Moien, Madamm MĂŒller! Mir musse mat Iech iwwer eis lescht Vakanz schwĂ€tzen. Mir si wierklech enttĂ€uscht!
C: Gudde Moien, HĂ€r a Madamm Weber! O jee, dat deet mir awer leed. Wat ass da genau geschitt?
B: Ăierlech gesot goung sou zimmlech alles schif, wat hĂ€tt kĂ«nne schifgoen! Fir dâĂ©ischt war dâHotelszĂ«mmer an engem fuerchtbaren Zoustand, wĂ©i mir ukomm sinn! Et war stĂ«bseg, dâDreckskĂ«scht war nach voll an et waren Hoer am Lavabo am BuedzĂ«mmer an am Bett.
C: O mei, dat kléngt wierklech desagreabel. Hutt Dir dat dann dem Hotel gemellt?
A: Natierlech! Mee mir krute gesot, datt keen anert ZĂ«mmer frĂ€i ass, an datt dâBotzpersonal sech erĂ©ischt muer dorĂ«ms kĂ«mmere gĂ©ing, well et schonn owes war. Net ze gleewen, oder?
C: Dat deet mir wierklech leed. Esou e Service ass natierlech inakzeptabel. Goufen et nach weider Problemer?
B: AllerdĂ©ngs! DâIesse war eng eenzeg Katastroph. Mir hate jo Hallefpensioun gebucht, a moies an owes gouf et Buffet. Mee et gouf all Dag dat selwecht, an dat, wat et gouf, war entweeder ze fetteg, versalzt oder scho kal. Een Owend lounge mir souguer nuets mat BauchwĂ©i am Bett!
A: An dann nach dee Kaméidi! Den Hotel war direkt nieft engem Chantier, wat eis virdrun net gesot gouf. De ganzen Dag hu mir bei der SchwÀmm de Kaméidi vu Baggeren a Maschinnen héieren. Wéi soll een do entspanen?
C: Dat klĂ©ngt wierklech fuerchtbar. Ech verstinn Ăr Roserei. Hutt Dir wĂ€rend Ărem Openthalt probĂ©iert, dâReeseleedung op der Plaz ze kontaktĂ©ieren?
B: Jo, mee do hu mir entweeder keen erreecht oder mir goufe vertrĂ©ischt. Mir hate wierklech dâImpressioun, datt keen eis hĂ«llefe wollt.
A: Ganz éierlech, esou eppes hu mir nach ni erlieft. Mir si richteg rosen an hÀtte gÀr eng anstÀnneg Entschiedegung!
C: Dat verstinn ech total. Kommt, ech notĂ©ieren alles, datt mir eng Reklamatioun un den Organisateur weiderleede kĂ«nnen. Mir kĂ«nnen op e Remboursement oder op dâmannst op eng Entschiedegung a Form vun engem Reesbong insistĂ©ieren.
B: E Reesbong? Also, no dëser Erfarung weess ech net, ob mir jee erëm bei Iech buche wÀerten!
C: Dat verstinn ech ... Ech maache mÀi Bescht, fir e Remboursement a Form vu Suen ze kréien. Hutt Dir Fotoen oder aner Beweiser, déi mir mat eraschécke kënnen?
A: Jo, natierlech. Mir hunn alles dokumentéiert: Fotoe vum Zëmmer, vum Iessen an natierlech Videoe vun der Baustell.
C: Dat hĂ«lleft scho vill, Merci. Ech schĂ©cken Ăr Reklamatioun direkt eran a wĂ€ert mech dofir asetzen, datt Dir eng fair LĂ©isung kritt. Kann ech Iech dĂ©i nĂ€chst Deeg per Telefon kontaktĂ©ieren, fir Iech en Update ze ginn?
B: Dat wier gutt. Mir hoffen, datt Dir Iech seriö dorëms këmmert!
C: SelbstverstĂ€ndlech. Et deet mir wierklech leed, datt Ăr Rees esou eng EnttĂ€uschung war. Ech wĂ€ert alles dofir maachen, fir dat erĂ«m gutt ze maachen.
A: Merci. Mee, éierlech gesot, hÀtte mir eis deen Ierger gÀr erspuert.
C: Dat verstinn ech. Nach eng Kéier, et deet eis leed. Ech melle mech esou séier wéi méiglech.
B: Ech sinn zwar elo gespaant, ob do wierklech eppes dobÀi erauskënnt. Dës Kéier loosse mir eis net uschmieren!
