Afleveringen
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen en Ausfluch plangen. Duerno héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer Aktivitéiten am Alter schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
En Ausfluch buchem
A: Hänks de rëm um Handy?
B: Jo, pardon, ech buche grad eng Rees fir meng Mamm a mech. ‘t ass mäi Gebuertsdagskaddo fir meng Mamm.
A: Kee Problem. Schéin! Wouhi geet et?
B: Majo, dës Agence organiséiert Dagesreesen. Den 23. Juni fuere se op Stroossbuerg. Vu datt bei eis Nationalfeierdag ass an a Frankräich kee Feierdag ass, fannen ech et flott, deen Dag eng Stad ze besichen. Dann ass et net esou voll wéi de Weekend.
A: Flott! Dat stëmmt! Wéi ass dann de Programm?
B: Mir fueren um 7 Auer moies um Park & Ride Bouillon fort an-
A: O, dat ass fréi!
B: Jo, mee dann huet een eppes vum Dag. Um 10.15 komme mer zu Stroossbuerg un. Um hallwer 7 owes fiert de Bus nees zeréck op Lëtzebuerg.
A: Hm...
B: Et kann ee jo am Bus fir dohin e bësse schlofen.
A: An engem Bus kréien ech keen A zou.
B: Vläicht bass de manner midd wéi s de mengs! Mir maachen dat reegelméisseg. Et ass wierklech praktesch, well ee sech ëm näischt brauch ze këmmeren. Et muss een net selwer fueren, et muss ee keng Parkplaz sichen an no engem laangen Dag ass een och frou, wann een net nach heemfuere muss. Ech hunn nom Entdecken a Shoppe keng Energie méi, fir mam Auto heemzefueren. Dat hei ass wierklech praktesch!
A: A wéi vill kascht dat?
B: Dësen Tripp kascht 80 € pro Persoun.
A: Ok.
B: Op hirem Site kanns de kucken, wat fir Trippen a Reesen et nach gëtt. Vläicht fënns de eppes, dat der gefält.
A: Jo, ech kucke mol. Merci fir den Tipp!
-
Aktivitéiten am Alter
A: Hallo! Wéi geet et dir?
B : Gutt an dir?
A: Och gutt! Ech war de Mëtteg bei menger Bomi. Mir hunn zesumme gekacht a giess.
B: Schéin! Wéi geet et hir?
A: Et geet hir gesondheetlech gutt, mee se fillt sech immens aleng. Se kuckt vill Tëlee a liest vill, mee et ass all Dag dat selwecht.
B: Dat deet mer leed fir si. Meng Bomi ass jo och eleng, mee si huet wierklech Chance mat hirer Gemeng. D’Gemeng organiséiert vill Aktivitéite fir eeler Leit. Eemol de Mount geet si an e Sproochecafé, fir mat de Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, ze schwätzen. Si huet do och d’kenne geléiert, eng Tuneesierin. Si treffe sech reegelméisseg, fir zesummen ze poteren an ze kachen.
Eemol d’Woch geet si an de “Fit am Alter”. Do turne si am Sëtzen a wann d’Wieder gutt ass, gi se an e Park spadséieren.A: Wéi flott!
B: Gëtt et an hirer Gemeng keng esou Offeren?
A: Ech muss kucken, ech hunn emol net doru geduecht.
B: Stréckt si gär?
A: Jo, ganz gär. Si heekelt och gär.
B: Ma dat passt gutt! Meng Bomi trëfft sech zwee bis dräi Mol de Mount mat Leit vun all Alter, wou si dann zesumme strécken an heekelen, mee virun allem zesumme poteren. Et sinn esouguer Teenageren derbäi! Ech ginn dir mol menger Bomi hir Telefonsnummer. Wann deng Bomi Loscht huet, da ka se menger Bomi uruffen.
A: O, wéi léif. Dat ass eng super Iddi! Ech froe se mol, mee si ass bestëmmt motivéiert! Villmools Merci!
B: Ganz gär geschitt! Mir kënnen eis jo heiansdo zu véier treffen! Ech wëll och emol strécke léieren.
A: Dat maache mer!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer de Marathon an der Stad Lëtzebuerg schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
De Marathon zu Lëtzebuerg
A: Salut Vinz, hues du e Samschdeg den Owend schonn eppes vir ?
B : Nee, nach net. Firwat ?
A : Ech lafe mat e puer Frënn beim ING Night Marathon mat – awer just de Semi, also den hallwe Marathon.
B: Wow, seriö? Dee war ech nach ni kucken.
A: Da gëtt et Zäit! Et ass e risegt Lafevenement hei zu Lëtzebuerg, dat gréisst aus dem Land. Et komme Leit aus der ganzer Welt fir matzelafen, an natierlech lafen och vill ambitionnéiert Hobbyleefer vu Lëtzebuerg mat. D’Ambiance an der Stad ass einfach super!
B: Kléngt cool! Also ass et net just e Sportsevenement, mee éischter eng grouss Party?
A: Jo, dat kann ee scho soen. D’Stad ass voll mat Leit, déi déi verschidde Leefer ufeieren. De Laf fänkt um Kierchbierg un a geet dann op de Lampertsbierg an duerch d’Stad. De Marathon geet och iwwer Märel an op d’Gare, mee herno kënnt jiddereen erëm um Kierchbierg un.
B: Dat ass awer keng einfach Streck!
A: Nee, virun allem de Schluss geet zimmlech biergop. Ech hoffen, ech packen dat, mee ech hu gutt trainéiert.
B: Firwat deet ee sech dann esou eppes un?
A: Ech sinn d’lescht Joer fir d’éischt mat e puer Frënn an d’Stad kucke komm an ech hunn déi Atmosphär einfach immens fonnt. E puer Méint duerno, hunn ech mech du fir eng éischt Course ugemellt, bei där ech 10 Kilometer gelaf sinn an dat ass awer relativ gutt gaangen.
B: Wéi laang trainéiers du dann elo fir de Semi-Marathon?
A: Ech hu mech am Ufank vum Joer ugemellt a lafen elo zënter zwee Méint méi konsequent, dat heescht 3 Mol d’Woch. An all Woch e puer Kilometer méi. Ech hoffen, dass ech et an zwou Stonne packen!
