Afleveringen

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer de Marathon an der Stad Lëtzebuerg schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    De Marathon zu Lëtzebuerg

    A: Salut Vinz, hues du e Samschdeg den Owend schonn eppes vir ?

    B : Nee, nach net. Firwat ?

    A : Ech lafe mat e puer FrĂ«nn beim ING Night Marathon mat – awer just de Semi, also den hallwe Marathon.

    B: Wow, seriö? Dee war ech nach ni kucken.

    A: Da gĂ«tt et ZĂ€it! Et ass e risegt Lafevenement hei zu LĂ«tzebuerg, dat grĂ©isst aus dem Land. Et komme Leit aus der ganzer Welt fir matzelafen, an natierlech lafen och vill ambitionnĂ©iert Hobbyleefer vu LĂ«tzebuerg mat. D’Ambiance an der Stad ass einfach super!

    B: Kléngt cool! Also ass et net just e Sportsevenement, mee éischter eng grouss Party?

    A: Jo, dat kann ee scho soen. D’Stad ass voll mat Leit, dĂ©i dĂ©i verschidde Leefer ufeieren. De Laf fĂ€nkt um Kierchbierg un a geet dann op de Lampertsbierg an duerch d’Stad. De Marathon geet och iwwer MĂ€rel an op d’Gare, mee herno kĂ«nnt jiddereen erĂ«m um Kierchbierg un.

    B: Dat ass awer keng einfach Streck!

    A: Nee, virun allem de Schluss geet zimmlech biergop. Ech hoffen, ech packen dat, mee ech hu gutt trainéiert.

    B: Firwat deet ee sech dann esou eppes un?

    A: Ech sinn d’lescht Joer fir d’éischt mat e puer FrĂ«nn an d’Stad kucke komm an ech hunn dĂ©i AtmosphĂ€r einfach immens fonnt. E puer MĂ©int duerno, hunn ech mech du fir eng Ă©ischt Course ugemellt, bei dĂ€r ech 10 Kilometer gelaf sinn an dat ass awer relativ gutt gaangen.

    B: Wéi laang trainéiers du dann elo fir de Semi-Marathon?

    A: Ech hu mech am Ufank vum Joer ugemellt a lafen elo zĂ«nter zwee MĂ©int mĂ©i konsequent, dat heescht 3 Mol d’Woch. An all Woch e puer Kilometer mĂ©i. Ech hoffen, dass ech et an zwou Stonne packen!

    B: BestĂ«mmt! VlĂ€icht kann ech dech jo och ufeiere kommen. WĂ©i kommen ech dann e Samschdeg am beschten an d’Stad? Fueren d’Busser?

    A: Hmm, du muss e bĂ«ssen oppassen. Vill Stroosse si wĂ©inst dem Laf gespaart an e puer Busser fueren en anere Wee. Kuck am beschten um Internet, do fĂ«nns du bestĂ«mmt all d’Informatiounen.

    B: An der Rei. VillÀicht kommen ech einfach mam Vëlo. Gitt dir dann duerno och nach eraus?

    A: Kloer! Et ginn iwwerall After-Partyen: an der Uewerstad, am Gronn, an esouguer um Glacis. Ech wÀert zwar midd sinn, mee fir ee Béier misst et nach duergoen.

    B: Haha, dat wĂ«ll ech gesinn. Gutt, ech sinn dobĂ€i: fir iech unzefeieren, a fir d’After-Party duerno.

    A: Flott, dat freet mech! VillÀicht kanns du jo och e Schëld mat engem coole Sproch maachen.

    B: Jo, dat ass eng Iddi. VlÀicht fÀlt mir jo eppes Kreatives an. Ech iwwerleeë mir mol eppes!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut schwÀtze mir mat iech iwwer d'Theema Upcycling. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Upcycling

    A: So, d’Kanner lĂ©ieren de Moment, wĂ©i ee richteg recyclĂ©iert, mee ech wĂ«ll hinnen och gĂ€r weisen, wat een nach alles mat Offall maache kann. Du hues mer d’lescht Joer vun dengem Upcycling-Projet erzielt, oder?

    B: Genee! Dat war fir mÀi Stage an der Spillschoul.

    A: Kanns du mer e puer Iddie ginn? Ech weess, um Internet fënnt een alles, mee hues du Beispiller, déi gutt mat de Kanner fonctionéiert hunn?

