Afleveringen

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt gelauschtert. Deng Vakanz kléngt jo wonnerbar! Ech si frou, dass de dech erhuele konnts!

    Eis Vakanz war bis elo leider net esou flott…
    Als alleréischt gouf eise Fluch annuléiert, well de Fliger eng technesch Pann hat. Mir hunn du missen 8 Stonnen zu Frankfurt um Fluchhafe waarden.
    Wéi mir zu Punta Cana ukoumen, hu mir immens laang op eist Gepäck gewaart, mee et ass net komm. Si haten eis Wallissen net verluer, mee se waren nach zu Frankfurt. Du si mir ouni Gepäck an den Hotel geféiert ginn.
    Mir hunn eis direkt eng nei Tenue, Ënnerwäsch, e Pyjama, an e Maillot an eng Schwammbox an engem Buttek am Hotel kaf. Den Hotel ass flott, mee leider si mir direkt den zweeten Dag krank ginn. Mir hunn d’Iessen net verdroen. Ech hat glécklecherweis Medikamenter a mengem Handgepäck, mee mir louchen trotzdeem zwee Deeg krank am Bett.
    Wéi mir nees gesond waren, wollte mir en Auto lounen, fir d’Insel kucken ze goen, mee eis Visaskaarten hunn net fonctionéiert a mir hunn nees missen zréck an den Hotel goen. Dunn ass mer deen Dag nach eppes Blödes geschitt! Ech si bei der Piscine ausgerutscht an hu mer de Fouss verstaucht! De Philippe féiert mech elo iwwerall mam Rollstull wéi eng Kinnigin. Ech kann zwar elo keen Tourismus méi maachen, mee Haaptsaach ech kann nach an der Piscine leien, et sinn nämlech all Dag ëm déi 37 Grad! Eis Bagagë si gëschter ukomm. Ech hoffen, et geschitt déi nächst Deeg näischt méi a mir kënnen eis Vakanz nach e bësse genéissen.
    Sou, dat war et! Bis d’nächst Woch! Ech freeë mech schonn dech erëmzegesinn! Kussiii

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    De Summer

    Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten oder Fester, déi et zu Lëtzebuerg am Summer ginn. Vläicht inspiréiert Iech dat, dat eent oder dat anert auszeprobéieren. Am Summer ass et meeschtens waarm an et kënne bis zu 35 Grad ginn. Wann et esou waarm ass, da gi ganz vill Leit op de Stauséi, d’Baggerweieren oder den Iechternacher Séi. Op dëse Plaze kann een net nëmme schwamme goen, mee et kann een och Stand-Up Paddle maachen, mam Kayak oder mam Kanu fueren, an natierlech och just chillen. Et kann een och picknicke goen oder eventuell grillen, mee da muss een oppassen, dass et net verbueden ass. Wann een an der Stad bleiwe wëll, da kann een och relax an d’Uewerstad eppes drénke goen. Do gëtt et eng Rei vu Caféë mat Terrassen, déi bis owes spéit op sinn. Wärend dem Dag, a wann et net alt ze waarm ass, kann een och op de Kierchbierg bei d’Coque goen, Petanque spillen an eppes Guddes, Kales drénken.

    Eng flott Plaz fir d’Kanner ass den Escher Déierepark. Hei kann ee verschidden Déiere gesinn an och fidderen. Do gëtt et souguer Bamhaiser, an deenen ee schlofe kann. Dat ass e flott Erliefnes fir d’Kanner.

    An da gëtt et natierlech och nach d’Schueberfouer am August, wou ee lëtzebuergesch Spezialitéiten, wéi Gromperekichelcher oder Eisekuchen, iessen oder op déi verschidde Spiller goe kann. Dat ass och ëmmer eng gutt Occasioun, fir no der Aarbecht Kolleegen ze gesinn.

    Nationalfeierdag

    A: Salut Chiara. Wéi geet et dir?

    B: O alt esou... Wéi s du héiers, hunn ech mech erkaalt.

    A: Dann hoffen ech, dass de fir de Weeekend erëm fit bass. Et ass esou vill lass an ech ka mech net entscheeden. Wat hues du da fir de Weekend geplangt?

    B: Ech maachen näischt Extraes.

    A: A sou? E Sonndeg, also den 23. Juni ass zu Lëtzebuerg Nationalfeierdag, mee mir feiere schonn den Owend virdrun, also den 22. Juni.

    B: Ass Nationalfeierdag ëmmer sonndes am Juni?

    A: Nee, et ass ëmmer den 23. Juni. Dëst Joer fält et op e Sonndeg.

    B: A firwat ass Nationalfeierdag den 23. Juni? Wat feieren d’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger dann?

    A: Haha, jo, dat ass eng witzeg Geschicht. Mir feieren offiziell Groussherzogsgebuertsdag, also de Gebuertsdag vum Groussherzog, vum Grand-Duc.

    B: Wat ass dann do witzeg?

    A: De Grand-Duc Henri huet net den 23. Juni Gebuertsdag, mee de 16. Abrëll.

    B: Dat heescht, den Datum vun Nationalfeierdag ännert net mat all Grand-Duc oder Grande-Duchesse?

    A: Genee! Mee, et ass och witzeg, well et hat nach ni e Grand-Duc oder eng Grande-Duchesse den 23. Juni Gebuertsdag!

    B: Wat gelift? Elo verstinn ech guer näischt méi!

    A: D’Grande-Duchesse Charlotte, dem Grand-Duc Henri seng Groussmamm, hat den 23. Januar Gebuertsdag. Si war bis 1964 Grande-Duchesse.
    Hire Jong, de Grand-Duc Jean, hat de 5. Januar Gebuertsdag. Duerfir hu si 1961 aus klimatesche Grënn decidéiert, datt mir den 23. Juni Feierdag hunn. Mee mir feiere schonn den 22. Juni a mir feieren an den 23. Juni eran.

    B: Interessant! Awer wierklech och witzeg! Wat méchs du dann den 22.?

    A: Mir ginn an d’Stad. Mir ginn de Fakelzuch kucken, well eist Lina mat de Scoute matgeet. Duerno gi mir eppes iessen a kucken d’Animatiounen an der Stad. Et kann een och op ville Plaze Concerte lauschteren. Um 23.00 ass dann d’Freedefeier bei der Gëlle Fra.

    B: Dat heescht, et ass just an der Stad eppes lass?

    A: Nee nee, et gëtt am ganze Land Evenementer. Du fënns bestëmmt online Infortmatiounen doriwwer, wat bei dir an der Géigend lass ass.

    B: A wat méchs du den 23. Juni?

    A: Moies kucke mir d’Zeremonie an der Philharmonie an d’Militärparad an der Stad op der Tëlee. Duerno komme meng Eltere bei eis, fir ze grillen.

    B: Flott! Ech kucke mol de Programm an decidéieren dann, wat ech déi zwee Deeg maachen. Ech si gespaant!

  • Zijn er afleveringen die ontbreken?

    Klik hier om de feed te vernieuwen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut trainéiere mir d'Aussprooch a konzentréieren eis op ,,ei'' an ,,éi''.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “d,e,i,e,r” an “D, é (e Accent aigu), i, e r”?

    B: “deier” ass de Géigendeel vu “bëlleg”, z.B. en Haus ass deier, eng Ketten aus Gold ass deier.

    A: Ok.

    B: Mir schreiwen “deier” mat d, e, i , e, r a mir prononcéieren et: deier. D’Aussprooch vum Diphthong “e,i” ass [ɑɪ]. Denk un en “a” an en “i”: [ɑɪ]. Probéier du et elo! [ɑɪ]

    A: [ɑɪ]

    B: [ɑɪ]

    A: [ɑɪ]

    B: Gutt! So elo: “deier”!