A: Genau! An dânĂ€chst KĂ©ier recherchĂ©iere mir selwer besser, bevir mir buchen.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi an engem Sproochecafé matenee schwÀtzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am Sproochecafé
Organisatrice: Moien an hÀerzlech Wëllkomm hei zu Luerenzweiler an eisem Sproochecafé! Dir kënnt hei véier Sproochen schwÀtzen an trainéieren. Op der rietser SÀit, hei vir, ass den Dësch fir DÀitsch, riets, bei der Dier, ass Lëtzebuergesch, niewendrun ass Franséisch an do ass den Dësch, fir Englesch ze schwÀtzen. Huelt Iech Plaz an installéiert Iech.
Beatriz: Moien!
Jamie: Moien!
B: WĂ©i heeschs du?
J: Ech heeschen Jamie. An du?
B: Ech heesche Beatriz.
J: Et freet mech!
B: Mech och!
J: Wéi geet et dir�
BâŻ: Mir geet et gutt. Ech sinn e bĂ«sse midd. WĂ©i geet et dir?
J: Mir geet et tipptopp!
B: Vu wou kënns du?
J: Ech kommen aus Schottland, vun Danestone.
B: Wou ass dat?
J: Kenns du Aberdeen? Et ass ganz no bei Aberdeen.
B: A ok! Jo, ech hu scho vun Aberdeen héieren.
J: Vu wou kënns du?
B: Ech sinn a Portugal gebuer, mee ech kommen aus Spuenien. MÀi Papp ass Portugis a meng Mamm ass Spuenierin. Si hunn a Portugal studéiert an hu sech do kenne geléiert.
J: Cool! Wunns du scho laang zu LĂ«tzebuerg?
B: Ech wunnen zënter véier Joer zu Lëtzebuerg. Wéi laang wunns du schonn zu Lëtzebuerg?
J: SÀit fënnef Joer.
B: Wéi laang léiers du scho Lëtzebuergesch?
J: SÀit ongeféier 4 Joer, an du?
B: SĂ€it zwee Joer? Oder zweeanhallef Joer?
J: Wat fir Sprooche schwÀtz du nach?
B: Portugisesch, Spuenesch, Franséisch, e bëssen Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. An du?
J: Ech schwÀtzen Englesch a Lëtzebuergesch. De Moment léieren ech Franséisch am INLL. Et ass immens schwéier fir mech. Ech muss och nach méi Lëtzebuergesch schwÀtzen. Op menger Aarbecht schwÀtze mir just Englesch, duerfir sinn ech hei am Sproochecafé, fir Lëtzebuergesch ze schwÀtzen.
B: Jo, ech schwÀtzen och net genuch Lëtzebuergesch. Ech wëll mech och nees an e Lëtzebuergeschcours am INLL aschreiwen. De Sproochecafé ass flott, mee en ass just ee Mol de Mount.
J: Jo, dat ass wouer.
B: Wat bass du da vu Beruff?
J: Ech schaffen als Informatiker am CTIE, de Centre des technologies dâinformation de lâEtat.
B: Mega! Ech sinn och Informatikerin! Ech schaffen awer am Privatsecteur.
J: A, cool! Wéi gefÀlt et der?
B: DâAarbecht gefĂ€lt mir ganz gutt, mee et ass ustrengend. De Moment schaffen ech oft mĂ©i wĂ©i aacht Stonnen ; heiansdo zĂ©ng, heiansdo zwielef Stonnen.
Wat sinn dann deng Hobbyen?J: Jo, dat kléngt wierklech no vill! Ech hoffen, et gëtt geschwë besser! Ech gi gÀr lafen, mee ech spillen och Basket. Heiansdo trainéieren ech och mat de Kanner.
B: A, hues du Kanner?
J: Nee nee, ech sinn heiansdo Trainer vun de Kanner a mengem Basketsclub!
B: Aaa! Elo verstinn ech!
J: Kee Problem! Ech verstinn och net Ă«mmer direkt alles. Mir mussen nach mĂ©i LĂ«tzebuergesch ĂŒben.
B: Jo! Hues du Loscht an ZÀit de Weekend eppes drénken oder iessen ze goen? Da kënne mir nach méi schwÀtzen!
J: GĂ€r! WĂ©ini? E Freideg oder e Samschdeg? MĂ«ttes? Owes?
B: Hues du e Samschdeg den Owend ZĂ€it?
