Afleveringen

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut erziele mir iech e bëssen iwwer Bretzelsonndeg. Passend zum Theema héiere mir duerno en Dialog an enger Bäckerei.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Bretzelsonndeg

    A: Salut Alain! An, hues du schonn deng Bretzel fir Bretzelsonndeg kaf?

    B: Bretzelsonndeg? Wat ass dat? Kléngt gutt, mee ech hunn nach ni eppes dovun héieren.

    A: Seriö? Dat ass eng ganz flott Traditioun hei zu Lëtzebuerg. De véierte Sonndeg an der Faaschtenzäit ass Bretzelsonndeg. Dëst Joer fält et op den 30. Mäerz. Deen Dag schenken d’Männer de Fraen eng Bretzel.

    B: A, déi mat Salz? Déi ginn et jo dat ganzt Joer beim Bäcker.

    A: Nee, nee, dat ass eng aner Bretzel! Op Bretzelsonndeg keeft een eng séiss Bretzel aus Bliederdeeg mat Mandelen an Zockergoss.

    B: A firwat genee eng Bretzel?

    A: Gutt Fro! Et soll en Zeeche fir d’Léift sinn. Wann s de genau kucks, erënnt d’Form vun der Brëtzel och e bëssen un eng Ëmaarmung.

    B: Stëmmt! Et ass wierklech e léiwe Gest. A wat geschitt, wann d’Fra d’Bretzel kritt?

    A: Wa si och frou mam Mann ass, schenkt si him fir Ouschteren en Ouschteree. Wa si net interesséiert ass, kritt de Mann en eidele Kuerf. Dohier kënnt och d’Expressioun ,,e Kuerf kréien’’, also vun enger Persoun, déi ee gär huet, ofgeleent ginn.

    B: O mei! An dat ass all Joer esou?

    A: Nee, wann e Schaltjoer ass, ass d’Traditioun ëmgedréit. Da mussen d’Fraen dem Mann, mat deem si frou sinn, eng Bretzel schenken, an d’Männer entscheede sech tëschent engem Ee an engem Kuerf.

    B: Wéi echt! Da muss ech mech bäi maachen an eng Bretzel fir e Sonndeg kafe goen. Wie weess, vläicht kréien ech jo dann och en Ee fir Ouschteren.

    A: Absolut! Vill Gléck!

    B: Merci!

    An der Bäckerei

    V: Gudde Moien! Wat kritt Dir?

    C: Gudde Moien. Ech hätt gär e Brout.

    V: Hätt Dir gär en donkelt Brout oder en hellt Brout?

    C: En donkelt Brout, wgl.

    V: Mir hu Roggebrout, Vollkornbrout a Walnossbrout.

    C: Hmm… d’Walnossbrout kléngt interessant.

    V: Jo, et ass en donkelt Brout mat vill Nëss. Et ass ganz gutt a passt gutt bei Kéis.

    C: Dann huelen ech eent.

    V: Geschnidden oder net geschnidden?

    C: Geschnidden, wgl.

    V: Hätt Dir soss nach gär eppes? Vläicht Bréidercher?

    C: Jo, ech huele véier Bréidercher.

    V: Heller oder Vollkornbréidercher?

    C: Zwee hell Bréidercher an zwee Vollkornbréidercher, wgl.

    V: Hätt Dir och nach gär eppes Séisses?

    C: Hmm, jo, hutt dir scho Bretzelen? Geschwënn ass jo Bretzelsonndeg.

    V: Jo, mir hunn normal Bretzelen a gefëllte Bretzelen mat Praliné.

    C: Mmh, ech huelen zwou gefëllte Bretzelen, wgl. Da si meng Kanner frou.

    V: Gutt, e Walnossbrout, zwee hell Bréidercher, zwee Vollkornbréidercher an zwou gefëllte Bretzelen. Dat mécht 8,60 €, wgl. Bezuelt Dir boer oder mat Kaart?

    C: Boer, wgl. Hei sinn 10 €.

    V: Merci. Hei sinn 1,40 € zeréck. Braucht dir eng Tut?

    C : Nee, Merci, et geet esou. Äddi!

    V : Äddi, an nach e schéinen Dag.

    C: Merci gläichfalls.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous fir an de Kino ausmaachen. Duerno schwätze mir nach iwwer d'Summerzäit an d'Auer, déi dëse Weekend geréckelt gëtt.

    -

    D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".

  • Zijn er afleveringen die ontbreken?

    Klik hier om de feed te vernieuwen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Op Nofro vum Ministère hu mir haut erëm en Episod zum Theema Crèche fir iech. Mir héieren, wéi eng Educatrice eng Mamm iwwer e Problem mat hirem Kand informéiert.

    Vill Spaass!

    -

    Transkript

    Educatrice: Madamm Horváth, hutt Dir nach ee Moment Zäit, fir iwwer de Máté ze schwätzen?

    Mamm: Jo, natierlech. Ass alles ok?

    Educatrice: Et ass näischt Schlëmmes, mee mir hu gemierkt, datt de Máté déi lescht Deeg dräi Mol wärend der Mëttesrascht an d’Bett gemaach huet an hien ësst och praktesch näischt.

    Mamm: O, ech hu gemengt, dat geschitt de Moment just doheem.

    Educatrice: A! Ech hoffen, et ass alles an der Rei! Vläicht ass et eng Phas?

    Mamm: Dat ass gutt méiglech. Hien ass de Moment immens pappereg, mee mäi Mann ass zënter enger Woch bei sengen Elteren an Ungarn. Si plënneren an en Altersheem an hien hëlleft hinnen dobäi. Mir telefonéieren all Dag mat Kamera, mee de Máté verlaangert awer immens vill.

    Educatrice: Dat ass bestëmmt de Grond. Esou Verännerunge kënnen d’Kanner heiansdo veronsécheren. Mir wäerte probéieren, him déi nächst Zäit extra vill Sécherheet ze ginn.

    Mamm: Merci! Ech probéieren och, hie sou vill wéi méiglech ze berouegen, datt säi Papp geschwënn nees doheem ass. Hie kënnt an ongeféier 10 Deeg nees heem.

    Educatrice: Ok! Mir halen Iech um Lafenden. Wann et net besser gëtt, da probéiere mer eng aner Léisung ze fannen.