B: Bestëmmt! Vläicht kann ech dech jo och ufeiere kommen. Wéi kommen ech dann e Samschdeg am beschten an d’Stad? Fueren d’Busser?
A: Hmm, du muss e bëssen oppassen. Vill Stroosse si wéinst dem Laf gespaart an e puer Busser fueren en anere Wee. Kuck am beschten um Internet, do fënns du bestëmmt all d’Informatiounen.
B: An der Rei. Villäicht kommen ech einfach mam Vëlo. Gitt dir dann duerno och nach eraus?
A: Kloer! Et ginn iwwerall After-Partyen: an der Uewerstad, am Gronn, an esouguer um Glacis. Ech wäert zwar midd sinn, mee fir ee Béier misst et nach duergoen.
B: Haha, dat wëll ech gesinn. Gutt, ech sinn dobäi: fir iech unzefeieren, a fir d’After-Party duerno.
A: Flott, dat freet mech! Villäicht kanns du jo och e Schëld mat engem coole Sproch maachen.
B: Jo, dat ass eng Iddi. Vläicht fält mir jo eppes Kreatives an. Ech iwwerleeë mir mol eppes!
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwätze mir mat iech iwwer d'Theema Upcycling. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Upcycling
A: So, d’Kanner léieren de Moment, wéi ee richteg recycléiert, mee ech wëll hinnen och gär weisen, wat een nach alles mat Offall maache kann. Du hues mer d’lescht Joer vun dengem Upcycling-Projet erzielt, oder?
B: Genee! Dat war fir mäi Stage an der Spillschoul.
A: Kanns du mer e puer Iddie ginn? Ech weess, um Internet fënnt een alles, mee hues du Beispiller, déi gutt mat de Kanner fonctionéiert hunn?
B: Jo, natierlech! Eppes, wat séier geet, ass en Tic-tac-toe aus Fläschendeckelen. Du mools d’Spill op e Stéck Kartrong vun enger aler Këscht a si kënnen d’Deckele umolen, entweeder mat zwou verschidde Faarwen oder se mole Symboler drop: en X, e Krees, eng Sonn, en Häerz oder eppes Aneres.
A: A, dat ass flott! Da fänken ech mol un, Deckelen ze sammelen. Mir benotzen net méi sou vill plastiks Fläschen…
B: Jo, ok! Eng aner Iddi ass, kleng Blummendëppen aus alen Dousen ze bastelen. Déi hunn ech och doheem, fir meng Kraider an der Kichen. Fir d’éischt muss de d’Béchsen natierlech spullen an de schaarfe Rand vun all Béchs mam Hummer platt schloen. Duerno muss de mam Hummer a mat engem Nol e puer Lächer an de Buedem schloen an da kënnt der d’Béchs mat Acryl-Faarf umolen. Waart, ech weisen der eng Foto vu mengen...
A: O, super! Wéi schéin! Déi Iddi gefält mer immens gutt!
B: Merci! Aus ale Këschten aus Holz oder Kartrong kann een och flott Saache maachen: eng Etagère, e Poppenhaus oder direkt eng kleng Stad mat Gebaier aus Müsli- a Cornflakeskëschten. Kuck, d’Stad, déi d’Kanner opgeriicht hunn ass bal sou grouss wéi eise Klassesall.
A: Mega! Do si jo och kleng Figuren!
B: Genee, d’Persounen an d’Déiere sinn aus alen Toilettërulloen an och ganz einfach ze maachen.
A: Super! Domat sinn d’Kanner och laang beschäftegt a kënne kreativ sinn.
B: Genee! A wéi all Léierin oder Schoulmeeschter muss de lo ufänken, Toilettërulloen ze sammelen.
A: Haha! Allerdéngs!
B: Wéi gefält der meng Posch? Déi hunn ech aus enger aler Jeansbox gebitzt!
A: Cool!
B: Gesäis de, du kanns och eleng upcycelen a kreativ sinn.
A: O, ech fäerten, ech si leider net sou douéiert wéi s du!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer Aktivitéiten, déi ee mat de Kanner zu Lëtzebuerg maache kann, schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Aktivitéite fir d’Kanner
Luc: Salut Anna, salut Samira! Wéi geet et iech haut?
Anna: Salut Luc! Ganz gutt, merci. Ech kucke grad, wat ech de Weekend mat de Kanner maache soll. Wéi geet et dir Samira?
Samira: Mir geet et och gutt, mee ech sinn e bësse midd, ech hu mech dës Woch vill ëm mäi Bouf gekëmmert. Hien ass immens aktiv!
Luc: Haha, jo, dat kennen ech. Meng Duechter war dës Woch och voller Energie. Ech sichen och nach no enger Aktivitéit fir de Weekend.
Anna: Meng Kanner wollten nees an de Parc Merveilleux goen. Mir waren d’lescht Woch do a si hunn et einfach super fonnt.
Samira: Jo, de Beetebuerger Park ass wierklech flott. Et gëtt esou vill Spiller an Déieren. Et kritt ee souguer speziellt Fudder fir d’Déieren ze fidderen. Dat hunn d’Kanner besonnesch gär.
Luc: Ech war nach ni do, mee ech hu schonn dovun héieren. Kënnt een einfach dohin?
Anna: Jo, ganz einfach. Si hunn och e Parking a souguer Navetten.
Samira: Wësst der wat och flott ass? De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher! Mir waren virun zwou Wochen do. Et war immens schéin.
Luc: Kann een do Päiperleke kucken?
Samira: Jo, do gëtt et bis zu 40 verschidden Zorte vu Päiperleken, mee och Villercher, Beien an tropesch Planzen. Déi vill verschidde Faarwen hu mengem Bouf virun allem gefall. Et ass awer zimmlech waarm a fiicht dobannen.
Anna: Dat kléngt interessant! Do kënnen d’Kanner mol eppes Neies gesinn a léieren.
Luc: A propos léieren – mir ware viru Kuerzem am Naturmusée an der Stad. Meng Duechter interesséiert sech fir Fossilien an Dinosaurier. Hatt war faszinéiert!
Samira: O, do war ech nach net mat mengem Bouf. Ass dat och fir kleng Kanner?
Luc: Et hänkt vun der Ausstellung of, mee ech mengen ab 6 Joer misst dat awer an der Rei sinn. Ech weess, dass vill Primärschoulen dohinner ginn. De Musée ass immens interaktiv.