    A: deier

    B: deier

    A: deier

    B: Tipptopp! En “Déier” ass eppes Aneres. En Hond ass en Déier, en Elefant ass en Déier, e Fësch ass en Déier, a sou weider. Mir schreiwen et och anescht wéi “deier” an d’Aussprooch ass anescht. Mir schreiwen et grouss a mat Accent aigu: D, e Accent aigu, i, e, r. D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey” oder “Ey”. So eng Kéier: [ɜɪ].

    A: [ɜɪ]

    B: [ɜɪ]

    A: [ɜɪ]

    B: An elo: “Déier”.

    A: Déier

    B: Déier

    A: Déier

    B: Lauschter den Ënnerscheed:
    deier
    Déier
    deier
    Déier
    deier
    B: So “deier”.
    A: deier
    B: So “Déier”
    A: Déier

    A: Elo héieren ech den Ënnerscheed.

    B: Hei sinn nach Wierder mat [ɑɪ]: Leit, hei, bei, eis, nei, Gei, schreiwen, leider, eidel, einfach, fein, Feier, Feierdag, feieren, heiheem, weiblech, zeideg, Zeil, a sou weider. An hei sinn nach Wierder mat [ɜɪ]: wéi, véier, éischt, éischter, Méindeg, schéin, Kéier, léieren, kombinéieren, notéieren, buschtawéieren, féieren, géint, héieren, séier, a sou weider

    A: Ok! Merci fir deng Hëllef!

    B: ‘t ass gär geschitt!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Am Kleederbuttek

    Verkeeferin : Gudde Moien ! Wéi kann ech Iech hëllefen ?

    Cliente: Moien! Ech sichen e Rack fir op eng Hochzäit.

    Verkeeferin: Wat fir eng Faarf soll et sinn?

    Cliente: Am léifste blo. Natierlech elegant, a vläicht aus Seid.

    Verkeeferin: Ech mengen, esou eppes hu mir. Wat fir eng Gréisst hutt dir?

    Cliente: 38.

    Verkeeferin: Kommt mat Madamm, ech weisen Iech e puer Räck.

    Cliente: Merci.

    Verkeeferin: Voilà, hei hunn ech dräi Räck am Bloen. Deen een ass och aus Seid a geet bis un d’Knéien. Wëllt dir e gär en umoossen?

    Cliente: Jo, deen do gefält mir. Wat denks du, Marc?

    Mann: Jo, deen ass schéin. Mooss e mol un.

    Cliente: Wou sinn d’Kabinnen?

    Verkeeferin: Do hannen. Braucht dir soss nach eppes?

    Cliente: Nee, merci, ech kucke fir d’éischt just dee Rack hei.

    Verkeeferin: An? Wéi sëtzt de Rack?

    Cliente: Perfekt! Marc, kuck emol !

    Marc : Jo, e geet dir wierklech gutt. Ech géif en huelen.

    Cliente: Wéi vill kascht e, wgl?

    Verkeeferin: 120 €. Mee en ass an de Solden, dofir kritt dir nach 20 % drop.

    Cliente: Super! Ech huelen en.

    Verkeeferin: Braucht dir soss nach eppes?

    Cliente: Nee, dat ass alles.

    Mann: Moment, ech brauch och nach en neie Kostüm fir d’Hochzäit!

    Verkeeferin: Ok, Monsieur, kommt mat, ech weisen Iech eis Kostümer. Soll et eng bestëmmt Faarf sinn?

    Mann: Ech mengen, donkelblo wier flott. Dat passt gutt bei menger Fra hiren neie Rack. Deen hei gefält mir ganz gutt. Hutt dir deen och am 52?

    Verkeeferin: Ee Moment, ech gi kucken … Jo, hei ass en am 52!

    Mann: Merci, ech ginn en umoossen.

    Verkeeferin: An? Ass e Mooss?

    Mann: Jo. Claire, kuck emol!

    Cliente: Jo, en ass net ellen. An e passt gutt bei mäi Rack. Mee ech weess net, ob d’Faarf dir esou gutt geet …

    Mann: Hmm … Wéi vill kascht en, wgl.?

    Verkeeferin : 250 €.

    Mann : Sinn do och nach Prozenter drop?

    Verkeeferin: Nee, leider net. D’Kostümer sinn net an de Solden.

    Mann: Hmm, ok … Ech mengen, dann iwwerleeën ech mir et nach eng Kéier. Vläicht fannen ech eppes aneres, wat mir besser gefält.

    D'Wallis paken

    Lara: Ech freeë mech schonn op eis Vakanz!

    Mike: Jo ech och! Endlech fort aus dem Reen!

    Lara: Ech weess net wierklech, wat ech apake soll.

    Mike: Also ech hunn d’Wiederprevisioune gekuckt an et gëtt sonneg an immens waarm. Ech hu liicht a bequeem Kleeder agepak.

    Lara: Mega, ech brauch definitiv e bësse Sonn! Wat hues du da genau agepak?

    Mike: Ma ech hu mäi bloen a mäi bronge Short agepak. Ech huelen och véier wäiss T-Shirten mat, du weess, ech schweesse vill. Fir owes hunn ech nach mäi gréngt a schwaarzt Hiem agepak. Wat d’Schong ugeet, huelen ech just meng bequeem rout Turnschlappe mat.

    Lara: Ok. Ech mengen, ech paken da mäi faarwegt Kleed a meng giel Blus an. Dann huelen ech och nach meng blo kuerz Box, mäi grénge Short, meng geblummelegt Jupe, mäi rouden T-Shirt, meng gëlle Sandalen, meng schwaarz Tallekeschong...

    Mike: Ehm... Maach mol lues, mir bleiwe jo just véier Deeg do.

    Lara: Jo, mee ech huele léiwer méi mat, dann hunn ech méi Choix.

    Mike: An der Rei, sou laang alles an däin Handgepäck passt, ass dat ok.

    Lara: Maach dir do keng Suergen.

    Mike: Vergiess och net deng Sonnecrème an däi Sonnebrëll matzehuelen.

    Lara: A jo, stëmmt! A mäi gesträifte Bikini a mäi liichte Pyjama däerf ech och net vergiessen. Hmm, vläicht muss ech awer manner Saachen apaken.

    Mike: Ech mengen och. Ech loossen dech elo a Rou deng Wallis paken.

    Lara: An der Rei.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Mir maachen en Interview mat zwou Persounen, déi eis iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Speakerin : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Bei eis am Studio sinn haut d’Lisa an de Markus, déi eis e bëssen iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.

    Lisa : Moien !

    Markus : Moien !

    Speakerin : Lisa, erziel eis emol fir d’éischt vun dengem Veräin. A wat fir engem Veräin bass du aktiv, a wat maacht dir do alles?

    Lisa: Ech si Member an engem Turnveräin. Mir treffen eis zwee Mol d’Woch an der Sportshal vun eisem Lycée. Do maache mir verschidden Turnübungen an danzen zesummen.

    Speakerin: Dat kléngt spannend. Wéini trefft dir iech dann ëmmer?

    Lisa: Mir treffen eis méindes an donneschdes vu 16 bis 18 Auer, no der Schoul.

    Speakerin : Wat gefält dir da besonnesch gutt un dengem Veräin?

    Lisa: Villes! Ech fannen et flott, datt ech mech no der Schoul e bësse bewegen an nei Leit aus anere Klasse besser kenneléiere kann. Et mécht mir och Spaass, nei Turnübungen ze léieren an u Competitiounen deelzehuelen.

    Speakerin: Ginn et och Nodeeler?

    Lisa: Jo, heiansdo ass et ustrengend, no der Schoul nach op den Training ze goen, virun allem, wann ech och nach fir eng Prüfung léiere muss.

