Afleveringen
-
1. Canicule: Rout Alert nach bis samschdes owes
2. Frankräich: Kand vun dräi Joer stierft an Auto an der Sonn
3. Prozess Policegewalt: Urteeler si gefall
4. Immobiliemaart: Situatioun géif sech “normaliséieren“ esou den Observatoire de l‘Habitat
5. Äerdbiewe Venezuela: Sich no Iwwerliewenden, 32 Doudesaffer bis elo, mee de Bilan riskéiert nach staark ze klammen -
1. Bei engem schroen Äerdbiewen am Venezuela koumen op d’mannst 32 Leit ëm d'Liewen, méi wéi 700 goufe blesséiert2. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet Kontrollen ugekënnegt, duerno soll da reguléiert ginn3. D‘Hëtztwell huet Westeuropa a besonnesch Frankräich nach ëmmer am Grëff 4. Den Iran werft der NATO vir sech am Krich am Mëttleren Osten zum Kompliss gemaach ze hunn5. Bei der Fussball-WM sti Marokko, Brasilien, Bosnien a Mexiko an den 16. Finallen
-
1. Bei engem schroen Äerdbiewen am Venezuela koumen op d’mannst 32 Leit ëm d'Liewen, méi wéi 700 goufe blesséiert2. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet Kontrollen ugekënnegt, duerno soll da reguléiert ginn3. D‘Hëtztwell huet Westeuropa a besonnesch Frankräich nach ëmmer am Grëff 4. Den Iran werft der NATO vir sech am Krich am Mëttleren Osten zum Kompliz gemaach ze hunn5. Bei der Fussball-WM sti Marokko, Brasilien, Bosnien a Mexiko an de 16. Finallen
-
1. Marc Spautz: Plattformaarbecht soll méi kontrolléiert ginn
2. Ënnerloossen Hëllef beim 112: Parquet fuerdert 1 Joer Prisong mat Sursis
3. déi Lénk fuerdere Strategie géint Canicullen
4. Haasskommentar: Tom Weidig kritt Verwarnung vum Parquet -
1. D‘Tripartite-Mesurë bremsen Inflatioun, de Statec revidéiert den Inflatiounstaux vun estiméierten 2,5 % op 2,3 % fir dëst Joer no ënnen
2. D’Stater Buergermeeschtesch zitt e positive Bilan vun Nationalfeierdag: Schätzungen no waren déi zwee Deeg 180.000 Leit an der Stad
3. Bilan CGDIS: 289 Asätz um Sonndeg, dat ass eng Hausse vu 27 % par Rapport zu normalen Deeg
4. Et gëtt en éischte Fall vun Ebola a Frankräich, en Dokter, deen aus der Demokratescher Republik Kongo zeréckkoum
5. FLF: Trainer-Kontrakt vu Cristina Correia an Daniel Zirbes bis 2028 bei de Roude Léiwinne verlängert -
1. Däitschland: Zuchverkéier war gëschter Owend ronn zwou Stonne laang komplett gestoppt gi wéinst Funk-Pann
2. Lampertsbierg: Eng Persoun a Liewensgefor no Messerpickerei tëschent zwou Persounen
3. Hëtztwell: Keng Entspanung, weider rout Warnung, et soll nach méi waarm ginn
4. USA: Senat huet Resolutioun ugeholl mam Opruff un den Donald Trump, de Krich géint den Iran ze stoppen
5. Fussball-WM: Éischt zwee Goaler vum Cristiano Ronaldo fir Portugal -
1. Däitschland: Zuchverkéier war gëschter Owend ronn zwou Stonne laang komplett gestoppt gi wéinst Funk-Pann
2. Lampertsbierg: Eng Persoun a Liewensgefor no Messerpickerei tëschent zwou Persounen
3. Hëtztwell: Keng Entspanung, weider rout Warnung, et soll nach méi waarm ginn
4. USA: Senat huet Resolutioun ugeholl mam Opruff un den Donald Trump, de Krich géint den Iran ze stoppen
5. Fussball-WM: Éischt zwee Goler vum Cristiano Ronaldo fir Portugal -
1. Laut CGDIS: Et war eng éischter roueg Nuecht trotz ville Leit an der Stad, 93 Mol huet missen intervenéiert ginn, 15 Leit goufen an d'Spidol bruecht 2. Offiziell Zeremonië fir Nationalfeierdag: D'Wäerter vun der Demokratie an d'Noutwendegkeet se ze verteidege ware Leitmotiv an den offizielle Rieden3. USA-Iran-Verhandlunge sollen elo an themateschen Aarbechtsgruppe weidergeféiert ginn, de Iran wëllt awer d'Kontroll iwwer d'Strooss vun Hormus behalen4. Fussball-WM: England a Portugal sinn den Owend an hire jeeweilege Matcher eng zweete Kéier gefuerdert
-
1. Exceptionell Canicule nach op d‘mannst bis Enn der Woch – eventuell nach bis e Méindeg. Dat mellen d‘Autoritéiten. Vun e Mëttwoch u sollen d‘Temperature sech erhéijen an am Duerchschnëtt tëschent 35 a 40 Grad leien. An der Nuecht falen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad
2. Wéinst der Hëtzt huet d‘Metall vun engem Gleis op der Héicht vu Bierchem sech liicht deforméiert – den Zuchtrafic ass op zwou Strecke staark perturbéiert
