Afleveringen
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwÀtze mir iwwer eng Lëtzebuergesch Traditioun, Liichtmëssdag. Wat dat genau ass, héiere mir haut. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Hallo Luc! Ech hu viru Kuerzem vun enger lëtzebuergescher Traditioun héieren, déi ech nach net kennen: Liichtmëssdag. Kanns du mir soen, wat dat ass?
B: Natierlech! LiichtmĂ«ssdag gĂ«tt zu LĂ«tzebuerg all Joer den 2. Februar gefeiert. Dat ass de Virowend vum Dag vum Hellege Blasius, an do ginn dâKanner liichten.
A: Liichten� A wat ass dat dann�
B: DâKanner gi vun Dier zu Dier, meeschtens a klenge Gruppen. Wann dâKanner kleng sinn, ginn oft nach dâEltere mat. Se hunn e Liichtbengel mat engem Lampion, dee si meeschtens an der Schoul gebastelt hunn. Se sangen e Lidd a krĂ©ien da meeschtens vun de Leit Kamellen oder SĂ©issegkeeten.
AâŻ: Flott! Dat klĂ©ngt e bĂ«sse wĂ©i Halloween, mee ouni KostĂŒm. Wat sangen dâKanner dann?
B: Et ass en traditionnellt Lidd, mir nennen et ,,LĂ©iwer Herrgottsblieschenââ. Et klĂ©ngt esouâŻ: (Lidd).
AâŻ: SchĂ©inâŻ! Mee ,,Speck an Ierbesseââ ginn et hautdesdaags warscheinlech net mĂ©i, oder?
B: Nee, wéi ech gesot hunn, ginn et meeschtens Séissegkeeten oder alt emol e puer Euro.
A: Ok! A wĂ©ini kommen dâKanner deen Dag meeschtens?
B: Oft gi se no der Schoul, also am Nomëtteg fort, mee heiansdo komme se och nach owes.
A: Gutt, da passen ech op, datt ech deen Dag e puer Kamellen oder Schockela am Haus hunn. Mee eng Fro hunn ech awer nach. Wien ass den ,,Herrgotssblieschenââ?
B: Ma dat ass den Hellege Blasius, ee vun deene 14 hellegen NouthĂ«llefer. En ass bekannt dofir, datt en dâVĂ©i vun de Bauere schĂŒtzt, mee och gĂ©int HalswĂ©i, Geschwier an dâPescht hĂ«lleft.
A: Wow, du weess wierklech vill. Ech froen dech dann dânĂ€chst KĂ©ier, wann ech zu enger anerer Traditioun eng Fro hunn!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut lauschtere mir en Jobinterview. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
En Jobinterview
Accueil: Gudde Moie Monsieur.
B: Gudde Moien. Ech hunn elo um 10:15 Auer, e Rendez-vous fir en Entretien.
A: WĂ©i ass Ăren Numm wgl.?
B: Ech heesche Bertrand Lafontaine.
A: KĂ«nnt Dir Ăren Numm buschtawĂ©ieren, wannechgelift?
B: Jo, natierlech. MĂ€i Virnumm ass B-E-R-T-R-A-N-D. MĂ€i Familljennum ass L-A-F-O-N-T-A-I-N-E.A: Ajo, ech gesinn. Dir sidd op der LĂ«scht. Dir kĂ«nnt elo hei de Lift huelen an op den 12. Stack fueren. Do kĂ«nnt Dir nach ee Moment an der Salle dâattente waarden. Eis Direktesch kĂ«nnt Iech pĂŒnktlech sichen.
B: Merci.
...
Direktesch: HĂ€r Lafontaine wgl.
B: Jo. Dat sinn ech.
D: Kommt mat a mĂ€i BĂŒro wgl. Huelt Iech Plaz.
B: Merci. Dir hutt wierklech eng schéi Vue op de Park.
D: Dat stĂ«mmt. Ech si ganz zefridden. Da fĂ€nke mir mol un⊠An Ărem Dossier steet, dass Dir momentan zu Diddeleng wunnt. Ass dat korrekt?
B: Jo, dat stĂ«mmt. An der rue de lâavenir, op der Nummer 27.
D: Vu wou kommt Dir?
B: Ech kommen aus FrankrÀich, vu Montpellier.
D: Wou schafft Dir de Moment?
B: Ech schaffen de Moment als Finanzspezialist op enger Bank.
D: Wat hutt Dir virdru gemaach?
B: Ech hu virdrun als Comptabel bei ZonAma geschafft.
D: Wat maacht Dir dann elo op der Aarbecht?
B: Ech beroden dâClienten, analysĂ©ieren a suivĂ©ieren dâFinanzmarchĂ©en an ech organisĂ©iere Reuniounen.
D: Firwat sicht Dir eng nei Aarbecht?
B : Ech hunn den Ament e CDD, e contrat à durée déterminée, dee just bis Juli 2025 geet. Wat fir e Profil sicht Dir?
D: Mir sichen eng Persoun mat 5 Joer Beruffserfarung. Et ass eis och wichteg, datt dâPersoun op dâmannst zwou vun den drĂ€i offizielle Sprooche vum Land gutt schwĂ€tzen a schreiwe kann. WĂ©i vill Joer Beruffserfarung hutt Dir?
B: Jo, ech hu schonn 10 Joer Erfarung an dësem BerÀich an ech hunn och 5 Joer Auslandserfarung. Ech hunn an Indien, an den USA an och an England geschafft.
D: Jo. Firwat wëllt Dir bei eis schaffen?
B: Well Dir dâNummer 1 an Ărem DomĂ€n sidd an ech sinn iwwerzeegt, datt ech mech an Ărer Firma weiderentwĂ©ckle kann. DâAarbechtsklima schĂ©ngt mer hei dynamesch a kreativ ze sinn, wat mech immens motivĂ©iert.
D: An der Rei Monsieur Lafontaine. Hutt Dir eventuell nach Froen un eis?
B: Jo, wéi vill Kandidaten hutt Dir?
D: Mir hu ganz vill Kandidate fir dëse Posten.
B: WĂ©ini krĂ©ien ech vun Iech eng Ăntwert?
D: Mir kontaktéieren Iech bannent enger Woch.
B: An der Rei. Merci, datt Dir mech invitéiert hutt.
D: Mir soen Iech Merci fir Ăren Interessi.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer sÀin Hobby, Badminton spillen, a sÀin Engagement an engem VerÀin zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer sÀin Hobby, a wéi et dozou komm ass, datt hie President vun engem VerÀin ginn ass.
Moien, Emmanuel! Kanns du dech kuerz virstellen?
B: Moien! Ech heeschen Emmanuel, ech sinn 38 Joer al. Ech kommen aus FrankrÀich a wunnen zu Lëtzebuerg zanter 2009.
B:âŻâŻElo wunnen ech am Rollingergronn, (no bei der StĂ€replaz).
A: Wat ass dÀin Hobby?
B: Dat ass Badminton.âŻAwer dat ass mĂ©i wĂ©i en Hobby: dat ass eng Leidenschaft!
A: Zanter wéini méchs du dat schonn?
B: Ech war 11 Joer al, wĂ©i ech ugefaang hunn, Badminton ze spillen. Ech hu 7 Joer gespillt an dann hunn ech missen ophale fir dâSchoul/(Uni). Ech hunn erĂ«m ugefaang wĂ©i ech 2009 op LĂ«tzebuerg komm sinn.
A: WĂ©i hues du LĂ«tzebuerg ugefaang?
B: 2009 hunn ech um Lampertsbierg gewunnt. Also hunn ech um Site vun der Federatioun no engem VerÀin no bei mengem Appartement gesicht, and dat war de Badminton Club Européen zu Dommeldeng.
A: Du bass elo President vum VerÀin. Wéi ass et dozou komm?
