Afleveringen
-
Vu Pensiounsreform bis Sozialdialog, d'Regierung bitt der Oppositioun vill Ugrëffsfläch. Mee notzt si déi och? Ka si politescht Kapital doraus schloen? A wa jo, wéi eng Parteien méi wéi anerer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D’Regierung huet hir Pläng fir eng Pensiounsreform op den Dësch geluecht. Mee et bleiwe vill oppe Froen: Wat huet d’Koalitioun wierklech wëlles? Wien géing dës Reform besonnesch betreffen? A wat kann si bréngen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Zijn er afleveringen die ontbreken?
-
D’Defense an d’Pensiounen hunn d’Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert. Wéi sinn dës Annonce vum Premier anzeschätzen? Wéi vill hunn CSV an DP erreecht a wat ass nach vun der Koalitioun z’erwaarden?
-
Däitschland huet eng nei Regierung. Wéi ass hire Programm anzeschätzen? Wéi wëll si den Opstig vun der rietsextremer AfD stoppen? An wéi eng Parallelle gëtt et zum Ëmgang mat der ADR zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
CSV an DP wëlle laut hirem Programm „Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken“. Wat huet d'Regierung bis elo ëmgesat? Wou muss si nach liwweren? An u wéi enge Reforme muss si sech moosse loossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D’USA gesinn Europa net méi als historeschen Alliéierten an d’EU-Staate froen sech, wéi reagéieren. Wéi steet et ëm déi transatlantesch Relatiounen? Oder anescht gefrot: Gëtt et „de Westen“ iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
E russeschen Aggresseur an en onzouverlässege Partner USA: Europa muss sech militäresch nei opstellen. Wéi sinn déi aktuell Entwécklungen ze bewäerten? A wat ka Lëtzebuerg an deem Kontext maachen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Enn Abrëll wäert d'Demokratesch Partei eng nei Spëtzt wielen. Wéi wäert sech dëse Wiessel auswierken? Wéi huet sech d'Partei an der Koalitioun mat der CSV verännert? A fir wat steet si nach politesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
No schwierege Jore gëtt et nees méi Aktivitéit um Logementsmarché. Dat soen déi neisten Zuelen. Hunn d’Mesure vun der Regierung deemno gegraff? Oder ginn et aner Facteuren? An ass déi Relance vun Dauer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Säit ronn sechs Méint schafft eng Spezialkommissioun vun der Chamber d’Caritas-Affär op. Wat huet si bis elo erausfonnt? Wat war d’Roll vun den eenzelnen Acteuren? An erfëllt d’Kommissioun hir Aufgab? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Am Mäerz 2020 ass Lëtzebuerg an de Lockdown gaangen. Et war eng vu ville Mesure. Wéi ass d’Aarbecht vun der Regierung réckbléckend ze bewäerten? A wat fir Conclusioune sinn doraus ze zéien? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Een eenzege Walbezierk, méi Deputéiert an awer vläicht en Auslännerwalrecht: Doriwwer gëtt aktuell an der Chamber diskutéiert. Wat proposéieren déi eenzel Parteien? A wéi eng Iddien hunn eng realistesch Chance? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Och zu Lëtzebuerg gi Leit Affer vu sougenannte Callcenter-Scams a verléieren dobäi deels ganz vill Suen. Wéi genau funktionéiert dës Form vu Bedruch? Wien stécht dohannert? A wéi kann een sech schützen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Säit dem Comeback vum Donald Trump ginn déi transatlantesch Relatioune méi wéi jee a Fro gestallt. Wat bedeit dat fir Europa? A wéi realistesch ass eng eegestänneg Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
No engem hëtzege Walkampf wielt Däitschland en neie Bundestag. Wéi eng Themen hunn dominéiert? Wéi eng Koalitiounen si méiglech? A wat kéint eng nei Regierung fir Lëtzebuerg an Europa bedeiten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet mat sengem Verhalen op Facebook alt nees fir Opreegung gesuergt. Déi aner Parteien hunn dat schaarf verurteelt. Mee geet dat duer? Oder missten et méi Konsequenze ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Sollen LGBTQ+-Sujeten an der Schoul behandelt ginn? Dat war dës Woch Thema an der Chamber. Wat ass vum Debat zréckzebehalen? An wat seet en iwwer déi politesch Polariséierung zu Lëtzebuerg aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
An Zukunft soll d'Alphabetiséierung an der Grondschoul och op Franséisch méiglech sinn. Firwat ass dës Reform wichteg? Wat sinn d'Contraintë bei der Ëmsetzung? A wéi ass d'Approche vum Minister ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Bis 2030 sollen 49 Prozent vun de Gefierer zu Lëtzebuerg Elektroautoe sinn. Ass dat Zil bei der aktueller Entwécklung ze erreechen? Wat sinn d'Contrainten? An huet d'Politik déi néideg Mesurë getraff? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
- Laat meer zien