    B: Jo, natierlech! Eppes, wat sĂ©ier geet, ass en Tic-tac-toe aus FlĂ€schendeckelen. Du mools d’Spill op e StĂ©ck Kartrong vun enger aler KĂ«scht a si kĂ«nnen d’Deckele umolen, entweeder mat zwou verschidde Faarwen oder se mole Symboler drop: en X, e Krees, eng Sonn, en HĂ€erz oder eppes Aneres.

    A: A, dat ass flott! Da fÀnken ech mol un, Deckelen ze sammelen. Mir benotzen net méi sou vill plastiks FlÀschen


    B: Jo, ok! Eng aner Iddi ass, kleng BlummendĂ«ppen aus alen Dousen ze bastelen. DĂ©i hunn ech och doheem, fir meng Kraider an der Kichen. Fir d’éischt muss de d’BĂ©chsen natierlech spullen an de schaarfe Rand vun all BĂ©chs mam Hummer platt schloen. Duerno muss de mam Hummer a mat engem Nol e puer LĂ€cher an de Buedem schloen an da kĂ«nnt der d’BĂ©chs mat Acryl-Faarf umolen. Waart, ech weisen der eng Foto vu mengen...

    A: O, super! Wéi schéin! Déi Iddi gefÀlt mer immens gutt!

    B: Merci! Aus ale KĂ«schten aus Holz oder Kartrong kann een och flott Saache maachen: eng EtagĂšre, e Poppenhaus oder direkt eng kleng Stad mat Gebaier aus MĂŒsli- a CornflakeskĂ«schten. Kuck, d’Stad, dĂ©i d’Kanner opgeriicht hunn ass bal sou grouss wĂ©i eise Klassesall.

    A: Mega! Do si jo och kleng Figuren!

    B: Genee, d’Persounen an d’DĂ©iere sinn aus alen ToilettĂ«rulloen an och ganz einfach ze maachen.

    A: Super! Domat sinn d’Kanner och laang beschĂ€ftegt a kĂ«nne kreativ sinn.

    B: Genee! A wéi all Léierin oder Schoulmeeschter muss de lo ufÀnken, Toilettërulloen ze sammelen.

    A: Haha! Allerdéngs!

    B: Wéi gefÀlt der meng Posch? Déi hunn ech aus enger aler Jeansbox gebitzt!

    A: Cool!

    B: GesÀis de, du kanns och eleng upcycelen a kreativ sinn.

    A: O, ech fÀerten, ech si leider net sou douéiert wéi s du!

  • Zijn er afleveringen die ontbreken?

    Klik hier om de feed te vernieuwen.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi drÀi Persounen iwwer Aktivitéiten, déi ee mat de Kanner zu Lëtzebuerg maache kann, schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    AktivitĂ©ite fir d’Kanner

    Luc: Salut Anna, salut Samira! Wéi geet et iech haut?

    Anna: Salut Luc! Ganz gutt, merci. Ech kucke grad, wat ech de Weekend mat de Kanner maache soll. Wéi geet et dir Samira?

    Samira: Mir geet et och gutt, mee ech sinn e bësse midd, ech hu mech dës Woch vill ëm mÀi Bouf gekëmmert. Hien ass immens aktiv!

    Luc: Haha, jo, dat kennen ech. Meng Duechter war dës Woch och voller Energie. Ech sichen och nach no enger Aktivitéit fir de Weekend.

    Anna: Meng Kanner wollten nees an de Parc Merveilleux goen. Mir waren d’lescht Woch do a si hunn et einfach super fonnt.

    Samira: Jo, de Beetebuerger Park ass wierklech flott. Et gĂ«tt esou vill Spiller an DĂ©ieren. Et kritt ee souguer speziellt Fudder fir d’DĂ©ieren ze fidderen. Dat hunn d’Kanner besonnesch gĂ€r.

    Luc: Ech war nach ni do, mee ech hu schonn dovun héieren. Kënnt een einfach dohin?

    Anna: Jo, ganz einfach. Si hunn och e Parking a souguer Navetten.

    Samira: Wësst der wat och flott ass? De PÀiperleksgaart zu Gréiwemaacher! Mir waren virun zwou Wochen do. Et war immens schéin.

    Luc: Kann een do PĂ€iperleke kucken?

    Samira: Jo, do gëtt et bis zu 40 verschidden Zorte vu PÀiperleken, mee och Villercher, Beien an tropesch Planzen. Déi vill verschidde Faarwen hu mengem Bouf virun allem gefall. Et ass awer zimmlech waarm a fiicht dobannen.