Anna: Dat fannen ech esou wichteg! Mir waren d’lescht Joer am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng. Meng Kanner hu mat Roboteren a mat engem risege Magnéit gespillt. Et war wéi eng Spillplaz mat Wëssenschaft.
Samira: Wow! A wat kascht dee Spaass?
Anna: Fir Erwuessener sinn et 15 Euro a fir d’Kanner 9 Euro mengen ech, mee et ass wierklech der Wäert.
Luc: Mir kënne jo eng Kéier all zesumme mat de Kanner dohinner goen.
Samira: Vläicht kënne mir jo all Kéier op eng aner Plaz goen, da gesi mir alles Méigleches. Dëse Weekend kéinte mir vläicht an den Escher Déierepark goen, se hu gutt Wieder gemellt an et ass gratis.
Anna: Jo, cool Iddi! D’Kanner kënnen do ronderëm lafen, Déiere gesinn, fidderen an heemelen.
Luc: Topp! Mir fält och grad an, dass et den Train 1900 gëtt? Do fiert ee mam Dampzuch vum Fond-de-Gras bis op Péiteng an erëm zeréck.
Samira: Wierklech?! Dat hunn ech net kannt, mäi Bouf ass e grousse Fan vun Zich!
Anna: Da maache mer dat déi zweet Kéier, wa mir eis gesinn a falls et net reent.
Luc: Jo! Dat ware lo vill Informatiounen. Loosst mech dat opschreiwen. Also: Parc Merveilleux zu Beetebuerg, de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher, den Naturmusée an der Stad, de Luxembourg Science Center zu Déifferdeng, den Déierepark zu Esch an den Train 1900 am Fonds-de-Gras.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer administrativ Prozeduren wann een nei zu Lëtzebuerg am Land ass schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Zu Lëtzebuerg ukommen
Elena: Moie Stéphanie! Ech si lo zënter enger Woch hei zu Lëtzebuerg, mee ech hunn d’Gefill, et gëtt sou vill ze reegelen! Ech weess net, wou ech ufänke soll.
Stéphanie: Hallo Elena! Jo, effektiv. Et ass am Ufank e bësse vill, mee ech hëllefen dir gären. Hues de dech scho bei der Gemeng ugemellt?
Elena: Nee, nach net. Firwat ass dat wichteg?
Stéphanie: Du muss dech umellen, well s du dann e Certificat de résidence da kriss. Dee brauchs du fir vill administrativ Prozeduren, wéi zum Beispill d’Krankekeess oder fir e Bankkonto opzemaachen.
Elena: A, ech verstinn! An, wéi ass et mat der Krankekeess?
Stéphanie: Du muss dech bei der Caisse Nationale de Santé (oder: CNS) umellen. Wann’s de schaffe gees, mécht däi Patron dat fir dech. Wann s du nach keng Aarbecht hues, da muss du dech selwer bei der CNS umellen.
Elena: Ok... A wéi eng Pabeiere brauch ech dofir?
Stéphanie: Normalerweis brauchs du deng Identitéitskaart, de Certificat de résidence an eventuell en Aarbechtskontrakt.
Elena: A wann ech e Bankkonto wëll opmaachen?
Stéphanie: Do brauchs de och deng Identitéitskaart an e Certificat de résidence. E puer Banke froen och en Aarbechtskontrakt.
Elena: Wow. Merci! Nach eng lescht Fro, wéi ass et mat der Steiernummer? Kréien ech déi automatesch?
Stéphanie: Jo, normalerweis kriss du se automatesch, mee ech géif an denger Plaz eng Kéier bei der Administration des contributions directes uruffen, wann s du méi konkreet Froen hues. Vill Informatiounen stinn awer och op Guichet.lu an do kanns du alles noliesen.
Elena: Ui! Ech hunn nach vill ze maachen! Wat ass da genau Guichet.lu?
Stéphanie: Guichet.lu ass eng offiziell Regierungssäit, wou s de all administrativ Informatioune fënns, déi s de zu Lëtzebuerg brauchs. Et ass wéi e Guide fir d’Steieren, d’Sozialversécherung, Wunnen, d’Aarbecht an nach Villes méi.
Elena: Ok, ech verstinn. Villmools merci fir all déi Informatiounen an deng Hëllef!
Stéphanie: ‘t ass gär geschitt.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen hir Moiesroutine beschreiwen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Iwwer Fräizäitaktivitéite schwätzen (A1)
B: Myriam, wat méchs du gär an denger Fräizäit?
M: Ech liese gär Bicher. Liese mécht mir Spaass. An du, Ben, wat méchs du gär an denger Fräizäit?
B: Ech spille gär Fussball. Dat ass flott! Ech liese guer net gär.
M: Schued! An du, Liz, wat ass däin Hobby?
L: Mäin Hobby ass molen. Mee ech liesen och gär!
M: Cool! Wat ass däi Liblingsbuch?
L: Hmm… Ech sinn e groussen Harry-Potter-Fan.
M: A, du lies gär Fantasy-Bicher !
L: Jo, dat ass richteg.
B: Harry Potter fannen ech och flott. Ech kucken d’Filmer gär mat menger Frëndin. Hatt ass och e Fan vun der Serie.
L: Ben, spills du just Fussball, oder kucks du och Fussball?
B: Natierlech kucken ech och gär Fussball! Meng Liblingsekipp ass den FC Barcelona. Ech kucken all Match op der Tëlee.
M: Hues du e Liblingsspiller?
B: Jo, de Pedri. Hien ass jonk a spillt ganz gutt.
L: Cool!
Moiesroutine (A2)
T: Hallo Lea! Du bass awer erëm fréi um Büro.
L: Moien Theo! Jo, ech sinn all Dag fréi hei. Ech stinn schonn um 6 Auer moies op.
T: Seriö? Ech erwäche meeschtens eréischt um hallwer aacht. Da maachen ech fir d’éischt emol dräi Mol de Wecker aus…
L: Haha, dat kennen ech nach vu fréier. Mee elo muss ech mech all Dag tommelen. Ech erwäche meng Kanner, doe se un – dat dauert ëmmer laang.
T: O jo, dat kléngt stresseg.
