Afleveringen

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Rendez-vous (Date) erzielt (Niveau A2.1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Ech erzielen iech mol eng witzeg Geschicht. Ech war de leschte Freideg op engem Date. Ech hunn den Typ op enger Dating-App kenne geléiert an ech wëll jo keen no sengem Ausgesi beurteelen, mee hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen. Op de Fotoen hat hie schéi laang Hoer, hie war zimmlech sportlech an huet och grouss ausgesinn.

    Mir hunn eis um 19:30 bei engem Restaurant getraff a wéi ech hie scho vu WÀitem gesinn hunn, war ech schockéiert! Hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen ... Hien hat eng Glatz a war méi kleng wéi ech! Mee ëmmerhi war e sportlech. Ech war wierklech rosen an enttÀuscht, mee ech sot mer, dass e jo vlÀicht e gudde Charakter huet.

    WĂ©i mer bis am Restaurant souzen a geschwat hunn, ass mer direkt opgefall, dass hien immens sympathesch, intelligent a witzeg ass. Ech hunn deen Owend wierklech vill gelaacht.

    No eisem Owend hunn ech decidĂ©iert, deem Ganzen nach eng Chance ze ginn a mir treffen eis d’nĂ€chst Woch, fir zesumme Schlittschong fueren ze goen.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut schwÀtze mir iwwer Vakanz. Fir d'éischt héiere mir en Dialog, wou eng Persoun um Telefon iwwer hir Vakanz schwÀtzt (Niveau A1). Duerno héiere mir eng Koppel, déi eng Vakanz plangt (Niveau A2.2).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript

    Dialog 1:

    Mamm: Moie Philippe! An, wéi ass et an Àrer Vakanz?

    Philippe: Super! Haut sinn et 30 Grad an d’Sonn schĂ©ngt. Ech gi geschwĂ«nn op d’Plage. A wĂ©i ass d’Wieder doheem?

    Mamm: Net immens. Hei sinn et just 15 Grad an et reent schonn de ganzen Dag.

    Philippe: Dat ass awer schued. Hei um Mier ass d’Wieder perfekt.

    Mamm: Flott! Wat maacht dir dann nach esou dës Woch?

    Philippe: Den Owend gi mir an e Restaurant typesch Platen aus der Regioun iessen. Muer maachen ech e Surfcours an iwwermuer maache mir en Ausfluch an eng kleng Stad. Mir ginn e Schlass kucken an e bësse shoppen.

    Mamm: Dat kléngt flott! Kaf der Bomi e klenge Souvenir a schéck denger Tatta eng Postkaart, da freet si sech.

    Philippe: Jo, dat maachen ech. Wat méchs du dann dës Woch nach esou?

    Mamm: Haut maachen ech net vill. D’Wieder ass jo schlecht. Den Owend gĂ«tt et och en Donnerwieder. Mee vu muer u gĂ«tt d’Wieder erĂ«m besser. Et ginn 20 Grad a Sonn. Ech schaffe mat dengem Papp am Gaart a mir fuere vlĂ€icht op d’Musel spadsĂ©ieren.

    Philippe: Flott! Sou, Mamm, ech muss elo goen, d’Martine waart op mech. Bis geschwĂ«nn!

    Mamm: Äddi mĂ€i Jong!

    Dialog 2:

    Lena: Nik, wuer solle mer dëse Summer an d'Vakanz fueren? Nik: Ech hu guer keng Anung... Ech wëll awer gÀr de Lucky mathuelen, dat heescht, mir fuere mam Auto a bleiwen an Europa, gell?

    Lena: Op alle Fall! Ok, dann nenn mer deng Top 3 Destinatiounen! Meng si Schweden, DĂ€nemark an d'Provence.

    Nik: Flott! Hmm...op der éischter Plaz ass Holland, op der zweeter Plaz d'Dolomiten an op der drëtter Plaz d'SchwÀiz, mee deen Deel ëm Fribourg. Da kënne mer d'Florence besiche goen.

    Lena: O, deng Iddie sinn awer och gutt! Wat wéilts de dann an Holland maachen?

    Nik: Majo, virun allem kitesurfen. Ech hu viru Kuerzem an engem Video gesinn, datt een net just am Atlantik kitesurfe kann, mee och um IJsselmeer. Dat ass e risege SĂ©i an Holland.

    Lena: Cool! Ma dat kléngt jo perfekt! An op engem Séi kann een och nach vill aner Aktivitéite maachen, wéi schwamme goen, Kanu oder Kajak fueren, mat engem Boot fueren, op der Plage liesen, a sou weider.

    Nik: WĂ©i laang solle mer da goen?

    Lena: Mat der Hirees wëll ech awer 10 bis 14 Deeg goen. An ech wëll awer och verschidde Stied kucke goen an dir net 2 Woche laang beim Kitesurfen nokucken!

    Nik: Natierlech! Soll ech mech dann ëm de Logement këmmeren an du méchs e Plang, wat een alles kucke goe kann?

    Lena: Ok!

    Nik: LĂ©iwer Camping, Hotel oder en Appartement lounen?

    Lena: Mmhh, e Campingcar oder eng Roulotte si mir ze kleng. En Hotel ass ze deier an HĂ«nn sinn a vill Hotellen net erlaabt. Ech si fir en Appartement.

    Nik: Gutt, da kucken ech emol, wat ech fannen.

  • Zijn er afleveringen die ontbreken?

    Klik hier om de feed te vernieuwen.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Persoun iwwer de Programm vun hirem Konveniat schwÀtzt (Niveau A1-A2.1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    A: Denk drun, e Samschdeg ass mÀin 20-Joer-Konveniat. Da sinn ech net heiheem.

    B: A jo! WĂ©i ass dann de Programm?

    A: De Rendez-vous ass um 10.30 bei der Schoul, mee et fÀnkt um 11 Auer un. Mir maachen eng Visite guidée vun der Schoul an duerno drénke mir e Patt zesummen.
    Um 12.30 ass dann en Iesse mat Buffet, mee d’Christine, d’Catherine an ech gi lĂ©iwer eng Pizza an eis Liblingspizzeria iessen. Sou wĂ©i frĂ©ier!

    B: Flott! Wie kënnt dann nach?

    A: Aus menger Klass kommen nach d’StĂ©phanie, d’Charlotte, d’Mandy, den Tom, den David an den Dan. An ech mengen och nach d’Lena, d’Lynn, de Christophe an de Gilles.

    B: Topp! Wat maache si dann elo?

    A: D’StĂ©phanie an den Dan si bestuet an hunn e Jong. D’StĂ©phanie ass Bioproff an den Dan ass Engleschproff. D’Charlotte huet zwee Kanner an ass de Moment am CongĂ© de maternitĂ©. Hatt ass och Bioproff. D’Mandy schafft als Model an als Fotografin. Hmm....den Tom ass Affekot...an den David ass de Manager vun engem Betrib. D’Lena...ass Architektin, ... d’Lynn ass Chirurgin, ... de Christophe ... ass Pilot.

    B: An de Gilles?

    A: Ech weess et net. Hien ass net op de soziale Medien.

    B: Aha! Hues de deng Informatiounen all vun do?

    A: Ma nee! Mat e puer sinn ech och perséinlech a Kontakt!

    B: KĂ«nnt d’Marie och?

    A: Nee, hatt wunnt an Australien an huet keng ZĂ€it ze kommen.

    B: Schued!

    A: Jo...

    B: Kommen och Proffe vun der?

    A: Ech hoffen, et kommen der e puer. Mir hunn eis zënter 10 Joer net gesinn. Ech freeë mech schonn drop!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hiren Dag vu gëschter schwÀtzen. (Niveau A2.1-A2.2)

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Tranksript:

    Laure: Moien Alex! An, wéi war dÀin Dag gëschter?