    Mamm: Villmools Merci, datt Dir mir Bescheed gesot hutt.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun wéinst engem Pak op der Post reclaméiert. Duerno héiere mir en Dialog vun enger Urgence am Spidol.

    Vill Spaass!

    ----

    D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir brauch kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am éischten Dialog vun haut héiere mir, wéi eng Persoun sech bei enger Frëndin informéiert, wat fir en Diplom ee brauch, fir an enger Crèche ze schaffen. Duerno héiere mir, wéi eng Stagiaire mat hirem Tuteur schwätzt an Aktivitéite proposéiert.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    D'Transkript vun dësem Episod kënnt dirhei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut hu mir de Museker, Schrëftsteller a Schauspiller Luc Spada bei eis am Studio. Mir schwätzen e bësse mat him iwwer seng kreativ Aarbecht a seng nei EP, ,,Alles nur Poetry''.

    Méi Informatiounen iwwer de Luc a seng Musek fannt dirop sengem Site.

    Wann dir seng Musek gär live héiere wëllt, kënnt dir dat den 18. Mäerz 2025 an der Abtei Neimënster an den 23. Mäerz 2025 Beim Krukert zu Garnech.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun hiert Dramhaus beschreift. Duerno schwätzt eng Persoun iwwer d'Géigend, an där si elo wunnt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Säin Dramhaus beschreiwen

    Ben: Du gesäis awer frou aus. Wéi war d’Visitt?

    Joulie: Hei Ben, se war fantastesch. Dat Haus ass en absolutten Dram. Gi mir et d’nächst Woch zesumme kucken?

    Ben: Dann ziel mol fir d‘éischt. Wat huet der da sou gutt gefall?

    Joulie: Et ass en aalt renovéiert Bauerenhaus mat ganz vill Plaz a ville Fënsteren. Et gëtt eng wonnerschéin oppe Kichen, eng gemittlech Stuff, e risege Späicher an e modernt Buedzëmmer. An an der Mëtt steet eng grouss Buedbidden.

    Ben: A, lo verstinn ech firwat et dir esou gutt gefält. A wéi vill Zëmmeren huet et?

    Joulie : Um éischte Stack huet et dräi hell Schlofzëmmeren an e flotte Büro. Am Eltereschlofzëmmer huet een eng wonnerschéi Vue op dat aalt Schlass.

    Ben: Dat ass schéin, mä ech sinn nach net iwwerzeegt.

    Joulie: Da waart mol. Et huet nämlech och e klenge Gaart an e grousse Keller. En ass grouss genuch fir zwee Autoen an deng Vëloen. An et huet och e klengen Atelier.

    Ben: A jo, dat ass interessant. A wou läit et?

    Joulie: D’Haus läit ganz roueg an enger Cité. Et ass kee Kaméidi ronderëm an et huet een nach zwou Parkplaze virun der Dier.

    Ben : Ok ok, dat kléngt wierklech gutt. Dajee du hues mech iwwerzeegt. Mir ginn et zesumme kucken.

    Iwwer d'Géigend schwätzen

    A: Hallo! An, wéi geet et dir?
    B: Hey! Ganz gutt an dir?
    A: Jo, alles an der Rei. So, de Luc huet mir erzielt, dass du däin Dramhaus fonnt hues. Wou wunns du dann elo?

    B: Do huet e Recht! Ech wunnen an engem ganz schéine Quartier, net wäit vun der Gare.

    A: A sou! Wat gefält dir dann do?

    B: Hei ass et ganz flott. Et gi vill Geschäfter a Restauranten. Ech kann an de Park an an de Bësch spadséiere goen. D’Géigend ass immens gréng.

    A: A, dat kléngt gutt! Wat gefält dir am meeschten?

    B: Mir gefält, dass et vill verschidde Leit hei gëtt. Et ass ëmmer eppes lass, a jiddereen ass frëndlech. D’Stad ass net wäit ewech an den ëffentlechen Transport ass super!

    A: Dat ass praktesch! Ginn et och Saachen, déi der net gefalen?

    B: Jo, heiansdo ass vill Kaméidi wéinst dem Verkéier, virun allem moies an owes. An d’Präisser fir d’Wunnengen si ganz héich. Wann s du en Auto hues, ass et och schwéier fir eng Parkplaz ze fannen.

    A: Jo, ech verstinn... A wéi ass et mat de Vëlosweeër?

    B: Net esou gutt. Et ginn der e puer, mä wann een duerch d’Stad fiert, muss een awer ganz gutt op d’Autoen an de Verkéier oppassen.

    A: Dat ass schued. Mä soss kléngt et ganz flott.

    B: Jo, ech si frou hei. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mer emol zesumme spadséiere goen.

    A: Ganz gär! Bis geschwënn.

    B: Bis geschwënn!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir zwee Dialoger iwwer Kanner. Am éischten Dialog rifft eng Educatrice aus der Crèche der Mamm un, well hiert Kand krank ass. Am zweeten Dialog geet et ëm e Kand, wat an der Spillschoul Sträit mat engem anere Kand hat.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    D'Transkript fir dësen Episod kënnt dirhei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht !

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. D’Poterkëscht existéiert elo genee ee Joer. Den éischten Episod ass den 22. Februar 2024 erauskomm.

    Hei e puer Zuelen a Fakten zum Podcast.

    D’Poterkëscht sinn... Stand haut: 85 Episoden, an dat sinn alles an allem ongeféier 6 Stonnen Audiomaterial a mir hunn et fäerdegbruecht, fir iwwer 1300 Follower ze kréien. Et lauschteren ongeféier grad esou vill Frae wéi Männer eise Podcast, et si just 3% méi Fraen.

    D’Poterkëscht huet och Nolauschterer vun all Alter, mee déi Kategorie, an där d’Poterkëscht dee gréisste Succès huet, ass vu 35 bis 44 Joer, duerno vu 45 bis 49 Joer an op der drëtter Plaz vun 28 bis 34 Joer.