B: Gutt Fro, haha. De VerĂ€in war kleng, wĂ©i ech ugefaang hunn. De ComitĂ© war net ganz motivĂ©iert. Ech hat dâIddi, fir AktivitĂ©iten ze maachen, oder mĂ©i Competitiounen ze spillen. An dunn huet de President mir eng Plaz an dem ComitĂ© offrĂ©iert, an ech hunn acceptĂ©iert. Mir waren deemools 25 Spiller, an haut, si mir 130 Spiller. Mir haten eng Mannschaft fir Erwuessener an dem Championnat, an haut hu mir 5 Ekippe fir Erwuessener an zwou Jugendekippen an dem Championnat.
A: Interesséiere sech vill Jugendlecher fir de Sport?
B: Jo, mĂ©i a mĂ©i. Dat ass ganz gutt fir de Badminton zu LĂ«tzebuerg. DâFederatioun wĂ«ll mĂ©i SaacheâŻmaache fir mĂ©i Jugendlecher un dâSpillen ze krĂ©ien, mat der Iddi, datt LĂ«tzebuerg een oder zwee Spiller fir dĂ©i nĂ€chst Olympiad huet!
A: Cool! A ginn et vill Benevollen?
B: Net vill, awer genuch. Ech hÀtt gÀr e puer Benevollen méi, fir méi Aktivitéiten ze maachen, mee mir hu genuch Benevolle fir datt de VerÀin gutt funktionéiert.
A: Ech verstinn. An nach eng lescht Fro: Si vill aner Expats am VerÀin aktiv?
B: A mengem VerÀin, jo. Mee an der Federatioun si mir net esou vill Expats, fir ze hëllefen. An dem Comité vun de Federatioun ass een Expat vun 10 Memberen. A mengem VerÀin an am Comité hu mir ee Lëtzebuerger vun 8 Memberen. Mir sinn den eenzege VerÀin an der Stad, an dofir méi international wéi aner Clibb.
A: Interessant! Merci, Emmanuel, datt s du haut bei eis am Episod waars.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hĂ©iere mir en Dialog, an deem eng Koppel sech am ReesbĂŒro iwwer hir Vakanz beschwĂ©iert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am ReesbĂŒro
A: Gudde Moien, Madamm MĂŒller! Mir musse mat Iech iwwer eis lescht Vakanz schwĂ€tzen. Mir si wierklech enttĂ€uscht!
C: Gudde Moien, HĂ€r a Madamm Weber! O jee, dat deet mir awer leed. Wat ass da genau geschitt?
B: Ăierlech gesot goung sou zimmlech alles schif, wat hĂ€tt kĂ«nne schifgoen! Fir dâĂ©ischt war dâHotelszĂ«mmer an engem fuerchtbaren Zoustand, wĂ©i mir ukomm sinn! Et war stĂ«bseg, dâDreckskĂ«scht war nach voll an et waren Hoer am Lavabo am BuedzĂ«mmer an am Bett.
C: O mei, dat kléngt wierklech desagreabel. Hutt Dir dat dann dem Hotel gemellt?
A: Natierlech! Mee mir krute gesot, datt keen anert ZĂ«mmer frĂ€i ass, an datt dâBotzpersonal sech erĂ©ischt muer dorĂ«ms kĂ«mmere gĂ©ing, well et schonn owes war. Net ze gleewen, oder?
C: Dat deet mir wierklech leed. Esou e Service ass natierlech inakzeptabel. Goufen et nach weider Problemer?
B: AllerdĂ©ngs! DâIesse war eng eenzeg Katastroph. Mir hate jo Hallefpensioun gebucht, a moies an owes gouf et Buffet. Mee et gouf all Dag dat selwecht, an dat, wat et gouf, war entweeder ze fetteg, versalzt oder scho kal. Een Owend lounge mir souguer nuets mat BauchwĂ©i am Bett!
A: An dann nach dee Kaméidi! Den Hotel war direkt nieft engem Chantier, wat eis virdrun net gesot gouf. De ganzen Dag hu mir bei der SchwÀmm de Kaméidi vu Baggeren a Maschinnen héieren. Wéi soll een do entspanen?
C: Dat klĂ©ngt wierklech fuerchtbar. Ech verstinn Ăr Roserei. Hutt Dir wĂ€rend Ărem Openthalt probĂ©iert, dâReeseleedung op der Plaz ze kontaktĂ©ieren?
B: Jo, mee do hu mir entweeder keen erreecht oder mir goufe vertrĂ©ischt. Mir hate wierklech dâImpressioun, datt keen eis hĂ«llefe wollt.
A: Ganz éierlech, esou eppes hu mir nach ni erlieft. Mir si richteg rosen an hÀtte gÀr eng anstÀnneg Entschiedegung!
C: Dat verstinn ech total. Kommt, ech notĂ©ieren alles, datt mir eng Reklamatioun un den Organisateur weiderleede kĂ«nnen. Mir kĂ«nnen op e Remboursement oder op dâmannst op eng Entschiedegung a Form vun engem Reesbong insistĂ©ieren.
B: E Reesbong? Also, no dëser Erfarung weess ech net, ob mir jee erëm bei Iech buche wÀerten!
C: Dat verstinn ech ... Ech maache mÀi Bescht, fir e Remboursement a Form vu Suen ze kréien. Hutt Dir Fotoen oder aner Beweiser, déi mir mat eraschécke kënnen?
A: Jo, natierlech. Mir hunn alles dokumentéiert: Fotoe vum Zëmmer, vum Iessen an natierlech Videoe vun der Baustell.
C: Dat hĂ«lleft scho vill, Merci. Ech schĂ©cken Ăr Reklamatioun direkt eran a wĂ€ert mech dofir asetzen, datt Dir eng fair LĂ©isung kritt. Kann ech Iech dĂ©i nĂ€chst Deeg per Telefon kontaktĂ©ieren, fir Iech en Update ze ginn?
B: Dat wier gutt. Mir hoffen, datt Dir Iech seriö dorëms këmmert!
C: SelbstverstĂ€ndlech. Et deet mir wierklech leed, datt Ăr Rees esou eng EnttĂ€uschung war. Ech wĂ€ert alles dofir maachen, fir dat erĂ«m gutt ze maachen.
A: Merci. Mee, éierlech gesot, hÀtte mir eis deen Ierger gÀr erspuert.
C: Dat verstinn ech. Nach eng Kéier, et deet eis leed. Ech melle mech esou séier wéi méiglech.
B: Ech sinn zwar elo gespaant, ob do wierklech eppes dobÀi erauskënnt. Dës Kéier loosse mir eis net uschmieren!
A: Genau! An dânĂ€chst KĂ©ier recherchĂ©iere mir selwer besser, bevir mir buchen.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi an engem Sproochecafé matenee schwÀtzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am Sproochecafé
Organisatrice: Moien an hÀerzlech Wëllkomm hei zu Luerenzweiler an eisem Sproochecafé! Dir kënnt hei véier Sproochen schwÀtzen an trainéieren. Op der rietser SÀit, hei vir, ass den Dësch fir DÀitsch, riets, bei der Dier, ass Lëtzebuergesch, niewendrun ass Franséisch an do ass den Dësch, fir Englesch ze schwÀtzen. Huelt Iech Plaz an installéiert Iech.
Beatriz: Moien!
Jamie: Moien!
B: WĂ©i heeschs du?
J: Ech heeschen Jamie. An du?
B: Ech heesche Beatriz.
J: Et freet mech!
B: Mech och!
J: Wéi geet et dir�
BâŻ: Mir geet et gutt. Ech sinn e bĂ«sse midd. WĂ©i geet et dir?
J: Mir geet et tipptopp!
B: Vu wou kënns du?
J: Ech kommen aus Schottland, vun Danestone.
B: Wou ass dat?
J: Kenns du Aberdeen? Et ass ganz no bei Aberdeen.
B: A ok! Jo, ech hu scho vun Aberdeen héieren.
J: Vu wou kënns du?