L: Dat ass et och! Duerno duschen ech mech séier, ech decken den Dësch, maachen de Kaffi fir jiddereen an ech preparéieren e Snack fir meng Kanner fir mat an d’Schoul. Duerno geet mäi Mann mat de Kanner op de Bus.
T: Ech si frou, datt ech just u mech denke muss. Ech stinn op, maachen d’Kaffismaschinn un, an da scrollen ech e bëssen um Handy. Duerno doen ech mech un, wäsche mech a raséiere mech. Ech drénke bal ni Kaffi doheem.
L: Ech muss moies doheem eppes iessen, soss iessen ech duerno um Büro ze vill Schockela!
T: Heiansdo huelen ech eng Schmier mat, mee meeschtens kafen ech e Croissant oder eng Schockelasrull beim Bäcker.
L: A wéi kënns du op de Büro?
T: Normalerweis fueren ech mam Bus. Ech lauschteren ënnerwee e Podcast oder ech liesen e Buch. An du?
L: Ech fueren ëmmer mam Auto. No der Aarbecht kann ech meng Kanner direkt an d’Schoul siche goen. Mee heiansdo brauch ech laang, wa vill Verkéier op der Autobunn ass.
T: Jo, dat kennen ech. De Bus steet och oft an der Stad am Stau. O, et ass scho bal néng Auer! Meng Reunioun fänkt gläich un!
L: Vill Spaass! Bis herno an der Kantin!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir den Auteur Bruno de Pinho am Studio. Hie schwätzt mat eis iwwer säi Buch ,,Vergréisser deng Taass... an hal op, dech ze beschwéieren''.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eng aner op de Flughafe siche kënnt an iwwer hiert Liewen erzielt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer vun hirem Auslandsemester a Spuenien erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick).
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Recycling zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Recycling
A: Wou leien déi giel Tuten?
B: Wéi eng giel Tuten?
A: Ma déi fir de Plastik!
B: Du mengs déi blo Tuten!
A: Sinn déi zu Lëtzebuerg blo? An Däitschland si se giel. O mei! Ech hoffen, hei ass net alles anescht.
Kanns du mer wannechgelift erklären, wéi dat mam Recycling zu Lëtzebuerg fonctionéiert?B: Natierlech! Mir hu véier verschidden Dreckskëschten. An déi schwaarz Dreckskëscht kënnt den Offall, deen een net recycléiere kann, wéi z.B. Iessreschter, ofgelafe Liewensmëttelen, Schierbelen, den Dreck aus dem Staubsauger, asw. . An eiser Gemeng gëtt déi schwaarz Dreckskëscht ee Mol d’Woch eidel gemaach. Genee wéi déi gréng. Déi gëtt och all Woch eidel gemaach. An déi gréng Dreckskëscht kënnt den natierlechen Offall, dat heescht: Gras, Blieder, Onkraut (ouni Buedem) aus dem Gaart an den Offall vun Uebst a Geméis. Hues du en Hond?
A: Jo! De Lucky!
B: Majo, dengem Hond säin Hondsdreck kënnt och doran. Aus all deem Offall kann herno Biogas hiergestallt ginn. Dat nennt ee gréng, also erneierbar an nohalteg Energie, a wa mer déi benotze kënnen, brauche mer keng fossil Energie, wéi Pëtrol, Äerdgas a Kuel!
A: ‘t ass wouer! Ech muss vill méi dorop oppassen! Ech hu kee Gaart, mee ech hunn awer all Dag Uebst- a Geméisoffall...
B: Jo, ech och...
Dann...an déi blo Dreckskëscht kommen de Pabeier an de Kartong. Dës Poubelle gëtt bei eis ee Mol all zwou Wochen eidel gemaach. Dat ass nach net laang esou. Fréier ass se just ee Mol de Mount eidel gemaach ginn, mee dat geet elo net méi duer, well mir elo esou vill Artikelen um Internet bestellen, déi a Kartrongskëschte geliwwert ginn.A: Genee.
B: Opgepasst: bei Pizzakartrongen soll een déi Deeler, wou Fett oder Tomatenzooss drop ass, net an déi blo Dreckskëscht geheien, mee an déi schwaarz!
A: Ok! Du hues gesot, datt Schierbelen an déi schwaarz Poubelle kommen. Firwat kommen déi net an de Glascontainer?
B: Jo, net all Glas ass d’selwecht. An déi brong Dreckskëscht kënnt Glas, wéi z.B. Gedrénksfläschen, Glieser, wou Zooss, Geméis, Gebeess oder sou dra war, Flaconen fir Kosmetik, mee keng Glieser, aus deenen een drénkt. Déi Schierbele kommen an déi schwaarz Dreckskëscht. Keramik a parzeläins Schierbele kommen och dodran.
A: Ok. A wéi oft ginn déi brong Dreckskëschten eidel gemaach?
B: Bei eis ee Mol de Mount. Ech weess awer net, ob dat an all Gemeng esou ass.
Sou! Zousätzlech zu de véier Dreckskëschte gëtt et dann och nach d’blo Tuten.
A: Fir de Plastik.
B: Jo, mee net nëmme fir de Plastik.
A: Wéi ech d’lescht Woch heemgaange sinn, stoungen d’blo Tute virun den Haiser an dunn hunn ech eng Multiprise an enger bloer Tut gesinn! Dat ass inakzeptabel!
B: Watgelift?!? Dat geet dach net!
A: Ma jo!
B: Komm, mir kucken nach eng Kéier, wat alles an d’blo Tut kënnt. Wéi ass de Site?
A: www.valorlux.lu
B: Also... Verpackungen aus Plastik, wéi Gedrénksfläschen, Duschgel, Shampoing, asw., Wäsch- a Botzmëttelen, Becheren, Jughurtsdëppercher asw., plastiks Blummendëppen, Barquetten, d’Emballagë vu Sixpacken an Tuten.
A: Mee, opgepasst: kee schwaarze Plastik!
B: A jo! An net just Plastik! Och Verpackungen aus Metall, Dousen, Deckelen aus Metall an-
A: -Käerzen?!
B: Nee, dee klenge Becher aus Metall vun den Téiliichten.
A: A, ok!
B: Zum Schluss dann nach Gedrénkskartrongen, wéi Mëllech, Ram oder Jus. O Nee, ech gesi grad: Styropor kënnt net an d’blo Tut! Wéi penibel! Ech hunn de Leit, déi do schaffen, onnëtz Aarbecht gemaach...