    Alex: Salut! Gutt. Ech si géint néng Auer opgestanen an hu mer direkt eng Taass Kaffi gemaach. Du sinn ech eng Véierelstonn mam Hond trëppele gaang an duerno hunn ech nach eng Stonn Yoga gemaach.

    Laure: Wow, dat klĂ©ngt no engem relaxe Moien. Ech si jalous! Ech hu bis siwen Auer geschlof an hu mech du sĂ©ier gewĂ€sch an ugedoen. Um hallwer aacht hunn ech de Bus geholl a sinn op d’Aarbecht gefuer.

    Alex: Seriö? Du hues e Samschdeg geschafft? Dat ass awer blöd! D’Wieder war jo esou gutt. Hues du dann no der Aarbecht nach eppes Flottes gemaach?

    Laure: Jo, ech hu just bis eng Auer geschafft. Eis Epicerie ass samschdes nĂ«mme moies op. Duerno hunn ech mech mat e puer FrĂ«nn an der Stad getraff. Mir hunn eppes op enger Terrass gedronk a sinn duerno nach e bĂ«ssen an d’Butteker gaangen. Ech hu mir an engem Kleederbuttek eng flott nei Posch kaf. A wat hues du mĂ«ttes gemaach?

    Alex: Cool! Ech sinn nom Mëttegiessen an de Park gaangen an hunn do e bëssen op enger BÀnk gelies. Duerno sinn ech nach séier e puer Saachen an de Supermarché kafe gaangen. Owes hunn ech e puer Frënn fir ze grillen invitéiert. A wéi war dÀin Owend?

    Laure: Flott! Ech hu mir eppes z’iesse bestallt an hu gemittlech e Film op der TĂ«lee gekuckt. Ech war immens midd a sinn um zĂ©ng Auer um Kannapee ageschlof!

    Alex: Dat ass mir och scho geschitt! Bass du dann haut de Moien och um Kannapee erwÀcht?

    Laure: Nee, ech sinn an der Nuecht erwĂ€cht. D’TĂ«lee war jo nach un! Ech hu se ausgemaach a si sĂ©ier a mĂ€i Bett gaangen. Mee so, d’nĂ€chst KĂ©ier muss de mech awer och invitĂ©ieren, wann s de eng Grillparty mĂ©chs!

    Alex: Natierlech. D’nĂ€chst Woch ass e Feierdag, do hat ech souwisou geplangt, e puer FrĂ«nn bei mech heem z’invitĂ©ieren. Du kanns gĂ€r kommen!

    Laure: Cool! Do hunn ech och frĂ€i. Dat klappt. Merci fir d’Invitatioun!

    Alex: GĂ€r geschitt. Bis dann!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut lauschtere mir zwee Dialoger iwwer d'Gesondheet (Niveau A2.2).

    Eventuell sinn e puer interessant Rotschléi fir iech dobÀi.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript

    Dialog 1

    Luca : Moie Melanie, wĂ©i geet et ?

    Melanie : O, net esou gutt. Ech mengen, ech hu mech erĂ«m erkaalt.

    Luca : O nee, dat deet mer leed. Waars de scho beim Dokter ?

    Melanie : Nee, nach net. Ech hu just e puer Pastille fir den Hals geholl.

    Luca : Dat ass jo scho gutt. DrĂ©nks de och genuch ?

    Melanie : Jo, ech hunn haut schonn zwou Tasen TĂ©i mat Hunneg, Zitroun an Ingwer gedronk. Ech probĂ©ieren och Ă«mmer, zwee Liter Waasser ze drĂ©nken.

    Luca : Du solls och oppassen, datt s de genuch Vitamminen anhĂ«ls. Ëss de genuch Uebst a GemĂ©is ?

    Melanie : Ech menge jo. Mee ech war d’lescht Woch an der Vakanz a mir hu vill am Restaurant giess. Dat war dunn net esou einfach.

    Luca : A, da kann et och sinn, datt se dir do eppes agefaang hues.

    Melanie : Jo, mir sinn och mam Fliger geflunn an d’Klimaanlag huet dĂ©i ganzen ZĂ€it kal op mech geblosen 


    Luca : Ma da wonnert et mech net, datt s du elo den Hals wĂ©i hues ! Ech huelen Ă«mmer en dĂ©cke Pullover mat an de Fliger.

    Melanie : Doru muss ech d’nĂ€chst KĂ©ier denken. Ech si just genervt, well ech iwwermuer mĂ€in Orall am Italieeneschcours hunn a fit well sinn. Hues du nach e puer Tipps fir mech, wĂ©i ech sĂ©ier nees gesond ginn ?

    Luca : Jo, et ginn e puer Saachen, dĂ©i s du dĂ©i nĂ€chst Deeg maache kanns. Pass op, datt s de genuch schlĂ©ifs, et sollen op d’mannst 8 Stonne sinn. Du dĂ€erfs dech och elo net ze vill stressen. Bleif eventuell en Dag doheem an erhuel dech. A kach eng gutt Zopp, dat hĂ«lleft bal Ă«mmer.

    Melanie : Merci, ech wĂ€ert mer deng RotschlĂ©i zu HĂ€erz huelen.

    Luca : GĂ€r. Wann et der iwwermuer net besser geet, da gĂ©if ech awer bei den Dokter goen.

    Dialog 2:

    Olivier: Moien! WĂ©i geet et?

    Jessy: O, net immens. Ech sinn an der lescht oft midd an net a Form.

    Olivier: Dat deet mer leed. Méchs du Sport? VlÀicht géing et der hëllefen, wann s de méi oft eraus an déi frëscht Loft gees.

    Jessy: Hmm... vlÀicht. De Moment maachen ech guer kee Sport. Ech hunn net vill ZÀit mat der Aarbecht.

    Olivier: Du kĂ©ints probĂ©ieren, e puer mol d’Woch spadsĂ©ieren ze goen. Du muss jo net direkt all Dag eng Stonn an de Fitness goen, mee schon zwanzeg Minutten dobaussen an der MĂ«ttespaus kĂ«nnen hĂ«llefen.

    Jessy: Dat ass eng gutt Iddi. Virun allem déi Deeg, wou ech am Home Office sinn. Do sinn ech e bësse méi flexibel a kéint effektiv en Tour duerch de Park maachen.

    Olivier: GesĂ€is de! Oder du gees moies e StĂ©ck zu Fouss op d’Aarbecht oder du fiers mam VĂ«lo. Dat geet jo an dĂ«ser JoreszĂ€it gutt, well et moies frĂ©i hell gĂ«tt an et net esou kal wĂ©i am Wanter ass.

    Jessy: Dat stëmmt. Mee ech hu kee Vëlo ...

    Olivier: Et ass bestëmmt eng Veloh-Statioun an dengem Quartier!

    Jessy: Dat ka sinn. Ech muss mech emol informéieren. Mee ech mengen, ech muss och eppes u menger ErnÀrung Ànneren. An der lescht iessen ech net immens gesond ...

    Olivier: Da probĂ©ier, einfach e bĂ«sse mĂ©i Uebst a GemĂ©is z’iessen, a manner Zocker, Fett an Alkohol zou dir ze huelen. Du muss keen extreeme Regimm halen, fir dech gesond z’ernĂ€ren!

    Jessy: Jo, do hues de Recht. Ech mengen, ech muss mir einfach emol méi ZÀit fir mech huelen, a vlÀicht manner schaffen.

    Olivier: Dat ka gutt sinn! Wann s de wĂ«lls, gi mer de Weekend bei mech an de BĂ«sch trĂ«ppelen. D’Wieder soll gutt ginn!

