Afleveringen
-
1. D‘Hëtztwell geet bis e Sonndeg virun, bis dohinner gëllt och d‘Alerte rouge, da soll et ofkillen
2. Ukrainesch Männer sollen an der EU net méi automatesch ënner Schutzstatus falen, si sollen elo eng Asylprozedur duerchlafen
3. Den däitschen Automobilkonzern Volkswagen wëll 100.000 Plazen ofbauen, parallel solle 4 Wierker an Däitschland zougemaach ginn.
4. An Europa si 731 organiséiert Verbriecherréseauen aktiv, si hunn iwwer 400.000 Memberen aus 118 Natiounen. Dat geet aus engem Rapport vun Europol ervir deen haut präsentéiert gouf. -
1. Een neien Temperatur-Rekord fir de Mount Juni gouf et gëschter um Findel. Déi rout Warnung wéinst der grousser Hëtzt gouf bis ee Sonndeg verlängert.
2. A Venezuela ass d’Zuel vun den Doudesaffer no den zwee Äerdbiewen op 235 geklommen. Iwwer 4.300 Leit goufe blesséiert.
3. A Vëlosport: d’Nina Berton an den Alex Kirsch hu gëschter zu Mamer déi national Meeschtertitelen am Zäitfuere gewonnen. -
1. Een neien Temperatur-Rekord fir de Mount Juni gouf et gëschter um Findel. Déi rout Warnung wéinst der grousser Hëtzt gouf bis ee Sonndeg verlängert.
2. A Venezuela ass d’Zuel vun den Doudesaffer no den zwee Äerdbiewen op 235 geklommen. Iwwer 4.300 Leit goufe blesséiert.
3. A Vëlosport: d’Nina Berton an den Alex Kirsch hu gëschter zu Mamer déi national Meeschtertitelen am Zäitfuere gewonnen. -
1. Haut ass um Findel den Temperaturrekord vun engem Mount Juni gebrach ginn: op der Miessstatioun goufe 36,3 Grad gemooss
2. Wéinst der Hëtzt: Chantieren dierfe schonn um 6 Auer moies opmaachen
3. D‘EU-Ëmweltministeren um Kierchbierg diskutéieren iwwer méi Flexibilitéit bei de Emissiounsziler fir Autoen
4. D‘Loyeren zu Lëtzebuerg klammen däitlech méi séier wéi d‘Inflatioun
5. Unicef a Médecins sans frontières maachen Opriff fir Donen no de schwéieren Äerdbiewen a Venezuela -
1. Canicule: Rout Alert nach bis samschdes owes
2. Frankräich: Kand vun dräi Joer stierft an Auto an der Sonn
3. Prozess Policegewalt: Urteeler si gefall
4. Immobiliemaart: Situatioun géif sech “normaliséieren“ esou den Observatoire de l‘Habitat
5. Äerdbiewe Venezuela: Sich no Iwwerliewenden, 32 Doudesaffer bis elo, mee de Bilan riskéiert nach staark ze klammen -
1. Bei engem schroen Äerdbiewen am Venezuela koumen op d’mannst 32 Leit ëm d'Liewen, méi wéi 700 goufe blesséiert2. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet Kontrollen ugekënnegt, duerno soll da reguléiert ginn3. D‘Hëtztwell huet Westeuropa a besonnesch Frankräich nach ëmmer am Grëff 4. Den Iran werft der NATO vir sech am Krich am Mëttleren Osten zum Kompliss gemaach ze hunn5. Bei der Fussball-WM sti Marokko, Brasilien, Bosnien a Mexiko an den 16. Finallen
-
1. Bei engem schroen Äerdbiewen am Venezuela koumen op d’mannst 32 Leit ëm d'Liewen, méi wéi 700 goufe blesséiert2. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet Kontrollen ugekënnegt, duerno soll da reguléiert ginn3. D‘Hëtztwell huet Westeuropa a besonnesch Frankräich nach ëmmer am Grëff 4. Den Iran werft der NATO vir sech am Krich am Mëttleren Osten zum Kompliz gemaach ze hunn5. Bei der Fussball-WM sti Marokko, Brasilien, Bosnien a Mexiko an de 16. Finallen
-
1. Marc Spautz: Plattformaarbecht soll méi kontrolléiert ginn
2. Ënnerloossen Hëllef beim 112: Parquet fuerdert 1 Joer Prisong mat Sursis
3. déi Lénk fuerdere Strategie géint Canicullen
4. Haasskommentar: Tom Weidig kritt Verwarnung vum Parquet -
1. D‘Tripartite-Mesurë bremsen Inflatioun, de Statec revidéiert den Inflatiounstaux vun estiméierten 2,5 % op 2,3 % fir dëst Joer no ënnen
2. D’Stater Buergermeeschtesch zitt e positive Bilan vun Nationalfeierdag: Schätzungen no waren déi zwee Deeg 180.000 Leit an der Stad
3. Bilan CGDIS: 289 Asätz um Sonndeg, dat ass eng Hausse vu 27 % par Rapport zu normalen Deeg
4. Et gëtt en éischte Fall vun Ebola a Frankräich, en Dokter, deen aus der Demokratescher Republik Kongo zeréckkoum
5. FLF: Trainer-Kontrakt vu Cristina Correia an Daniel Zirbes bis 2028 bei de Roude Léiwinne verlängert -
1. Däitschland: Zuchverkéier war gëschter Owend ronn zwou Stonne laang komplett gestoppt gi wéinst Funk-Pann
2. Lampertsbierg: Eng Persoun a Liewensgefor no Messerpickerei tëschent zwou Persounen