    D’Länner aus deenen eis Nolauschterer kommen, sinn och ganz interessant. Déi meescht Follower vun der Poterkëscht wunnen natierlech zu Lëtzebuerg, oder soe mer esou: de Spotify-Account gouf zu Lëtzebuerg ugemellt. Op der zweeter Plaz steet Frankräich, an op der drëtter Plaz stinn onerwaart d’Vereenegt State vun Amerika. Op der Plaz véier a fënnef stinn dann déi aner zwee Nopeschlänner, d’Belsch an Däitschland. Mee och Länner wéi Spuenien, Italien a Portugal stinn an eisen Top 10. Schreift eis ganz gär e Commentaire, vu wou dir kommt.

    Wat fir en Episod gouf am meeschte gelauschtert? Mat bal 2000 Plays ass dat den Episod ,,Dialog am Restaurant an op der Bank’’, ee vun eisen éischten Episoden. Beléift bei Eisen Nolauschterer waren och d’Episoden ,,Sprooch am Cours’’, ,,Sech Virstellen’’, ,,Meng lescht Vakanz’’ an ,,Op Wunnengssich’’. Mir gesinn, datt besonnesch Episoden, déi gutt bei d’Theeme vun den A1 an A2-Coursë gutt bei eisem Public ukommen.

    Mir haten am leschte Joer och e puermol Besuch an der Poterkëscht. Am Episod ,,D’Lola aus Spuenien a Porte-ouverte am INLL’’ hu mir en Interview mat enger Apprenante aus dem INLL an de Visiteure vun der Porte-ouverte am INLL gemaach. Méi rezent hu mir och zwee aner Apprenanten interviewt, déi mat eis iwwer hir Hobbyen, Trail lafen a Badminton spillen, geschwat hunn. D’Direktesch vum INLL, d’Maisy Gorza, huet eis och an engem Gespréich e puer interessant Fakten iwwer den INLL erzielt. An Zukunft hu mir weider speziell Gäscht am Studio, sidd also gespaant op déi eng oder aner nei Stëmmen!

    Dir frot iech bestëmmt, wat fir Episoden eis am beschte gefall hunn. Mir huet den Halloween-Special immens vill Spaass gemaach. Dat war zwar eenorm vill Aarbecht... Ech hunn do locker iwwer 30 Stonnen Zäit dran investéiert, vum Schreiwen, iwwer d’Ophuelen, bis d’Schneide mat all de Special Effects. D’Resultat huet mir perséinlech gutt gefall. Vun eisen Nolauschterer gouf dësen Episod awer nëmmen e bëssen iwwer 800 Mol gelauschtert, mee ech denken, dass dat och domat ze dinn huet, dass dësen Episod sproochlech e bësse méi komplizéiert ass, fir en ze verstoen a mat bal 12 Minutten, muss ee sech och nach vill Zäit huelen fir d’Geschicht ganz ze lauschteren.

    Ech fannen et flott, och heiansdo emol e Lëtzebuergescht Rezept am Podcast ze presentéieren oder iwwer lokal Traditiounen ze schwätzen. Esou brénge mir den Nolauschterer eis Kultur e bësse méi no.

    Mir hunn déi verschidden Aussprooch-Episoden Spaass gemaach. Et ass wichteg, datt d’Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, och Méiglechkeeten hunn, hir Aussprooch geziilt ze trainéieren. Och hei hu mir eis gefreet, Apprenanten am Studio ze hunn, fir dat mat hinnen ze üben.

    Mir soe Merci, datt dir eis Episoden esou fläisseg gelauschtert hutt, a freeën eis op e weidert Joer Poterkëscht mat iech!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi e Papp säi Meedchen an d'Crèche siche geet, a vun der Educatrice den Dagesoflaf erzielt kritt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript vun dësem Episod kënnt dir ënnertdësem Link noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d'Fueszäit zu Lëtzebuerg.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    A: Schued! Geschwënn ass d’Fuesent scho rëm riwwer!

    B: Waars de op engem Fuesbal?

    A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op zwou Kavalkaden!

    B: Wow! Du hues vill Energie! Als wat waars de da verkleet?

    A: Ech war eng Kéier als Prinzessin an eng Kéier als Maus verkleet, a fir op d’Kavalkaden hunn ech en Äisbierekostüm ugedoen, well et esou kal war.

    B: Witzeg!

    A: Waars de och op engem Fuesbal?

    B: Nee, dat ass net esou menges... Ech hunn d’Fuesmusek iwwerhaapt net gär.

    A: Mee Kavalkade sinn awer flott! Do ass ëmmer eng gutt Stëmmung. D’nächst Kéier gees de mat eis!

    B: Nee, ech verkleede mech net gär. Als Kand hat ech et gär, mee elo seet dat mir näischt méi.

    A: A ok! Häss de da Loscht den nächste Mëttwoch op Réimech ze fueren? Da gëtt de Stréimännche verbrannt! Ech war d’lescht Joer do. Dat ass och flott! An do ass keng Fuesmusek!

    B: Wat ass dat?

    A: Zu Réimech gëtt traditionell op Äschermëttwoch de Stréimännche verbrannt, fir der Fuesent an dem Wanter äddi ze soen.

    B: Oho! Dat kléngt extra! Kanns de mer dat méi genee erklären?

    A: De Stréimännchen, eng Figur aus Stréi, gëtt an engem Danz-Cortège duerch d’Stroosse vu Réimech bis op d’Muselbréck gedroen. Op der Bréck gëtt de Männche mat Feier ugefaang an an d’Waasser geheit. An de Schaltjoren gëtt eng Stréifräche verbrannt.

    B: E Fräsch?

    A: Nee, eng Frächen. Dat ass eng vereelzt an ëmgangssproochlech Diminutivform vu “Fra”. Dat seet een elo net méi, mee dann erkenns de d’nächst Kéier d’Wuert, wann s de et héiers oder lies.

    B: Ok! Wat mécht een do nach?

    A: Si zerwéiere gebakene Fësch a Gromperekichelcher, an et kritt ee Glüwäin ze drénken.

    B: Hm. Wéini ass dann Äschermëttwoch?

    A: Dëst Joer fält en op de 5. Mäerz.

    B: Waart, ech kucken a mäin Agenda...Nee, do kann ech net, ech hunn deen Dag zwou wichteg Reuniounen. Ech ka mer net fräi huelen.

    A: Schued! Vläicht hues de d’nächst Joer Zäit.

    B: Jo! Gëtt et net nach e Fest, wou mir dem Wanter äddi soen? Déi Traditioun kënnt mir bekannt vir.

    A: Genee! D’Buergbrennen!