    Jessy: O jo, komm mir maachen dat!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    An der Episod vun haut héiere mir, wat en Doktorand a sengem Alldag mécht. Duerno erzielt d'Mara eppes iwwer sÀin Hobby, Salsa danzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Dagesoflaf vun engem Doktorand

    Ech stinn normalerweis moies gĂ©int sechs Auer op. Ech drĂ©nke sĂ©ier e Kaffi, maache mech fĂ€erdeg a fueren da mam Bus an den INLL. Ech gi vĂ©ier Mol d’Woch um siwen Auer moies an e LĂ«tzebuergeschcours. De Cours ass um aacht Auer eriwwer. Dann huelen ech den Tram a fueren op d’Uni. Heiansdo huelen ech och e VĂ«lo. Moies halen ech oft Virliesungen oder Seminairen. GĂ©int zwielef ginn ech an d’Kantin vun der Uni oder ech brĂ©nge mir eppes vun doheem mat. NomĂ«ttes schaffen ech meeschtens an der BibliothĂ©ik. Ech liesen Artikelen a schaffen u mengem Fuerschungsprojet. Heiansdo treffen ech mech och mat mengem Proff, fir iwwer mĂ€i ProgrĂšs ze schwĂ€tzen an e puer RotschlĂ©i ze krĂ©ien. Oft muss ech och Aarbechte vun anere Studente verbesseren. Um sechs Auer fueren ech normalerweis erĂ«m heem. Dann hunn ech endlech e bĂ«sse FrĂ€izĂ€it: ech gi spadsĂ©ieren, maache Sport oder treffe mech mat FrĂ«nn. Owes schaffen ech awer och nach e bĂ«ssen u menger Thees oder lĂ©iere fir mĂ€i LĂ«tzebuergeschcours. Heiansdo kucken ech duerno nach e Film oder eng Serie, oder ech liesen e Buch. Ech gi spĂ©itstens um zĂ©ng Auer schlofen, fir erĂ«m fit fir den nĂ€chsten Dag ze sinn.

    ---

    Hobby: Salsa

    Ech gi sĂ€it zwee Joer an en Danzcours, an zwar, an d’Salsa. Et gĂ«tt verschidden Zorte vu Salsa, wĂ©i zum Beispill dĂ©i puerto-ricanesch Salsa an dĂ©i kubanesch Salsa. Ech danzen dĂ©i kubanesch Salsa.

    Eemol d’Woch ginn ech a mĂ€i Cours, an deem ech dĂ©i verschidde SchrĂ«tt lĂ©ieren. Weekends ginn oft verschidden Danzowenter organisĂ©iert, wou ech dann dat, wat ech gelĂ©iert hunn, nach e bĂ«ssen trainĂ©iere kann.

    Wat ech wierklech cool fannen, ass, dass ee keng speziell Kleeder oder Schong brauch, fir kubanesch Salsa ze danzen. Et brauch ee just e bësse Motivatioun a lass geet et.

    Am Cours léieren ech net nëmmen danzen, mee ech léieren och dat eent oder dat anert spuenescht Wuert. Virun allem hunn ech interessant Leit kenne geléiert. De Cours gëtt an enger Brasserie organiséiert an do kann ee virum oder nom Cours eppes drénken a mat de Leit schwÀtzen. Heiansdo iessen ech och eppes an der Brasserie, well et kritt ee ganz lecker kubanesch Spezialitéiten.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut schwÀtze mir iwwer Akafsgewunnechten.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkriptioun:

    Iwwer Akafsgewunnechte schwÀtzen

    Moderatorin: WĂ«llkomm an der PoterkĂ«scht! Haut schwĂ€tze mir iwwer Akafsgewunnechten. Mir hunn zwee InvitĂ©en am Studio, d’Sarah an den Thomas.

    Sarah: Moien! Merci fir d’Aluedung.

    Thomas: Salut! Et freet mech och, hei ze sinn.

    Moderatorin: Starte mer direkt mam Theema: Sarah, komm mir fÀnke mat dir un. Wéi oft gees du akafen a wou keefs du am léifsten an?

    Sarah: Also ech ginn ongefĂ©ier zweemol d’Woch akafen. Meeschtens ginn ech an e klenge SupermarchĂ© a mengem Quartier, well dat praktesch ass an ech do alles fannen, wat ech brauch.

    Moderatorin: Ech verstinn. A wat keefs du normalerweis? Ginn et bestëmmt Saachen, déi ëmmer op denger Akafslëscht stinn?

    Sarah: Jo, definitiv. Als Jonggesellin kachen ech oft fir mech eleng, also kafen ech vill frëscht Uebst a Geméis, mee och heiansdo preparéiert Platen fir wann et muss séier goen. Ech brauch och ëmmer Kaffi an e puer Séissegkeeten.

    Moderatorin: Dat kléngt no enger gudder Balance. Thomas, wéi gesÀit et bei dir aus?

    Thomas: Ech hunn eng grouss Famill, dofir ass et heiansdo e bĂ«sse stresseg. Mee mir hunn eise Rhythmus fonnt a mir ginn eemol d’Woch alleguer zesummen akafen, normalerweis samschdes, well do jiddereen ZĂ€it huet. Mir gi lĂ©iwer a grouss SupermarchĂ©en, well mir do alles an enger KĂ©ier kafe kĂ«nnen.

    Moderatorin: Dat kléngt jo no enger gudder Strategie. Wat steet dann normalerweis bei iech op der Akafslëscht?

    Thomas: Mat drĂ€i Kanner doheem brauch ee relativ vill! Mir kafen Ă«mmer frĂ«scht Uebst a GemĂ©is, MĂ«llechprodukter, Fleesch an natierlech och Snacke fir d’Kanner. Mir passen och drop op, Ă«mmer genuch an der Reserv ze hunn, wa mir emol spontan Besuch hunn.

    Moderatorin: Dat ass net schlecht! Eng Fro un iech zwee: Firwat ass et iech wichteg, bestëmmt Produiten ze kafen?

    Sarah: Ech passe virun allem dorop op, datt d’Saache gesond, mee och einfach ze preparĂ©iere sinn. Dofir kafen ech Ă«mmer Uebst a GemĂ©is. D’fĂ€erdeg Plate si fir dĂ©i Deeg, wou ech owes spĂ©it heemkommen a mir net nach laang e Kapp maache wĂ«ll, wat ech kache soll.

    Thomas: Bei eis steet d’Famill am MĂ«ttelpunkt. Eis ass et wichteg, datt jidderee sech gesond ernĂ€ert. Et mĂ©cht eis och vill Spaass, zesummen ze kachen an z’iessen. Do si mir all zesummen a kĂ«nnen iwwer eisen Dag schwĂ€tzen.

    Moderatorin: Schéin. Merci, datt dir e puer Abléck an Àr Akafsgewunnechte mat eis gedeelt hutt. Mee éier mir Àddi soen, hutt dir nach e lescht Wuert oder en Tipp fir eis Nolauschterer?

    Sarah: Probéiert, eng Lëscht ze maachen, éier dir akafe gitt. Esou hutt dir en Iwwerbléck a kaaft just dat, wat dir och braucht.

    Thomas: An informĂ©iert iech, wat de Moment an der Reklamm ass – esou kĂ«nnt dir e puer Euro spueren, virun allem, wann dir grouss QuantitĂ©ite kafe musst!

    Moderatorin: Merci fir Àr flott Rotschléi. Bis déi nÀchst Kéier!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut schwÀtze mir iwwer d'Gesondheet. Fir d'éischt héiere mir e Gespréich beim Dokter an duerno lauschtere mir en Dialog an der Apdikt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkriptioun:

    Beim Dokter

    Rezeptionistin: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?

    Patientin: Bonjour. Ech hunn haut e Rendez-vous beim Dokter Weber um 10 Auer.

    Rezeptionistin: KĂ«nnt Dir mir wgl. Ären Numm an Äre Gebuertsdatum soen?

    Patientin: Jo, natierlech. MĂ€in Numm ass Jessica Klein an ech sinn de 15. Mee 1989 gebuer.

    Rezeptionistin: Merci. Huelt Iech wgl. nach en Ament am Wartesall Plaz, den Dokter kënnt geschwënn.