    Speakerin: Merci, Lisa! Elo zu dir, Markus. A wat fir engem Veräin bass du?

    Markus: Ech sinn an engem Schachveräin. Mir treffen eis eemol d’Woch an engem klenge Café. Do spille mir Schach a léieren nei Strategien.

    Speakerin: Wéini maacht dir dat?

    Markus: Mir treffen eis ëmmer mëttwochs um siwen Auer owes. Heiansdo bleiwe mir esouguer bis zéng Auer do, wann et eng besonnesch spannend Partie ass!

    Speakerin: A wat gefällt dir extra un dengem Veräin?

    Markus: Mir gefält déi roueg Atmosphär an den Challenge, fir sech am Schachspill ze verbesseren. Ausserdeem hunn ech och vill nei Leit kennegeléiert.

    Speakerin: Ginn et och Saachen, déi dir manner gutt gefalen?

    Markus: Heiansdo dauert eng Partie ganz laang, an dat ass ustrengend, wann ee schonn de ganzen Dag geschafft huet. An natierlech, wann ee verléiert.

    Speakerin: Dat kann ech verstoen. Merci, Markus a Lisa. Et war interessant, vun äre Veräiner ze héieren. Vläicht hutt dir jo eis Nolauschterer motivéiert, sech och iwwer Veräiner an hirer Gemeng z’informéieren. Nach e schéinen Dag!

    Lisa: Äddi!

    Markus: Äddi!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag?

    B: Nee, nach net.

    A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht schenken.

    B: Ech hu virun e puer Deeg e Video mat den „Top 10 Kaddoe fir Mammendag“ gesinn. Do war eppes Flottes: en Abonnement, fir Blummen ze verschécken!

    A: Wat ass dat?

    B: Majo, et gi Blummebutteker, do kanns du en Abonnement fir e Bouquet Blummen ofschléissen. Da kriss du all Woch oder ee Mol de Mount e Bouquet heemgeschéckt.

    A: A wat ass, wann de Bouquet mir net gefält?

    B: Keng Suerg, op der Internetsäit kann ee seng Preferenzen notéieren, wéi zum Beispill d’Zorte vun de Blummen an och d’Faarwen. Da kritt d’Mamma genee dat, wat hir gefält.

    A: Immens flott! Komm, mir kucke mol online.

    ...

    B: Dat do Abonnement kléngt gutt…25 Euro de Mount. Wéi vill Méint solle mer maachen? Fir 200 Euro, also 100 Euro fir jiddereen?

    A: Jo, da kritt se wärend 8 Méint e Bouquet. A wann hir dat gefält, da kënne mer hir et nach eng Kéier fir hire Gebuertsdag schenken. Si huet an 8 Méint Gebuertsdag.

    B: Tipptopp! Ok, wat solle mer hei schreiwen?

    A: Fir d’éischt: de Bouquet ass fir eis Mamm, Alter 62.

    B: Wat fir Blummen huet si gär? Tulpen...

    A: Jo, si huet giel, rosa, orange a rout Tulpe gär...keng Rousen, déi fënnt se kitscheg.

    B: Jo, a Margréidercher a Sonneblummen huet se gär.

    A: An Orchideeën!

    B: Si huet awer scho vill Orchideeëstäck doheem.

    A: Ok, keng Orchideeën. Schreif nach Narzissen!

    B: Wéi eng sinn dat nach méi?

    A: Narzissen heeschen och nach “Ouschterblummen”.

    B: A jo!

    A: Si huet och nach Péngschtrouse gär.

    B: Sees du “Péngschtrousen”? Ech soe “Päischtrousen”.

    A: Dat ass egal, déi zwee si richteg.

    B: Ok...

    A: Mir fale keng aner Blumme méi an.

    B: Mir och net. Notéier nach: “faarweg” a “waarm Faarwen”. Kee mof oder blo.

    B: Am Fong sinn d’Blummenzorten egal, Haaptsaach de Bouquet huet waarm Faarwen, ass net kitscheg an d’Blumme si regional a saisonal.

    A: Ass notéiert!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.

    Haut schwätze mir erëm iwwer d'Theema Wunnen. Fir d'éischt lauschtere mir e Voice Message, an duerno héiere mir e Gespréich, wou eng Ariichtung beschriwwe gëtt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    1. Deel

    Hallo Pit ! Wéi versprach schécken ech dir en Audiomessage, iwwer d’Appartement, dat ech de Moie kucke war. Du weess jo, datt ech scho laang no engem Appartement sichen an et ass wierklech net einfach déi perfekt Wunneng ze fannen. Ech si jo am Süden opgewuess, a géing och gär hei wunne bleiwen an dofir huet dat Appartement zu Diddeleng mech interesséiert. Den Immobilienhändler huet direkt virum Appartement op mech gewaart, huet mir et a Rou gewisen a mir op all Fro geäntwert.

    D’Opdeelung vun der Wunneng huet mir immens gutt gefall. Et huet zwou Schlofkummeren, e Büro, e Buedzëmmer mat Toilett an eng separat Toilett. Et huet och eng grouss Terrass an e Keller. Wat nach cool ass, ass, datt et am Quartier ganz vill Butteker a Restaurante ginn.

    Wat mir awer net esou gutt gefall huet, ass, datt d’Buedzëmmer ganz almoudesch ass. Dat muss ech eventuell renovéieren. Aner Nodeeler sinn, datt d’Gebai op enger Haaptstrooss läit an, datt moies immens vill Verkéier do ass. D’Gebai huet och keng eege Garage, also misst ech an der Strooss parken, wat bestëmmt net ëmmer esou evident ass.

    O mei...ech weess nach net wat ech maache soll... Wat mengs du dann?

    Allez, bis geschwënn.

    2. Deel

    A : Hallo, wéi geet et dir ?

    B : Ganz gutt, ech hu meng Wunneng endlech fäerdeg ageriicht.

    A : A jo, du bass jo geplënnert! Dann erziel mol, wéi gesäit se aus?

    B: Also, meng Wunneng huet 60 Quadratmeter. Se huet eng Schlofkummer, e Living, eng separat Kichen, eng separat Toilette, e Buedzëmmer an e klenge Balcon.

    A: Flott! Wéi hues du dann deng Stuff ageriicht?

    B: Meng Stuff ass dat gréissten Zëmmer an der Wunneng, dofir hunn ech do genuch Miwwele stoen. Wann een an d’Stuff erakënnt, steet riets e Schaf fir d’Geschier. Lénks nieft dem Schaf stinn en Iessdësch aus Holz a véier Still. Lénks widdert der Mauer steet e grénge Kannapee an iwwert dem Kannapee hänken zwou Etagèrë fir meng Bicher. Virum Kannapee steet och nach e klengen Dësch.

    A: Wow, dat si jo vill Miwwelen. Hues du keng Tëlee?

    B: Dach! Déi steet op enger wäisser Komoud. Well gréng meng Liblingsfaarf ass, hunn ech och nach e gréngen Teppech ënnert dem Iessdësch leien.

    A: Cool. Brauchs du eventuell nach e Bild? Ech wollt dir eppes fir deng nei Wunneng kafen.

    B: O, dat ass jo mega léif! Ech brauch nach e puer Biller fir opzehänken oder eventuell eng Planz.

    A: An der Rei, ech kucke mol, wat ech fannen. Ech freeë mech schonn deng Wunneng ze gesinn.

    B: An ech freeë mech, dir se ze weisen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Rendez-vous (Date) erzielt (Niveau A2.1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Ech erzielen iech mol eng witzeg Geschicht. Ech war de leschte Freideg op engem Date. Ech hunn den Typ op enger Dating-App kenne geléiert an ech wëll jo keen no sengem Ausgesi beurteelen, mee hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen. Op de Fotoen hat hie schéi laang Hoer, hie war zimmlech sportlech an huet och grouss ausgesinn.