J: Jo, dat geet. Treffe mir eis an der Stad?
B: Jo. Op der Plëss virum Cercle?
J: Tipptopp! Um wéi vill Auer?
B: TĂ«schent siwen an aacht?
J: Um hallwer aacht?
B: Perfekt! WĂ©i ass deng Handysnummer?
J: Meng Nummer ass 671âŻ987 654.
B: Ech schécken der en Emoji, dann hues de meng Nummer och.
J: Perfekt!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir d'Maisy Gorza, d'Directrice vum INLL bei eis am Studio. Mir schwÀtze mat him zesummen iwwer den INLL. Vill Spaass beim Nolauschteren!
--
Fir dësen Episod ass keen Transkript disponibel.
-
WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht! Am Episod vun haut schwĂ€tze mir mam GĂŒneĆ iwwer sĂ€in Hobby, Trail lafen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
AâŻ: WĂ«llkomm an der PoterkĂ«scht! Haut schwĂ€tze mir erĂ«m eng KĂ©ier iwwer Hobbyen. Mir hunn dofir en Apprenant aus dem INL bei eis am Studio, de GĂŒneĆ. WĂ«llkomm am Studio!
B: Moien!
A: GĂŒneĆ, du lĂ©iers de Moment LĂ«tzebuergesch. Zanter wĂ©ini?
B: Ech léieren zanter engem Joer Lëtzebuergesch. Et ass net einfach!
A: Dat ass wouer, mee du schwÀtz scho ganz gutt. Haut schwÀtze mir iwwer dÀin Hobby. Du leefs gÀr, oder?
B: Jo, dat ass richteg. MĂ€in Hobby ass virun allem Trail lafen.
A: Dat kléngt interessant. Kanns du eis erklÀren, wat Trail lafe genau ass?
B: Jo. Beim Trail lafe leeft een net op der Strooss, mee op Weeër an der Natur, zum Beispill am Bësch, an de Bierger oder op Felder.
A: Dat kléngt no Abenteuer! Firwat gefÀlt dir Trail lafen esou gutt?
B: Ech hunn dâNatur immens gĂ€r. Ech kann DĂ©iere gesinn an dĂ©i frĂ«sch Loft deet gutt. An natierlech ass et och gutt fir mĂ€i Kapp a fir mĂ€i Kierper.
A: Ech verstinn. WĂ©i oft gees du Trail lafen?
B: Normalerweis lafen ech zwee bis drĂ€i Mol dâWoch. Ech maachen och nach Kraafttraining eleng oder mat engem Grupp dobaussen. De Weekend maachen ech oft mĂ©i laang Leef, heiansdo mĂ©i wĂ©i 20 Kilometer.
A: Wow, dat ass vill! HĂ«ls du och u Competitiounen deel?
B: Jo, ech si viru Kuerzem den Uewersauertrail zu LĂ«tzebuerg gelaf.
AâŻ: A wĂ©i preparĂ©iers du dech op esou eng Course?
B: Ech trainéiere vill, iesse gesond an drénke vill Waasser. An ech schlofe genuch.
A: Dat ass wichteg. Géifs du mir oder eisen Nolauschteren Trail lafen och recommandéieren�
B: NatierlechâŻ! Et mĂ©cht Spaass an et ass gutt fir dâGesondheet. Et brauch ee just gutt Schong a Motivatioun.
A: Merci! Da probéieren ech dat eventuell deemnÀchst eng Kéier. Merci, datt s du haut hei waars an eis vun dengem Hobby erzielt hues.
B: Merci fir dâInvitatioun!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwÀtze mir e bëssen iwwer VirsÀtz fir dat neit Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
VirsĂ€tz fir dâneit Joer
A: WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«schtâŻ! Am Episod vun haut schwĂ€tze mir iwwer VirsĂ€tz fir dâneit Joer. Dat passt, oder?
B: Absolut! Ech huele mir ëmmer gÀr e puer gutt VirsÀtz, och wann ech se meeschtens am Februar schonn opginn.
C: Max, du bass net eleng! Ech denken, vill vun eis fĂ€nken dâJoer voller Energie un, mee duerchzehalen, dat ass eng aner Saach.
A: Dofir schwÀtze mir jo haut driwwer. VlÀicht hëllefen eis Tipps a VirsÀtz jo eisen Nolauschterer, motivéiert ze bleiwen. Also, loost eis direkt ufÀnken. Wat sinn Àr VirsÀtz fir dat neit Joer?