    Dokter: Moie Madamm Klein, wéi geet et Iech haut?

    Patientin: Moien. Net esou gutt. Ech hunn zanter e puer Deeg Problemer mat menger Nues. Se bÀisst déi ganzen ZÀit an ech muss oft néitsen. Meng Ae brennen och a mÀin Hals ass e bësse rau.

    Dokter: Dat kléngt ganz no Heeschnapp. Hat dir déi Problemer schonn eng Kéier an dëser JoreszÀit?

    Patientin: Jo, d’lescht Joer am FrĂ©ijoer hat ech dat och schonn.

    Dokter: Dann hutt dir warscheinlech den Heeschnapp. Dat hunn de Moment vill Leit wĂ©inst de Pollen. Ech ginn Iech eng Ordonnance fir Anti-Histamin-PĂ«llen. Wann dir dĂ©i all Dag huelt verbessere sech Ă€r Symptomer sĂ©ier. Ech ginn Iech awer och e Spray fir an d’Nues an DrĂ«pse fir an d’Aen. Kommt awer an engem Mount erĂ«m, da maache mir nach eng KĂ©ier de Bilan.

    Patientin: An der Rei. Merci.

    Dokter: GĂ€r geschitt. Hei ass Är Ordonnance. Gutt Besserung!

    Patientin: Merci, Àddi!

    An der Apdikt

    Apdiktesch: Gudde Mëtteg! Wéi kann ech iech hëllefen?

    Client: Gudde Mëtteg. MÀi Jong huet eng zolidd ErkÀltung an den Dokter huet mir eng Ordonnance fir e puer Medikamenter ginn.

    Apdiktesch: KĂ«nnt dir mir d’Ordonnance ginn, wann ech gelift?

    Client: Jo, hei ass se.

    Apdiktesch: Merci. Ok, ech gesinn ... ee Moment, wgl. Ech ginn d’Medikamenter sichen ... VoilĂ , hei sinn d’Medikamenter fir Ă€re Jong. KĂ«nnt dir mir wgl. soen, wĂ©i al hien ass?

    Client: Jo. Hien huet aacht Joer.

    Apdiktesch: Merci. Hei ass fir dâ€˜Ă©ischt den Houschtsirop. Deen ass fir de SchlĂ€im ze lĂ©isen. Äre Jong muss zweemol den Dag en hallwe LĂ€ffel nom Iessen huelen. Dann hutt dir hei nach e Spray fir an d’Nues. Dee mĂ©cht d’Nues frĂ€i a wierkt gĂ©int de Schnapp. Dir musst him deen drĂ€imol den Dag an d’Nues sprayen.

    Client: Villmools Merci. Hutt dir nach e puer Rotschléi?

    Apdiktesch: Et ass wichteg, datt Äre Jong genuch drĂ©nkt, am beschte Waasser oder TĂ©i. Dir sollt och drop oppassen, datt hie vill rascht a genuch schlĂ©ift, datt sĂ€i Kierper sech erhuele kann. Huet hien och FĂ©iwer?

    Client: Jo, e bëssen. Hien hat de Moien 38 Grad.

    Apdiktesch: Da ginn ech iech nach PĂ«lle gĂ©int d’FĂ©iwer mat. FĂ€nkt awer mat enger klenger Dosis un, fir ze kucken, ob hien d’Medikament verdrĂ©it.

    Client: Merci, dat maachen ech. Nach e schéinen Dag!

    Apdiktesch: Merci glÀichfalls!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    An der Emissioun vun haut schwÀtze mer iwwer Transportmëttelen zu Lëtzebuerg.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkriptioun:

    Speakerin: WĂ«llkomm an eiser Emissioun „Op der Rull“. Mir hunn haut drĂ€i Persounen am Studio, fir iwwert d'TransportmĂ«ttelen zu LĂ«tzebuerg ze schwĂ€tzen.

    Julie, du bass haut mam Tram an de Studio komm. Ass dat richteg?

    Julie: Jo. Dat stëmmt. Ech fuere ganz gÀr mam Tram. Den Tram kënnt all 5 Minutten an ech muss ni am Stau stoen. Dat ass super!

    Ayesha: Jo. Dat ass wierklech immens positiv. Ech fueren all Dag mam Zuch schaffen. Ech sinn och frou fir kee Stau ze hunn. Den Zuch kënnt awer leider oft ze spéit. A moies si ganz vill Leit am Zuch. Dat ass net esou flott.

    Speakerin: Thierry, wéi fiers du dann op d'Aarbecht?

    Thierry: Ech wunnen zu Réimech. Do hu mir keen Zuch an d'Busverbindunge sinn och net immens. Ech kréie just all hallef Stonn e Bus fir an d'Stad.

    Speakerin: Dat heescht... Du fiers da meeschtens mam Auto.

    Thierry: Jo. Dat ass definitiv méi praktesch fir mech.

    Speakerin: Hues du dann oft Stau?

    Thierry: Jo. Owes ass Ă«mmer ganz vill Trafick. Heiansdo schaffen ech just bis 15:30 Auer. Da kommen ech ouni vill Stau heem.

    Ayesha: All Dag am Verkéier stoen ass schrecklech! Am Zuch sëtzt ee gutt an ech si frou, dass ech all Moien e Buch ka liesen.

    Julie: Dat ass flott. Meng Distanze mam Tram sinn ëmmer kuerz an ech kann net ëmmer sëtzen, wa vill Leit matfueren. Ech hunn awer all Dag meng Kopfhörer un an ech lauschtere Musek oder en neie flotte Podcast.

    Speakerin: Thierry, wéi ass et da mam Parking? Du fiers jo mam Auto schaffen.

    Thierry: Dat ass kee Problem. Ech fannen ëmmer eng Parkplaz um Glacis. Just am Summer, wann d'Schueberfouer ass, ass et komplizéiert mam Parking. Da fueren ech meeschtens mam Bus op d'Aarbecht. Dann ass jo och Grouss Vakanz an et ass vill manner Trafick. Da brauch de Bus och net esou laang bis an d'Stad.

    Julie: Am Summer fueren ech och heiansdo mam Vëlo schaffen. Ech maachen dat gÀr.

    Speakerin: Villmools Merci dir drÀi fir Àr Temoignagen! Ech mierken, dass jidderee vun iech vum ëffentlechen Transport profitéiert. Mir hu wierklech Chance, dass den ëffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg zënter MÀerz 2020 gratis ass.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainĂ©ieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’.

    - - -

    Transkript:

    Mir prononcĂ©ieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond.
    Sot eng KĂ©ier „Buch“.

    An elo [x].

    Do wou dir de [x] produzĂ©iert, produzĂ©iert dir och de [ʀ].

    [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng KĂ©ier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ]

    An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ]
    Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:
    -rout, rosa, richteg, roueg, Rous, ronn, reesen, Rees, ruffen, Reen.
    -Arabesch, brong, Brout, CrÚme, drÀi, drësseg, eraus, eran, erof, erop, froen, Fro, frou, grouss, Grad.-Iran, Irland, krank, Orange, Organ, prett, Problem.
    -Sri-Lanka, Tram, Trick, urban, uruffen, vreck, vrun, Wrack, zréck.

    -De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

    Ech widderhuelen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

    SchwÀtzt mat mir zesummen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.
    -MÀi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    Ech widderhuelen: MÀi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    SchwÀtzt mat mir zesummen: MÀi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    -Dann nach eng Zuel: drÀidausendrÀihonnertdrÀiandrësseg. DrÀidausenddrÀihonnertdrÀiandrësseg.SchwÀtzt mat mir zesummen: drÀidausenddrÀihonnertdrÀiandrësseg.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut schwĂ€tze mir iwwer d’AktivitĂ©iten am Stot.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    - - -

    Transkript:

    Moderatorin: WĂ«llkomm an der PoterkĂ«scht. Haut hu mir rĂ«m en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begrĂ©issen d’Lisa an de Max am Studio. Si wĂ€erten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. KĂ«nnt dir iech kuerz virstellen?

    Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an ech schaffen als Graphikdesignerin. Ech wunnen eleng an engem Studio a kĂ«mmere mech och eleng Ă«m de Stot.

    Max: Salut, ech sinn de Max. Ech si Student a wunnen de Moment an enger WG mat drĂ€i anere Studenten. Mir deelen eis d’Aufgaben am Stot.

    Moderatorin: Dat kléngt spannend! Lisa, wëlls du eis e bëssen erzielen, wéi en typeschen Dag bei dir am Stot ausgesÀit ?

    Lisa: Kloer ! Moies maachen ech fir d’éischt mĂ€i Bett. Dann drĂ©nken ech Kaffi a raumen duerno alles an d’Spullmaschinn. Da fueren ech schaffen. No der Aarbecht kachen ech a botzen duerno d’Kichen. Ech loossen d’Spullmaschinn all zwee Deeg lafen, de Weekends heiansdo mĂ©i oft. Ech si wierklech frou, eng Spullmaschinn ze hunn, well ech kachen a bake gĂ€r an oft!

    Moderatorin: Jo, eng Spullmaschinn ass wierklech praktesch. Max, wéi ass et bei dir an der WG?

    Max: Mir hu leider keng Spullmaschinn, mee mir si jo zu puer, fir d’Spull ze maachen. Generell gĂ«tt et bei eis e Plang fir d’Aufgaben am Stot. Jidderee vun eis huet all Woch eng aner Aufgab. DĂ«s Woch ass et zum Beispill u mir, fir d’DreckskĂ«scht eidel ze maachen a mech Ă«m de Recycling ze kĂ«mmeren. DĂ©i aner drĂ€i Rolle sinn d’Kommissioun maache goen, d’Kiche propper halen an d’BuedzĂ«mmer an d’separat Toilette botzen.

    Moderatorin: Dat heescht, jidderee botzt seng eege Kummer?

    Max: Jo! Strecken, wÀschen a kache maache mir och separat, mee een Owend pro Woch kache mir all zesummen eppes a lueden och Frënn an.

    Moderatorin: Cool! Dat kléngt no enger gudder Organisatioun. Lisa, wat ass da fir dech déi gréisst Erausfuerderung am Stot?

    Lisa: Hmm, et ass heiansdo schwiereg, alles eleng ze maachen. Besonnesch wann ech vill Aarbecht hunn, bleift wĂ©ineg ZĂ€it fir de Stot iwwreg. Mee meng Wunneng ass jo net grouss. Wat nervt, ass datt ech keng WĂ€schmaschinn hunn. Ech muss eemol d’Woch mat all menge Saachen an eng WĂ€scherei goen. Do stinn nĂ©ng WĂ€schmaschinnen an et kascht siwen Euro pro WĂ€sch. Dat nervt.

    Moderatorin: Jo, dat ass ëmstÀndlech. Max, nach eng lescht Fro un dech: Kënnt et och vir, datt et Konflikter bei iech an der WG ginn, wann et ëm de Stot geet ?

    Max: Jo, natierlech. Mee mir hunn eng WhatsApp-Grupp, an dĂ€r mir iwwer all Problemer schwĂ€tze kĂ«nnen. Heiansdo muss een effektiv emol e Matbewunner un de Roulement erĂ«nneren, virun allem, wann et Ă«m d’Botze geet ! (laacht)

    Moderatorin: Merci Lisa a Max, datt dir iech ZÀit geholl huet, mat eis iwwer Àr Erfarungen am Stot ze schwÀtzen.

    Max a Lisa: GĂ€r geschitt!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hiren Dagesoflaf op der Aarbecht erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Dem Emma sÀin Dag

    D’Emma erwĂ€cht moies gĂ©int siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drĂ©nkt Kaffi. Normalerweis drĂ©nkt hatt eng Taass TĂ©i an Ă«sst e Jughurt mat Uebst a MĂŒsli. DobĂ€i scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten.

    Duerno geet hatt zu Fouss op den Tram a fiert op d’Aarbecht. Hatt brauch ongefĂ©ier zwanzeg Minutten. SĂ€i BĂŒro ass um Kierchbierg. Hatt schafft bis mĂ«ttes, mee hatt mĂ©cht all Dag gĂ©int zĂ©ng Auer eng Kaffispaus. An der MĂ«ttesstonn geet hatt meeschtens mat Aarbechtskolleegen an d’Kantin iessen. NomĂ«ttes huet hat oft Reunioune mat Clienten oder hatt schafft u Rapporten.

    No der Aarbecht geet hatt entweeder an de LĂ«tzebuergeschcours oder hatt trĂ«fft sech mat FrĂ«nn. Zesumme gi si oft an d’Stad eppes drĂ©nken oder an de Park spadsĂ©ieren, wann d’Wieder gutt ass. Eemol d’Woch geet hatt mat enger FrĂ«ndin an e Yogacours.

    Hatt ass meeschtens gĂ©int siwen Auer erĂ«m doheem a preparĂ©iert dann d’Owesiessen. Heiansdo bestellt hatt sech och eppes, zum Beispill Sushi oder eng Pizza. Hatt lĂ€it owes gĂ€r nach e bĂ«ssen um Kannapee fir z’entspanen a kuckt eng Serie op der TĂ«lee oder telefonĂ©iert mat senger Famill.

    GĂ©int zĂ©ng Auer geet hatt an d’BuedzĂ«mmer. Hatt hĂ«lt nach schnell eng Dusch a botzt seng ZĂ€nn, deet de Pyjama un a geet spĂ©itstens um eelef Auer schlofen.

    Dialog: den Aarbechtsalldag

    Anna: Hey... Wat ass lass? Geet et dir gutt?

    Tom: Jo. Mee muer ass Méindeg an ech muss erëm schaffe goen.

    Anna: Erziel mir emol vun denger Aarbecht. WĂ©i ass de Programm vun dengem Dag?

    Tom: Muer de Moie rabbelt mÀi Wecker um 6:30 Auer. Dann drénken ech eng Taass Kaffi an iessen zwou Schmieren.

    Um 7:20 Auer huelen ech de Bus an um 7:50 Auer sinn ech um BĂŒro. Als Ă©ischt maachen ech mĂ€i Computer un an da liesen a beĂ€ntweren ech meng E-Mailen.

    Vun 9:00 bis 10:00 Auer telefonéieren ech mat Clienten. Duerno maachen ech ëmmer eng kleng Paus an drénken eng Taass Kaffi virun der Dier. Ech si gÀr 10 Minutten dobaussen an der frëscher Loft.

    Anna: A wat méchs du no der Paus?

    Tom: Da ginn ech bei mĂ€i Chef an de BĂŒro e puer Dossiere sichen. Dann hunn ech genuch Aarbecht bis 12:00 Auer. An der MĂ«ttesstonn ginn ech meeschtens mat e puer Aarbechtskolleegen iessen. MĂ©indes iesse mir normalerweis an der Kantin.

    Um 13:00 Auer hunn ech dann eng Reunioun mat mengem Chef a mir schwÀtzen iwwert d'Dossiere vu moies. D'Reunioun dauert ongeféier eng Stonn. Duerno schreiwen ech ëmmer direkt e klenge Rapport. Wann ech mam Rapport fÀerdeg

    sinn, schécken ech e mengem Assistent. Dee mécht da Kopië vum Rapport a klasséiert alles. An dÀr ZÀit ruffen ech nach e puer Clienten un an ech huele mir Notten, fir d'Reunioun en Dënschdeg ze preparéieren.

    Anna: Du hues wierklech vill Aarbecht.

    Tom: Jo. An ech sëtze vill. Dat hunn ech net gÀr.