A: Gutt ze wëssen!
B: Wichteg ass och, datt een d’Verpackunge platt dréckt an ausser e puer Reschter solle se eidel sinn. Alles anescht gehéiert net an d’blo Tut. D'Valorlux-Tute ginn all zwou Wochen ofgeholl.
A: Dat war vill Informatioun an et gëtt wierklech villes, wat ee recycele kann!
B: Jo! Wann een net sou vill Plaz doheem huet, kann een dat alles natierlech och selwer an de Recyclingzenter féieren.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir, wéi eng Persoun bei engem Telefonsprovider urifft, fir hiert Abonnement ze kënnegen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
En Abonnement annuléieren
Automatesch Stëmm: Moien a wëllkomm beim Clientservice vu LëtzTel. Fir d’Qualitéit vun eisem Service ze verbesseren, gëtt dëst Gespréich opgeholl. Bleift wgl. um Apparat.
Mataarbechter: Moien, Clientservice vu LëtzTel, Marie um Apparat. Wéi kann ech Iech hëllefen?
Cliente: Moien, ech géif gär mäin Telefonsabonnement annuléieren.
Mataarbechter O, ech verstinn. Kënnt Dir mir Ären Numm an Är Clientsnummer ginn, wgl?
Cliente: Jo, mäin Numm ass Heidi Hansen an d’Clientsnummer ass 123456.
Mataarbechter: Merci, Madamm Hansen. Kënnt Dir mir soen, firwat Dir Äert Abonnement annuléiere wëllt?
Cliente: Ech hunn elo en neit Abonnement bei enger anerer Firma, déi méi bëlleg ass.
Mataarbechter: Ech verstinn. Mee, wosst Dir, datt mir och speziell Offeren hunn? Wann Dir wëllt, kann ech Iech e méi bëllegen Tarif proposéieren.
Cliente: Hmm… Wéi vill géif dat kaschten?
Mataarbechter: Mir hunn eng speziell Remise fir eis Clienten. Dir kéint 5€ manner de Mount bezuelen an nach ëmmer onlimitéiert SMSe verschécken an den Internet benotzen.
Cliente: Dat kléngt net schlecht, mee mäin neie Kontrakt ass scho gemaach.
Mataarbechter: Ech verstinn, mee wann Dir wëllt, kënne mir Iech och extra Bonus-Minutten oder méi Datevolume ubidden. Da misst Dir net wiesselen.
Cliente: Ech weess net…
Mataarbechter: Ech wëll just, datt Dir déi bescht Offer kritt. Vläicht kéinte mir Iech e Mount gratis ubidden?
Cliente: Hmm… Dat ass eng gutt Offer, mee ech muss mir dat nach eng Kéier iwwerleeën.
Mataarbechter: Kee Problem! Ech kann Iech d’Offer per E-Mail schécken, an Dir kënnt Iech an deenen nächsten Deeg mach eng Kéier bei eis mellen.
Cliente: Gutt, schéckt mir dat wgl. an ech kucke mir dat un.
Mataarbechter: Perfekt, Madamm Hansen! Ech schécken Iech d’Detailer direkt.
Cliente: An der Rei! Schéinen Dag nach!
Mataarbechter: Iech och, Äddi!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt eng Wiederprevisioun, an duerno héiere mir, wéi zwou Persoune Pläng fir de Weekend maachen-
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Eng Wiederprevisioun
Da Komme mer elo zu der Meteo fir de Weekend:
Den Abrëll weist sech dëse Weekend vu senger beschter Säit! E Samschdeg erwaart eis e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleken. D’Temperature klamme bis op 18 Grad am Norden an 21 Grad am Süde vum Land – perfekt Wieder also fir en Trëppeltour oder den éischte Kaffi op enger Terrass. De Wand bléist nëmme schwaach mat 15 Kilometer an der Stonn.
E Sonndeg gëtt et dann nach eng Kéier e bësse méi waarm. D’Sonn weist sech ëmmer méi, an den Thermometer klëmmt bis op 23 Grad. Just moies ginn et e puer vereenzelt Wolleken am Norde vum Land. Perfekt fir en Auslfuch oder e Picknick am Park!
Also, dëse Weekend kënnen d’Jackett an de Prabbeli doheem bleiwen, well et gëtt scho bal summerlecht Wieder!
E Méindeg gëtt et dann awer schonn erëm méi onbestänneg. D’Temperature falen erëm op ënner 10 Grad an am ganze Land muss ee mat Schauere rechnen. Géint der Owend gëtt et dann och méi lëfteg an de Wand ka bis zu 60 Kilometer an der Stonn blosen.
Wéi heescht et esou schéin: Abrëll, Abrëll e weess net wat e wëll.
Vëlo fueren
A: Hues du d’Wiederprevisioune fir de Weekend gesinn? Et ginn e Sonndeg 23 Grad a Sonn!
B: Herrlech! Da kann ech endlech mäi Vëlo aus dem Garage huelen an e Prett fir déi nei Saison maachen.
A: Dat ass eng gutt Iddi! An ech ginn emol erëm en Tour lafen.
B: Lafen ass net sou menges, mee ech fuere richteg gär Vëlo, virun allem am Fréijoer an am Summer.
A: Wéi vill Kilometer fiers du dann normalerweis?
B: Meeschtens tëschent 20 an 30 Kilometer. Heiansdo och méi, wann ech genuch Zäit hunn oder d’Wieder extra gutt ass. Zu Lëtzebuerg ginn et vill flott Vëlosweeër, dat ass flott, fir nei Plazen am Land z’entdecken an e bësse Sport ze maachen.
A: Dat stëmmt. Mee 30 Kilometer, dat ass wäit! Virun allem, wann et och biergop geet. Gëss du dann do net ze midd?
B: E gi schonn e bësse midd, mee duerno fillen ech mech super! A wann ech wierklech ze midd sinn, maachen ech eng Paus a sëtze mech op eng Bänk an drénken e bësse Waasser.
A: Wat fir e Vëlo hues du dann? Ass et e Mountain-Bike?