    B: A jo! Dat hunn ech schonn héieren. Ass dat iwwerall oder just an deenen Uertschaften, wou eng Buerg steet?

    A: Nee, dat ass a ville Gemengen uechter d’Land. Lokal Veräiner këmmere sech ëm d’Organisatioun. Si bauen d’Buerg an zerwéieren och Iessen a Gedrénks. D’Buerg besteet aus Holz, aus alen Äscht, aus Stréi, aus den ale Chrëschtbeemercher, asw. D’Form vun der Buerg ka variéieren. Oft ass se a Form vun engem Kräiz.

    B: Mee firwat ass d’Buerg dann net a Form vun enger Buerg? Firwat heescht et da Buerg?

    A: Jo, dat ass e bësse witzeg. “Buerg” kënnt vu Latäin “burere”, dat heescht “brennen”.

    B: Wéi? Dann heescht “Buergbrennen” eigentlech “Brennenbrennen”?

    A: Jo!

    B: Wat kann een dann do iessen an drénken?

    A: Oft gëtt et Ierzebulli, dat ass eng Zopp aus Ierbessen, et gëtt Grill- a Mettwurschten, Bouneschlupp, eng Zopp mat Bounen, Glüwäin an anert Gedrénks.

    B: Wéini ass dat? Och op Äschermëttwoch?

    A: Nee, e puer Deeg duerno. Buergbrennen ass ëmmer den éischte Sonndeg oder och Samschdeg no der Fuesent. Dëst Joer ass et den 8. an 9. Mäerz.

    B: Dat ass gutt! Ech hunn de Weekend besser Zäit. Duer kann ech matkommen!

    A: Super! Da kënns de bei eis! Dat gëtt flott!

    B: Ech freeë mech drop! Ech wëll onbedéngt all d’Lëtzebuerger Traditioune kenne léieren!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    -

    Transkript

    Aluedung op eng Hochzäit

    A: O, kuck emol! Ech sinn op eng Hochzäit invitéiert ginn!

    B: Ou?! Vu wiem dann?

    A: Vum Marie a vum Bruno.

    B: Da lies emol vir, wat op der Invitatioun steet !

    A: Ok, ee Moment … Léift Lucie, du bass heimat häerzlech invitéiert, dee schéinsten Dag vun eisem Liewe mat eis ze feieren.

    B: Wéi romantesch!

    A: De 15. Juni um 15 Auer bestuede mir eis an der Kierch zu Réimech.

    B: O, op der Musel! Wéi flott!

    A: Jo. Ech liese weider: Duerno feire mir mat Iech am Restaurant Wäistuff. Fir Iessen, Gedrénks a gutt Musek ass gesuergt.

    B: O, an der Wäistuff war ech schonn op enger Kommioun! Dat ass e gudde Restaurant, an et gëtt bestëmmt och gudde Wäin.

    A: Ech si scho gespaant. Zum Schluss steet nach: So eis wgl. bis den 1. Mee Bescheed, ob s du kënns, an ob s du eng aner Persoun matbréngs. Mir freeën eis drop!

    B: O, kann ech matkommen?

    A: Haha, nee, ech mengen, ech froen de Marc. Mir waren nach ni zesummen op enger Hochzäit.

    B: Et war just e Witz! Natierlech gees du mat dengem Frënd.

    E Kaddo fir eng Hochzäit
    A: Hey! So, kanns du mir hëllefen? Ech gouf op eng Hochzäit agelueden, mee ech si mir net sécher, wat ech als Kaddo matbrénge soll. Op der Invitatioun stoung och eng IBAN-Nummer, weess du, firwat déi kéint sinn?

    B: A jo, dat ass ganz normal hei zu Lëtzebuerg. D’IBAN-Nummer ass meeschtens dofir, datt s du direkt Suen iwwerweise kanns. Et ass hei üblech, Sue fir d’Hochzäit ze schenken.

    A: Wierklech? Suen?! Dat fannen ech komesch. Ass dat net onperséinlech? Bei eis an England géif een éischter e richtege Kaddo matbréngen. Eppes, wat fir d’Koppel nëtzlech ass oder eng Bedeitung huet. Zum Beispill e Service oder eng Dekoratioun mat den Nimm vun der Koppel. Sue géif bei eis kee schenken, héchstens e Bong.

    B: Et ass interessant, wéi verschidden dat vu Kultur zu Kultur ass. Hei zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner schenken d’Leit oft Suen, fir d’Hochzäitskäschten ze decken. Virun allem eng grouss Hochzäit ka séier an de Portmonni schloen. Ausserdeem notze vill Koppelen déi Suen, déi si fir hir Hochzäit kréien, fir hir Hochzäitsrees ze finanzéiert oder sech soss eppes ze gönnen. Heiansdo gëtt d’Koppel dat och spezifesch un, zum Beispill wa se fir eng grouss Rees oder en Haus spueren.

    A: A, dat mécht Sënn. Mee schreift d’Koppel dat da wierklech schon an d’Invitatioun? Bei eis wier dat e bëssen, wéi soll ech soen, direkt?

    B: Haha, jo, et ass vläicht e bëssen direkt, mee hei wierklech ganz normal. Heiansdo steet och e klenge Sproch oder en Hiweis an der Aluedung, zum Beispill ,,Eise Stot ass scho komplett, dofir géife mir eis iwwer e klenge Bäitrag fir eis Hochzäitsrees freeën.’’ Da wëssen d’Gäscht direkt Bescheed.

    A: Dat ass wierklech ganz anescht, wéi ech et gewinnt sinn! Op deenen Hochzäiten, wou ech bis elo war, kruten d’Gäscht am Viraus eng Lëscht geschéckt mat Saachen, déi d’Leit direkt fir d’Koppel kafe konnten.

    B: Dat ass och praktesch, an dovun hunn ech och schon héieren. Dat gëtt hei zu Lëtzebuerg oft gemaach, wann eng Koppel Nowuess kritt. Da gëtt et oft eng Lëscht, wou d’Leit e Kaddo fir de Puppelche kafe kënnen.

    A: Dat ass praktesch! Mee, so, eng Fro hunn ech awer nach. Weess du, wéi vill Suen ech da schenke soll? Gëtt et do eng Reegel?