    Anna: Dat klĂ©ngt interessant! Do kĂ«nnen d’Kanner mol eppes Neies gesinn a lĂ©ieren.

    Luc: A propos lĂ©ieren – mir ware viru Kuerzem am NaturmusĂ©e an der Stad. Meng Duechter interessĂ©iert sech fir Fossilien an Dinosaurier. Hatt war faszinĂ©iert!

    Samira: O, do war ech nach net mat mengem Bouf. Ass dat och fir kleng Kanner?

    Luc: Et hÀnkt vun der Ausstellung of, mee ech mengen ab 6 Joer misst dat awer an der Rei sinn. Ech weess, dass vill PrimÀrschoulen dohinner ginn. De Musée ass immens interaktiv.

    Anna: Dat fannen ech esou wichteg! Mir waren d’lescht Joer am Luxembourg Science Center zu DĂ©ifferdeng. Meng Kanner hu mat Roboteren a mat engem risege MagnĂ©it gespillt. Et war wĂ©i eng Spillplaz mat WĂ«ssenschaft.

    Samira: Wow! A wat kascht dee Spaass?

    Anna: Fir Erwuessener sinn et 15 Euro a fir d’Kanner 9 Euro mengen ech, mee et ass wierklech der WĂ€ert.

    Luc: Mir kënne jo eng Kéier all zesumme mat de Kanner dohinner goen.

    Samira: VlÀicht kënne mir jo all Kéier op eng aner Plaz goen, da gesi mir alles Méigleches. Dëse Weekend kéinte mir vlÀicht an den Escher Déierepark goen, se hu gutt Wieder gemellt an et ass gratis.

    Anna: Jo, cool Iddi! D’Kanner kĂ«nnen do ronderĂ«m lafen, DĂ©iere gesinn, fidderen an heemelen.

    Luc: Topp! Mir fÀlt och grad an, dass et den Train 1900 gëtt? Do fiert ee mam Dampzuch vum Fond-de-Gras bis op Péiteng an erëm zeréck.

    Samira: Wierklech?! Dat hunn ech net kannt, mÀi Bouf ass e grousse Fan vun Zich!

    Anna: Da maache mer dat déi zweet Kéier, wa mir eis gesinn a falls et net reent.

    Luc: Jo! Dat ware lo vill Informatiounen. Loosst mech dat opschreiwen. Also: Parc Merveilleux zu Beetebuerg, de PÀiperleksgaart zu Gréiwemaacher, den Naturmusée an der Stad, de Luxembourg Science Center zu Déifferdeng, den Déierepark zu Esch an den Train 1900 am Fonds-de-Gras.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer administrativ Prozeduren wann een nei zu Lëtzebuerg am Land ass schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Zu Lëtzebuerg ukommen

    Elena: Moie StĂ©phanie! Ech si lo zĂ«nter enger Woch hei zu LĂ«tzebuerg, mee ech hunn d’Gefill, et gĂ«tt sou vill ze reegelen! Ech weess net, wou ech ufĂ€nke soll.

    Stéphanie: Hallo Elena! Jo, effektiv. Et ass am Ufank e bësse vill, mee ech hëllefen dir gÀren. Hues de dech scho bei der Gemeng ugemellt?

    Elena: Nee, nach net. Firwat ass dat wichteg?

    StĂ©phanie: Du muss dech umellen, well s du dann e Certificat de rĂ©sidence da kriss. Dee brauchs du fir vill administrativ Prozeduren, wĂ©i zum Beispill d’Krankekeess oder fir e Bankkonto opzemaachen.

    Elena: A, ech verstinn! An, wéi ass et mat der Krankekeess?

    StĂ©phanie: Du muss dech bei der Caisse Nationale de SantĂ© (oder: CNS) umellen. Wann’s de schaffe gees, mĂ©cht dĂ€i Patron dat fir dech. Wann s du nach keng Aarbecht hues, da muss du dech selwer bei der CNS umellen.

    Elena: Ok... A wéi eng Pabeiere brauch ech dofir?

    Stéphanie: Normalerweis brauchs du deng Identitéitskaart, de Certificat de résidence an eventuell en Aarbechtskontrakt.

    Elena: A wann ech e Bankkonto wëll opmaachen?

    Stéphanie: Do brauchs de och deng Identitéitskaart an e Certificat de résidence. E puer Banke froen och en Aarbechtskontrakt.