    Anna: WĂ«lls du da muer no der Aarbecht lafe goen?

    Tom: Mat dir?

    Anna: Majo.

    Tom: Dat ass eng gutt Iddi! An duerno gi mer eppes Guddes iessen an e Patt drénken.

    Anna: Solle mir nom Iessen nach an de Kino goen?

    Tom: Ganz gÀr. Merci Anna! Elo sinn ech motivéiert fir muer schaffen ze goen.

    Anna: Dat ass gutt! Da sinn ech frou!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Lafen

    MĂ€in Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gĂ€r, dobaussen an der frĂ«scher Loft ze trainĂ©ieren. DrĂ€imol d’Woch doen ech moies meng Lafschong un a ginn eng hallef bis eng Stonn an de Park oder an de BĂ«sch lafen.

    Ech lafen net immens séier, mee dat ass net schlëmm. Esou kann ech ofschalten an e bëssen ZÀit fir mech hunn. Beim Lafe kann ech gutt nodenken an nei Energie tanken. Natierlech hëlleft och déi richteg Musek!

    Heiansdo maachen ech och en Tour zesumme mat Frënn. Dat ass flott, well mir eis géigesÀiteg motivéieren. E puer vu menge Kolleege sinn awer vill méi schnell wéi ech, mee dat ass kee Problem. Jiddweree leeft a sengem Tempo.

    MÀin Zil ass et, reegelméisseg ze lafe fir fit a gesond ze bleiwen. Mee ech wëll och meng Ausdauer verbesseren. De Moment lafen ech ongeféier fënnef bis aacht Kilometer, mee ech géif gÀr zéng Kilometer um Stéck packen. Dofir trainéieren ech de Moment mat engem Trainingsplang an hoffen, esou meng Distanzen ze verbesseren.

    En anert grousst Zil ass et, eng KĂ©ier bei engem Hallefmarathon matzemaachen. Zu LĂ«tzebuerg ass all Summer e grousse Marathon an ech wier immens houfereg, do eng KĂ©ier dobĂ€i ze sinn. Jo, et ass eng grouss Erausfuerderung, mee ech gleewen drun, datt ech dat packen. VlĂ€icht sinn ech jo esouguer schonn d’nĂ€chst Joer prett!

    Schwammen

    Moien! Ech sinn d'Alma an ech hunn eng chronesch Krankheet.

    Duerfir ginn ech eemol d'Woch, vu 17.00 bis 19.00 mat enger LĂ«tzebuerger Associatioun an d'Piscine.

    Um 16.30 fueren ech doheem fort a kommen um 16.50 un.

    Ech ginn an de Vestiaire, ech doe meng Kleeder aus an ech doe mÀi Maillot a meng Schwammkap un.
    Duerno ginn ech an d'Dusch.

    Vu 17.00 bis 18.00 maache mir Aquagymnastik. Mir trëppelen duerch d'Waasser, mir lafen, mir sprangen, mir spille mam Ball, a sou weider...

    Géint 18.00 kréie mir nach d'Geleeënheet, eng hallef Stonn ze schwammen oder am waarme Waasser z'entspanen.

    Ech schwammen immens gÀr! Ech schwamme Brasse, Kraul, um Réck an esouguer e bësse Papillon. Duerno sinn ech immens midd, awer och glécklech, well ech weess, datt ech eppes Guddes fir mÀi Kierper gemaach hunn.

    Um 18.30 musse mir aus der Piscine eraus.

    Ech dusche mech, ech dréchne mech of, ech di mech un an ech föne meng Hoer.

    Géint 19.00 fueren ech erëm heem.

    Ech sinn immens dankbar, datt ech dat eemol d'Woch maache kann!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Fra: O nee... D'nÀchst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen.

    Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös.

    Fra: Solle mir zwee zesumme léieren?

    Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren.

    Fra: Hues du e MĂ©indeg den Owend ZĂ€it?

    Mann: E Méindeg? Um wéi vill Auer?

    Fra: GĂ©int 19:30 Auer.

    Mann: Dat geet leider net. Meng Fra huet dann e Yogacours. Ech muss dann doheem sinn, fir d'Kanner an d'Bett ze leeën.

    Fra: Hues du en DĂ«nschdeg no der Aarbecht ZĂ€it?

    Mann: Jo. Dat geet. Ech fÀnken da moies um 7:00 Auer mat schaffen un. Da kann ech schonn um 16:00 Auer mat schaffen ophalen.

    Fra: Perfekt. Wou treffe mir eis?

    Mann: Solle mir an „d'MĂ€reler-Stuff“ goen? Dat ass en neie flotte CafĂ© am Park, zu MĂ€rel.

    Fra: Et ass bestëmmt flott do. Mee, ech mengen et ass net roueg am Café.

    Mann: Dat ass richteg. Solle mir an d'Mediathéik vum INLL goen?

    Fra: Jo, firwat net? Se ass bis 19:00 Auer op.

    Mann: Tipptopp. Treffe mir eis direkt um 16:15 Auer an der Mediathéik?

    Fra: Schaffs du net um Boulevard Royal?

    Mann: Dach.

    Fra: Ech och. Da komm mir huelen den Tram zesummen, um 16:05 Auer.

    Mann: Ganz gÀr.

    Fra: Super. Bis en Dënschdeg dann! A vergiess dÀi Buch net!
    Mann: Ech probĂ©ieren. Allez... Äddi! Bis en DĂ«nschdeg.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut hu mir eng speziell Episod fir iech. Mir héieren en traditionellt lëtzebuergescht Rezept: Kniddelen!

    Vill Spaass beim Nolauschteren (a beim Kachen)!

    ---

    Transkript:

    Yuuka: O nee... Eise Frigo ass jo nach Ă«mmer eidel! Ben, du wollts dach haut akafe goen.

    Ben: Ech gi muer de Moien an de Supermarché. Ech hat haut ze vill Aarbecht an ech hat guer keng ZÀit.

    Yuuka: Wat iesse mir dann elo?

    Ben: Da waart emol... Ech kucken. A... Ech hunn eng Iddi. Mir maache Kniddelen.

    Yuuka: Kniddelen? Wat ass dat dann?

    Ben: Du kachs mir oft japanesch Spezialitéiten. Haut preparéieren ech dir emol en typesch lëtzebuergesche Plat.

    Yuuka: Ganz gÀr. Wéi ass dann d'Rezept?

    Ben: Dat hei ass d'Rezept vu menger Mamm. Mir brauchen: 350 Gramm Miel, 200 Milliliter Mëllech, 3 Eeër an e bësse Salz.

    Yuuka: Okay. An elo?

    Ben: Ech stelle mol en Dëppe Waasser op d'Kachplack an da brénge mir d'Waasser zum Kachen. An dÀr ZÀit, kënne mir scho mam Deeg ufÀnken. Ech huelen eng Schossel maachen d'Miel, d'Eeër, d'Mëllech an d'Salz dran an da mixen ech alles.

    Yuuka: Den Deeg gesÀit jo elo scho gutt aus an d'Waasser kacht.

    Ben: Jo. Elo huele mir zwee kleng LÀffelen a mir formen kleng Bullen aus dem Deeg. Da maache mir d'Bullen Deeg an d'Waasser. Dat maache mir soulaang bis keen Deeg méi am Dëppen ass.

    Yuuka: WĂ©i mierke mir wann d'Kniddele prett sinn?

    Ben: Wann d'Kniddelen uewe schwammen, si se fÀerdeg. Dat dauert tëschent 8 an 10 Minutten. Duerno leeë mir se op en Teller a mir loosse se kal ginn. Wa se da kal sinn, brode mir se an der Pan bis se ganz e bësse brong sinn.

    Yuuka: Ass dat alles?

    Ben: Elo kann een nach Speck an der Pan broden an e bësse Ram dobÀi maachen. Et kann een och Kéis drop maachen. Dat hunn ech gÀr.