    B: Eigentlech net, mee meeschtens kuckt een, wéi gutt een d’Koppel kennt, oder wéi vill d’Feier ongeféier kascht. Sou ëm déi 50 bis 150 Euro si schon üüblech, mee bei enke Frënn oder Familljemembere kann et natierlech och méi sinn.

    A: Ok, dann iwwerleeën ech emol, wéi ech et maachen. Et kléngt op alle Fall méi einfach, wéi e grousse Kaddo matzebréngen, mee ech muss mech nach e bëssen un de Gedanke winnen.

    B: Dat kann ech verstoen. Du kanns jo och eng schéi Kaart dobäileeën an d’Suen dodran iwwerreechen. Dat gëtt hei och oft gemaach a gesäit méi perséinlech aus.

    A: O jo, dat ass eng gutt Iddi! Dat maachen ech! Merci fir deng Hëllef!

    B: Et ass gär geschitt!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! E Freideg ass de 14. Februar, also Vältesdag. Haut lauschtere mir en Dialog, wou eng Koppel iwwer dëst Theema diskutéiert.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Vältesdag

    A: So, du weess jo, geschwënn ass Vältesdag.

    B: Wat ass geschwënn?

    A: Ma, Vältesdag.

    B: Hei, nee, fänk net erëm un! Ech hunn dir dach d’lescht Joer schonn erkläert, datt ech dee blöden Dag net feieren.

    A: Ech verstinn dat einfach net. Jidderee mécht eppes Romantesches deen Dag oder schenkt sengem Partner oder senger Partnerin eng Klengegkeet. Just ech kréie rëm näischt.

    B: Wie vun eise Kolleege feiert dat dann, wannechgelift?

    A: De Ben an d’Laure gi schick iessen, de Marco sot hie géing dem Vanessa Rousen op de Büro schécken an d’Marte bastelt dem Sven eppes.

    A: A wat mécht de Sven dono domat? Et flitt an d’Poubelle.

    B: Sief dach net esou.

    A: Ech verstinn einfach net wat esou speziell un deem Dag ass. Dat ass einfach erfonnt ginn, fir rëm onnéideg Saachen ze verkafen a Suen domat ze maachen. Mengs du wierklech datt een am Februar Rouse kritt? Déi mussen dach vu wat weess ech wou importéiert ginn, fir datt mir eis domat beschenke kënnen. Also ëmweltfrëndlech ass et och emol net.

    B: Jo, du hues jo Recht, mee et musse jo keng Rouse sinn. Du kanns mir jo och einfach eng léif Kaart schreiwen, mir Knippercher kafen oder mech an e Restaurant invitéieren.

    A: Knippercher? Sos du net viru kuerzem du wéilts méi oppassen, wat s du ëss? Ausserdeem gi mir jo awer reegelméisseg an de Restaurant an ech schreiwen dir quasi all Dag, dass ech dech gär hunn. Ech weess net, wat een nach vun engem erwaarde kann.

    B: Jo, du bass jo och e super Frënd an ech ka mech och net bekloen, mee ech sinn ëmmer e bësse jalous, wann ech héieren, datt déi aner eppes Flottes maachen oder kréien.

    A: Also, wann dat dir wierklech esou wichteg ass, da kann ech mir jo eng afale loossen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, wéi d'Schivakanz vun de Frënn aus dem leschten Episod war a wat si alles gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Iwwert eng Schivakanz schwätzen

    A: Hallo! An wéi war är Schivakanz? Schued, datt mir eis do net iwwert de Wee gelaf sinn. Ech war och do mat de Kanner

    B: Jo, den Tony sot mir, dass dir och do waart, mee vläicht ass et och besser, datt mir eis net iwwert de Wee gelaf sinn.

    A: Firwat dann dat?

    B: O, well ech awer e puermol en décke Kapp hat. Mir ware quasi all Owend op den Après-ski an du weess, wéi dat geet.

    A: O mam, jo! Wéi ech nach keng Kanner hat, war ech ëmmer dat éischt um Après-Ski. Mee wéi war är Vakanz dann nach esou?

    B: Et war wierklech flott. Ech ginn immens gär an Éisträich an d’Bierger. Mir sinn dëst Joer och an der Nuecht gefuer a hate quasi kee Stau.

    A: Mir maachen dat och mëttlerweil esou. Et ass e bëssen ustrengend, fir esou fréi opzestoen, mee et lount sech awer. Hat dir dann en Appartement oder en Hotel gelount?

    B: Mir hunn en Appartement gelount. Du weess jo wéi deier ëmmer alles an der Schivakanz ass, dofir hu mir eis d’Käschte vum Appartement zu sechs gedeelt.

    A: Zu sechs? Dat wier mir ze vill.

    B: Am Ufank war och e bësse skeptesch, mee mir sinn awer all ganz gutt eens ginn an et war wierklech genuch Plaz do. Mir hate véier Schlofkummeren, zwee Buedzëmmer, nach eng separat Toilette an e Balcon mat Vue op d’Schipisten.

    A: An dir hat awer keng Kichen a Living?

    B: Ma dach, natierlech. Moies hu mir ëmmer zesummen an der Stuff Kaffi gedronk. Ausser den Tom , deen huet ëmmer bis 12 Auer geschlof an ass dann direkt Schi fuere gaangen.

    A: Typesch! So, hues du och fonnt, dat et dëst Joer extreem deier war? Si hu jo iwwerall d’Präisser eropgesat. Wann et esou weidergeet, da weess ech net, ob mir eis dat nach fir véier Persoune leeschte kënnen.

    B: Jo, also fir eng Persoun geet et nach, mee wann ech fir eng ganz Famill misst bezuelen, da géing ech mir et och zweemol iwwerleeën. De Präis vum Schipass ass net an d’Luucht gaangen, mee dofir awer d’Locatioun vum Schimaterial. Mir hunn all eng Helm, Schischong, d’Schi an d’Bengele gelount an dat war duebel esou deier, wéi d’lescht Joer.

    A: Schlëmm..an d’Appartement?

    B: Dat war nach ok, well mir jo zu sechs waren, mee et war och net geschenkt. Wat awer och deier war, war d’Iessen an d’Gedrénks an de Hütten an um Après-Ski. Ech hu 5€ fir eng Limonad bezuelt, de Béier huet 9€ kascht an d’Cocktaile 13€ an da ware se mol net gutt.