    Elena: Wow. Merci! Nach eng lescht Fro, wéi ass et mat der Steiernummer? Kréien ech déi automatesch?

    Stéphanie: Jo, normalerweis kriss du se automatesch, mee ech géif an denger Plaz eng Kéier bei der Administration des contributions directes uruffen, wann s du méi konkreet Froen hues. Vill Informatiounen stinn awer och op Guichet.lu an do kanns du alles noliesen.

    Elena: Ui! Ech hunn nach vill ze maachen! Wat ass da genau Guichet.lu?

    StĂ©phanie: Guichet.lu ass eng offiziell RegierungssĂ€it, wou s de all administrativ Informatioune fĂ«nns, dĂ©i s de zu LĂ«tzebuerg brauchs. Et ass wĂ©i e Guide fir d’Steieren, d’SozialversĂ©cherung, Wunnen, d’Aarbecht an nach Villes mĂ©i.

    Elena: Ok, ech verstinn. Villmools merci fir all déi Informatiounen an deng Hëllef!

    StĂ©phanie: ‘t ass gĂ€r geschitt.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi drÀi Persounen iwwer hir Hobbye schwÀtzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen hir Moiesroutine beschreiwen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Iwwer FrÀizÀitaktivitéite schwÀtzen (A1)

    B: Myriam, wat méchs du gÀr an denger FrÀizÀit?

    M: Ech liese gÀr Bicher. Liese mécht mir Spaass. An du, Ben, wat méchs du gÀr an denger FrÀizÀit?

    B: Ech spille gÀr Fussball. Dat ass flott! Ech liese guer net gÀr.

    M: Schued! An du, Liz, wat ass dÀin Hobby?

    L: MÀin Hobby ass molen. Mee ech liesen och gÀr!

    M: Cool! Wat ass dÀi Liblingsbuch?

    L: Hmm
 Ech sinn e groussen Harry-Potter-Fan.

    M: A, du lies gĂ€r Fantasy-Bicher !

    L: Jo, dat ass richteg.

    B: Harry Potter fannen ech och flott. Ech kucken d’Filmer gĂ€r mat menger FrĂ«ndin. Hatt ass och e Fan vun der Serie.

    L: Ben, spills du just Fussball, oder kucks du och Fussball?

    B: Natierlech kucken ech och gÀr Fussball! Meng Liblingsekipp ass den FC Barcelona. Ech kucken all Match op der Tëlee.

    M: Hues du e Liblingsspiller?

    B: Jo, de Pedri. Hien ass jonk a spillt ganz gutt.

    L: Cool!

    Moiesroutine (A2)

    T: Hallo Lea! Du bass awer erĂ«m frĂ©i um BĂŒro.

    L: Moien Theo! Jo, ech sinn all Dag fréi hei. Ech stinn schonn um 6 Auer moies op.

    T: Seriö? Ech erwĂ€che meeschtens erĂ©ischt um hallwer aacht. Da maachen ech fir d’éischt emol drĂ€i Mol de Wecker aus


    L: Haha, dat kennen ech nach vu frĂ©ier. Mee elo muss ech mech all Dag tommelen. Ech erwĂ€che meng Kanner, doe se un – dat dauert Ă«mmer laang.

    T: O jo, dat kléngt stresseg.

    L: Dat ass et och! Duerno duschen ech mech sĂ©ier, ech decken den DĂ«sch, maachen de Kaffi fir jiddereen an ech preparĂ©ieren e Snack fir meng Kanner fir mat an d’Schoul. Duerno geet mĂ€i Mann mat de Kanner op de Bus.

    T: Ech si frou, datt ech just u mech denke muss. Ech stinn op, maachen d’Kaffismaschinn un, an da scrollen ech e bĂ«ssen um Handy. Duerno doen ech mech un, wĂ€sche mech a rasĂ©iere mech. Ech drĂ©nke bal ni Kaffi doheem.

    L: Ech muss moies doheem eppes iessen, soss iessen ech duerno um BĂŒro ze vill Schockela!

    T: Heiansdo huelen ech eng Schmier mat, mee meeschtens kafen ech e Croissant oder eng Schockelasrull beim BĂ€cker.

    L: A wĂ©i kĂ«nns du op de BĂŒro?

    T: Normalerweis fueren ech mam Bus. Ech lauschteren ënnerwee e Podcast oder ech liesen e Buch. An du?