    Mir hunn eis um 19:30 bei engem Restaurant getraff a wéi ech hie scho vu Wäitem gesinn hunn, war ech schockéiert! Hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen ... Hien hat eng Glatz a war méi kleng wéi ech! Mee ëmmerhi war e sportlech. Ech war wierklech rosen an enttäuscht, mee ech sot mer, dass e jo vläicht e gudde Charakter huet.

    Wéi mer bis am Restaurant souzen a geschwat hunn, ass mer direkt opgefall, dass hien immens sympathesch, intelligent a witzeg ass. Ech hunn deen Owend wierklech vill gelaacht.

    No eisem Owend hunn ech decidéiert, deem Ganzen nach eng Chance ze ginn a mir treffen eis d’nächst Woch, fir zesumme Schlittschong fueren ze goen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Fir d'éischt héiere mir en Dialog, wou eng Persoun um Telefon iwwer hir Vakanz schwätzt (Niveau A1). Duerno héiere mir eng Koppel, déi eng Vakanz plangt (Niveau A2.2).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript

    Dialog 1:

    Mamm: Moie Philippe! An, wéi ass et an ärer Vakanz?

    Philippe: Super! Haut sinn et 30 Grad an d’Sonn schéngt. Ech gi geschwënn op d’Plage. A wéi ass d’Wieder doheem?

    Mamm: Net immens. Hei sinn et just 15 Grad an et reent schonn de ganzen Dag.

    Philippe: Dat ass awer schued. Hei um Mier ass d’Wieder perfekt.

    Mamm: Flott! Wat maacht dir dann nach esou dës Woch?

    Philippe: Den Owend gi mir an e Restaurant typesch Platen aus der Regioun iessen. Muer maachen ech e Surfcours an iwwermuer maache mir en Ausfluch an eng kleng Stad. Mir ginn e Schlass kucken an e bësse shoppen.

    Mamm: Dat kléngt flott! Kaf der Bomi e klenge Souvenir a schéck denger Tatta eng Postkaart, da freet si sech.

    Philippe: Jo, dat maachen ech. Wat méchs du dann dës Woch nach esou?

    Mamm: Haut maachen ech net vill. D’Wieder ass jo schlecht. Den Owend gëtt et och en Donnerwieder. Mee vu muer u gëtt d’Wieder erëm besser. Et ginn 20 Grad a Sonn. Ech schaffe mat dengem Papp am Gaart a mir fuere vläicht op d’Musel spadséieren.

    Philippe: Flott! Sou, Mamm, ech muss elo goen, d’Martine waart op mech. Bis geschwënn!

    Mamm: Äddi mäi Jong!

    Dialog 2:

    Lena: Nik, wuer solle mer dëse Summer an d'Vakanz fueren? Nik: Ech hu guer keng Anung... Ech wëll awer gär de Lucky mathuelen, dat heescht, mir fuere mam Auto a bleiwen an Europa, gell?

    Lena: Op alle Fall! Ok, dann nenn mer deng Top 3 Destinatiounen! Meng si Schweden, Dänemark an d'Provence.

    Nik: Flott! Hmm...op der éischter Plaz ass Holland, op der zweeter Plaz d'Dolomiten an op der drëtter Plaz d'Schwäiz, mee deen Deel ëm Fribourg. Da kënne mer d'Florence besiche goen.

    Lena: O, deng Iddie sinn awer och gutt! Wat wéilts de dann an Holland maachen?

    Nik: Majo, virun allem kitesurfen. Ech hu viru Kuerzem an engem Video gesinn, datt een net just am Atlantik kitesurfe kann, mee och um IJsselmeer. Dat ass e risege Séi an Holland.

    Lena: Cool! Ma dat kléngt jo perfekt! An op engem Séi kann een och nach vill aner Aktivitéite maachen, wéi schwamme goen, Kanu oder Kajak fueren, mat engem Boot fueren, op der Plage liesen, a sou weider.

    Nik: Wéi laang solle mer da goen?

    Lena: Mat der Hirees wëll ech awer 10 bis 14 Deeg goen. An ech wëll awer och verschidde Stied kucke goen an dir net 2 Woche laang beim Kitesurfen nokucken!

    Nik: Natierlech! Soll ech mech dann ëm de Logement këmmeren an du méchs e Plang, wat een alles kucke goe kann?

    Lena: Ok!

    Nik: Léiwer Camping, Hotel oder en Appartement lounen?

    Lena: Mmhh, e Campingcar oder eng Roulotte si mir ze kleng. En Hotel ass ze deier an Hënn sinn a vill Hotellen net erlaabt. Ech si fir en Appartement.

    Nik: Gutt, da kucken ech emol, wat ech fannen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Persoun iwwer de Programm vun hirem Konveniat schwätzt (Niveau A1-A2.1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    A: Denk drun, e Samschdeg ass mäin 20-Joer-Konveniat. Da sinn ech net heiheem.

    B: A jo! Wéi ass dann de Programm?

    A: De Rendez-vous ass um 10.30 bei der Schoul, mee et fänkt um 11 Auer un. Mir maachen eng Visite guidée vun der Schoul an duerno drénke mir e Patt zesummen.
    Um 12.30 ass dann en Iesse mat Buffet, mee d’Christine, d’Catherine an ech gi léiwer eng Pizza an eis Liblingspizzeria iessen. Sou wéi fréier!

    B: Flott! Wie kënnt dann nach?

    A: Aus menger Klass kommen nach d’Stéphanie, d’Charlotte, d’Mandy, den Tom, den David an den Dan. An ech mengen och nach d’Lena, d’Lynn, de Christophe an de Gilles.

    B: Topp! Wat maache si dann elo?

    A: D’Stéphanie an den Dan si bestuet an hunn e Jong. D’Stéphanie ass Bioproff an den Dan ass Engleschproff. D’Charlotte huet zwee Kanner an ass de Moment am Congé de maternité. Hatt ass och Bioproff. D’Mandy schafft als Model an als Fotografin. Hmm....den Tom ass Affekot...an den David ass de Manager vun engem Betrib. D’Lena...ass Architektin, ... d’Lynn ass Chirurgin, ... de Christophe ... ass Pilot.

    B: An de Gilles?

    A: Ech weess et net. Hien ass net op de soziale Medien.

    B: Aha! Hues de deng Informatiounen all vun do?

    A: Ma nee! Mat e puer sinn ech och perséinlech a Kontakt!

    B: Kënnt d’Marie och?

    A: Nee, hatt wunnt an Australien an huet keng Zäit ze kommen.

    B: Schued!

    A: Jo...

    B: Kommen och Proffe vun der?

    A: Ech hoffen, et kommen der e puer. Mir hunn eis zënter 10 Joer net gesinn. Ech freeë mech schonn drop!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hiren Dag vu gëschter schwätzen. (Niveau A2.1-A2.2)

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Tranksript:

    Laure: Moien Alex! An, wéi war däin Dag gëschter?

    Alex: Salut! Gutt. Ech si géint néng Auer opgestanen an hu mer direkt eng Taass Kaffi gemaach. Du sinn ech eng Véierelstonn mam Hond trëppele gaang an duerno hunn ech nach eng Stonn Yoga gemaach.

    Laure: Wow, dat kléngt no engem relaxe Moien. Ech si jalous! Ech hu bis siwen Auer geschlof an hu mech du séier gewäsch an ugedoen. Um hallwer aacht hunn ech de Bus geholl a sinn op d’Aarbecht gefuer.

    Alex: Seriö? Du hues e Samschdeg geschafft? Dat ass awer blöd! D’Wieder war jo esou gutt. Hues du dann no der Aarbecht nach eppes Flottes gemaach?