C: O je, wou soll ech ufĂ€nken? MĂ€in Haaptvirsaz ass, mĂ©i Sport ze maachen. Dâlescht Joer hunn ech esou oft gesotâŻ: ,,Ab muer ginn ech lafenâŻ!ââ Mee ⊠,,muerââ koum iergendwĂ©i ni.
BâŻ: Klassiker! Mee, Sarah, wat heescht dat elo konkreet? Gees du elo all Moien um sechs Auer lafen?
C: Um sechs? Vergiess et! Ech wĂ«ll realistesch bleiwen. Ech ginn zwee Mol dâWoch lafen, dat geet fir de Moment duer. VlĂ€icht mellen ech mech am FrĂ©ijoer fir e Vollekslaf un, fir e klengt Zil ze hunn.
A: Dat kléngt dach realistesch! Ech fannen, kleng Ziler sinn immens wichteg.
B: Jo, mee Jil, ech si mer sécher, datt s du dëst Joer nees ee vun deenen immens éiergÀizege VirsÀtz hues.
A: E bëssen, jo. Ech wëll endlech mÀin éischt Buch schreiwen.
C: Wow! An, hues du schonne Plang?
A: Jo. Ech hu mir virgeholl, all Dag op dâmannst eng Stonn ze schreiwen. Dat klĂ©ngt no net vill, mee ech hoffen, datt ech esou bis de Summer e klengen Entworf hunn.
B: Respekt! A wat mĂ©chs du, wann dâMotivatioun nolĂ©isst?
A: Gutt Fro. Ech wëll mir eng speziell Plaz ariichten, wou ech ouni Oflenkung schaffe kann. An ech hunn enger Frëndin dovun erzielt, déi mech reegelméisseg froe wÀert, wéi et leeft. Esou hunn ech e bëssen Drock.
C: Kléngt gutt. VlÀicht soll ech och een hunn, dee mech reegelméisseg freet, ob ech lafe war.
B: O, do hëllefen ech gÀr! Ech ruffen einfach all Méindeg un a froen, ob s du scho lafe waars.
C: Ha ha. Max, wat sinn dann deng VirsÀtz?
B: Bei mir geet et Ă«m dâIessen. Ech wĂ«ll manner Fast Food iessen a mĂ©i selwer kachen.
C: Dat ass dach guttâŻ! Mee ech hu geduecht, du wiers esou frou mat Burgeren a Pizza?
B: Dat sinn ech och! Mee ech hunn dâlescht Joer gemierkt, datt ech mech no esou vill fettegem Iessen oft midd fillen. Dofir wĂ«ll ech et op eemol dâWoch reduzĂ©ieren. An: Ech wĂ«ll lĂ©ieren, e puer einfach Platen ze kachen.
A: Dat kléngt jo no engem Challenge. Weess de schonn, wat s de kache wëlls�
B: Jo! Ech hu mir schonn drĂ€i Rezepter erausgesicht: e Curry, eng selwergemaache Pizza â gesond, natierlech â a Lasagne.
C: O, ech komme laanscht, wann s de dâLasagne mĂ©chs!
B: DealâŻ! Mee dir dĂ€erft erĂ©ischt kommen, wa se net mĂ©i no ââKachufĂ€ngerââ schmaacht.
A: Okay, also als ResĂŒmmee: dâSarah wĂ«ll mĂ©i lafen, de Max wĂ«ll manner Fast Food iessen a besser kachen, an ech schreiwen e Buch. Wat denkt dir, wĂ©i grouss sinn dâChancen, datt mir dat duerchzĂ©ien?
C: Hmm, soe mer 70 Prozent?
B: Also, ech gi mir selwer 50 Prozent. Mee wann dir reegelmĂ©isseg nofrot, wĂ©i et leeft, klammen dâChancĂ« vlĂ€icht op 60 Prozent.
C: Haha, da komm, mir maachen en Deal: Ech froen dech no denge Kachkënscht, an du erënners mech, lafen ze goen.
A: An dir frot mech no mengem Buch! Esou motivéiere mir eis géigesÀiteg.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hire Sylvesterowend schwÀtzen. Vill Spaass beim Nolauschteren.
-
Transkript:
A: Prost a vill Gléck am neie Joer!
B: Prost! Och fir dech, virun allem eng gutt Gesondheet. Gëschter war jo mol e lëschtegen Owend.