3. De brittesche Premier Keir Starmer trëtt zeréck – säin Haaptrival Andy Burnham huet schonn ugekënnegt wëllen seng Successioun ze iwwerhuelen -
1. Lëtzebuerg steet eng ganz hëtzeg Woch ronderëm Nationalfeierdag an d’Haus. Temperature vu bis zu 35 Grad am Nomëtteg brénge mat sech, datt an enger Rëtsch Grondschoule keng Coursë sinn
2. D’Deeg vum Keir Starmer als brittesche Premier si gezielt. De Moien huet de Regierungschef nämlech säi Récktrëtt annoncéiert; Successeur dierft dee grad zum Deputéierte gewielten Andy Burnham ginn
3. Op der Fussball-WM an den USA, Mexiko a Kanada steet de Cap-Vert och no senger zweeter Partie weider ouni Nidderlag do. Den Owend hunn d’Matfavoritten Argentinien a Frankräich dann hiren zweeten Optrëtt -
1. Extreem Hëtzt: Héchst Alarmstuf rout bis e Freideg
2. Schoulen: A verschiddene Gemengen ass de Mëtteg keng Schoul
3. Krisenzenter: Operatiounsposten zu Senneng fir Asätz wärend Hëtztwell ze koordinéieren
4. Frankräich: 35 Millioune Leit vun Hëtztwell betraff, 49 Departementer an der Alerte rouge
5. Groussbritannien: Premier Keir Starmer kéint haut Zäitplang fir Récktrëtt annoncéieren -
1. Extreem Hëtzt: Héchst Alarmstuf rout bis e Freideg
2. Schoulen: A verschiddene Gemengen ass de Mëtteg keng Schoul
3. Krisenzenter: Operatiounsposten zu Senneng fir Asätz wärend Hëtztwell ze koordinéieren
4. Frankräich: 35 Millioune Leit vun Hëtztwell betraff, 49 Departementer an der Alerte rouge
5. Groussbritannien: Premier Keir Starmer kéint haut Zäitplang fir Récktrëtt annoncéieren -
1. Hëtzt: verschidde Virsiichtsmoossname gi fir d'Militärparad geholl2. Friddensgespréicher tëschent den USA an dem Iran 3. WM: Däitschland weider, Tunesien eraus
-
1. Hëtzt: Rout Alert déi ganz Woch
2. Schwäiz: Optakt vun de Gespréicher tëschent den USA an dem Iran
3. WM: Däitschland an der 16.-Finall, Tunesien eraus -
1. Bis zu 40 Grad d‘nächst Woch: Lëtzebuerg steet vun e Méindeg de Mëtteg un ënner enger rouder Wiederwarnung
2. Och an den Nopeschlänner ass et extreem waarm: a Frankräich gëllt a 35 Departementer eng Alerte rouge an a 45 eng Alerte orange
3. Sinn d‘Friddensgespréicher a Gefor: den Iran huet d‘Mieresstrooss vun Hormus nees zougemaach wéinst den israeeleschen Attacken am Südlibanon
4. Sträit tëschent Trump a Meloni: den US-President gehait weider Ueleg op d‘Feier
5. Dem spuenesche Premier Pedro Sanchez seng Fra krut de Pass ofgeholl an däerf d‘Land net méi verloossen -
1. Héich Temperaturen: Lëtzebuerg keimt
2. Donald Trump behandelt Giorgia Meloni vun uewen erof
3. No Defaite géint de Paraguay: tierkesch Ekipp schummt sech -
1. Waarme Weekend: Orange Alert bis e Méindeg verlängert
2. Diplomatesch Spannungen tëschent Italien an den USA wéinst Foto
3. WM: Tierkei verléiert zweete Match -
1. Um EU-Sommet haut zu Bréissel ass et ënner anerem ëm de Budget fir déi nächst siwe Joer gaangen – Lëtzebuerg wier dobäi kompromëssbereet
2. Kanada wëllt d‘Kooperatioun mat Lëtzebuerg stäerken, dat ass de Constat vun der Visitt vum kanadeschen Defenseminister haut zu Lëtzebuerg
3. D‘Situatioun op eise Stroosse wier net zefriddestellend, seet Mobilitéitsministesch – d‘lescht Joer goufen et 11 Doudesaffer méi wéi dat Joer virdrun -
1. An der Suite vun der Affär ronderëm den Dokter Philippe Wilmes géif ee bei den Hopitaux Robert Schuman een Impakt feststellen. Dat sot de Marc Berna, Direkter vun den HRS de Moien als Invité vum Dag
2. Zu Bréissel sinn d’Staats- a Regierungscheffen haut fir den zweeten Dag vum EU-Sommet zesummen, den EU Budget soll do ficeléiert ginn
3. Den Accord tëschent den USA an dem Iran gëtt haut nach net verhandelt, wéi dat eigentlech geplangt war, et gouf vill Kritik och vu Parteikolleege vum Donald Trump. Donieft huet Israel hënt trotz dem Accord nees de Libanon bombardéiert
4. De Pentagon brauch zousätzlech 80 Milliarden Dollar fir d‘Militäraktiounen am Iran. Wéi de Wall Street Journal haut schreift wëllt d‘Regierung déi Suen elo vum Kongress accordéiert kréien -
1. Grouss Hëtzt bei eis2. EU-Sommet: Appell u Russland d'Waffen nidderzeleeën3. JD Vance ass de Moien net an d'Schwäiz gereest 4. WM: Mexiko steet als éischt an de 16. Finallen
- Laat meer zien