    Laure: Jo, ech hu just bis eng Auer geschafft. Eis Epicerie ass samschdes nëmme moies op. Duerno hunn ech mech mat e puer Frënn an der Stad getraff. Mir hunn eppes op enger Terrass gedronk a sinn duerno nach e bëssen an d’Butteker gaangen. Ech hu mir an engem Kleederbuttek eng flott nei Posch kaf. A wat hues du mëttes gemaach?

    Alex: Cool! Ech sinn nom Mëttegiessen an de Park gaangen an hunn do e bëssen op enger Bänk gelies. Duerno sinn ech nach séier e puer Saachen an de Supermarché kafe gaangen. Owes hunn ech e puer Frënn fir ze grillen invitéiert. A wéi war däin Owend?

    Laure: Flott! Ech hu mir eppes z’iesse bestallt an hu gemittlech e Film op der Tëlee gekuckt. Ech war immens midd a sinn um zéng Auer um Kannapee ageschlof!

    Alex: Dat ass mir och scho geschitt! Bass du dann haut de Moien och um Kannapee erwächt?

    Laure: Nee, ech sinn an der Nuecht erwächt. D’Tëlee war jo nach un! Ech hu se ausgemaach a si séier a mäi Bett gaangen. Mee so, d’nächst Kéier muss de mech awer och invitéieren, wann s de eng Grillparty méchs!

    Alex: Natierlech. D’nächst Woch ass e Feierdag, do hat ech souwisou geplangt, e puer Frënn bei mech heem z’invitéieren. Du kanns gär kommen!

    Laure: Cool! Do hunn ech och fräi. Dat klappt. Merci fir d’Invitatioun!

    Alex: Gär geschitt. Bis dann!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir zwee Dialoger iwwer d'Gesondheet (Niveau A2.2).

    Eventuell sinn e puer interessant Rotschléi fir iech dobäi.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript

    Dialog 1

    Luca : Moie Melanie, wéi geet et ?

    Melanie : O, net esou gutt. Ech mengen, ech hu mech erëm erkaalt.

    Luca : O nee, dat deet mer leed. Waars de scho beim Dokter ?

    Melanie : Nee, nach net. Ech hu just e puer Pastille fir den Hals geholl.

    Luca : Dat ass jo scho gutt. Drénks de och genuch ?

    Melanie : Jo, ech hunn haut schonn zwou Tasen Téi mat Hunneg, Zitroun an Ingwer gedronk. Ech probéieren och ëmmer, zwee Liter Waasser ze drénken.

    Luca : Du solls och oppassen, datt s de genuch Vitamminen anhëls. Ëss de genuch Uebst a Geméis ?

    Melanie : Ech menge jo. Mee ech war d’lescht Woch an der Vakanz a mir hu vill am Restaurant giess. Dat war dunn net esou einfach.

    Luca : A, da kann et och sinn, datt se dir do eppes agefaang hues.

    Melanie : Jo, mir sinn och mam Fliger geflunn an d’Klimaanlag huet déi ganzen Zäit kal op mech geblosen …

    Luca : Ma da wonnert et mech net, datt s du elo den Hals wéi hues ! Ech huelen ëmmer en décke Pullover mat an de Fliger.

    Melanie : Doru muss ech d’nächst Kéier denken. Ech si just genervt, well ech iwwermuer mäin Orall am Italieeneschcours hunn a fit well sinn. Hues du nach e puer Tipps fir mech, wéi ech séier nees gesond ginn ?

    Luca : Jo, et ginn e puer Saachen, déi s du déi nächst Deeg maache kanns. Pass op, datt s de genuch schléifs, et sollen op d’mannst 8 Stonne sinn. Du däerfs dech och elo net ze vill stressen. Bleif eventuell en Dag doheem an erhuel dech. A kach eng gutt Zopp, dat hëlleft bal ëmmer.

    Melanie : Merci, ech wäert mer deng Rotschléi zu Häerz huelen.

    Luca : Gär. Wann et der iwwermuer net besser geet, da géif ech awer bei den Dokter goen.

    Dialog 2:

    Olivier: Moien! Wéi geet et?

    Jessy: O, net immens. Ech sinn an der lescht oft midd an net a Form.

    Olivier: Dat deet mer leed. Méchs du Sport? Vläicht géing et der hëllefen, wann s de méi oft eraus an déi frëscht Loft gees.

    Jessy: Hmm... vläicht. De Moment maachen ech guer kee Sport. Ech hunn net vill Zäit mat der Aarbecht.

    Olivier: Du kéints probéieren, e puer mol d’Woch spadséieren ze goen. Du muss jo net direkt all Dag eng Stonn an de Fitness goen, mee schon zwanzeg Minutten dobaussen an der Mëttespaus kënnen hëllefen.

    Jessy: Dat ass eng gutt Iddi. Virun allem déi Deeg, wou ech am Home Office sinn. Do sinn ech e bësse méi flexibel a kéint effektiv en Tour duerch de Park maachen.

    Olivier: Gesäis de! Oder du gees moies e Stéck zu Fouss op d’Aarbecht oder du fiers mam Vëlo. Dat geet jo an dëser Joreszäit gutt, well et moies fréi hell gëtt an et net esou kal wéi am Wanter ass.

    Jessy: Dat stëmmt. Mee ech hu kee Vëlo ...

    Olivier: Et ass bestëmmt eng Veloh-Statioun an dengem Quartier!

    Jessy: Dat ka sinn. Ech muss mech emol informéieren. Mee ech mengen, ech muss och eppes u menger Ernärung änneren. An der lescht iessen ech net immens gesond ...

    Olivier: Da probéier, einfach e bësse méi Uebst a Geméis z’iessen, a manner Zocker, Fett an Alkohol zou dir ze huelen. Du muss keen extreeme Regimm halen, fir dech gesond z’ernären!

    Jessy: Jo, do hues de Recht. Ech mengen, ech muss mir einfach emol méi Zäit fir mech huelen, a vläicht manner schaffen.

    Olivier: Dat ka gutt sinn! Wann s de wëlls, gi mer de Weekend bei mech an de Bësch trëppelen. D’Wieder soll gutt ginn!

    Jessy: O jo, komm mir maachen dat!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    An der Episod vun haut héiere mir, wat en Doktorand a sengem Alldag mécht. Duerno erzielt d'Mara eppes iwwer säin Hobby, Salsa danzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Dagesoflaf vun engem Doktorand

    Ech stinn normalerweis moies géint sechs Auer op. Ech drénke séier e Kaffi, maache mech fäerdeg a fueren da mam Bus an den INLL. Ech gi véier Mol d’Woch um siwen Auer moies an e Lëtzebuergeschcours. De Cours ass um aacht Auer eriwwer. Dann huelen ech den Tram a fueren op d’Uni. Heiansdo huelen ech och e Vëlo. Moies halen ech oft Virliesungen oder Seminairen. Géint zwielef ginn ech an d’Kantin vun der Uni oder ech brénge mir eppes vun doheem mat. Nomëttes schaffen ech meeschtens an der Bibliothéik. Ech liesen Artikelen a schaffen u mengem Fuerschungsprojet. Heiansdo treffen ech mech och mat mengem Proff, fir iwwer mäi Progrès ze schwätzen an e puer Rotschléi ze kréien. Oft muss ech och Aarbechte vun anere Studente verbesseren. Um sechs Auer fueren ech normalerweis erëm heem. Dann hunn ech endlech e bësse Fräizäit: ech gi spadséieren, maache Sport oder treffe mech mat Frënn. Owes schaffen ech awer och nach e bëssen u menger Thees oder léiere fir mäi Lëtzebuergeschcours. Heiansdo kucken ech duerno nach e Film oder eng Serie, oder ech liesen e Buch. Ech gi spéitstens um zéng Auer schlofen, fir erëm fit fir den nächsten Dag ze sinn.