    Yuuka: Mir hunn awer kee Speck, keng Ram an och kee KĂ©is.

    Ben: Dat ass net schlĂ«mm. Mir iesse se einfach mat Äppelkompott.

    Yuuka: An dat ass gutt?

    Ben: Hei... Schmaach emol.

    Yuuka: O jo. Dat ass gutt! Merci!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut schwĂ€tze mir iwwer d’FrĂ©ijoer zu LĂ«tzebuerg. Duerno lauschtere mir dem Marielle no, wat eis eppes iwwer seng Liblingsplaz zu LĂ«tzebuerg erzielt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    D’FrĂ©ijoer

    Haut schwĂ€tze mir e bĂ«ssen iwwert d’FrĂ©ijoer zu LĂ«tzebuerg. Mir schwĂ€tzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden AktivitĂ©iten, dĂ©i een zu LĂ«tzebuerg am FrĂ©ijoer maache kann. VlĂ€icht inspirĂ©iert Iech dat, dĂ©i eng oder dĂ©i aner AktivitĂ©it auszeprobĂ©ieren.

    Am FrĂ©ijoer ass et normalerweis net mĂ©i esou kal an et reent och manner wĂ©i am Hierscht. Am FrĂ©ijoer sinn et Ă«m dĂ©i 15 Grad an et kann een och vill AktivitĂ©iten dobausse maachen. Wann een an der Stad bleiwe wĂ«ll, da kann ee sech am Bicherschaf e Buch auslĂ©inen an an e Park liese goen. An der Stad gĂ«tt et e puer ganz schĂ©i Parken, wou een och picknicke goe kann, wĂ©i zum Beispill den Neumans Park, de MĂ€reler Park oder d’Kinnekswiss. Et kann een awer och spadsĂ©iere goen an dĂ©i verschidde WeeĂ«r, wĂ©i zum Beispill de Wenzelstour an der Stad entdecken. Bei dĂ«sen TrĂ«ppeltier gesĂ€it ee vill wichteg Deeler vun der Stad, wĂ©i zum Beispill d’Kasematten, al Deeler vun der Festung, de Gronn asw.

    Wann ee raus aus der Stad wĂ«ll, da kann een och an der MĂ«llerdall wandere goen. Do gĂ«tt et vill verschidde WanderweeĂ«r a se sinn och all immens gutt gekennzeechent, sou dass ee sech net verlĂ©iere kann. Oder, wann ee gĂ€r Mountainbike fiert, da kann een am Minett dĂ©i verschidde WeeĂ«r vum RedRock Mountainbike Trail ausprobĂ©ieren. Sou kann een de SĂŒde vu LĂ«tzebuerg entdecken.

    Meng Liblingsplaz zu LĂ«tzebuerg

    Meng Liblingsplaz zu LĂ«tzebuerg ass op der Musel, zu RĂ©imech.

    Ech fueren op d’mannst ee Mol de Mount mat mengem Mann op RĂ©imech, fir do laanscht d’Musel spadsĂ©ieren ze goen.

    Duerno gi mir normalerweis eng Taass Kaffi an e CafĂ© op d’Esplanade drĂ©nken oder, wann d’Wieder gutt ass, op d’Terrass vun enger Kellerei a schmaachen hire WĂ€in.

    Wa mir Besuch vu FrĂ«nn oder vun der Famill aus eisen HeemechtslĂ€nner Polen an Argentinie krĂ©ien, da fuere mir Ă«mmer mat hinne mam SchĂ«ff „MS Princesse Marie-Astrid“ op der Musel hin an hier. D’Vue op d’WĂ€ibierger ass fir mech dat SchĂ©inst!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut schwÀtze mir iwwer Famill (Niveau A1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Luc: Gudde Moien, mÀin Numm ass Luc an ech stellen iech haut meng Famill vir. Ech sinn zënter 8 Joer bestuet a meng Fra heescht Sandrine. D'Sandrine huet 37 Joer an hatt huet de 27. Abrëll Gebuertsdag. Zesummen hu mir zwee Kanner, de Vinz an d'Lorie. Meng Elteren heesche Laurence a Jemp. Si sinn 72 Joer al. MÀi Papp ass am Fréijoer gebuer a meng Mamm am Hierscht.

    MÀi Bopa Pierre ass leider schonn 2006 gestuerwen. Meng Boma Germaine lieft awer nach a feiert dëst Joer hir 93 Joer.

    Ech hunn och eng Schwëster. D'Lisa ass den 23. Dezember 1988 gebuer. Hatt huet drÀi Kanner. Zwee Meedercher an ee Jong. Meng Niessen heeschen Emma a Charlotte. MÀin Neveu heescht Finn.

    Lisa: Jo, d'Emma ass de 14. MÀerz 2014 gebuer. D'Charlotte ass den 3. Mee 2017 op d'Welt komm an de Finn huet eréischt 4 Joer. Hien ass den 29. Februar 2020 gebuer. Meng Kanner spille ganz gÀr mat hirem Cousin Vinz an hirer Cousine Lorie.

    Vinz: Moien, ech heesche Vinz. Ech hu 5 Joer. Am Oktober kréien ech scho 6 Joer. Meng Schwëster ass nach kleng. Hatt heescht Lorie an hatt huet eréischt 2 Joer.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut schwÀtze mir iwwer Iessen. Fir d'éischt lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir Iessgewunnechte schwÀtzen (Niveau A1).

    Duerno gi mir an de Restaurant a mir lauschteren zwou Persounen no, déi hiert Iesse kommentéieren (Niveau A2.1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Iwwer Iessgewunnechte schwÀtzen

    Max : So Anna, du bass jo Veganerin, oder?

    Anna : Jo. Ech ernÀre mech zanter drÀi Joer vegan.

    Max : Wow ! Dann ëss du bestëmmt vill Uebst a Geméis.

    Anna : Jo. Ech iessen immens gÀr Geméis, zum Beispill Brokkoli a Spinat. Just Auberginnen a Champignonen iessen ech guer net gÀr. An du, ëss du och gÀr Geméis?

    Max : Nee, ech iesse guer net gĂ€r GemĂ©is ! Ech iesse lĂ©iwer Fleesch, besonnesch Poulet a RĂ«ndfleesch. Mee ech iesse kee SchwĂ©ngefleesch. Ëss du dann och kee FĂ«sch?

    Anna : Nee. Ech iesse weeder Fleesch nach FĂ«sch.

    Max : Ëss du da KĂ©is oder Jughurt?

    Anna : Nee. Ech iesse keng Mëllechprodukter an och keng Eeër.

    Max : Ass dat da gesond?

    Anna : Jo, ech iesse jo vill aner Saache mat Proteinnen, zum Beispill LĂ«nsen, Bounen an Tofu. An ech iesse ganz gĂ€r Uebst, virun allem Banannen, Äppel an Äerdbier.

    Max : O, ech si leider allergesch op vill Uebst. Ech iessen dofir keng Äerdbier, keng Orangen a keng Kiwien.

    Anna : Dat ass awer schued. Hues du e Liblingsiessen?

    Max : Jo ech iesse ganz gĂ€r schaarf Saachen, zum Beispill Curry. Ëss du och gĂ€r schaarf?

    Anna : Jo, mee net ze schaarf. Ze vill Chilli hunn ech net gÀr.

    Max : Da kache mir eng KĂ©ier zesummen e vegane Curry! Dat geet och ganz einfach mat LĂ«nsen oder Tofu.

    Anna : Dat kléngt super! Dat maache mer!

    Am Restaurant : D’Iesse kommentĂ©ieren

    Client 1: Wat sinn ech frou, datt mir haut den Owend net doheem kachen. An de Restaurant soll immens gutt sinn. En huet ganz gutt Rezensiounen.

    Client 2: Ech hoffen! Ech si schonn hongereg. Komm ,mir drénken eisen Aperitif. Prost!