B: Ech sinn a Portugal gebuer, mee ech kommen aus Spuenien. MÀi Papp ass Portugis a meng Mamm ass Spuenierin. Si hunn a Portugal studéiert an hu sech do kenne geléiert.
J: Cool! Wunns du scho laang zu LĂ«tzebuerg?
B: Ech wunnen zënter véier Joer zu Lëtzebuerg. Wéi laang wunns du schonn zu Lëtzebuerg?
J: SÀit fënnef Joer.
B: Wéi laang léiers du scho Lëtzebuergesch?
J: SÀit ongeféier 4 Joer, an du?
B: SĂ€it zwee Joer? Oder zweeanhallef Joer?
J: Wat fir Sprooche schwÀtz du nach?
B: Portugisesch, Spuenesch, Franséisch, e bëssen Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. An du?
J: Ech schwÀtzen Englesch a Lëtzebuergesch. De Moment léieren ech Franséisch am INLL. Et ass immens schwéier fir mech. Ech muss och nach méi Lëtzebuergesch schwÀtzen. Op menger Aarbecht schwÀtze mir just Englesch, duerfir sinn ech hei am Sproochecafé, fir Lëtzebuergesch ze schwÀtzen.
B: Jo, ech schwÀtzen och net genuch Lëtzebuergesch. Ech wëll mech och nees an e Lëtzebuergeschcours am INLL aschreiwen. De Sproochecafé ass flott, mee en ass just ee Mol de Mount.
J: Jo, dat ass wouer.
B: Wat bass du da vu Beruff?
J: Ech schaffen als Informatiker am CTIE, de Centre des technologies dâinformation de lâEtat.
B: Mega! Ech sinn och Informatikerin! Ech schaffen awer am Privatsecteur.
J: A, cool! Wéi gefÀlt et der?
B: DâAarbecht gefĂ€lt mir ganz gutt, mee et ass ustrengend. De Moment schaffen ech oft mĂ©i wĂ©i aacht Stonnen ; heiansdo zĂ©ng, heiansdo zwielef Stonnen.
Wat sinn dann deng Hobbyen?J: Jo, dat kléngt wierklech no vill! Ech hoffen, et gëtt geschwë besser! Ech gi gÀr lafen, mee ech spillen och Basket. Heiansdo trainéieren ech och mat de Kanner.
B: A, hues du Kanner?
J: Nee nee, ech sinn heiansdo Trainer vun de Kanner a mengem Basketsclub!
B: Aaa! Elo verstinn ech!
J: Kee Problem! Ech verstinn och net Ă«mmer direkt alles. Mir mussen nach mĂ©i LĂ«tzebuergesch ĂŒben.
B: Jo! Hues du Loscht an ZÀit de Weekend eppes drénken oder iessen ze goen? Da kënne mir nach méi schwÀtzen!
J: GĂ€r! WĂ©ini? E Freideg oder e Samschdeg? MĂ«ttes? Owes?
B: Hues du e Samschdeg den Owend ZĂ€it?
J: Jo, dat geet. Treffe mir eis an der Stad?
B: Jo. Op der Plëss virum Cercle?
J: Tipptopp! Um wéi vill Auer?
B: TĂ«schent siwen an aacht?
J: Um hallwer aacht?
B: Perfekt! WĂ©i ass deng Handysnummer?
J: Meng Nummer ass 671âŻ987 654.
B: Ech schécken der en Emoji, dann hues de meng Nummer och.
J: Perfekt!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir d'Maisy Gorza, d'Directrice vum INLL bei eis am Studio. Mir schwÀtze mat him zesummen iwwer den INLL. Vill Spaass beim Nolauschteren!
--
Fir dësen Episod ass keen Transkript disponibel.
-
WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht! Am Episod vun haut schwĂ€tze mir mam GĂŒneĆ iwwer sĂ€in Hobby, Trail lafen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
AâŻ: WĂ«llkomm an der PoterkĂ«scht! Haut schwĂ€tze mir erĂ«m eng KĂ©ier iwwer Hobbyen. Mir hunn dofir en Apprenant aus dem INL bei eis am Studio, de GĂŒneĆ. WĂ«llkomm am Studio!
B: Moien!
A: GĂŒneĆ, du lĂ©iers de Moment LĂ«tzebuergesch. Zanter wĂ©ini?
B: Ech léieren zanter engem Joer Lëtzebuergesch. Et ass net einfach!
A: Dat ass wouer, mee du schwÀtz scho ganz gutt. Haut schwÀtze mir iwwer dÀin Hobby. Du leefs gÀr, oder?
B: Jo, dat ass richteg. MĂ€in Hobby ass virun allem Trail lafen.
A: Dat kléngt interessant. Kanns du eis erklÀren, wat Trail lafe genau ass?
B: Jo. Beim Trail lafe leeft een net op der Strooss, mee op Weeër an der Natur, zum Beispill am Bësch, an de Bierger oder op Felder.
A: Dat kléngt no Abenteuer! Firwat gefÀlt dir Trail lafen esou gutt?
B: Ech hunn dâNatur immens gĂ€r. Ech kann DĂ©iere gesinn an dĂ©i frĂ«sch Loft deet gutt. An natierlech ass et och gutt fir mĂ€i Kapp a fir mĂ€i Kierper.
A: Ech verstinn. WĂ©i oft gees du Trail lafen?
B: Normalerweis lafen ech zwee bis drĂ€i Mol dâWoch. Ech maachen och nach Kraafttraining eleng oder mat engem Grupp dobaussen. De Weekend maachen ech oft mĂ©i laang Leef, heiansdo mĂ©i wĂ©i 20 Kilometer.
A: Wow, dat ass vill! HĂ«ls du och u Competitiounen deel?
B: Jo, ech si viru Kuerzem den Uewersauertrail zu LĂ«tzebuerg gelaf.
AâŻ: A wĂ©i preparĂ©iers du dech op esou eng Course?
B: Ech trainéiere vill, iesse gesond an drénke vill Waasser. An ech schlofe genuch.
A: Dat ass wichteg. Géifs du mir oder eisen Nolauschteren Trail lafen och recommandéieren�
B: NatierlechâŻ! Et mĂ©cht Spaass an et ass gutt fir dâGesondheet. Et brauch ee just gutt Schong a Motivatioun.
A: Merci! Da probéieren ech dat eventuell deemnÀchst eng Kéier. Merci, datt s du haut hei waars an eis vun dengem Hobby erzielt hues.
B: Merci fir dâInvitatioun!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwÀtze mir e bëssen iwwer VirsÀtz fir dat neit Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
VirsĂ€tz fir dâneit Joer
A: WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«schtâŻ! Am Episod vun haut schwĂ€tze mir iwwer VirsĂ€tz fir dâneit Joer. Dat passt, oder?
B: Absolut! Ech huele mir ëmmer gÀr e puer gutt VirsÀtz, och wann ech se meeschtens am Februar schonn opginn.
C: Max, du bass net eleng! Ech denken, vill vun eis fĂ€nken dâJoer voller Energie un, mee duerchzehalen, dat ass eng aner Saach.
A: Dofir schwÀtze mir jo haut driwwer. VlÀicht hëllefen eis Tipps a VirsÀtz jo eisen Nolauschterer, motivéiert ze bleiwen. Also, loost eis direkt ufÀnken. Wat sinn Àr VirsÀtz fir dat neit Joer?
C: O je, wou soll ech ufĂ€nken? MĂ€in Haaptvirsaz ass, mĂ©i Sport ze maachen. Dâlescht Joer hunn ech esou oft gesotâŻ: ,,Ab muer ginn ech lafenâŻ!ââ Mee ⊠,,muerââ koum iergendwĂ©i ni.
BâŻ: Klassiker! Mee, Sarah, wat heescht dat elo konkreet? Gees du elo all Moien um sechs Auer lafen?
C: Um sechs? Vergiess et! Ech wĂ«ll realistesch bleiwen. Ech ginn zwee Mol dâWoch lafen, dat geet fir de Moment duer. VlĂ€icht mellen ech mech am FrĂ©ijoer fir e Vollekslaf un, fir e klengt Zil ze hunn.