    ---

    Hobby: Salsa

    Ech gi säit zwee Joer an en Danzcours, an zwar, an d’Salsa. Et gëtt verschidden Zorte vu Salsa, wéi zum Beispill déi puerto-ricanesch Salsa an déi kubanesch Salsa. Ech danzen déi kubanesch Salsa.

    Eemol d’Woch ginn ech a mäi Cours, an deem ech déi verschidde Schrëtt léieren. Weekends ginn oft verschidden Danzowenter organiséiert, wou ech dann dat, wat ech geléiert hunn, nach e bëssen trainéiere kann.

    Wat ech wierklech cool fannen, ass, dass ee keng speziell Kleeder oder Schong brauch, fir kubanesch Salsa ze danzen. Et brauch ee just e bësse Motivatioun a lass geet et.

    Am Cours léieren ech net nëmmen danzen, mee ech léieren och dat eent oder dat anert spuenescht Wuert. Virun allem hunn ech interessant Leit kenne geléiert. De Cours gëtt an enger Brasserie organiséiert an do kann ee virum oder nom Cours eppes drénken a mat de Leit schwätzen. Heiansdo iessen ech och eppes an der Brasserie, well et kritt ee ganz lecker kubanesch Spezialitéiten.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkriptioun:

    Iwwer Akafsgewunnechte schwätzen

    Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Mir hunn zwee Invitéen am Studio, d’Sarah an den Thomas.

    Sarah: Moien! Merci fir d’Aluedung.

    Thomas: Salut! Et freet mech och, hei ze sinn.

    Moderatorin: Starte mer direkt mam Theema: Sarah, komm mir fänke mat dir un. Wéi oft gees du akafen a wou keefs du am léifsten an?

    Sarah: Also ech ginn ongeféier zweemol d’Woch akafen. Meeschtens ginn ech an e klenge Supermarché a mengem Quartier, well dat praktesch ass an ech do alles fannen, wat ech brauch.

    Moderatorin: Ech verstinn. A wat keefs du normalerweis? Ginn et bestëmmt Saachen, déi ëmmer op denger Akafslëscht stinn?

    Sarah: Jo, definitiv. Als Jonggesellin kachen ech oft fir mech eleng, also kafen ech vill frëscht Uebst a Geméis, mee och heiansdo preparéiert Platen fir wann et muss séier goen. Ech brauch och ëmmer Kaffi an e puer Séissegkeeten.

    Moderatorin: Dat kléngt no enger gudder Balance. Thomas, wéi gesäit et bei dir aus?

    Thomas: Ech hunn eng grouss Famill, dofir ass et heiansdo e bësse stresseg. Mee mir hunn eise Rhythmus fonnt a mir ginn eemol d’Woch alleguer zesummen akafen, normalerweis samschdes, well do jiddereen Zäit huet. Mir gi léiwer a grouss Supermarchéen, well mir do alles an enger Kéier kafe kënnen.

    Moderatorin: Dat kléngt jo no enger gudder Strategie. Wat steet dann normalerweis bei iech op der Akafslëscht?

    Thomas: Mat dräi Kanner doheem brauch ee relativ vill! Mir kafen ëmmer frëscht Uebst a Geméis, Mëllechprodukter, Fleesch an natierlech och Snacke fir d’Kanner. Mir passen och drop op, ëmmer genuch an der Reserv ze hunn, wa mir emol spontan Besuch hunn.

    Moderatorin: Dat ass net schlecht! Eng Fro un iech zwee: Firwat ass et iech wichteg, bestëmmt Produiten ze kafen?

    Sarah: Ech passe virun allem dorop op, datt d’Saache gesond, mee och einfach ze preparéiere sinn. Dofir kafen ech ëmmer Uebst a Geméis. D’fäerdeg Plate si fir déi Deeg, wou ech owes spéit heemkommen a mir net nach laang e Kapp maache wëll, wat ech kache soll.

    Thomas: Bei eis steet d’Famill am Mëttelpunkt. Eis ass et wichteg, datt jidderee sech gesond ernäert. Et mécht eis och vill Spaass, zesummen ze kachen an z’iessen. Do si mir all zesummen a kënnen iwwer eisen Dag schwätzen.

    Moderatorin: Schéin. Merci, datt dir e puer Abléck an är Akafsgewunnechte mat eis gedeelt hutt. Mee éier mir äddi soen, hutt dir nach e lescht Wuert oder en Tipp fir eis Nolauschterer?

    Sarah: Probéiert, eng Lëscht ze maachen, éier dir akafe gitt. Esou hutt dir en Iwwerbléck a kaaft just dat, wat dir och braucht.

    Thomas: An informéiert iech, wat de Moment an der Reklamm ass – esou kënnt dir e puer Euro spueren, virun allem, wann dir grouss Quantitéite kafe musst!

    Moderatorin: Merci fir är flott Rotschléi. Bis déi nächst Kéier!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d'Gesondheet. Fir d'éischt héiere mir e Gespréich beim Dokter an duerno lauschtere mir en Dialog an der Apdikt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkriptioun:

    Beim Dokter

    Rezeptionistin: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?

    Patientin: Bonjour. Ech hunn haut e Rendez-vous beim Dokter Weber um 10 Auer.

    Rezeptionistin: Kënnt Dir mir wgl. Ären Numm an Äre Gebuertsdatum soen?

    Patientin: Jo, natierlech. Mäin Numm ass Jessica Klein an ech sinn de 15. Mee 1989 gebuer.

    Rezeptionistin: Merci. Huelt Iech wgl. nach en Ament am Wartesall Plaz, den Dokter kënnt geschwënn.

    Dokter: Moie Madamm Klein, wéi geet et Iech haut?

    Patientin: Moien. Net esou gutt. Ech hunn zanter e puer Deeg Problemer mat menger Nues. Se bäisst déi ganzen Zäit an ech muss oft néitsen. Meng Ae brennen och a mäin Hals ass e bësse rau.

    Dokter: Dat kléngt ganz no Heeschnapp. Hat dir déi Problemer schonn eng Kéier an dëser Joreszäit?

    Patientin: Jo, d’lescht Joer am Fréijoer hat ech dat och schonn.

    Dokter: Dann hutt dir warscheinlech den Heeschnapp. Dat hunn de Moment vill Leit wéinst de Pollen. Ech ginn Iech eng Ordonnance fir Anti-Histamin-Pëllen. Wann dir déi all Dag huelt verbessere sech är Symptomer séier. Ech ginn Iech awer och e Spray fir an d’Nues an Drëpse fir an d’Aen. Kommt awer an engem Mount erëm, da maache mir nach eng Kéier de Bilan.

    Patientin: An der Rei. Merci.

    Dokter: Gär geschitt. Hei ass Är Ordonnance. Gutt Besserung!

    Patientin: Merci, äddi!

    An der Apdikt

    Apdiktesch: Gudde Mëtteg! Wéi kann ech iech hëllefen?

    Client: Gudde Mëtteg. Mäi Jong huet eng zolidd Erkältung an den Dokter huet mir eng Ordonnance fir e puer Medikamenter ginn.

    Apdiktesch: Kënnt dir mir d’Ordonnance ginn, wann ech gelift?

    Client: Jo, hei ass se.

    Apdiktesch: Merci. Ok, ech gesinn ... ee Moment, wgl. Ech ginn d’Medikamenter sichen ... Voilà, hei sinn d’Medikamenter fir äre Jong. Kënnt dir mir wgl. soen, wéi al hien ass?

    Client: Jo. Hien huet aacht Joer.