3. Hëtztwell: Keng Entspanung, weider rout Warnung, et soll nach méi waarm ginn
4. USA: Senat huet Resolutioun ugeholl mam Opruff un den Donald Trump, de Krich géint den Iran ze stoppen
5. Fussball-WM: Éischt zwee Goaler vum Cristiano Ronaldo fir Portugal -
1. Däitschland: Zuchverkéier war gëschter Owend ronn zwou Stonne laang komplett gestoppt gi wéinst Funk-Pann
2. Lampertsbierg: Eng Persoun a Liewensgefor no Messerpickerei tëschent zwou Persounen
3. Hëtztwell: Keng Entspanung, weider rout Warnung, et soll nach méi waarm ginn
4. USA: Senat huet Resolutioun ugeholl mam Opruff un den Donald Trump, de Krich géint den Iran ze stoppen
5. Fussball-WM: Éischt zwee Goler vum Cristiano Ronaldo fir Portugal -
1. Laut CGDIS: Et war eng éischter roueg Nuecht trotz ville Leit an der Stad, 93 Mol huet missen intervenéiert ginn, 15 Leit goufen an d'Spidol bruecht 2. Offiziell Zeremonië fir Nationalfeierdag: D'Wäerter vun der Demokratie an d'Noutwendegkeet se ze verteidege ware Leitmotiv an den offizielle Rieden3. USA-Iran-Verhandlunge sollen elo an themateschen Aarbechtsgruppe weidergeféiert ginn, de Iran wëllt awer d'Kontroll iwwer d'Strooss vun Hormus behalen4. Fussball-WM: England a Portugal sinn den Owend an hire jeeweilege Matcher eng zweete Kéier gefuerdert
-
1. Exceptionell Canicule nach op d‘mannst bis Enn der Woch – eventuell nach bis e Méindeg. Dat mellen d‘Autoritéiten. Vun e Mëttwoch u sollen d‘Temperature sech erhéijen an am Duerchschnëtt tëschent 35 a 40 Grad leien. An der Nuecht falen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad
2. Wéinst der Hëtzt huet d‘Metall vun engem Gleis op der Héicht vu Bierchem sech liicht deforméiert – den Zuchtrafic ass op zwou Strecke staark perturbéiert
3. De brittesche Premier Keir Starmer trëtt zeréck – säin Haaptrival Andy Burnham huet schonn ugekënnegt wëllen seng Successioun ze iwwerhuelen -
1. Lëtzebuerg steet eng ganz hëtzeg Woch ronderëm Nationalfeierdag an d’Haus. Temperature vu bis zu 35 Grad am Nomëtteg brénge mat sech, datt an enger Rëtsch Grondschoule keng Coursë sinn
2. D’Deeg vum Keir Starmer als brittesche Premier si gezielt. De Moien huet de Regierungschef nämlech säi Récktrëtt annoncéiert; Successeur dierft dee grad zum Deputéierte gewielten Andy Burnham ginn
3. Op der Fussball-WM an den USA, Mexiko a Kanada steet de Cap-Vert och no senger zweeter Partie weider ouni Nidderlag do. Den Owend hunn d’Matfavoritten Argentinien a Frankräich dann hiren zweeten Optrëtt -
1. Extreem Hëtzt: Héchst Alarmstuf rout bis e Freideg
2. Schoulen: A verschiddene Gemengen ass de Mëtteg keng Schoul
3. Krisenzenter: Operatiounsposten zu Senneng fir Asätz wärend Hëtztwell ze koordinéieren
4. Frankräich: 35 Millioune Leit vun Hëtztwell betraff, 49 Departementer an der Alerte rouge
5. Groussbritannien: Premier Keir Starmer kéint haut Zäitplang fir Récktrëtt annoncéieren -
1. Extreem Hëtzt: Héchst Alarmstuf rout bis e Freideg
2. Schoulen: A verschiddene Gemengen ass de Mëtteg keng Schoul
3. Krisenzenter: Operatiounsposten zu Senneng fir Asätz wärend Hëtztwell ze koordinéieren
4. Frankräich: 35 Millioune Leit vun Hëtztwell betraff, 49 Departementer an der Alerte rouge
5. Groussbritannien: Premier Keir Starmer kéint haut Zäitplang fir Récktrëtt annoncéieren -
1. Hëtzt: verschidde Virsiichtsmoossname gi fir d'Militärparad geholl2. Friddensgespréicher tëschent den USA an dem Iran 3. WM: Däitschland weider, Tunesien eraus
-
1. Hëtzt: Rout Alert déi ganz Woch
2. Schwäiz: Optakt vun de Gespréicher tëschent den USA an dem Iran
3. WM: Däitschland an der 16.-Finall, Tunesien eraus -
1. Bis zu 40 Grad d‘nächst Woch: Lëtzebuerg steet vun e Méindeg de Mëtteg un ënner enger rouder Wiederwarnung
2. Och an den Nopeschlänner ass et extreem waarm: a Frankräich gëllt a 35 Departementer eng Alerte rouge an a 45 eng Alerte orange
3. Sinn d‘Friddensgespréicher a Gefor: den Iran huet d‘Mieresstrooss vun Hormus nees zougemaach wéinst den israeeleschen Attacken am Südlibanon
4. Sträit tëschent Trump a Meloni: den US-President gehait weider Ueleg op d‘Feier
5. Dem spuenesche Premier Pedro Sanchez seng Fra krut de Pass ofgeholl an däerf d‘Land net méi verloossen - Laat meer zien