B: Nee, ech hunn e Coursevëlo, esou änlech wéi déi, déi een am Tour de France gesäit. Ech hat fréier och e Mountain-Bike, mee de Moment hunn ech keng Plaz fir zwee Vëloen a mengem Garage. Villäicht kafen ech mir eng Kéier e Gravel-Bike, déi si gutt fir op der Strooss an am Bësch.
A: Du kenns dech jo gutt aus. Ech hu leider kee Vëlo, mee ech fueren heiansdo an der Stad mat deene bloen, elektresche Vëloen. Déi sinn och praktesch fir kleng Distanzen.
B: Dat stëmmt. Villäicht kanns du der jo eng Kéier sonndes een huelen, a mir maachen zesummen en Tour?
A: Dat kléngt flott! Mee da muss ech nach e bëssen trainéieren, datt ech och méi wéi 10 Kilometer packen, haha!
B: Mir kënne jo mat engem klengen Tour ufänken. A wa mir méi oft fueren, kënne mer am Summer och beim « Vëlosummer » matmaachen!
A: Wat ass dat?
B: Dat zielen ech dir eng aner Kéier, ech hunn elo gläich eng Reunioun, sorry!
A: Net schlëmm! Da vill Spaass op dengem Tour de Weekend!
B: Merci! An du... Laf gutt e Sonndeg!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut erzielt eis eng Persoun iwwer hir Erfarung mat Blutt spenden.
Wann dir och Bluttspender wëllt ginn, fannt dir méi Informatiounen op www.dondusang.lu.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Moodle-Account, klickt einfach op "Access as guest".
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer hir Pläng fir den Ouschterweekend schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou aner Persounen eng Wanderung an de Mëllerdall plangen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Pläng fir Ouschteren
A: An, hues de schonn eppes vir fir den Ouschterweekend?
B: Jo, natierlech! Mir maachen de vollen Ouschterprogramm mat eiesem Klengen. E Samschdeg fierwe mir doheem Ouschtereeër, dorops freet hie sech schonn immens. E Sonndeg fuere mir da bei d’Boma an de Bopa fir d’Ouschteriessen.
A: Dat kléngt flott! Gëtt et da bei iech eppes Spezielles fir z’iessen?
B: Jo, meng Mamm mécht wéi all Joer en Hämmelsbrot an duerno ginn et natierlech och nach Ouschtereeër aus Schockela an eng Bretzel als Dessert. Am Nomëtteg verstoppe mir Eeër am Gaart a siche se da mat deem Klengen. D’lescht Joer huet hie sech immens gefreet, wéi hie se fonnt huet!
A: Dat gleewen ech! Ouschteren ass ëmmer e flott Fest fir Kanner.
B: Dat ass wouer. An du? Feiers du och Ouschteren?
A: Nee, net wierklech. Ech freeë mech awer, datt Ouschterméindeg hei e Feierdag ass. Ech profitéiere vum laange Weekend a fuere mat mengem Frënd op Amsterdam.
B: Cool! Wat hutt dir dann do geplangt?
A: Näischt Extraes, mir ware jo schon e puer Mol do. Ech wëll e bësse shoppe goen a vläicht mat engem Boot fueren. Am Rijksmusée war ech nach net, an do ass eng flott Ausstellung. Et ginn och vill gutt Restauranten zu Amsterdam, dorop freeën ech mech och schon.
B: Dann hoffen ech, datt d’Wieder matspillt an dir gutt vun ärem Weekend profitéiere kënnt.
A: Merci, an dir natierlech och! Net, datt dir herno mam Prabbeli no Eeër siche musst, haha!
B: O, noutfalls verstoppt den Ouschterhues se dann dobannen. Dat hate mir och schonn!
Eng Wanderung plangen
Luc: Moien Emma! Hues du Loscht, e Samschdeg eng Wanderung ze maachen?
Emma: Moie Luc! Jo, dat ass eng gutt Iddi. Wuer wëlls de goen?
Luc: Mir kéinten an de Mëllerdall goen. Do ass et ganz schéin, et gi Fielsen, kleng Flëss a flott Wanderweeër.
Emma: Dat kléngt super! Ech war nach ni do. Wéi laang dauert d’Wanderung?
Luc: Ongeféier dräi Stonnen. Mir kënne Pause maachen an eppes Klenges iessen.
Emma: Super! Wéi ass d’Wieder e Samschdeg?
Luc: D’Wieder soll gutt sinn, mee et weess een ni. Du weess jo, wéi dat zu Lëtzebuerg ass.
Emma: Jo (laacht). Ech weess awer net richteg, wéi eng Schong ech undoe soll.
Luc: Du brauchs bequeem a stabil Wanderschong. D’Weeër am Bësch kënnen e bësse rutscheg sinn, virun allem wann et reent. Turnschlappen mat enger gudder Suel sinn och ok, mee op kee Fall Sandalen oder normal Alldagsschong.
Emma: A, ech hu gutt Sportschong. Dat misst goen, oder?
Luc: Jo, dat geet! Et wier och gutt, wann s du eng Reejackett an eng waasserdicht Box undees, da gëss de net naass, falls et dann awer reene géif.
Emma: O, gutt, datt s du dat sees! Ech hätt net dru geduecht. Ech huelen eng Reejackett mat. Muss ech nach eppes Wichteges mathuelen?
Luc: Jo, e Rucksak mat Waasser an eppes Klenges fir z’iessen. E klengen Energiesnack wéi eng Banann, Dattelen oder e puer Nëss, sinn ëmmer gutt.
Emma: Ok. Ech huelen eppes fir eis zwee mat.
Luc: Merci, dat ass léif.
Emma: Gi mir dono nach an e Restaurant iessen?
Luc: Kloer, am Duerf gëtt et e Restaurant. Si hu lëtzebuergesch Spezialitéiten, wéi Bouneschlupp, Kniddelen a Gromperekichelcher.
Emma: Mmm, dat kléngt lecker! Ech hunn elo scho Loscht drop!
Luc: Ech och! Komm mir treffen eis um 10 Auer op der Gare.
Emma: Perfekt! Bis e Samschdeg!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dräi Persounen zesummen am Buchclub iwwer e Buch schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am Buchclub
A: Ok, mir kënnen ufänken: Wéi huet iech de Roman gefall? Ech si gespaant!
B: Ech hunn d’Buch gëschter Owend nach séier fäerdeggelies. Ech war net esou motivéiert. Leider huet et mir net esou gutt gefall.