    Apdiktesch: Merci. Hei ass fir d‘éischt den Houschtsirop. Deen ass fir de Schläim ze léisen. Äre Jong muss zweemol den Dag en hallwe Läffel nom Iessen huelen. Dann hutt dir hei nach e Spray fir an d’Nues. Dee mécht d’Nues fräi a wierkt géint de Schnapp. Dir musst him deen dräimol den Dag an d’Nues sprayen.

    Client: Villmools Merci. Hutt dir nach e puer Rotschléi?

    Apdiktesch: Et ass wichteg, datt Äre Jong genuch drénkt, am beschte Waasser oder Téi. Dir sollt och drop oppassen, datt hie vill rascht a genuch schléift, datt säi Kierper sech erhuele kann. Huet hien och Féiwer?

    Client: Jo, e bëssen. Hien hat de Moien 38 Grad.

    Apdiktesch: Da ginn ech iech nach Pëlle géint d’Féiwer mat. Fänkt awer mat enger klenger Dosis un, fir ze kucken, ob hien d’Medikament verdréit.

    Client: Merci, dat maachen ech. Nach e schéinen Dag!

    Apdiktesch: Merci gläichfalls!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    An der Emissioun vun haut schwätze mer iwwer Transportmëttelen zu Lëtzebuerg.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkriptioun:

    Speakerin: Wëllkomm an eiser Emissioun „Op der Rull“. Mir hunn haut dräi Persounen am Studio, fir iwwert d'Transportmëttelen zu Lëtzebuerg ze schwätzen.

    Julie, du bass haut mam Tram an de Studio komm. Ass dat richteg?

    Julie: Jo. Dat stëmmt. Ech fuere ganz gär mam Tram. Den Tram kënnt all 5 Minutten an ech muss ni am Stau stoen. Dat ass super!

    Ayesha: Jo. Dat ass wierklech immens positiv. Ech fueren all Dag mam Zuch schaffen. Ech sinn och frou fir kee Stau ze hunn. Den Zuch kënnt awer leider oft ze spéit. A moies si ganz vill Leit am Zuch. Dat ass net esou flott.

    Speakerin: Thierry, wéi fiers du dann op d'Aarbecht?

    Thierry: Ech wunnen zu Réimech. Do hu mir keen Zuch an d'Busverbindunge sinn och net immens. Ech kréie just all hallef Stonn e Bus fir an d'Stad.

    Speakerin: Dat heescht... Du fiers da meeschtens mam Auto.

    Thierry: Jo. Dat ass definitiv méi praktesch fir mech.

    Speakerin: Hues du dann oft Stau?

    Thierry: Jo. Owes ass ëmmer ganz vill Trafick. Heiansdo schaffen ech just bis 15:30 Auer. Da kommen ech ouni vill Stau heem.

    Ayesha: All Dag am Verkéier stoen ass schrecklech! Am Zuch sëtzt ee gutt an ech si frou, dass ech all Moien e Buch ka liesen.

    Julie: Dat ass flott. Meng Distanze mam Tram sinn ëmmer kuerz an ech kann net ëmmer sëtzen, wa vill Leit matfueren. Ech hunn awer all Dag meng Kopfhörer un an ech lauschtere Musek oder en neie flotte Podcast.

    Speakerin: Thierry, wéi ass et da mam Parking? Du fiers jo mam Auto schaffen.

    Thierry: Dat ass kee Problem. Ech fannen ëmmer eng Parkplaz um Glacis. Just am Summer, wann d'Schueberfouer ass, ass et komplizéiert mam Parking. Da fueren ech meeschtens mam Bus op d'Aarbecht. Dann ass jo och Grouss Vakanz an et ass vill manner Trafick. Da brauch de Bus och net esou laang bis an d'Stad.

    Julie: Am Summer fueren ech och heiansdo mam Vëlo schaffen. Ech maachen dat gär.

    Speakerin: Villmools Merci dir dräi fir är Temoignagen! Ech mierken, dass jidderee vun iech vum ëffentlechen Transport profitéiert. Mir hu wierklech Chance, dass den ëffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg zënter Mäerz 2020 gratis ass.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’.

    - - -

    Transkript:

    Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond.
    Sot eng Kéier „Buch“.

    An elo [x].

    Do wou dir de [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ].

    [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ]

    An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ]
    Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:
    -rout, rosa, richteg, roueg, Rous, ronn, reesen, Rees, ruffen, Reen.
    -Arabesch, brong, Brout, Crème, dräi, drësseg, eraus, eran, erof, erop, froen, Fro, frou, grouss, Grad.-Iran, Irland, krank, Orange, Organ, prett, Problem.
    -Sri-Lanka, Tram, Trick, urban, uruffen, vreck, vrun, Wrack, zréck.

    -De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

    Ech widderhuelen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

    Schwätzt mat mir zesummen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.
    -Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    Ech widderhuelen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    Schwätzt mat mir zesummen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    -Dann nach eng Zuel: dräidausendräihonnertdräiandrësseg. Dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.Schwätzt mat mir zesummen: dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    - - -

    Transkript:

    Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen d’Lisa an de Max am Studio. Si wäerten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. Kënnt dir iech kuerz virstellen?

    Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an ech schaffen als Graphikdesignerin. Ech wunnen eleng an engem Studio a këmmere mech och eleng ëm de Stot.

    Max: Salut, ech sinn de Max. Ech si Student a wunnen de Moment an enger WG mat dräi anere Studenten. Mir deelen eis d’Aufgaben am Stot.

    Moderatorin: Dat kléngt spannend! Lisa, wëlls du eis e bëssen erzielen, wéi en typeschen Dag bei dir am Stot ausgesäit ?

    Lisa: Kloer ! Moies maachen ech fir d’éischt mäi Bett. Dann drénken ech Kaffi a raumen duerno alles an d’Spullmaschinn. Da fueren ech schaffen. No der Aarbecht kachen ech a botzen duerno d’Kichen. Ech loossen d’Spullmaschinn all zwee Deeg lafen, de Weekends heiansdo méi oft. Ech si wierklech frou, eng Spullmaschinn ze hunn, well ech kachen a bake gär an oft!

    Moderatorin: Jo, eng Spullmaschinn ass wierklech praktesch. Max, wéi ass et bei dir an der WG?

    Max: Mir hu leider keng Spullmaschinn, mee mir si jo zu puer, fir d’Spull ze maachen. Generell gëtt et bei eis e Plang fir d’Aufgaben am Stot. Jidderee vun eis huet all Woch eng aner Aufgab. Dës Woch ass et zum Beispill u mir, fir d’Dreckskëscht eidel ze maachen a mech ëm de Recycling ze këmmeren. Déi aner dräi Rolle sinn d’Kommissioun maache goen, d’Kiche propper halen an d’Buedzëmmer an d’separat Toilette botzen.

    Moderatorin: Dat heescht, jidderee botzt seng eege Kummer?

    Max: Jo! Strecken, wäschen a kache maache mir och separat, mee een Owend pro Woch kache mir all zesummen eppes a lueden och Frënn an.

    Moderatorin: Cool! Dat kléngt no enger gudder Organisatioun. Lisa, wat ass da fir dech déi gréisst Erausfuerderung am Stot?

    Lisa: Hmm, et ass heiansdo schwiereg, alles eleng ze maachen. Besonnesch wann ech vill Aarbecht hunn, bleift wéineg Zäit fir de Stot iwwreg. Mee meng Wunneng ass jo net grouss. Wat nervt, ass datt ech keng Wäschmaschinn hunn. Ech muss eemol d’Woch mat all menge Saachen an eng Wäscherei goen. Do stinn néng Wäschmaschinnen an et kascht siwen Euro pro Wäsch. Dat nervt.