A: Dat kléngt dach realistesch! Ech fannen, kleng Ziler sinn immens wichteg.
B: Jo, mee Jil, ech si mer sécher, datt s du dëst Joer nees ee vun deenen immens éiergÀizege VirsÀtz hues.
A: E bëssen, jo. Ech wëll endlech mÀin éischt Buch schreiwen.
C: Wow! An, hues du schonne Plang?
A: Jo. Ech hu mir virgeholl, all Dag op dâmannst eng Stonn ze schreiwen. Dat klĂ©ngt no net vill, mee ech hoffen, datt ech esou bis de Summer e klengen Entworf hunn.
B: Respekt! A wat mĂ©chs du, wann dâMotivatioun nolĂ©isst?
A: Gutt Fro. Ech wëll mir eng speziell Plaz ariichten, wou ech ouni Oflenkung schaffe kann. An ech hunn enger Frëndin dovun erzielt, déi mech reegelméisseg froe wÀert, wéi et leeft. Esou hunn ech e bëssen Drock.
C: Kléngt gutt. VlÀicht soll ech och een hunn, dee mech reegelméisseg freet, ob ech lafe war.
B: O, do hëllefen ech gÀr! Ech ruffen einfach all Méindeg un a froen, ob s du scho lafe waars.
C: Ha ha. Max, wat sinn dann deng VirsÀtz?
B: Bei mir geet et Ă«m dâIessen. Ech wĂ«ll manner Fast Food iessen a mĂ©i selwer kachen.
C: Dat ass dach guttâŻ! Mee ech hu geduecht, du wiers esou frou mat Burgeren a Pizza?
B: Dat sinn ech och! Mee ech hunn dâlescht Joer gemierkt, datt ech mech no esou vill fettegem Iessen oft midd fillen. Dofir wĂ«ll ech et op eemol dâWoch reduzĂ©ieren. An: Ech wĂ«ll lĂ©ieren, e puer einfach Platen ze kachen.
A: Dat kléngt jo no engem Challenge. Weess de schonn, wat s de kache wëlls�
B: Jo! Ech hu mir schonn drĂ€i Rezepter erausgesicht: e Curry, eng selwergemaache Pizza â gesond, natierlech â a Lasagne.
C: O, ech komme laanscht, wann s de dâLasagne mĂ©chs!
B: DealâŻ! Mee dir dĂ€erft erĂ©ischt kommen, wa se net mĂ©i no ââKachufĂ€ngerââ schmaacht.
A: Okay, also als ResĂŒmmee: dâSarah wĂ«ll mĂ©i lafen, de Max wĂ«ll manner Fast Food iessen a besser kachen, an ech schreiwen e Buch. Wat denkt dir, wĂ©i grouss sinn dâChancen, datt mir dat duerchzĂ©ien?
C: Hmm, soe mer 70 Prozent?
B: Also, ech gi mir selwer 50 Prozent. Mee wann dir reegelmĂ©isseg nofrot, wĂ©i et leeft, klammen dâChancĂ« vlĂ€icht op 60 Prozent.
C: Haha, da komm, mir maachen en Deal: Ech froen dech no denge Kachkënscht, an du erënners mech, lafen ze goen.
A: An dir frot mech no mengem Buch! Esou motivéiere mir eis géigesÀiteg.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hire Sylvesterowend schwÀtzen. Vill Spaass beim Nolauschteren.
-
Transkript:
A: Prost a vill Gléck am neie Joer!
B: Prost! Och fir dech, virun allem eng gutt Gesondheet. Gëschter war jo mol e lëschtegen Owend.
A: Gell. Bis wéi vill Auer bass du bliwwen?
B: O Mamm, vill ze laang.
A: Firwat sees de dat?
B: Ma de Christian huet net opgehalen eis ëmmer rëm WÀin nozeschëdden an iergendwann hate mir all eng hÀnken.
A: O nee, wéi witzeg! Wéi schued datt ech dat verpasst hunn!
B: Hal op! Ech si frou, datt net vill Leit dat matkruten. De Josy ass souguer op sengem Stull ageschlof. Hien huet natierlech och dâFreedefeier verpasst. An iwweregens, firwat bass du dann esou frĂ©i heemgefuer?
A: Ăierlech gesot war et mir nom Haaptplat immens schlecht an dofir sinn ech mol net bis zwielef Auer bliwwen. Ech wollt onbedĂ©ngt mĂ©i laang do bleiwen, fir mat deenen aneren nach ze schwĂ€tzen, ze danzen an natierlech och op dat neit Joer unzestoussen.
B: Jo, ech hat schonn deng Kippche preparĂ©iert, mee do waars du scho fort. Wat fir e MenĂŒ has du da gewielt? VlĂ€icht hues de eppes net verdroen. Also mir huet alles ganz gutt geschmaacht.
A: Ech hat dâTĂ«ntefĂ«schzalot als EntrĂ©e an dono hat ech de BĆuf bourguignon. WĂ©i gesot, den Dessert krut ech net mĂ©i ze schmaachen.
B: Komesch! Ech hat dat selwecht!
A: Ech muss och zouginn, ech hat beim Aperitif schonn 3 Couppen op den eidele Mo gedronk. Dat kann et och gewiescht sinn.
B: A! Ma do hu mer et jo! Et war bestĂ«mmt dat! Ech weess dass dâManuela immens vill WĂ€ert drop leet, wat fir en Traiteur et kontaktĂ©iert. WĂ©i et virun e puer Joer och eng Feier organisĂ©iert huet, hate ganz vill Leit eng LiewensmĂ«ttelvergĂ«ftung an dat soll sech elo net mĂ©i widderhuelen?
A: Sécher! Dat mat der Liewensmëttelvergëftung wosst ech guer net. Do hunn ech iech all nach net kannt.
B: Gleef mer, dat war net schéin! Dofir huet et sech awer dëst Joer extra Méi ginn. Den Dësch war immens schéin dekoréiert, et huet e gudden Traiteur fonnt, et gouf gudde WÀin a kuerz viru Mëtternuecht krute mir eng Coupe Cremant a SpÀizmÀnnercher. Dat war wierklech flott.
A: Jo, ech hunn Àr Fotoe gesinn, déi si richteg flott gi mat de SpÀizmÀnnercher. Ech war e bësse jalous.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Mir hoffen, datt dir schéi Feierdeeg hat. Am Episod vun haut erziele mir vun engem chaotesche Chrëschtdagsiessen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
B: Hallo! Wéi geet et dir?
A: Hallo! Gutt an dir? Wéi waren deng Feierdeeg ?
B : Jooo…hmm… Hellegowend war immens schéin, mee Chrëschtdag selwer war fuerchtbar!
A: Wéi? Wat ass da geschitt?
B: Am Ufank war nach alles an der Rei. Mir hunn e puer Kippercher Cremant gedronk – verschiddener, menger Meenung no, e puer ze vill – an derbäi gouf et immens gutt Aperitifskichelcher, vun deem neien Traiteur do, vun deem ech der erzielt hat.
A: A jo!
B: Als Entrée gouf et fir d’éischt eng Héngerbritt, déi meng Bomi matbruecht hat an nach Saumon fumé mat Toasten. A propos, meng Bomi huet quasi déi ganzen Zäit geschwat: iwwer hir Kandheet, iwwer déi nei Dirigentin vun hirem Gesank,... A se huet och iwwer sou vill Leit, déi mir guer net kennen, geschwat a gelästert. Dat huet wierklech genervt.
A: Ok. An dunn?
B: Duerno gouf et e Brot an als Bäilag kleng Gromperegratinen a roude Kabes.
A: Nee, nee! Wat ass du geschitt?