    L: Ech fueren Ă«mmer mam Auto. No der Aarbecht kann ech meng Kanner direkt an d’Schoul siche goen. Mee heiansdo brauch ech laang, wa vill VerkĂ©ier op der Autobunn ass.

    T: Jo, dat kennen ech. De Bus steet och oft an der Stad am Stau. O, et ass scho bal néng Auer! Meng Reunioun fÀnkt glÀich un!

    L: Vill Spaass! Bis herno an der Kantin!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut hu mir den Auteur Bruno de Pinho am Studio. Hie schwÀtzt mat eis iwwer sÀi Buch ,,Vergréisser deng Taass... an hal op, dech ze beschwéieren''.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun eng aner op de Flughafe siche kënnt an iwwer hiert Liewen erzielt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer vun hirem Auslandsemester a Spuenien erzielt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick).

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht! Haut schwĂ€tze mir iwwer Recycling zu LĂ«tzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Recycling

    A: Wou leien déi giel Tuten?

    B: Wéi eng giel Tuten?

    A: Ma déi fir de Plastik!

    B: Du mengs déi blo Tuten!

    A: Sinn déi zu Lëtzebuerg blo? An DÀitschland si se giel. O mei! Ech hoffen, hei ass net alles anescht.
    Kanns du mer wannechgelift erklÀren, wéi dat mam Recycling zu Lëtzebuerg fonctionéiert?

    B: Natierlech! Mir hu vĂ©ier verschidden DreckskĂ«schten. An dĂ©i schwaarz DreckskĂ«scht kĂ«nnt den Offall, deen een net recyclĂ©iere kann, wĂ©i z.B. Iessreschter, ofgelafe LiewensmĂ«ttelen, Schierbelen, den Dreck aus dem Staubsauger, asw. . An eiser Gemeng gĂ«tt dĂ©i schwaarz DreckskĂ«scht ee Mol d’Woch eidel gemaach. Genee wĂ©i dĂ©i grĂ©ng. DĂ©i gĂ«tt och all Woch eidel gemaach. An dĂ©i grĂ©ng DreckskĂ«scht kĂ«nnt den natierlechen Offall, dat heescht: Gras, Blieder, Onkraut (ouni Buedem) aus dem Gaart an den Offall vun Uebst a GemĂ©is. Hues du en Hond?

    A: Jo! De Lucky!

    B: Majo, dengem Hond sĂ€in Hondsdreck kĂ«nnt och doran. Aus all deem Offall kann herno Biogas hiergestallt ginn. Dat nennt ee grĂ©ng, also erneierbar an nohalteg Energie, a wa mer dĂ©i benotze kĂ«nnen, brauche mer keng fossil Energie, wĂ©i PĂ«trol, Äerdgas a Kuel!

    A: ‘t ass wouer! Ech muss vill mĂ©i dorop oppassen! Ech hu kee Gaart, mee ech hunn awer all Dag Uebst- a GemĂ©isoffall...

    B: Jo, ech och...
    Dann...an déi blo Dreckskëscht kommen de Pabeier an de Kartong. Dës Poubelle gëtt bei eis ee Mol all zwou Wochen eidel gemaach. Dat ass nach net laang esou. Fréier ass se just ee Mol de Mount eidel gemaach ginn, mee dat geet elo net méi duer, well mir elo esou vill Artikelen um Internet bestellen, déi a Kartrongskëschte geliwwert ginn.

    A: Genee.

    B: Opgepasst: bei Pizzakartrongen soll een déi Deeler, wou Fett oder Tomatenzooss drop ass, net an déi blo Dreckskëscht geheien, mee an déi schwaarz!

    A: Ok! Du hues gesot, datt Schierbelen an déi schwaarz Poubelle kommen. Firwat kommen déi net an de Glascontainer?

    B: Jo, net all Glas ass d’selwecht. An dĂ©i brong DreckskĂ«scht kĂ«nnt Glas, wĂ©i z.B. GedrĂ©nksflĂ€schen, Glieser, wou Zooss, GemĂ©is, Gebeess oder sou dra war, Flaconen fir Kosmetik, mee keng Glieser, aus deenen een drĂ©nkt. DĂ©i Schierbele kommen an dĂ©i schwaarz DreckskĂ«scht. Keramik a parzelĂ€ins Schierbele kommen och dodran.

    A: Ok. A wéi oft ginn déi brong Dreckskëschten eidel gemaach?