    Moderatorin: Jo, dat ass ëmständlech. Max, nach eng lescht Fro un dech: Kënnt et och vir, datt et Konflikter bei iech an der WG ginn, wann et ëm de Stot geet ?

    Max: Jo, natierlech. Mee mir hunn eng WhatsApp-Grupp, an där mir iwwer all Problemer schwätze kënnen. Heiansdo muss een effektiv emol e Matbewunner un de Roulement erënneren, virun allem, wann et ëm d’Botze geet ! (laacht)

    Moderatorin: Merci Lisa a Max, datt dir iech Zäit geholl huet, mat eis iwwer är Erfarungen am Stot ze schwätzen.

    Max a Lisa: Gär geschitt!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hiren Dagesoflaf op der Aarbecht erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Dem Emma säin Dag

    D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten.

    Duerno geet hatt zu Fouss op den Tram a fiert op d’Aarbecht. Hatt brauch ongeféier zwanzeg Minutten. Säi Büro ass um Kierchbierg. Hatt schafft bis mëttes, mee hatt mécht all Dag géint zéng Auer eng Kaffispaus. An der Mëttesstonn geet hatt meeschtens mat Aarbechtskolleegen an d’Kantin iessen. Nomëttes huet hat oft Reunioune mat Clienten oder hatt schafft u Rapporten.

    No der Aarbecht geet hatt entweeder an de Lëtzebuergeschcours oder hatt trëfft sech mat Frënn. Zesumme gi si oft an d’Stad eppes drénken oder an de Park spadséieren, wann d’Wieder gutt ass. Eemol d’Woch geet hatt mat enger Frëndin an e Yogacours.

    Hatt ass meeschtens géint siwen Auer erëm doheem a preparéiert dann d’Owesiessen. Heiansdo bestellt hatt sech och eppes, zum Beispill Sushi oder eng Pizza. Hatt läit owes gär nach e bëssen um Kannapee fir z’entspanen a kuckt eng Serie op der Tëlee oder telefonéiert mat senger Famill.

    Géint zéng Auer geet hatt an d’Buedzëmmer. Hatt hëlt nach schnell eng Dusch a botzt seng Zänn, deet de Pyjama un a geet spéitstens um eelef Auer schlofen.

    Dialog: den Aarbechtsalldag

    Anna: Hey... Wat ass lass? Geet et dir gutt?

    Tom: Jo. Mee muer ass Méindeg an ech muss erëm schaffe goen.

    Anna: Erziel mir emol vun denger Aarbecht. Wéi ass de Programm vun dengem Dag?

    Tom: Muer de Moie rabbelt mäi Wecker um 6:30 Auer. Dann drénken ech eng Taass Kaffi an iessen zwou Schmieren.

    Um 7:20 Auer huelen ech de Bus an um 7:50 Auer sinn ech um Büro. Als éischt maachen ech mäi Computer un an da liesen a beäntweren ech meng E-Mailen.

    Vun 9:00 bis 10:00 Auer telefonéieren ech mat Clienten. Duerno maachen ech ëmmer eng kleng Paus an drénken eng Taass Kaffi virun der Dier. Ech si gär 10 Minutten dobaussen an der frëscher Loft.

    Anna: A wat méchs du no der Paus?

    Tom: Da ginn ech bei mäi Chef an de Büro e puer Dossiere sichen. Dann hunn ech genuch Aarbecht bis 12:00 Auer. An der Mëttesstonn ginn ech meeschtens mat e puer Aarbechtskolleegen iessen. Méindes iesse mir normalerweis an der Kantin.

    Um 13:00 Auer hunn ech dann eng Reunioun mat mengem Chef a mir schwätzen iwwert d'Dossiere vu moies. D'Reunioun dauert ongeféier eng Stonn. Duerno schreiwen ech ëmmer direkt e klenge Rapport. Wann ech mam Rapport fäerdeg

    sinn, schécken ech e mengem Assistent. Dee mécht da Kopië vum Rapport a klasséiert alles. An där Zäit ruffen ech nach e puer Clienten un an ech huele mir Notten, fir d'Reunioun en Dënschdeg ze preparéieren.

    Anna: Du hues wierklech vill Aarbecht.

    Tom: Jo. An ech sëtze vill. Dat hunn ech net gär.

    Anna: Wëlls du da muer no der Aarbecht lafe goen?

    Tom: Mat dir?

    Anna: Majo.

    Tom: Dat ass eng gutt Iddi! An duerno gi mer eppes Guddes iessen an e Patt drénken.

    Anna: Solle mir nom Iessen nach an de Kino goen?

    Tom: Ganz gär. Merci Anna! Elo sinn ech motivéiert fir muer schaffen ze goen.

    Anna: Dat ass gutt! Da sinn ech frou!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Lafen

    Mäin Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gär, dobaussen an der frëscher Loft ze trainéieren. Dräimol d’Woch doen ech moies meng Lafschong un a ginn eng hallef bis eng Stonn an de Park oder an de Bësch lafen.

    Ech lafen net immens séier, mee dat ass net schlëmm. Esou kann ech ofschalten an e bëssen Zäit fir mech hunn. Beim Lafe kann ech gutt nodenken an nei Energie tanken. Natierlech hëlleft och déi richteg Musek!

    Heiansdo maachen ech och en Tour zesumme mat Frënn. Dat ass flott, well mir eis géigesäiteg motivéieren. E puer vu menge Kolleege sinn awer vill méi schnell wéi ech, mee dat ass kee Problem. Jiddweree leeft a sengem Tempo.

    Mäin Zil ass et, reegelméisseg ze lafe fir fit a gesond ze bleiwen. Mee ech wëll och meng Ausdauer verbesseren. De Moment lafen ech ongeféier fënnef bis aacht Kilometer, mee ech géif gär zéng Kilometer um Stéck packen. Dofir trainéieren ech de Moment mat engem Trainingsplang an hoffen, esou meng Distanzen ze verbesseren.

    En anert grousst Zil ass et, eng Kéier bei engem Hallefmarathon matzemaachen. Zu Lëtzebuerg ass all Summer e grousse Marathon an ech wier immens houfereg, do eng Kéier dobäi ze sinn. Jo, et ass eng grouss Erausfuerderung, mee ech gleewen drun, datt ech dat packen. Vläicht sinn ech jo esouguer schonn d’nächst Joer prett!

    Schwammen

    Moien! Ech sinn d'Alma an ech hunn eng chronesch Krankheet.

    Duerfir ginn ech eemol d'Woch, vu 17.00 bis 19.00 mat enger Lëtzebuerger Associatioun an d'Piscine.

    Um 16.30 fueren ech doheem fort a kommen um 16.50 un.

    Ech ginn an de Vestiaire, ech doe meng Kleeder aus an ech doe mäi Maillot a meng Schwammkap un.
    Duerno ginn ech an d'Dusch.

    Vu 17.00 bis 18.00 maache mir Aquagymnastik. Mir trëppelen duerch d'Waasser, mir lafen, mir sprangen, mir spille mam Ball, a sou weider...

    Géint 18.00 kréie mir nach d'Geleeënheet, eng hallef Stonn ze schwammen oder am waarme Waasser z'entspanen.

    Ech schwammen immens gär! Ech schwamme Brasse, Kraul, um Réck an esouguer e bësse Papillon. Duerno sinn ech immens midd, awer och glécklech, well ech weess, datt ech eppes Guddes fir mäi Kierper gemaach hunn.

    Um 18.30 musse mir aus der Piscine eraus.

    Ech dusche mech, ech dréchne mech of, ech di mech un an ech föne meng Hoer.

    Géint 19.00 fueren ech erëm heem.

    Ech sinn immens dankbar, datt ech dat eemol d'Woch maache kann!