B: Maja, waart! Mäi Monni, dee scho vill ze vill Wäi gedronk hat, huet sech opgereegt, datt de Kabes versalzt wier. Menger Mamm ass bal de Kolli geplatzt! Si kann hirer Schwëster hire Mann souwisou schonn net leiden. Glécklecherweis huet awer keen e Sträit ugefaang. Bon, als Dessert hate mer eng Bûche. Meng Schwëster mécht se all Joer selwer. Et ass wierklech déi bescht Bûche, déi ech jee giess hunn, eng Schockelasbûche.
A: Mh hm.
B: Obwuel mer scho laang sat waren, gouf et beim Kaffi nach kleng Stollen a Kichelcher.
A: Dat kléngt wierklech no vill...
B: Jo, dat Gefréiss all Joer...et ass mer all Kéiers ze vill. Mee lo awer: Meng Tatta, mengem Papp seng Schwëster, hat hiren Hond matbruecht. Dat huet eiser Kaz net esou gutt gefall. Den Hond huet si sou erféiert, datt se an de Chrëschtbeemche gesprongen ass. De Beemchen ass dunn ëmgefall. Wéi mir e rëm opgeriicht hunn, hu mer gemierkt, datt den Adventskranz gebrannt huet. De Beemchen hat d’Käerzen ëmgeheit. Mir sinn alleguer esou erféiert a woussten am éischte Moment net, wat maachen. Mäi Monni, dee grad en Tëmpche gehalen huet, well en ze vill gedronk hat, huet vu Schreck säi Glas Wäin op d’Feier geheit. Dat huet natierlech näischt gehollef. Meng Mamm huet dunn awer geschalt an de Brand mat dem Waasser aus dem Krou geläscht.
A: O vreck! Wat e Chaos! Dat ass jo wierklech wéi an engem Film! Dann hoffen ech, datt wéinstens däi Silvester besser gëtt! -
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwÀtze mir e bësse méi allgemeng iwwer de Wanter, an duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Wanterpneue schwÀtzen.
-
Transkript:
De Wanter
Am Wanter ass et zu LĂ«tzebuerg kal, net grad esou kal wĂ©i an den nĂ«rdleche LĂ€nner, mee et kĂ«nnen awer och Minusgrade ginn. Meeschtens sinn dâTemperaturen Ă«m dĂ©i 5 Grad an et reent och vill. Zu LĂ«tzebuerg schneit et leider net mĂ©i vill, mee wann ee mol Chance huet an et schneit, da sollt een definitiv mam Schlitt fuere goen. Eng aner AktivitĂ©it, dĂ©i mer am Wanter maache kĂ«nnen, ass Schlittschong fueren. DâLeit ginn dofir oft op dâKockelscheier. Do kann ee Schlittschong auslĂ©inen an et ausprobĂ©ieren. Wann ee lĂ©iwer eppes mĂ©i Gemittleches maache wĂ«ll, da kann een op de ChrĂ«schtmaart goen an eppes Leckeres iessen an drĂ©nken. Um ChrĂ«schtmaart kann ee GlĂŒwĂ€in drĂ©nken, dann ass et engem direkt manner kal an et kann een zum Beispill Gromperekichelcher, verschidde Wurschten, Tartifletten, Eisekuchen an nach aner Saachen iessen. A wa mer schonn iwwert dâIesse schwĂ€tzen, da kĂ«nne mer och soen, dass am Wanter vill Raclette giess gĂ«tt. Et gĂ«tt ee bei Kolleegen invitĂ©iert, oder et invitĂ©iert ee selwer Leit bei sech. Fir Leit, dĂ©i net gĂ€r kachen ass dat perfekt, well et muss ee just den Apparat umaachen a fir de Rescht zerwĂ©iert jidderee sech selwer. Mmmm, elo hunn ech zwar Loscht op eng Raclette!
Diskussioun Wanterpneuen
A: So, mengs du net, du misst mëttlerweil deng Wanterpneuen op den Auto montéiere loossen?
B: Nee, firwat dann dat? DâWieder ass jo nach an der Rei.
A: Elo nach! An e puer Deeg soll et schneien an du wëlls jo net mat denge Summerpneuen am Schnéi fueren.
B: Ech kucken als éischt emol, ob et iwwerhaapt Schnéi gëtt an dann decidéieren ech dat.
A: Maach wéi s de wëlls, mee du weess jo, wann s du vun der Police ugehale gëss, da muss du 74⏠bezuelen an du muss dÀin Auto op der Plaz stoe loossen. An du sos dach, du fiers de Weekend fort, nee?
B: O nee... Ech muss dir eppes beichten... Ech mengen ech hunn iwwerhaapt keng Wanterpneuen.
A: Wat?! Hues du se nach all? Dat ass jo extreem geféierlech.
B: Et deet mer leed. Ech hunn den Auto jo eréischt kaf an hunn net dru geduecht, dass ech och nach nei Pneue misst kafen. Ech weess emol net, wat fir Pneuen ech um Auto hunn.
A: O mei! Dat ass wierklech typesch! Da komm mir gi mol kucken.
A: MÀin Auto ass mega schéin, oder? An déi Faarf passt och voll bei mech.
B: Jo, jo, Haaptsaach dâFaarf passt. Da looss mech elo mol deng Pneue kucken.
A: Ăa va.
B: Uff! Du hues Allweatherpneuen dat ass jo nach an der Rei.
A: Wou gesÀit een dat iwwerhaapt?
B: Kuck. Hei steet M+S, dat steet fir âmud and snowâ, also Bulli oder MĂ€tsch a SchnĂ©i, an dat ass dâZeeche fir dâAllweatherpneuen.
B: A wéi erkennen ech déi aner Pneuen?
A: Bei de Wanterpneue steet och M+S drop, mee et ass och nach e Symbol mat engem Bierg an enger Schnéiflack dran, direkt niewendrun.
B: Aha! A wat fir en Zeeche gesinn ech bei de Summerpneuen?
A: Dofir gëtt et keen Zeechen. Dat heescht, wa guer keen Zeechen drop ass an och net M+S drop steet, da sinn et Summerpneuen.
B: Dat ass alles sou komplizĂ©iert. Ab wĂ©ini muss ech dâWanterpneuen um Auto hunn?
A: Et gëtt kee richtegen Datum, mee du muss der bei Schnéi a bei GlatÀis drop hunn.
B: Ok, da sinn ech jo lo gutt informéiert.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Koppel iwwer déi verschidden Aufgaben am Stot schwÀtzt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun en Zëmmer an enger WG kucke geet.
-
Den Transkript fir dësen Episod kënnt méi spéit no.
Merci fir Ăr Gedold!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwÀtze mir mam Gilles iwwer d'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Klickt wgl. uewe riets op ,,Access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
---
Transkript:
NathalieâŻ: O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill ZĂ€it, mee ech muss onbedĂ©ngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer ⊠oder vlĂ€icht en DonneschdegâŻ? Hoffentlech hu se nach eppes frĂ€i ⊠Ech ruffen emol un a froen.
CâŻ: Gudde Moien, Salon ,,Schnipp Schnappââ, wĂ©i kann ech Iech hĂ«llefen?
NâŻ: Moien, hei ass dâNathalie Silva. Ech gĂ©if gĂ€r e Rendez-vous beim Jackie huelen, wannechgelift.
CâŻ: NatierlechâŻ! Ass et just fir ze schneiden oder och fir ze fierwen?
NâŻ: Ech muss den Nowuess fierwen an dâSpĂ«tzen e bĂ«sse schneiden.
CâŻ: An der Rei, wĂ©ini geet et Iech?
NâŻ: Am beschte muer de Moien.
CâŻ: Muer de Moien ⊠Hmm, ech kucken ⊠Nee, do ass schonn alles voll beim Jackie. Ech hĂ€tt just nach eppes frĂ€i beim Nadine, um 11âŻ:45.
NâŻ: Hmm, nee, dat ass e bĂ«sse spĂ©it, an ech gĂ©if lĂ©iwer wĂ©i Ă«mmer bei dâJackie goen. WĂ©i wier et dann en Donneschdeg?