    A: O mei. Mir hu just eemol an engem Restaurant um Bierg giess an dono hu mir eis ëmmer Schmiere matgeholl, well et einfach ze deier war. Ech menge mir ginn elo just nach all zweet Joer an de Wantersport. Mir musse jo och nach d’Schischoul fir déi Kleng bezuelen a fir siwen Deeg, gëtt dat eng deier Affaire.

    B: Dat ass wierklech schued, well dat ass quasi déi eenzeg Plaz wou se nach gudde Schnéi hunn a wou net esou vill Konschtschnéi läit.

    A: Jo, ech weess, do kann ee wierklech nach gutt fueren, mee wann et esou an de Portmonni geet, da kann een net méi all Joer goen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi zwou Personen hir Walliss fir an de Wantersport paken. Duerno héiere mir e Gespréich am Auto. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dirhei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt wgl. einfach op ,,Access as guest''.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer eng Lëtzebuergesch Traditioun, Liichtmëssdag. Wat dat genau ass, héiere mir haut. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    A: Hallo Luc! Ech hu viru Kuerzem vun enger lëtzebuergescher Traditioun héieren, déi ech nach net kennen: Liichtmëssdag. Kanns du mir soen, wat dat ass?

    B: Natierlech! Liichtmëssdag gëtt zu Lëtzebuerg all Joer den 2. Februar gefeiert. Dat ass de Virowend vum Dag vum Hellege Blasius, an do ginn d’Kanner liichten.

    A: Liichten ? A wat ass dat dann ?

    B: D’Kanner gi vun Dier zu Dier, meeschtens a klenge Gruppen. Wann d’Kanner kleng sinn, ginn oft nach d’Eltere mat. Se hunn e Liichtbengel mat engem Lampion, dee si meeschtens an der Schoul gebastelt hunn. Se sangen e Lidd a kréien da meeschtens vun de Leit Kamellen oder Séissegkeeten.

    A : Flott! Dat kléngt e bësse wéi Halloween, mee ouni Kostüm. Wat sangen d’Kanner dann?

    B: Et ass en traditionnellt Lidd, mir nennen et ,,Léiwer Herrgottsblieschen’’. Et kléngt esou : (Lidd).

    A : Schéin ! Mee ,,Speck an Ierbesse’’ ginn et hautdesdaags warscheinlech net méi, oder?

    B: Nee, wéi ech gesot hunn, ginn et meeschtens Séissegkeeten oder alt emol e puer Euro.

    A: Ok! A wéini kommen d’Kanner deen Dag meeschtens?

    B: Oft gi se no der Schoul, also am Nomëtteg fort, mee heiansdo komme se och nach owes.

    A: Gutt, da passen ech op, datt ech deen Dag e puer Kamellen oder Schockela am Haus hunn. Mee eng Fro hunn ech awer nach. Wien ass den ,,Herrgotssblieschen’’?

    B: Ma dat ass den Hellege Blasius, ee vun deene 14 hellegen Nouthëllefer. En ass bekannt dofir, datt en d’Véi vun de Bauere schützt, mee och géint Halswéi, Geschwier an d’Pescht hëlleft.

    A: Wow, du weess wierklech vill. Ech froen dech dann d’nächst Kéier, wann ech zu enger anerer Traditioun eng Fro hunn!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut lauschtere mir en Jobinterview. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    En Jobinterview

    Accueil: Gudde Moie Monsieur.

    B: Gudde Moien. Ech hunn elo um 10:15 Auer, e Rendez-vous fir en Entretien.

    A: Wéi ass Ären Numm wgl.?

    B: Ech heesche Bertrand Lafontaine.

    A: Kënnt Dir Ären Numm buschtawéieren, wannechgelift?

    B: Jo, natierlech. Mäi Virnumm ass B-E-R-T-R-A-N-D. Mäi Familljennum ass L-A-F-O-N-T-A-I-N-E.A: Ajo, ech gesinn. Dir sidd op der Lëscht. Dir kënnt elo hei de Lift huelen an op den 12. Stack fueren. Do kënnt Dir nach ee Moment an der Salle d’attente waarden. Eis Direktesch kënnt Iech pünktlech sichen.

    B: Merci.

    ...

    Direktesch: Här Lafontaine wgl.

    B: Jo. Dat sinn ech.

    D: Kommt mat a mäi Büro wgl. Huelt Iech Plaz.

    B: Merci. Dir hutt wierklech eng schéi Vue op de Park.

    D: Dat stëmmt. Ech si ganz zefridden. Da fänke mir mol un… An Ärem Dossier steet, dass Dir momentan zu Diddeleng wunnt. Ass dat korrekt?

    B: Jo, dat stëmmt. An der rue de l’avenir, op der Nummer 27.

    D: Vu wou kommt Dir?

    B: Ech kommen aus Frankräich, vu Montpellier.

    D: Wou schafft Dir de Moment?

    B: Ech schaffen de Moment als Finanzspezialist op enger Bank.

    D: Wat hutt Dir virdru gemaach?

    B: Ech hu virdrun als Comptabel bei ZonAma geschafft.

    D: Wat maacht Dir dann elo op der Aarbecht?

    B: Ech beroden d’Clienten, analyséieren a suivéieren d’Finanzmarchéen an ech organiséiere Reuniounen.

    D: Firwat sicht Dir eng nei Aarbecht?

    B : Ech hunn den Ament e CDD, e contrat à durée déterminée, dee just bis Juli 2025 geet. Wat fir e Profil sicht Dir?

    D: Mir sichen eng Persoun mat 5 Joer Beruffserfarung. Et ass eis och wichteg, datt d’Persoun op d’mannst zwou vun den dräi offizielle Sprooche vum Land gutt schwätzen a schreiwe kann. Wéi vill Joer Beruffserfarung hutt Dir?

    B: Jo, ech hu schonn 10 Joer Erfarung an dësem Beräich an ech hunn och 5 Joer Auslandserfarung. Ech hunn an Indien, an den USA an och an England geschafft.

    D: Jo. Firwat wëllt Dir bei eis schaffen?

    B: Well Dir d‘Nummer 1 an Ärem Domän sidd an ech sinn iwwerzeegt, datt ech mech an Ärer Firma weiderentwéckle kann. D‘Aarbechtsklima schéngt mer hei dynamesch a kreativ ze sinn, wat mech immens motivéiert.