    B: Bei eis ee Mol de Mount. Ech weess awer net, ob dat an all Gemeng esou ass.

    Sou! ZousĂ€tzlech zu de vĂ©ier DreckskĂ«schte gĂ«tt et dann och nach d’blo Tuten.

    A: Fir de Plastik.

    B: Jo, mee net nëmme fir de Plastik.

    A: WĂ©i ech d’lescht Woch heemgaange sinn, stoungen d’blo Tute virun den Haiser an dunn hunn ech eng Multiprise an enger bloer Tut gesinn! Dat ass inakzeptabel!

    B: Watgelift?!? Dat geet dach net!

    A: Ma jo!

    B: Komm, mir kucken nach eng KĂ©ier, wat alles an d’blo Tut kĂ«nnt. WĂ©i ass de Site?

    A: www.valorlux.lu

    B: Also... Verpackungen aus Plastik, wĂ©i GedrĂ©nksflĂ€schen, Duschgel, Shampoing, asw., WĂ€sch- a BotzmĂ«ttelen, Becheren, JughurtsdĂ«ppercher asw., plastiks BlummendĂ«ppen, Barquetten, d’EmballagĂ« vu Sixpacken an Tuten.

    A: Mee, opgepasst: kee schwaarze Plastik!

    B: A jo! An net just Plastik! Och Verpackungen aus Metall, Dousen, Deckelen aus Metall an-

    A: -KĂ€erzen?!

    B: Nee, dee klenge Becher aus Metall vun den Téiliichten.

    A: A, ok!

    B: Zum Schluss dann nach GedrĂ©nkskartrongen, wĂ©i MĂ«llech, Ram oder Jus. O Nee, ech gesi grad: Styropor kĂ«nnt net an d’blo Tut! WĂ©i penibel! Ech hunn de Leit, dĂ©i do schaffen, onnĂ«tz Aarbecht gemaach...

    A: Gutt ze wëssen!

    B: Wichteg ass och, datt een d’Verpackunge platt drĂ©ckt an ausser e puer Reschter solle se eidel sinn. Alles anescht gehĂ©iert net an d’blo Tut. D'Valorlux-Tute ginn all zwou Wochen ofgeholl.

    A: Dat war vill Informatioun an et gëtt wierklech villes, wat ee recycele kann!

    B: Jo! Wann een net sou vill Plaz doheem huet, kann een dat alles natierlech och selwer an de Recyclingzenter féieren.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi eng Persoun bei engem Telefonsprovider urifft, fir hiert Abonnement ze kënnegen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    En Abonnement annuléieren

    Automatesch StĂ«mm: Moien a wĂ«llkomm beim Clientservice vu LĂ«tzTel. Fir d’QualitĂ©it vun eisem Service ze verbesseren, gĂ«tt dĂ«st GesprĂ©ich opgeholl. Bleift wgl. um Apparat.

    Mataarbechter: Moien, Clientservice vu LëtzTel, Marie um Apparat. Wéi kann ech Iech hëllefen?

    Cliente: Moien, ech géif gÀr mÀin Telefonsabonnement annuléieren.

    Mataarbechter O, ech verstinn. KĂ«nnt Dir mir Ären Numm an Är Clientsnummer ginn, wgl?

    Cliente: Jo, mĂ€in Numm ass Heidi Hansen an d’Clientsnummer ass 123456.

    Mataarbechter: Merci, Madamm Hansen. KĂ«nnt Dir mir soen, firwat Dir Äert Abonnement annulĂ©iere wĂ«llt?

    Cliente: Ech hunn elo en neit Abonnement bei enger anerer Firma, déi méi bëlleg ass.

    Mataarbechter: Ech verstinn. Mee, wosst Dir, datt mir och speziell Offeren hunn? Wann Dir wëllt, kann ech Iech e méi bëllegen Tarif proposéieren.

    Cliente: Hmm
 Wéi vill géif dat kaschten?

    Mataarbechter: Mir hunn eng speziell Remise fir eis Clienten. Dir kĂ©int 5€ manner de Mount bezuelen an nach Ă«mmer onlimitĂ©iert SMSe verschĂ©cken an den Internet benotzen.

    Cliente: Dat kléngt net schlecht, mee mÀin neie Kontrakt ass scho gemaach.

    Mataarbechter: Ech verstinn, mee wann Dir wëllt, kënne mir Iech och extra Bonus-Minutten oder méi Datevolume ubidden. Da misst Dir net wiesselen.