CâŻ: En Donneschdeg ass nach direkt um 8âŻ:30 eppes frĂ€i beim Jackie.
NâŻ: Hmm, dat ass frĂ©iâŻ! Mee OK, dann huelen ech dee Rendez-vous.
CâŻ: Tipptopp, Madamm Silva. Da bis en Donneschdeg um 8âŻ:30.
NâŻ: Jo, MerciâŻ! Bis en Donneschdeg.
NathalieâŻ: Sou, den Ă©ischte Rendez-vous ass geholl. UffâŻ! An elo ruffen ech och direkt beim KinĂ© un, fir mĂ€i Rendez-vous en Donneschdeg ze verrĂ©ckelen. Dat gĂ«tt soss e bĂ«ssen enkâŠ
PâŻ: Praxis KinĂ© Miersch, gudde Moien.
NâŻ: Gudde Moien, hei ass dâNathalie Silva. Ech ruffen u wĂ©inst engem Rendez-vous, deen ech leider verrĂ©ckele muss.
PâŻ: WĂ©ini ass Ăre Rendez-vousâŻ?
NâŻ: En Donneschdeg de Moien um 9âŻ:30.
PâŻ: Ok, ech kucken ⊠wĂ©ini gĂ©ift dir da gĂ€r amplaz kommenâŻ?
NâŻ: Eventuell en Donneschdeg NomĂ«ttegâŻ? Wier do eppes frĂ€iâŻ?
PâŻ: Nee, en Donneschdeg ass leider schonn alles voll. E Freideg hĂ€tt ech nach eppes.
NâŻ: Hmm, e Freideg ass schwiereg, do schaffen ech de ganzen Dag. Soss dânĂ€chst Woch, direkt e MĂ©indegâŻ?
PâŻ: E MĂ©indeg hĂ€tt ech nach e Rendez-vous um 14 Auer an um 16 Auer.
NâŻ: 14 Auer, dat passt.
PâŻ: An der Rei, dann Ă€nneren ech de Rendez-vous.
NâŻ: Villmools MerciâŻ! Nach e schĂ©inen Dag.
PâŻ: Merci glĂ€ichfalls.
NathalieâŻ: Uff, dat war jo guer net esou einfach. Mee elo ass alles organisĂ©iertâŻ: De Coiffer en Donneschdeg de Moien, an dofir de KinĂ© e MĂ©indeg NomĂ«tteg.
-
Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht!
Haut erklĂ€ren mir dâAussprooch vum âchâ. WĂ©ini soe mir [Ï] a wĂ©ini soe mir [É] ?
-
Transkript:
A: Wéi schwÀtzt een dat Wuert aus?
B: Buch.
A: An dat?
B: Bicher.
A: Mee, firwat âBuchâ a firwat âBicherâ?
B: Also: âBicherâ ass de Pluriel vu âBuchâ.
An et gĂ«tt och glĂ©cklecherweis eng Reegel, wĂ©ini mir [Ï] a wĂ©ini mir [É] soen.
Wa virun dem âchâ en âaâ, en âoâ oder en âuâ ass, da soe mir [Ï].
ach, och, uch
So eng KĂ©ier: ach, och, uch
A: ach, och, uch
B: Gutt. Hei si Beispiller: Kach, nach, kachen, aacht, maachen
A: Kach, nach, kachen, aacht, maachen
B: och, Woch, Wochendag, MĂ«ttwoch, Sprooch
A: och, Woch, Wochendag, MĂ«ttwoch, Sprooch
B: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen
A: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen
B: Gutt!
A: Ok. GĂ«tt et Exceptiounen?
B: Wéi ganz oft gëtt et och hei Ausnamen. Wéi zum Beispill bei Wierder aus dem
Franséischen: Tùche, Cauchemar, accouchéieren, Grand-Duché
Sou. Wa virun dem âchâ en âiâ, en âeâ oder en âĂ€â ass, da soe mir [É].ich, ech, Ă€ch - âĂ€châ mat âa Treema, c, hâ oder âechâ mat âe,c,hâ
So eng Kéier: ich, ech, Àch
A: ich, ech, Àch
B: Gutt. Beispiller: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnerstrÀichen, Gespréich, Noriichten
A: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnerstrÀichen, Gespréich, Noriichten
B: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen
A: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen
B: KÀchin, erwÀchen, Becher, schlecht, Recht
A: KÀchin, erwÀchen, Becher, schlecht, Recht
B: Tipptopp! Opgepasst! Meeschtens, wann hannert dem âchâ en âsâ steet, da prononcĂ©iere mir den âchâ als [k].
Beispiller: Dachs, Ochs, nÀchst, NÀchsten, sechs, Béchs, Schongwichs,
Mee och hei ginn et Ausnamen. Mir maachen dat just, wann den âsâ en Deel vum Wuert
ass.
Ausname sinn zum Beispill: du kachs, mëttwochs, du brauchs, BesuchszÀit, du sichs,
du glĂ€ichs, du mĂ©chs, asw.So zum Schluss elo nach eng KĂ©ier dâReegel:
ach och uch
ich ech ÀchA: ach och uch
ich ech ÀchB: Perfekt!
A: Cool Merci fir dâExplikatiounen!
B: ât ass gĂ€r geschitt!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass de 6. Dezember. Zu Lëtzebuerg ass dat e speziellen Dag: Kleeserchersdag! Mee wat ass dat genee? Lauschtert a fannt et eraus!
-
Transkript:
Kleeserchersdag
âšWat ass Kleeserchersdag a wien ass de Kleeschen? DĂ«se Freideg ass et endlech esou wĂ€it an dâKanner sange scho flĂ€isseg "LĂ©iwe Kleeschen" an der Schoul.
Wann der scho mĂ©i laang zu LĂ«tzebuerg wunnt, hutt der dĂ«st Lidd vlĂ€icht schonn hĂ©ieren.âš Kleeschen oder Zinniklos ass de lĂ«tzebuergeschen Numm fir den hellegen Niklos. Op FransĂ©isch heescht hie Saint-Nicolas, op HollĂ€nnesch a FlammĂ€nnesch heescht hie Sinterklaas an op DĂ€itsch heescht hien Nikolaus.An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember kĂ«nnt hien aus sengem Himmelsland a brĂ©ngt de brave Kanner Kaddoen. DâKanner aus der Grondschoul hunn de 6. Dezember frĂ€i, fir datt si deen Dag mat hiren neie Spillsaache spille kĂ«nnen.âââšZanter 2019 steet âKleeserchersdagâ oder âNiklosdagâ op der LĂ«scht vun den immateriellen UNESCO-Weltierwen.
Vill Soen erzielen, datt de Kleeschen en immens lĂ©iwen an hĂ«llefsbereete MĂ«nsch war an och nach ass ass. Enger Legend no huet hien drĂ€i Kanner aus engem DĂ«ppe vun engem Metzler, dee Jelli aus hinne kache wollt, befreit. DĂ«s Legend gĂ«tt et och a Form vun engem Gedicht, âDâSeeche vum Zinniklosâ, vum Georges Schmitt aus dem Joer 1944.
WĂ©i gesĂ€it de Kleeschen aus? Hien ass en eeleren HĂ€r an huet e laange wĂ€isse Baart. Seng Tenue erkennt een direkt: hien ass als BĂ«schof gekleet mat engem meeschtens roude Mantel, enger Mitra um Kapp an engem BĂ«schofsstaf an der Hand.âââšHie gĂ«tt begleet vu sengem Gesell, den Houseker. Deen huet e laange schwaarze Baart an ass dĂ€ischter ugedoen. Hien huet meeschtens e Sak mat Rutten derbĂ€i. Jongen a Meedercher dĂ©i net brav waren, krĂ©ien deen Dag dann eng Rutt vum Houseker.