A: Gell. Bis wéi vill Auer bass du bliwwen?
B: O Mamm, vill ze laang.
A: Firwat sees de dat?
B: Ma de Christian huet net opgehalen eis ëmmer rëm WÀin nozeschëdden an iergendwann hate mir all eng hÀnken.
A: O nee, wéi witzeg! Wéi schued datt ech dat verpasst hunn!
B: Hal op! Ech si frou, datt net vill Leit dat matkruten. De Josy ass souguer op sengem Stull ageschlof. Hien huet natierlech och dâFreedefeier verpasst. An iwweregens, firwat bass du dann esou frĂ©i heemgefuer?
A: Ăierlech gesot war et mir nom Haaptplat immens schlecht an dofir sinn ech mol net bis zwielef Auer bliwwen. Ech wollt onbedĂ©ngt mĂ©i laang do bleiwen, fir mat deenen aneren nach ze schwĂ€tzen, ze danzen an natierlech och op dat neit Joer unzestoussen.
B: Jo, ech hat schonn deng Kippche preparĂ©iert, mee do waars du scho fort. Wat fir e MenĂŒ has du da gewielt? VlĂ€icht hues de eppes net verdroen. Also mir huet alles ganz gutt geschmaacht.
A: Ech hat dâTĂ«ntefĂ«schzalot als EntrĂ©e an dono hat ech de BĆuf bourguignon. WĂ©i gesot, den Dessert krut ech net mĂ©i ze schmaachen.
B: Komesch! Ech hat dat selwecht!
A: Ech muss och zouginn, ech hat beim Aperitif schonn 3 Couppen op den eidele Mo gedronk. Dat kann et och gewiescht sinn.
B: A! Ma do hu mer et jo! Et war bestĂ«mmt dat! Ech weess dass dâManuela immens vill WĂ€ert drop leet, wat fir en Traiteur et kontaktĂ©iert. WĂ©i et virun e puer Joer och eng Feier organisĂ©iert huet, hate ganz vill Leit eng LiewensmĂ«ttelvergĂ«ftung an dat soll sech elo net mĂ©i widderhuelen?
A: Sécher! Dat mat der Liewensmëttelvergëftung wosst ech guer net. Do hunn ech iech all nach net kannt.
B: Gleef mer, dat war net schéin! Dofir huet et sech awer dëst Joer extra Méi ginn. Den Dësch war immens schéin dekoréiert, et huet e gudden Traiteur fonnt, et gouf gudde WÀin a kuerz viru Mëtternuecht krute mir eng Coupe Cremant a SpÀizmÀnnercher. Dat war wierklech flott.
A: Jo, ech hunn Àr Fotoe gesinn, déi si richteg flott gi mat de SpÀizmÀnnercher. Ech war e bësse jalous.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Mir hoffen, datt dir schéi Feierdeeg hat. Am Episod vun haut erziele mir vun engem chaotesche Chrëschtdagsiessen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
B: Hallo! Wéi geet et dir?
A: Hallo! Gutt an dir? Wéi waren deng Feierdeeg ?
B : Jooo…hmm… Hellegowend war immens schéin, mee Chrëschtdag selwer war fuerchtbar!
A: Wéi? Wat ass da geschitt?
B: Am Ufank war nach alles an der Rei. Mir hunn e puer Kippercher Cremant gedronk – verschiddener, menger Meenung no, e puer ze vill – an derbäi gouf et immens gutt Aperitifskichelcher, vun deem neien Traiteur do, vun deem ech der erzielt hat.
A: A jo!
B: Als Entrée gouf et fir d’éischt eng Héngerbritt, déi meng Bomi matbruecht hat an nach Saumon fumé mat Toasten. A propos, meng Bomi huet quasi déi ganzen Zäit geschwat: iwwer hir Kandheet, iwwer déi nei Dirigentin vun hirem Gesank,... A se huet och iwwer sou vill Leit, déi mir guer net kennen, geschwat a gelästert. Dat huet wierklech genervt.
A: Ok. An dunn?
B: Duerno gouf et e Brot an als Bäilag kleng Gromperegratinen a roude Kabes.
A: Nee, nee! Wat ass du geschitt?