A: Dat ass schued! Wëlls de eis soen, firwat? Gefält dir der Schrëftstellerin hire Schreifstil net?
B: Nee, ech mengen de Genre ass net menges. Ech hu bal nach ni eng Familljesaga gelies, ausser d’Buddenbrooks am Lycée...
A: Ok, jo, dat kann net jidderengem gefalen. An du, Catherine? Wéi hues du et fonnt?
C: Bei mir ass et genee ëmgekéiert. Ech konnt d’Buch bal net op d’Säit leeën. Et ass zwar laang, mee ech war no véier Deeg fäerdeg. Ech sinn déi Deeg och vill ze spéit schlofe gaang an hu gelies, bis d’Ae mer zougefall sinn. Ech hat vergiess, datt dat mäi Liblingsgenre ass.
A: Dat freet mech! Mäin och! Kënnt dir soen, wat iech gutt oder net gutt gefall huet?
B: D’Beschreiwunge vun de Landschafte ware schéin. Et kann ee sech alles gutt virstellen, wann een et liest. Mee et war ze laang an d’Personnagen hu mech genervt.
A: Wéi dann?
B: D’Emily, zum Beispill, huet quasi wärend der ganzer Geschicht schlecht Decisioune geholl an zum Schluss hat d’Buch awer en Happy End. Dat huet mech negativ iwwerrascht. Den Alexander war mat jidderengem gehässeg an och hie gouf belount. Dat kann ech net ausstoen!
C: Mee den Alexander ass jo awer e Personnage, deen duerch e Kandheetstrauma esou ginn ass wéi en ass. Hie ka jo awer näischt dofir.
B: A Nee! Dat kann awer keng Excuse fir säi schlecht Behuele sinn! Wat ass dat da fir e Message?
A: Jo, dat stëmmt. Et däerf een him net alles verzeien.
C: A puncto Emily: ech mengen, d’Schrëftstellerin wëll hei weisen, datt een och Guddes verdéngt huet, wann ee schlecht Decisiounen hëlt, soulaang een e gudde Mënsch ass.
B: Ka sinn...
A: Jo, mee natierlech ass et besser, wann een d’Wouerecht direkt seet. Hatt soll eebe grad weisen, datt et kee perfekte Mënsch gëtt.
C: A soss wier d’Geschicht no 10 Säite fäerdeg gewiescht!
B: Jo, ok! D’Zeen mat senge Schwësteren huet mer awer gutt gefall! Do huet ee gemierkt, datt hatt sech verännert an zum Gudden entwéckelt huet.
C: Jo! D’Bezéiung vun de Schwësteren huet mir am beschte gefall. Se erënnert mech u meng Situatioun. Ech schenken d’Buch definitiv all menge Schwësteren.
A: Dat ass schéin! Dës Relatioun ass och ee vun de wichtegsten Theemaen am Roman. D’Schrëftstellerin huet och an engem Interview gesot, datt et d’Haapttheema ass. Si huet d’Geschicht geschriwwen, fir ze weisen, datt déi Relatioun alles zesummenhält. Se huet och en Impakt op dem Alexander säi Schicksal!
B: Lo wou s de et sees! Lo gesinn ech dat Ganzt vill méi positiv.
A: Dat freet mech! Duerfir ass e Buchclub esou flott. Oft liese mir Bicher méi iwwerflächlech, mee eréischt zesumme erkenne mir Detailer, déi eis eleng net opfalen.
B: Genee! Däerf ech dat nächst Buch auswielen?
C: Natierlech! Wat fir e Genre ass et?
B: E Thriller!
A: Spannend! Da so eis den Titel!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen telefonéieren an e Rendez-vous ofsoen. Duerno lauschtere mir, wéi eng Persoun doheem no hirem Schlëssel sicht.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Acess as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir eng Situatioun an engem A1-Sproochecours.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am A1-Sproochecours
P : Gudde Moien, alleguer! Wéi geet et iech ?
A & B: Ganz gutt !
P: Haut maache mir eng kleng Widderhuelung vum leschte Cours. Eva, kanns du dech virstellen a soen, vu wou s du kënns ? Formuléier duerno eng Fro fir däin Noper.
C : Moien, ech sinn d’Eva. Ech kommen aus Ungarn, vu Budapest. An du, wéi heeschs du, a vu wou kënns du ?
B : Ech heesche Marco an ech kommen aus Italien, vun Napoli.
P: Oppassen: Op Lëtzebuergesch soe mir “Neapel”. Marco, kanns du dat widderhuelen, wannechgelift?
B: Jo, Ech kommen aus Italien, vun Neapel.
P: Tipptopp! Sou, mir widderhuelen elo all zesummen an der Klass! Eva, kanns du d’Instruktioune vum Exercice liesen?
C: Jo. Kommt an d’Mëtt a schwätzt mat minimum dräi Persounen. Notéiert den Numm, d’Heemechtsland, de Wunnuert an d’Sprooche vun ärem Partner an den Tableau. Dir hutt 15 Minutten Zäit.
P: Super! Hutt dir nach eng Fro? Nee? Da fänkt elo un!
A : Moien ! Ech heeschen Anna. An du ?
B : Salut, Anna ! Ech sinn de Marco.
A : Vu wou kënns du ?
B : Ech kommen aus Italien, vun Neapel. An du ?
A : Ech kommen aus Schweden, vu Göteborg.
B: Wéi schreift een dat, wannechgelift?
A: Ech buschtawéieren: G-Ö (O mat Umlaut) – T – E – B – O -R -G.
B: Merci!
A: Ok, déi nächst Fro. Wunns du zu Lëtzebuerg ?
B : Jo, ech wunnen zu Lëtzebuerg, zu Stroossen. An du?
A: Ech wunnen och zu Lëtzebuerg, an der Stad, um Lamptersbierg. Wat fir Sprooche schwätz du?
B: Ech schwätzen Italieenesch, Englesch, e bësse Franséisch, an elo léieren ech Lëtzebuergesch. An du?
A: Ech schwätze Schweedesch, Englesch, e bëssen Däitsch, an elo léieren ech och Lëtzebuergesch.
B: Flott! Et freet mech, dech kennenzeléieren!