    D: An der Rei Monsieur Lafontaine. Hutt Dir eventuell nach Froen un eis?

    B: Jo, wéi vill Kandidaten hutt Dir?

    D: Mir hu ganz vill Kandidate fir dëse Posten.

    B: Wéini kréien ech vun Iech eng Äntwert?

    D: Mir kontaktéieren Iech bannent enger Woch.

    B: An der Rei. Merci, datt Dir mech invitéiert hutt.

    D: Mir soen Iech Merci fir Ären Interessi.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, Badminton spillen, a säin Engagement an engem Veräin zu Lëtzebuerg.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, a wéi et dozou komm ass, datt hie President vun engem Veräin ginn ass.

    Moien, Emmanuel! Kanns du dech kuerz virstellen?

    B: Moien! Ech heeschen Emmanuel, ech sinn 38 Joer al. Ech kommen aus Frankräich a wunnen zu Lëtzebuerg zanter 2009.

    B:  Elo wunnen ech am Rollingergronn, (no bei der Stäreplaz).

    A: Wat ass däin Hobby?

    B: Dat ass Badminton. Awer dat ass méi wéi en Hobby: dat ass eng Leidenschaft!

    A: Zanter wéini méchs du dat schonn?

    B: Ech war 11 Joer al, wéi ech ugefaang hunn, Badminton ze spillen. Ech hu 7 Joer gespillt an dann hunn ech missen ophale fir d’Schoul/(Uni). Ech hunn erëm ugefaang wéi ech 2009 op Lëtzebuerg komm sinn.

    A: Wéi hues du Lëtzebuerg ugefaang?

    B: 2009 hunn ech um Lampertsbierg gewunnt. Also hunn ech um Site vun der Federatioun no engem Veräin no bei mengem Appartement gesicht, and dat war de Badminton Club Européen zu Dommeldeng.

    A: Du bass elo President vum Veräin. Wéi ass et dozou komm?

    B: Gutt Fro, haha. De Veräin war kleng, wéi ech ugefaang hunn. De Comité war net ganz motivéiert. Ech hat d’Iddi, fir Aktivitéiten ze maachen, oder méi Competitiounen ze spillen. An dunn huet de President mir eng Plaz an dem Comité offréiert, an ech hunn acceptéiert. Mir waren deemools 25 Spiller, an haut, si mir 130 Spiller. Mir haten eng Mannschaft fir Erwuessener an dem Championnat, an haut hu mir 5 Ekippe fir Erwuessener an zwou Jugendekippen an dem Championnat.

    A: Interesséiere sech vill Jugendlecher fir de Sport?

    B: Jo, méi a méi. Dat ass ganz gutt fir de Badminton zu Lëtzebuerg. D’Federatioun wëll méi Saache maache fir méi Jugendlecher un d’Spillen ze kréien, mat der Iddi, datt Lëtzebuerg een oder zwee Spiller fir déi nächst Olympiad huet!

    A: Cool! A ginn et vill Benevollen?

    B: Net vill, awer genuch. Ech hätt gär e puer Benevollen méi, fir méi Aktivitéiten ze maachen, mee mir hu genuch Benevolle fir datt de Veräin gutt funktionéiert.

    A: Ech verstinn. An nach eng lescht Fro: Si vill aner Expats am Veräin aktiv?

    B: A mengem Veräin, jo. Mee an der Federatioun si mir net esou vill Expats, fir ze hëllefen. An dem Comité vun de Federatioun ass een Expat vun 10 Memberen. A mengem Veräin an am Comité hu mir ee Lëtzebuerger vun 8 Memberen. Mir sinn den eenzege Veräin an der Stad, an dofir méi international wéi aner Clibb.

    A: Interessant! Merci, Emmanuel, datt s du haut bei eis am Episod waars.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Koppel sech am Reesbüro iwwer hir Vakanz beschwéiert.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Am Reesbüro

    A: Gudde Moien, Madamm Müller! Mir musse mat Iech iwwer eis lescht Vakanz schwätzen. Mir si wierklech enttäuscht!

    C: Gudde Moien, Här a Madamm Weber! O jee, dat deet mir awer leed. Wat ass da genau geschitt?

    B: Éierlech gesot goung sou zimmlech alles schif, wat hätt kënne schifgoen! Fir d’éischt war d’Hotelszëmmer an engem fuerchtbaren Zoustand, wéi mir ukomm sinn! Et war stëbseg, d’Dreckskëscht war nach voll an et waren Hoer am Lavabo am Buedzëmmer an am Bett.

    C: O mei, dat kléngt wierklech desagreabel. Hutt Dir dat dann dem Hotel gemellt?

    A: Natierlech! Mee mir krute gesot, datt keen anert Zëmmer fräi ass, an datt d’Botzpersonal sech eréischt muer dorëms këmmere géing, well et schonn owes war. Net ze gleewen, oder?

    C: Dat deet mir wierklech leed. Esou e Service ass natierlech inakzeptabel. Goufen et nach weider Problemer?

    B: Allerdéngs! D’Iesse war eng eenzeg Katastroph. Mir hate jo Hallefpensioun gebucht, a moies an owes gouf et Buffet. Mee et gouf all Dag dat selwecht, an dat, wat et gouf, war entweeder ze fetteg, versalzt oder scho kal. Een Owend lounge mir souguer nuets mat Bauchwéi am Bett!

    A: An dann nach dee Kaméidi! Den Hotel war direkt nieft engem Chantier, wat eis virdrun net gesot gouf. De ganzen Dag hu mir bei der Schwämm de Kaméidi vu Baggeren a Maschinnen héieren. Wéi soll een do entspanen?

    C: Dat kléngt wierklech fuerchtbar. Ech verstinn Är Roserei. Hutt Dir wärend Ärem Openthalt probéiert, d’Reeseleedung op der Plaz ze kontaktéieren?

    B: Jo, mee do hu mir entweeder keen erreecht oder mir goufe vertréischt. Mir hate wierklech d’Impressioun, datt keen eis hëllefe wollt.

    A: Ganz éierlech, esou eppes hu mir nach ni erlieft. Mir si richteg rosen an hätte gär eng anstänneg Entschiedegung!