    Cliente: Ech weess net


    Mataarbechter: Ech wëll just, datt Dir déi bescht Offer kritt. VlÀicht kéinte mir Iech e Mount gratis ubidden?

    Cliente: Hmm
 Dat ass eng gutt Offer, mee ech muss mir dat nach eng Kéier iwwerleeën.

    Mataarbechter: Kee Problem! Ech kann Iech d’Offer per E-Mail schĂ©cken, an Dir kĂ«nnt Iech an deenen nĂ€chsten Deeg mach eng KĂ©ier bei eis mellen.

    Cliente: Gutt, schéckt mir dat wgl. an ech kucke mir dat un.

    Mataarbechter: Perfekt, Madamm Hansen! Ech schĂ©cken Iech d’Detailer direkt.

    Cliente: An der Rei! Schéinen Dag nach!

    Mataarbechter: Iech och, Äddi!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir fir d'éischt eng Wiederprevisioun, an duerno héiere mir, wéi zwou Persoune PlÀng fir de Weekend maachen-

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Eng Wiederprevisioun

    Da Komme mer elo zu der Meteo fir de Weekend:

    Den AbrĂ«ll weist sech dĂ«se Weekend vu senger beschter SĂ€it! E Samschdeg erwaart eis e frĂ«ndleche Mix aus Sonn a Wolleken. D’Temperature klamme bis op 18 Grad am Norden an 21 Grad am SĂŒde vum Land – perfekt Wieder also fir en TrĂ«ppeltour oder den Ă©ischte Kaffi op enger Terrass. De Wand blĂ©ist nĂ«mme schwaach mat 15 Kilometer an der Stonn.

    E Sonndeg gĂ«tt et dann nach eng KĂ©ier e bĂ«sse mĂ©i waarm. D’Sonn weist sech Ă«mmer mĂ©i, an den Thermometer klĂ«mmt bis op 23 Grad. Just moies ginn et e puer vereenzelt Wolleken am Norde vum Land. Perfekt fir en Auslfuch oder e Picknick am Park!

    Also, dĂ«se Weekend kĂ«nnen d’Jackett an de Prabbeli doheem bleiwen, well et gĂ«tt scho bal summerlecht Wieder!

    E MĂ©indeg gĂ«tt et dann awer schonn erĂ«m mĂ©i onbestĂ€nneg. D’Temperature falen erĂ«m op Ă«nner 10 Grad an am ganze Land muss ee mat Schauere rechnen. GĂ©int der Owend gĂ«tt et dann och mĂ©i lĂ«fteg an de Wand ka bis zu 60 Kilometer an der Stonn blosen.

    Wéi heescht et esou schéin: Abrëll, Abrëll e weess net wat e wëll.

    Vëlo fueren

    A: Hues du d’Wiederprevisioune fir de Weekend gesinn? Et ginn e Sonndeg 23 Grad a Sonn!

    B: Herrlech! Da kann ech endlech mÀi Vëlo aus dem Garage huelen an e Prett fir déi nei Saison maachen.

    A: Dat ass eng gutt Iddi! An ech ginn emol erëm en Tour lafen.

    B: Lafen ass net sou menges, mee ech fuere richteg gÀr Vëlo, virun allem am Fréijoer an am Summer.

    A: Wéi vill Kilometer fiers du dann normalerweis?

    B: Meeschtens tĂ«schent 20 an 30 Kilometer. Heiansdo och mĂ©i, wann ech genuch ZĂ€it hunn oder d’Wieder extra gutt ass. Zu LĂ«tzebuerg ginn et vill flott VĂ«losweeĂ«r, dat ass flott, fir nei Plazen am Land z’entdecken an e bĂ«sse Sport ze maachen.

    A: Dat stëmmt. Mee 30 Kilometer, dat ass wÀit! Virun allem, wann et och biergop geet. Gëss du dann do net ze midd?

    B: E gi schonn e bësse midd, mee duerno fillen ech mech super! A wann ech wierklech ze midd sinn, maachen ech eng Paus a sëtze mech op eng BÀnk an drénken e bësse Waasser.

    A: Wat fir e Vëlo hues du dann? Ass et e Mountain-Bike?