A: Mech och!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut erziele mir iech e bëssen iwwer Bretzelsonndeg. Passend zum Theema héiere mir duerno en Dialog an enger Bäckerei.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Bretzelsonndeg
A: Salut Alain! An, hues du schonn deng Bretzel fir Bretzelsonndeg kaf?
B: Bretzelsonndeg? Wat ass dat? Kléngt gutt, mee ech hunn nach ni eppes dovun héieren.
A: Seriö? Dat ass eng ganz flott Traditioun hei zu Lëtzebuerg. De véierte Sonndeg an der Faaschtenzäit ass Bretzelsonndeg. Dëst Joer fält et op den 30. Mäerz. Deen Dag schenken d’Männer de Fraen eng Bretzel.
B: A, déi mat Salz? Déi ginn et jo dat ganzt Joer beim Bäcker.
A: Nee, nee, dat ass eng aner Bretzel! Op Bretzelsonndeg keeft een eng séiss Bretzel aus Bliederdeeg mat Mandelen an Zockergoss.
B: A firwat genee eng Bretzel?
A: Gutt Fro! Et soll en Zeeche fir d’Léift sinn. Wann s de genau kucks, erënnt d’Form vun der Brëtzel och e bëssen un eng Ëmaarmung.
B: Stëmmt! Et ass wierklech e léiwe Gest. A wat geschitt, wann d’Fra d’Bretzel kritt?
A: Wa si och frou mam Mann ass, schenkt si him fir Ouschteren en Ouschteree. Wa si net interesséiert ass, kritt de Mann en eidele Kuerf. Dohier kënnt och d’Expressioun ,,e Kuerf kréien’’, also vun enger Persoun, déi ee gär huet, ofgeleent ginn.
B: O mei! An dat ass all Joer esou?
A: Nee, wann e Schaltjoer ass, ass d’Traditioun ëmgedréit. Da mussen d’Fraen dem Mann, mat deem si frou sinn, eng Bretzel schenken, an d’Männer entscheede sech tëschent engem Ee an engem Kuerf.
B: Wéi echt! Da muss ech mech bäi maachen an eng Bretzel fir e Sonndeg kafe goen. Wie weess, vläicht kréien ech jo dann och en Ee fir Ouschteren.
A: Absolut! Vill Gléck!
B: Merci!
An der Bäckerei
V: Gudde Moien! Wat kritt Dir?
C: Gudde Moien. Ech hätt gär e Brout.
V: Hätt Dir gär en donkelt Brout oder en hellt Brout?
C: En donkelt Brout, wgl.
V: Mir hu Roggebrout, Vollkornbrout a Walnossbrout.
C: Hmm… d’Walnossbrout kléngt interessant.
V: Jo, et ass en donkelt Brout mat vill Nëss. Et ass ganz gutt a passt gutt bei Kéis.
C: Dann huelen ech eent.
V: Geschnidden oder net geschnidden?
C: Geschnidden, wgl.
V: Hätt Dir soss nach gär eppes? Vläicht Bréidercher?
C: Jo, ech huele véier Bréidercher.
V: Heller oder Vollkornbréidercher?
C: Zwee hell Bréidercher an zwee Vollkornbréidercher, wgl.
V: Hätt Dir och nach gär eppes Séisses?
C: Hmm, jo, hutt dir scho Bretzelen? Geschwënn ass jo Bretzelsonndeg.
V: Jo, mir hunn normal Bretzelen a gefëllte Bretzelen mat Praliné.
C: Mmh, ech huelen zwou gefëllte Bretzelen, wgl. Da si meng Kanner frou.
V: Gutt, e Walnossbrout, zwee hell Bréidercher, zwee Vollkornbréidercher an zwou gefëllte Bretzelen. Dat mécht 8,60 €, wgl. Bezuelt Dir boer oder mat Kaart?
C: Boer, wgl. Hei sinn 10 €.
V: Merci. Hei sinn 1,40 € zeréck. Braucht dir eng Tut?
C : Nee, Merci, et geet esou. Äddi!
V : Äddi, an nach e schéinen Dag.
C: Merci gläichfalls.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous fir an de Kino ausmaachen. Duerno schwätze mir nach iwwer d'Summerzäit an d'Auer, déi dëse Weekend geréckelt gëtt.
-
D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Op Nofro vum Ministère hu mir haut erëm en Episod zum Theema Crèche fir iech. Mir héieren, wéi eng Educatrice eng Mamm iwwer e Problem mat hirem Kand informéiert.
Vill Spaass!
-
Transkript
Educatrice: Madamm Horváth, hutt Dir nach ee Moment Zäit, fir iwwer de Máté ze schwätzen?
Mamm: Jo, natierlech. Ass alles ok?
Educatrice: Et ass näischt Schlëmmes, mee mir hu gemierkt, datt de Máté déi lescht Deeg dräi Mol wärend der Mëttesrascht an d’Bett gemaach huet an hien ësst och praktesch näischt.
Mamm: O, ech hu gemengt, dat geschitt de Moment just doheem.
Educatrice: A! Ech hoffen, et ass alles an der Rei! Vläicht ass et eng Phas?
Mamm: Dat ass gutt méiglech. Hien ass de Moment immens pappereg, mee mäi Mann ass zënter enger Woch bei sengen Elteren an Ungarn. Si plënneren an en Altersheem an hien hëlleft hinnen dobäi. Mir telefonéieren all Dag mat Kamera, mee de Máté verlaangert awer immens vill.
Educatrice: Dat ass bestëmmt de Grond. Esou Verännerunge kënnen d’Kanner heiansdo veronsécheren. Mir wäerte probéieren, him déi nächst Zäit extra vill Sécherheet ze ginn.
Mamm: Merci! Ech probéieren och, hie sou vill wéi méiglech ze berouegen, datt säi Papp geschwënn nees doheem ass. Hie kënnt an ongeféier 10 Deeg nees heem.
Educatrice: Ok! Mir halen Iech um Lafenden. Wann et net besser gëtt, da probéiere mer eng aner Léisung ze fannen.
Mamm: Villmools Merci, datt Dir mir Bescheed gesot hutt.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun wéinst engem Pak op der Post reclaméiert. Duerno héiere mir en Dialog vun enger Urgence am Spidol.
Vill Spaass!
----
D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir brauch kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.
- Laat meer zien