B: Maja, waart! Mäi Monni, dee scho vill ze vill Wäi gedronk hat, huet sech opgereegt, datt de Kabes versalzt wier. Menger Mamm ass bal de Kolli geplatzt! Si kann hirer Schwëster hire Mann souwisou schonn net leiden. Glécklecherweis huet awer keen e Sträit ugefaang. Bon, als Dessert hate mer eng Bûche. Meng Schwëster mécht se all Joer selwer. Et ass wierklech déi bescht Bûche, déi ech jee giess hunn, eng Schockelasbûche.
A: Mh hm.
B: Obwuel mer scho laang sat waren, gouf et beim Kaffi nach kleng Stollen a Kichelcher.
A: Dat kléngt wierklech no vill...
B: Jo, dat Gefréiss all Joer...et ass mer all Kéiers ze vill. Mee lo awer: Meng Tatta, mengem Papp seng Schwëster, hat hiren Hond matbruecht. Dat huet eiser Kaz net esou gutt gefall. Den Hond huet si sou erféiert, datt se an de Chrëschtbeemche gesprongen ass. De Beemchen ass dunn ëmgefall. Wéi mir e rëm opgeriicht hunn, hu mer gemierkt, datt den Adventskranz gebrannt huet. De Beemchen hat d’Käerzen ëmgeheit. Mir sinn alleguer esou erféiert a woussten am éischte Moment net, wat maachen. Mäi Monni, dee grad en Tëmpche gehalen huet, well en ze vill gedronk hat, huet vu Schreck säi Glas Wäin op d’Feier geheit. Dat huet natierlech näischt gehollef. Meng Mamm huet dunn awer geschalt an de Brand mat dem Waasser aus dem Krou geläscht.
A: O vreck! Wat e Chaos! Dat ass jo wierklech wéi an engem Film! Dann hoffen ech, datt wéinstens däi Silvester besser gëtt! -
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwÀtze mir e bësse méi allgemeng iwwer de Wanter, an duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Wanterpneue schwÀtzen.
-
Transkript:
De Wanter
Am Wanter ass et zu LĂ«tzebuerg kal, net grad esou kal wĂ©i an den nĂ«rdleche LĂ€nner, mee et kĂ«nnen awer och Minusgrade ginn. Meeschtens sinn dâTemperaturen Ă«m dĂ©i 5 Grad an et reent och vill. Zu LĂ«tzebuerg schneit et leider net mĂ©i vill, mee wann ee mol Chance huet an et schneit, da sollt een definitiv mam Schlitt fuere goen. Eng aner AktivitĂ©it, dĂ©i mer am Wanter maache kĂ«nnen, ass Schlittschong fueren. DâLeit ginn dofir oft op dâKockelscheier. Do kann ee Schlittschong auslĂ©inen an et ausprobĂ©ieren. Wann ee lĂ©iwer eppes mĂ©i Gemittleches maache wĂ«ll, da kann een op de ChrĂ«schtmaart goen an eppes Leckeres iessen an drĂ©nken. Um ChrĂ«schtmaart kann ee GlĂŒwĂ€in drĂ©nken, dann ass et engem direkt manner kal an et kann een zum Beispill Gromperekichelcher, verschidde Wurschten, Tartifletten, Eisekuchen an nach aner Saachen iessen. A wa mer schonn iwwert dâIesse schwĂ€tzen, da kĂ«nne mer och soen, dass am Wanter vill Raclette giess gĂ«tt. Et gĂ«tt ee bei Kolleegen invitĂ©iert, oder et invitĂ©iert ee selwer Leit bei sech. Fir Leit, dĂ©i net gĂ€r kachen ass dat perfekt, well et muss ee just den Apparat umaachen a fir de Rescht zerwĂ©iert jidderee sech selwer. Mmmm, elo hunn ech zwar Loscht op eng Raclette!
Diskussioun Wanterpneuen
A: So, mengs du net, du misst mëttlerweil deng Wanterpneuen op den Auto montéiere loossen?
B: Nee, firwat dann dat? DâWieder ass jo nach an der Rei.
A: Elo nach! An e puer Deeg soll et schneien an du wëlls jo net mat denge Summerpneuen am Schnéi fueren.
B: Ech kucken als éischt emol, ob et iwwerhaapt Schnéi gëtt an dann decidéieren ech dat.
A: Maach wéi s de wëlls, mee du weess jo, wann s du vun der Police ugehale gëss, da muss du 74⏠bezuelen an du muss dÀin Auto op der Plaz stoe loossen. An du sos dach, du fiers de Weekend fort, nee?
B: O nee... Ech muss dir eppes beichten... Ech mengen ech hunn iwwerhaapt keng Wanterpneuen.