DâKanner freeĂ« sech scho wochelaang am Viraus op Kleeserchersdag.Op ville Plaze kann een de Kleesche schonn e puer Woche viru Kleeserchersdag begĂ©inen an heiansdo kritt een dann eng Titche mat SĂ©issegkeeten an e BoxemĂ€nnchen. âšEng Woch oder zwou Woche viru Kleeserchersdag stellen dâKanner owes virum Schlofe goen, de Schong bei dâDier a sange âLĂ©iwe Kleeschenâ. Wa se moies waakreg ginn, leien eng Schneekegkeet, wĂ©i zum Beispill Schockela oder Uebst, wĂ©i zum Beispill eng Mandarinn oder e klenge Kaddo am Schong.
De 5. Dezember, owes, ass et dann esou wĂ€it. DâKanner stellen hire Schong oder en Teller bei dâDier a freeĂ« sech op dee groussen Dag.
Denkt also drun, datt e Freideg keng Schoul ass an datt der net erfĂ©iert, wa moies eppes an Ă€re Kanner hire Schong lĂ€it!âšâš Mir wĂ«nschen iech an Ă€re Kanner, e schĂ©inen Niklosdag! -
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwÀtze mir iwwer Fester am Dezember a wat ee kann op eng Chrëschtfeier undoen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Fester am Dezember
A: Hues de schonn e Chrëschtbeemchen an deng Wunneng dekoréiert? E Sonndeg ass schonn den éischten Advent.
B: Lo ass scho rĂ«m Dezember. DâJoer vergeet esou sĂ©ier! Nee, ech hunn nach net dekorĂ©iert a mir hunn och nach kee Beemchen, mee ech hunn awer schonn en Adventskranz.
A: Wiem sees de et! Ech hu keen Adventskranz, mee ech hunn awer iwwerall vill KÀerzen a Luuchten. MÀi Chrëschtbeemche steet scho sÀit dem 15. November.
B : Mir ass dat ze fréi. Mee an de Supermarchéë gëtt et schonn zënter Enn September / Ufank Oktober Schockelaskleesercher a Chrëschtdekoratioun.
A: Dat ass definitiv vill ze fréi. Mee sou vun November u kommen ech schonn a Chrëschtdagsstëmmung an et gesÀit immens gemittlech bei mir aus. Ech fÀnken och scho fréi un, Kaddoen ze kafen.
B: Ech gleewen! Am Dezember ass esou vill lass! Den éischten Advent fÀlt dëst Joer op den 1. Dezember, de 6. Dezember ass Kleeserchersdag, de 24. ass Hellegowend an de 25. Dezember ass Chrëschtdag.
A: Vergiess Silvester, den 31. Dezember, net! An op Kleeserchersdag hu mir jo net frĂ€iâŠ
B: Jo, och nach Silvester! An dat si lo nĂ«mmen dâFester an dâFeierdeeg zu LĂ«tzebuerg! Ech huele mer de 6. Dezember awer frĂ€i, well meng Kanner dann doheem sinn. Ech huele mer dĂ«st Joer och zwou Wochen Ă«m ChrĂ«schtdag CongĂ©, vum 20. Dezember bis de 5. Januar. Dâlescht Joer hat ech ze vill Stress. Da kann ech mech gutt erhuelen. WĂ©i mĂ©chs du et?
A: Ech fléie kuerz viru Chrëschtdag bei meng Famill a bleiwen awer bis no DrÀikinneksdag do. Bei eis ass de 6. Januar och nach e wichtege Feierdag.
B: A jo! Schéin! Zu Lëtzebuerg ass de 6. Januar zwar net frÀi, mee mir kafen awer en DrÀikinnekskuch.
A: Jo, wann ech heemkommen, da gëtt et déi nach. Ech kafe mer och all Joer een.
Op eng Chrëschtfeier goen
A: Moien! Frees de dech schonn op dâChrĂ«schtfeier dânĂ€chst Woch?
B: Jo, total! Mee ech hunn e Problem ⊠Ech weess nach net, wat ech undoe soll. Den Dresscode ass jo ,,schick mat engem speziellen Accessoireââ. Wat soll dat heeschen?
A: Jo, et ass dëst Joer net esou einfach! Mee du kanns jo zum Beispill einfach en elegante Rack oder eng Jupe mat enger Blus undoen. An als speziellen Accessoire en Hutt, eng opfÀlleg Ketten oder eng faarweg Krawatt.
B: Eng Krawatt wier cool! Ech kéint och e schwaarzen Tailleur mat enger wÀisser Blus undoen, an dobÀi eng rout Krawatt. Dat passt jo gutt bei Chrëschtdag, oder?
A: Absolut! Et ass festlech, mee net ze opfÀlleg.
B: Merci fir deng HĂ«llef! Mee ech hunn nach eng Fro. Mir wiichtele jo, an ech hunn dâSarah gezunn. De Problem ass, ech kennen hatt guer net gutt ⊠Hues du eng Iddi, wat ech him kafe kĂ©int?
A: O, dâSarah? Dat ass einfach! Hatt drĂ©nkt gĂ€r TĂ©i an huet vill Planzen doheem. VillĂ€icht kĂ©ints du him eng kleng Planz, wĂ©i e Kaktus schenken?
B: Dat ass eng gutt Iddi! Dat, oder e schéinen Téiset géifen him bestëmmt gefalen. Merci!
A: GĂ€r geschitt. Ech si scho gespaant, wĂ©i dâFeier gĂ«tt. Ech hoffen, dâMusek ass dĂ«st Joer besser wĂ©i dâlescht Joer.
B: Ech hoffen och. Bis dann!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
De ChrĂ«schtmaart an der Stad LĂ«tzebuerg ass zĂ«nter e Freideg op. Perfekt, fir a ChrĂ«schtdagsstĂ«mmung ze kommen! Am Episod vun haut lauschtere mir dofir, wĂ©i zwou Persounen en Tour driwwer maachen an och traditionellt Iessen a GlĂŒwĂ€in bestellen.
-
Transkript:
A: Paul, kuck emolâŻ! DâStad ass scho sou schĂ©i festlech dekorĂ©iert, iwwerall hĂ€nke Liichtercher!
B: Jo, de Chrëschtmaart ass och virun e puer Deeg opgaangen.
A: Stëmmt! Solle mer e klengen Tour driwwer maachen?
B: Hmm, ech hunn net wierklech Loscht ⊠Et ass mir kal, an Ă«m dĂ«s ZĂ€it ass et Ă«mmer esou voll âŠ
A: Dajee, komm! Mir ginn och net laang, versprach! Et gĂ«tt bestĂ«mmt vill ze kucken. Et richt och schonn no GlĂŒwĂ€in a gebrannte Mandelen âŠ
B: Ok, ok, du hues mech iwwerzeegt. Awer nëmmen, wann ech mir och e puer Gromperekichelcher kafe kann!
A: Natierlech! Mir kucke fir dâĂ©ischt e bĂ«ssen, an da kafe mir eis eppes ze drĂ©nken an zâiessen.
B: Du has Recht, et ass wierklech eng gutt Stëmmung hei.
A: GesÀis de! Komm, mir kucken emol, wat se hei um Stand alles hunn. VlÀicht fanne mir jo e Kaddo fir deng Frëndin?
B: Gutt Iddi! Hatt ass frou mat selwergemaache Saachen.
A: Kuck emol, wéi fënns de dës Holzfiguren? Déi si bestëmmt vun Hand geschnëtzt.
B: Hmm, ech weess net, ech fanne se e bësse kitscheg. Mee vlÀicht kafen ech um Stand niewendrun e Glas Hunneg. Dat ass ëmmer gutt ze hunn an dÀr kaler JoreszÀit.
A: WĂ©i wier et mat engem GlĂŒwĂ€in? Dovu gi mer bestĂ«mmt waarm!
B: Ech sinn dobĂ€i. Komm, mir stellen eis hei an dâRei. Ech hunn hĂ©ieren, datt de GlĂŒwĂ€in op dĂ«sem Stand dee beschten ass.