    C: Dat verstinn ech total. Kommt, ech notéieren alles, datt mir eng Reklamatioun un den Organisateur weiderleede kënnen. Mir kënnen op e Remboursement oder op d’mannst op eng Entschiedegung a Form vun engem Reesbong insistéieren.

    B: E Reesbong? Also, no dëser Erfarung weess ech net, ob mir jee erëm bei Iech buche wäerten!

    C: Dat verstinn ech ... Ech maache mäi Bescht, fir e Remboursement a Form vu Suen ze kréien. Hutt Dir Fotoen oder aner Beweiser, déi mir mat eraschécke kënnen?

    A: Jo, natierlech. Mir hunn alles dokumentéiert: Fotoe vum Zëmmer, vum Iessen an natierlech Videoe vun der Baustell.

    C: Dat hëlleft scho vill, Merci. Ech schécken Är Reklamatioun direkt eran a wäert mech dofir asetzen, datt Dir eng fair Léisung kritt. Kann ech Iech déi nächst Deeg per Telefon kontaktéieren, fir Iech en Update ze ginn?

    B: Dat wier gutt. Mir hoffen, datt Dir Iech seriö dorëms këmmert!

    C: Selbstverständlech. Et deet mir wierklech leed, datt Är Rees esou eng Enttäuschung war. Ech wäert alles dofir maachen, fir dat erëm gutt ze maachen.

    A: Merci. Mee, éierlech gesot, hätte mir eis deen Ierger gär erspuert.

    C: Dat verstinn ech. Nach eng Kéier, et deet eis leed. Ech melle mech esou séier wéi méiglech.

    B: Ech sinn zwar elo gespaant, ob do wierklech eppes dobäi erauskënnt. Dës Kéier loosse mir eis net uschmieren!

    A: Genau! An d’nächst Kéier recherchéiere mir selwer besser, bevir mir buchen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi an engem Sproochecafé matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Am Sproochecafé

    Organisatrice: Moien an häerzlech Wëllkomm hei zu Luerenzweiler an eisem Sproochecafé! Dir kënnt hei véier Sproochen schwätzen an trainéieren. Op der rietser Säit, hei vir, ass den Dësch fir Däitsch, riets, bei der Dier, ass Lëtzebuergesch, niewendrun ass Franséisch an do ass den Dësch, fir Englesch ze schwätzen. Huelt Iech Plaz an installéiert Iech.

    Beatriz: Moien!

    Jamie: Moien!

    B: Wéi heeschs du?

    J: Ech heeschen Jamie. An du?

    B: Ech heesche Beatriz.

    J: Et freet mech!

    B: Mech och!

    J: Wéi geet et dir ?

    B : Mir geet et gutt. Ech sinn e bësse midd. Wéi geet et dir?

    J: Mir geet et tipptopp!

    B: Vu wou kënns du?

    J: Ech kommen aus Schottland, vun Danestone.

    B: Wou ass dat?

    J: Kenns du Aberdeen? Et ass ganz no bei Aberdeen.

    B: A ok! Jo, ech hu scho vun Aberdeen héieren.

    J: Vu wou kënns du?

    B: Ech sinn a Portugal gebuer, mee ech kommen aus Spuenien. Mäi Papp ass Portugis a meng Mamm ass Spuenierin. Si hunn a Portugal studéiert an hu sech do kenne geléiert.

    J: Cool! Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg?

    B: Ech wunnen zënter véier Joer zu Lëtzebuerg. Wéi laang wunns du schonn zu Lëtzebuerg?

    J: Säit fënnef Joer.

    B: Wéi laang léiers du scho Lëtzebuergesch?

    J: Säit ongeféier 4 Joer, an du?

    B: Säit zwee Joer? Oder zweeanhallef Joer?

    J: Wat fir Sprooche schwätz du nach?

    B: Portugisesch, Spuenesch, Franséisch, e bëssen Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. An du?

    J: Ech schwätzen Englesch a Lëtzebuergesch. De Moment léieren ech Franséisch am INLL. Et ass immens schwéier fir mech. Ech muss och nach méi Lëtzebuergesch schwätzen. Op menger Aarbecht schwätze mir just Englesch, duerfir sinn ech hei am Sproochecafé, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen.

    B: Jo, ech schwätzen och net genuch Lëtzebuergesch. Ech wëll mech och nees an e Lëtzebuergeschcours am INLL aschreiwen. De Sproochecafé ass flott, mee en ass just ee Mol de Mount.

    J: Jo, dat ass wouer.

    B: Wat bass du da vu Beruff?

    J: Ech schaffen als Informatiker am CTIE, de Centre des technologies d’information de l’Etat.

    B: Mega! Ech sinn och Informatikerin! Ech schaffen awer am Privatsecteur.

    J: A, cool! Wéi gefält et der?

    B: D’Aarbecht gefält mir ganz gutt, mee et ass ustrengend. De Moment schaffen ech oft méi wéi aacht Stonnen ; heiansdo zéng, heiansdo zwielef Stonnen.
    Wat sinn dann deng Hobbyen?

    J: Jo, dat kléngt wierklech no vill! Ech hoffen, et gëtt geschwë besser! Ech gi gär lafen, mee ech spillen och Basket. Heiansdo trainéieren ech och mat de Kanner.

    B: A, hues du Kanner?

    J: Nee nee, ech sinn heiansdo Trainer vun de Kanner a mengem Basketsclub!

    B: Aaa! Elo verstinn ech!

    J: Kee Problem! Ech verstinn och net ëmmer direkt alles. Mir mussen nach méi Lëtzebuergesch üben.

    B: Jo! Hues du Loscht an Zäit de Weekend eppes drénken oder iessen ze goen? Da kënne mir nach méi schwätzen!

    J: Gär! Wéini? E Freideg oder e Samschdeg? Mëttes? Owes?

    B: Hues du e Samschdeg den Owend Zäit?

    J: Jo, dat geet. Treffe mir eis an der Stad?

    B: Jo. Op der Plëss virum Cercle?

    J: Tipptopp! Um wéi vill Auer?

    B: Tëschent siwen an aacht?

    J: Um hallwer aacht?

    B: Perfekt! Wéi ass deng Handysnummer?

    J: Meng Nummer ass 671 987 654.

    B: Ech schécken der en Emoji, dann hues de meng Nummer och.

    J: Perfekt!