A: Wat?! Hues du se nach all? Dat ass jo extreem geféierlech.
B: Et deet mer leed. Ech hunn den Auto jo eréischt kaf an hunn net dru geduecht, dass ech och nach nei Pneue misst kafen. Ech weess emol net, wat fir Pneuen ech um Auto hunn.
A: O mei! Dat ass wierklech typesch! Da komm mir gi mol kucken.
A: MÀin Auto ass mega schéin, oder? An déi Faarf passt och voll bei mech.
B: Jo, jo, Haaptsaach dâFaarf passt. Da looss mech elo mol deng Pneue kucken.
A: Ăa va.
B: Uff! Du hues Allweatherpneuen dat ass jo nach an der Rei.
A: Wou gesÀit een dat iwwerhaapt?
B: Kuck. Hei steet M+S, dat steet fir âmud and snowâ, also Bulli oder MĂ€tsch a SchnĂ©i, an dat ass dâZeeche fir dâAllweatherpneuen.
B: A wéi erkennen ech déi aner Pneuen?
A: Bei de Wanterpneue steet och M+S drop, mee et ass och nach e Symbol mat engem Bierg an enger Schnéiflack dran, direkt niewendrun.
B: Aha! A wat fir en Zeeche gesinn ech bei de Summerpneuen?
A: Dofir gëtt et keen Zeechen. Dat heescht, wa guer keen Zeechen drop ass an och net M+S drop steet, da sinn et Summerpneuen.
B: Dat ass alles sou komplizĂ©iert. Ab wĂ©ini muss ech dâWanterpneuen um Auto hunn?
A: Et gëtt kee richtegen Datum, mee du muss der bei Schnéi a bei GlatÀis drop hunn.
B: Ok, da sinn ech jo lo gutt informéiert.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Koppel iwwer déi verschidden Aufgaben am Stot schwÀtzt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun en Zëmmer an enger WG kucke geet.
-
Den Transkript fir dësen Episod kënnt méi spéit no.
Merci fir Ăr Gedold!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwÀtze mir mam Gilles iwwer d'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Klickt wgl. uewe riets op ,,Access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
---
Transkript:
NathalieâŻ: O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill ZĂ€it, mee ech muss onbedĂ©ngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer ⊠oder vlĂ€icht en DonneschdegâŻ? Hoffentlech hu se nach eppes frĂ€i ⊠Ech ruffen emol un a froen.
CâŻ: Gudde Moien, Salon ,,Schnipp Schnappââ, wĂ©i kann ech Iech hĂ«llefen?
NâŻ: Moien, hei ass dâNathalie Silva. Ech gĂ©if gĂ€r e Rendez-vous beim Jackie huelen, wannechgelift.
CâŻ: NatierlechâŻ! Ass et just fir ze schneiden oder och fir ze fierwen?
NâŻ: Ech muss den Nowuess fierwen an dâSpĂ«tzen e bĂ«sse schneiden.
CâŻ: An der Rei, wĂ©ini geet et Iech?
NâŻ: Am beschte muer de Moien.
CâŻ: Muer de Moien ⊠Hmm, ech kucken ⊠Nee, do ass schonn alles voll beim Jackie. Ech hĂ€tt just nach eppes frĂ€i beim Nadine, um 11âŻ:45.
NâŻ: Hmm, nee, dat ass e bĂ«sse spĂ©it, an ech gĂ©if lĂ©iwer wĂ©i Ă«mmer bei dâJackie goen. WĂ©i wier et dann en Donneschdeg?
CâŻ: En Donneschdeg ass nach direkt um 8âŻ:30 eppes frĂ€i beim Jackie.
NâŻ: Hmm, dat ass frĂ©iâŻ! Mee OK, dann huelen ech dee Rendez-vous.
CâŻ: Tipptopp, Madamm Silva. Da bis en Donneschdeg um 8âŻ:30.
NâŻ: Jo, MerciâŻ! Bis en Donneschdeg.
NathalieâŻ: Sou, den Ă©ischte Rendez-vous ass geholl. UffâŻ! An elo ruffen ech och direkt beim KinĂ© un, fir mĂ€i Rendez-vous en Donneschdeg ze verrĂ©ckelen. Dat gĂ«tt soss e bĂ«ssen enkâŠ
PâŻ: Praxis KinĂ© Miersch, gudde Moien.