C: Moien! Wat kritt Dir?
A: Zwee GlĂŒwĂ€in, wannechgelift.
C: GÀr. Rouden oder wÀissen?
A: Rouden, wannechgelift.
C: VoilĂ . Dat mĂ©cht 12 âŹ. Op all Glas sinn 2 ⏠Pfand.
A: Merci!
B: Prost, Liz, op de Chrëschtmaart!
A: Prost! (Kuerz Paus) Mmmh, dee GlĂŒwĂ€in ass wierklech gutt!⯠Du has Recht, Paul, dat ass dee beschte Stand!
B: Sou, elo sinn ech awer e bëssen hongereg. Kuck emol, hei hu se Mettwurscht a Gromperekichelcher. Solle mer eis eppes huelen?
A: Jo! Ech hu richteg Loscht op eng Mettwurscht.
B: An ech huele mer e puer Gromperekichelcher. Dat ass Traditioun!
D: Gudden OwendâŻ! Wat kritt dir?
B: Fir mech Gromperekichelcher, mat Ăppelkompott wannechgelift.
A: An ech huelen eng Mettwurscht mat Moschter, wannechgelift.
D: An der Rei. Dat mĂ©cht 13âŹ.
A: Kanns de dat gleewen? 8,50 Euro fir Gromperekichelcher mat e bĂ«ssen Ăppelkompott! De ChrĂ«schtmaart gĂ«tt wierklech all Joer mĂ©i deier âŠ
B: Do hues de Recht. Mee se si wierklech fantastesch! Wëlls de e Stéck schmaachen?
A: Jo, gÀr! Hei, du kanns och eng Kéier a meng Wurscht bÀissen.
B: Mmh, déi ass och gutt! Du has awer Recht, et war eng gutt Iddi, nach en Tour iwwer de Chrëschtmaart ze maachen.
A: Ha, ech sot et joâŻ! Et ass Ă«mmer eng gutt Iddi, op de ChrĂ«schtmaart ze goen.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass Niklosdag, an domat och ZÀit, fir déi éischt BoxemÀnnercher z'iessen! Am Episod vun haut deele mir e Rezept mat iech, fir Àr eege BoxemÀnnercher doheem ze baken. Vill Spaass!
-
Transkript:
Rezept fir BoxemÀnnercher
Sou... Ech mengen, mir hunn elo alles prett fir eis BoxemÀnnercher ze baken.
Ech kontrolléieren nach eng Kéier d'Rezept um Internet...
Fir 8 BoxemÀnnercher brauche mir:
620 Gramm Miel 100 Gramm Zocker 250 Milliliter Vollmëllech, am beschte soll d'Mëllech wotlech sinn, also net kal ee Wierfel frësch Hief (42 Gramm) 100 Gramm geschmoltene Botter 2 Eeër eng Pouz Salz, also just ganz e bëssenDat ass alles fir den Deeg.
Wa mir d'BoxemÀnnercher zum Schluss nach wëlle glaséieren, brauche mir just
een Eegiel an en IesslÀffel MëllechDa kënne mir jo elo endlech ufÀnken.
D'Miel, den Zocker an eng Pouz Salz maachen ech an eng grouss Schossel.
Da schëdden ech d'Mëllech an e grousst Glas a maachen d'Hief dobÀi. Fir, dass dat besser geet, maachen ech d'Hief a kleng Stécker. Da kann ech d'Hief an der Mëllech besser opléisen.
Da schëdden ech d'Mëllech mat der Hief a meng grouss Schossel mam Miel. Ech maachen dann de geschmoltene Botter an déi zwee Eeër mat dobÀi. An da muss ech den Deeg fir ongeféier 5 Minutte gutt knieden. Ech maachen eng Kugel aus dem Deeg an da leeën ech den Deeg erëm zeréck an d'Schossel a maachen e Kichenduch iwwert d'Schossel, fir dass den Deeg bei Raumtemperatur ka rouen. No 45 Minutten ass den Deeg da prett. En ass opgaangen an ass elo duebel esou grouss wéi virdrun.
Da maachen ech e bĂ«sse Miel op eng Holzplack an ech klappen den Deeg erĂ«m mĂ©i platt. Ech deelen den Deeg an 8 Portiounen a formen aus all Portioun eng oval Briosch. Uewe formen ech e klenge Kapp an Ă«nne schneiden ech e klenge Schlitz an d'Briosch, fir d'Been ze formen. Op deenen zwou SĂ€ite schneiden ech och nach e Schlitz an d'Briosch fir d'Ăerm ze formen.
Elo huelen ech de Bakblech mam Bakpabeier drop an ech leeën d'BoxemÀnnercher op de Bakpabeier. Et soll ee genuch Plaz tëschent de MÀnnercher loossen, well se am Uewen nach opginn.
Dann huelen ech en neit Kichenduch a maachen et e bësse fiicht. Ech leeën d'Kichenduch dann iwwert de Bakblech mat de BoxemÀnnercher a waarden nach emol eng hallef Stonn a loossen d'BoxemÀnnercher bei Raumtemperatur opgoen.
An dÀr ZÀit kann een de SchÀffche op 200 Grad virhëtzen.
Ier mir d'BoxemÀnnercher dann endlech an den Uewe maache kënnen, glaséieren ech se nach. Fir d'Glasur schloen ech d'Eegiel mat engem IesslÀffel Mëllech, op. Da pinselen ech meng Glasur ganz virsiichteg iwwert d'BoxemÀnnercher.
Da kënnt de Bakblech fir 15 Minutten an de SchÀffchen.
No enger Véierelstonn huele mir se eraus, loosse se ofkillen an da kënne mir endlech ee gudde BoxemÀnnchen iessen!
Ei⊠Gudden Appetit!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An e puer Wochen ass de 6. Dezember, also Kleeserchersdag oder Nikoosdag zu Lëtzebuerg. Am Episod vun haut schwÀtze mir iwwer Kaddoe vum Kleeschen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Geschwënn ass schonn erëm de 6. Dezember. Wat wënscht meng Giedelche sech da fir Kleeserchersdag?
B: Meng Elteren a SchwĂ©ierelteren hunn och scho gefrot, duerfir hunn dâNora an ech eng LĂ«scht gemaach. Vu mengen Eltere kritt hatt e klenge Buttek. Si kafen och alles fir an de Buttek, zum Beispill LiewensmĂ«ttelen aus Holz oder Verpackungen, mat enger klenger Keess a Suen aus Plastik oder Pabeier. Dat kritt een alles derbĂ€i ze kafen.
A: Mega! Ech hat och sou e Buttek an hunn immens vill dermat gespillt. Sou lĂ©ieren dâKanner och dâMĂ«nz an dâSchĂ€iner kennen.
B: Jo, ech och! Bei mir waren dâLiewensmĂ«ttelen awer net aus Holz, mee aus Plastik an dâLili, eisen Hond, huet der vill futti gebass.
A: Oh!
B: A vu menge SchwĂ©iereltere kritt et eng Popp mat enger Kutsch an e puer TenuĂ« fir dâPopp. Hatt wĂ«nscht sech scho sou laang eng.
A: DjĂ«ft! DĂ©i Iddi hat ech och! Hatt huet mir dat dâlescht KĂ©ier erzielt, wĂ©i et bei mer war, fir ze baken. Net schlĂ«mm! Steet nach eppes Aneres op der LĂ«scht?
B: Wéi s de weess, bastelt hatt jo sou gÀr! VlÀicht kanns de am Spillbuttek froen, wat am meeschte fir Kanner vu fënnef Joer kaf gëtt? De Moment ass hatt jo och e grousse Fan vun Dinosaurier. VlÀicht hu se e Molbuch, fir Dinosaurier faarweg ze molen.
B: Dat klĂ©ngt gutt! Ech ginn dĂ«s Woch nach op dâSich! Merci!
A: Mir soen dir Merci!
B: Net mir, dem Kleeschen!
A: Ok!
- Laat meer zien