    Client 1: Mmh, dÀi Bifdeck gesÀit awer gutt aus.

    Client 2: Jo, ech hoffen e schmaacht och gutt an d’Fleesch ass zaart. DĂ€i Curry richt awer och gutt. Gudden Appetit!

    Client 1: Gudden Appetit!

    Client 1: EntschĂ«llegt, ech hu kee LĂ€ffel, fir mĂ€i Curry z’iessen. Ech hu just eng Forschett an e Messer.

    Client 2: An ech brÀicht nach eng Zerwéit, wgl.! Meng ass leider knaschteg.

    Client 2: An? Schmaacht et?

    Client 1: Net extra. Ech mengen, a mengem Plat ass Knuewelek dran, an ech hat extra ouni gefrot, ech si jo allergesch! An et ass vill ze schaarf! Pff 
 A wéi fënns du dÀin Iessen?

    Client 2: O, alt esou. De Bifdeck ass immens drĂ©chen an zĂ©i. D’Zooss ass och zimmlech fad, an d’Fritte sinn immens gesalzt.

    Client 2: WĂ«lls de nach en Dessert?

    Client 1: Nee, hei bestellen ech nĂ€ischt mĂ©i ausser d’Rechnung! Ech ginn och dĂ«s KĂ©ier keen DrĂ©nkgeld, de Service war ze lues. Eng Stonn waarden, just fir e Curry an e Bifdeck!

    Client 2: Ech sinn averstan. EntschĂ«llegt, d’Rechnung wgl.!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir berufflech a privat PlÀng fir d'Zukunft schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Kelly: Moie Gilles! An, wéi leeft et mat dengem Engleschcours?

    Gilles: Salut! Ma gutt, merci! Ech gi jo drĂ€imol d’Woch an de Cours an hu scho vill Saache gelĂ©iert. Et ass awer zimmlech intensiv an ech muss vill doheem lĂ©ieren. Mee ech wĂ«ll onbedĂ©ngt an engem Joer flĂ©issend Englesch schwĂ€tzen, fir meng Aarbechtskolleege besser ze verstoen.

    Kelly: Jo, eng Sprooch lĂ©ieren ass net esou einfach. Du hues jo awer e konkreet Zil an dat ass gutt fir d’Motivatioun. Et ass bestĂ«mmt och e Virdeel fir deng berufflech KarriĂ€r. VlĂ€icht wĂ«lls de jo eemol am Ausland schaffen! Ech wĂ«ll mech elo och e bĂ«sse weiderbilde fir meng Aarbecht.

    Gilles: Dat ass Ă«mmer eng gutt Iddi! A wat fir eng Richtung dann?

    Kelly: Ech schaffen elo schonn drÀi Joer a menger Entreprise an ech hÀtt gÀr méi Responsabilitéit. Dofir muss ech awer nach e puer Saache léieren. Ech hu virun e puer Deeg um Internet eng interessant Formatioun am BerÀich Project Management gesinn. Déi gesÀit interessant aus.

    Gilles: Ma da mell dech do un! Do léiers de bestëmmt vill Saachen.

    Kelly: Jo, dat sécher. Ech muss just kucken, ob ech genuch ZÀit dofir hunn. Ech hunn nÀmlech och nach e perséinlecht Zil - mÀi Frënd an ech wëllen eis Enn des Jores bestueden.

    Gilles: Wow, Gléckwonsch! Da sidd dir bestëmmt schonn déck amgaang ze plangen.

    Kelly: Jo, et gĂ«tt immens vill z’organisĂ©ieren, well dem Giuseppe seng Famill jo an Italie wunnt.

    Gilles: Dat gleewen ech. Et ass ni einfach, eng HochzĂ€it z’organisĂ©ieren, mee et gĂ«tt bestĂ«mmt e wonnerbaren Dag.

    Kelly: Dat sinn ech mer sécher. Du wÀerts deemnÀchst natierlech och eng Invitatioun geschéckt kréien!

    Gilles: O, da sinn ech awer elo gespaant!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir FrÀizÀitaktivitéiten erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Dialog Hobby: Chouer

    Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war.

    Zoé: Jo, ech sinn an der Chorale Florale zu Ierpeldeng. Ech sinn immens frou do!
    Mir hu SÀngerinnen a SÀnger vun all Alter, vun ongeféier 16 Joer bis ca. Enn 70. Et ass kee professionelle Chouer, mee jiddereen ass immens engagéiert.

    Alex: Flott! A wat sangt dir do?

    Zoé: Vun allem. Mir sange gÀr klassesch Chouermusek, mee heiansdo och méi modern Stécker.

    Alex: Ass den Dirigent léif?

    ZoĂ©: Mir hunn eng Dirigentin! D’Emilie ass immens lĂ©if a kompetent! Hatt ass Gesangsproff am Conservatoire an der Stad.

    Alex: Cool! WĂ©ini prouft dir?

    ZoĂ©: Donneschdes owes vun 19.30 bis 21.30 an engem Sall an der Musekschoul zu Ierpeldeng. Zwee Mol d’Joer maache mir och Proufweekender a bereeden eis op eis Concerte vir.

    Alex: Dat kléngt wierklech flott! Kann ech schonn den nÀchsten Donneschdeg laanschtkommen?

    Zoé: GÀr! Et feelen eis nach MÀnnerstëmmen...!

    Dialog Hobby: Fitness

    Speakerin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Mir hunn haut de FrÀnk virum Mikro.

    FrÀnk: Moien. Merci fir d'Invitatioun!

    Speakerin: Méchs du gÀr Sport?

    FrÀnk: Jo! Ganz gÀr. Zënter zwee Joer, maachen ech reegelméisseg Fitness.

    Speakerin: Flott. Gees du zesumme mat anere Leit a Coursen?

    FrÀnk: Nee. Ech trainéieren eleng mat engem Trainer. Ech maache gÀr Sport an enger Ekipp, mee Fitness maachen ech gÀr eleng. Den Trainer ka sech da just op mech konzentréieren an den Training adaptéieren.

    Speakerin: Ech verstinn. WĂ©i oft gees du dann?

    FrÀnk: Ech hu leider net vill ZÀit. Ech ka just zwee Mol d'Woch goen.

    Speakerin: Trainéiers du moies oder owes?

    FrÀnk: Méindes fÀnkt mÀin Training um 14:30 Auer nomëttes un. An donneschdes fÀnken ech um 9:00 Auer moies un.

    Speakerin: WĂ©i laang dauert dann eng Seance?

    FrÀnk: MÀin Training ass ganz intensiv. No 45 Minutten ass de Programm mat mengem Trainer fÀerdeg. Déi lescht Véierel Stonn maachen ech dann eleng nach e bësse Cardio Training.

    Speakerin: Wat méchs du da genau, mat dengem Trainer.

    FrĂ€nk: Ech maache ganz oft Kraafttraining. Dat heescht Muskulatioun, mat Gewiichter. Heiansdo trainĂ©iere mir de RĂ©ck, heiansdo d'Been, heiansdo d'Äerm asw. 1-2 Mol de Mount, maache mir e Cardiotraining, wou mir lafen, sprangen oder boxen.

    Speakerin: Dat ass bestëmmt flott, mee awer och ustrengend.

    FrÀnk: Definitiv. Ech hu ganz dacks Muskelkater. Mee ech maachen et gÀr. Dat ass gutt fir meng Gesondheet.

    Speakerin: Wat méchs du dann net gÀr um Training?

    FrÀnk: Ech lafen net gÀr um Training. Ech ka jo och eleng de Weekend jogge goen. Um Training schaffen ech gÀr mat de Maschinnen. Dat kann ech net doheem maachen.

    Speakerin: Merci, fir deng ZĂ€it! Äddi an nach vill GlĂ©ck!

    FrĂ€nk: Villmools Merci. Dat ass lĂ©if. Äddi.