NâŻ: Gudde Moien, hei ass dâNathalie Silva. Ech ruffen u wĂ©inst engem Rendez-vous, deen ech leider verrĂ©ckele muss.
PâŻ: WĂ©ini ass Ăre Rendez-vousâŻ?
NâŻ: En Donneschdeg de Moien um 9âŻ:30.
PâŻ: Ok, ech kucken ⊠wĂ©ini gĂ©ift dir da gĂ€r amplaz kommenâŻ?
NâŻ: Eventuell en Donneschdeg NomĂ«ttegâŻ? Wier do eppes frĂ€iâŻ?
PâŻ: Nee, en Donneschdeg ass leider schonn alles voll. E Freideg hĂ€tt ech nach eppes.
NâŻ: Hmm, e Freideg ass schwiereg, do schaffen ech de ganzen Dag. Soss dânĂ€chst Woch, direkt e MĂ©indegâŻ?
PâŻ: E MĂ©indeg hĂ€tt ech nach e Rendez-vous um 14 Auer an um 16 Auer.
NâŻ: 14 Auer, dat passt.
PâŻ: An der Rei, dann Ă€nneren ech de Rendez-vous.
NâŻ: Villmools MerciâŻ! Nach e schĂ©inen Dag.
PâŻ: Merci glĂ€ichfalls.
NathalieâŻ: Uff, dat war jo guer net esou einfach. Mee elo ass alles organisĂ©iertâŻ: De Coiffer en Donneschdeg de Moien, an dofir de KinĂ© e MĂ©indeg NomĂ«tteg.
-
Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht!
Haut erklĂ€ren mir dâAussprooch vum âchâ. WĂ©ini soe mir [Ï] a wĂ©ini soe mir [É] ?
-
Transkript:
A: Wéi schwÀtzt een dat Wuert aus?
B: Buch.
A: An dat?
B: Bicher.
A: Mee, firwat âBuchâ a firwat âBicherâ?
B: Also: âBicherâ ass de Pluriel vu âBuchâ.
An et gĂ«tt och glĂ©cklecherweis eng Reegel, wĂ©ini mir [Ï] a wĂ©ini mir [É] soen.
Wa virun dem âchâ en âaâ, en âoâ oder en âuâ ass, da soe mir [Ï].
ach, och, uch
So eng KĂ©ier: ach, och, uch
A: ach, och, uch
B: Gutt. Hei si Beispiller: Kach, nach, kachen, aacht, maachen
A: Kach, nach, kachen, aacht, maachen
B: och, Woch, Wochendag, MĂ«ttwoch, Sprooch
A: och, Woch, Wochendag, MĂ«ttwoch, Sprooch
B: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen
A: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen
B: Gutt!
A: Ok. GĂ«tt et Exceptiounen?
B: Wéi ganz oft gëtt et och hei Ausnamen. Wéi zum Beispill bei Wierder aus dem
Franséischen: Tùche, Cauchemar, accouchéieren, Grand-Duché
Sou. Wa virun dem âchâ en âiâ, en âeâ oder en âĂ€â ass, da soe mir [É].ich, ech, Ă€ch - âĂ€châ mat âa Treema, c, hâ oder âechâ mat âe,c,hâ
So eng Kéier: ich, ech, Àch
A: ich, ech, Àch
B: Gutt. Beispiller: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnerstrÀichen, Gespréich, Noriichten
A: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnerstrÀichen, Gespréich, Noriichten
B: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen
A: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen
B: KÀchin, erwÀchen, Becher, schlecht, Recht
A: KÀchin, erwÀchen, Becher, schlecht, Recht
B: Tipptopp! Opgepasst! Meeschtens, wann hannert dem âchâ en âsâ steet, da prononcĂ©iere mir den âchâ als [k].
Beispiller: Dachs, Ochs, nÀchst, NÀchsten, sechs, Béchs, Schongwichs,
Mee och hei ginn et Ausnamen. Mir maachen dat just, wann den âsâ en Deel vum Wuert
ass.
Ausname sinn zum Beispill: du kachs, mëttwochs, du brauchs, BesuchszÀit, du sichs,
du glĂ€ichs, du mĂ©chs, asw.So zum Schluss elo nach eng KĂ©ier dâReegel:
ach och uch
ich ech ÀchA: ach och uch
ich ech ÀchB: Perfekt!
A: Cool Merci fir dâExplikatiounen!
B: ât ass gĂ€r geschitt!
- Laat meer zien