    B: Nee, ech hunn e Coursevëlo, esou Ànlech wéi déi, déi een am Tour de France gesÀit. Ech hat fréier och e Mountain-Bike, mee de Moment hunn ech keng Plaz fir zwee Vëloen a mengem Garage. VillÀicht kafen ech mir eng Kéier e Gravel-Bike, déi si gutt fir op der Strooss an am Bësch.

    A: Du kenns dech jo gutt aus. Ech hu leider kee Vëlo, mee ech fueren heiansdo an der Stad mat deene bloen, elektresche Vëloen. Déi sinn och praktesch fir kleng Distanzen.

    B: Dat stëmmt. VillÀicht kanns du der jo eng Kéier sonndes een huelen, a mir maachen zesummen en Tour?

    A: Dat kléngt flott! Mee da muss ech nach e bëssen trainéieren, datt ech och méi wéi 10 Kilometer packen, haha!

    B: Mir kĂ«nne jo mat engem klengen Tour ufĂ€nken. A wa mir mĂ©i oft fueren, kĂ«nne mer am Summer och beim « VĂ«losummer » matmaachen!

    A: Wat ass dat?

    B: Dat zielen ech dir eng aner Kéier, ech hunn elo glÀich eng Reunioun, sorry!

    A: Net schlëmm! Da vill Spaass op dengem Tour de Weekend!

    B: Merci! An du... Laf gutt e Sonndeg!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut erzielt eis eng Persoun iwwer hir Erfarung mat Blutt spenden.

    Wann dir och Bluttspender wëllt ginn, fannt dir méi Informatiounen op www.dondusang.lu.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Moodle-Account, klickt einfach op "Access as guest".

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer hir PlÀng fir den Ouschterweekend schwÀtzen. Duerno héiere mir, wéi zwou aner Persounen eng Wanderung an de Mëllerdall plangen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    PlÀng fir Ouschteren

    A: An, hues de schonn eppes vir fir den Ouschterweekend?

    B: Jo, natierlech! Mir maachen de vollen Ouschterprogramm mat eiesem Klengen. E Samschdeg fierwe mir doheem OuschtereeĂ«r, dorops freet hie sech schonn immens. E Sonndeg fuere mir da bei d’Boma an de Bopa fir d’Ouschteriessen.

    A: Dat klĂ©ngt flott! GĂ«tt et da bei iech eppes Spezielles fir z’iessen?

    B: Jo, meng Mamm mĂ©cht wĂ©i all Joer en HĂ€mmelsbrot an duerno ginn et natierlech och nach OuschtereeĂ«r aus Schockela an eng Bretzel als Dessert. Am NomĂ«tteg verstoppe mir EeĂ«r am Gaart a siche se da mat deem Klengen. D’lescht Joer huet hie sech immens gefreet, wĂ©i hie se fonnt huet!

    A: Dat gleewen ech! Ouschteren ass ëmmer e flott Fest fir Kanner.

    B: Dat ass wouer. An du? Feiers du och Ouschteren?

    A: Nee, net wierklech. Ech freeë mech awer, datt Ouschterméindeg hei e Feierdag ass. Ech profitéiere vum laange Weekend a fuere mat mengem Frënd op Amsterdam.

    B: Cool! Wat hutt dir dann do geplangt?

    A: NÀischt Extraes, mir ware jo schon e puer Mol do. Ech wëll e bësse shoppe goen a vlÀicht mat engem Boot fueren. Am Rijksmusée war ech nach net, an do ass eng flott Ausstellung. Et ginn och vill gutt Restauranten zu Amsterdam, dorop freeën ech mech och schon.

    B: Dann hoffen ech, datt d’Wieder matspillt an dir gutt vun Ă€rem Weekend profitĂ©iere kĂ«nnt.

    A: Merci, an dir natierlech och! Net, datt dir herno mam Prabbeli no Eeër siche musst, haha!

    B: O, noutfalls verstoppt den Ouschterhues se dann dobannen. Dat hate mir och schonn!

    Eng Wanderung plangen

    Luc: Moien Emma! Hues du Loscht, e Samschdeg eng Wanderung ze maachen?

    Emma: Moie Luc! Jo, dat ass eng gutt Iddi. Wuer wëlls de goen?

    Luc: Mir kéinten an de Mëllerdall goen. Do ass et ganz schéin, et gi Fielsen, kleng Flëss a flott Wanderweeër.

    Emma: Dat klĂ©ngt super! Ech war nach ni do. WĂ©i laang dauert d’Wanderung?

    Luc: Ongeféier drÀi Stonnen. Mir kënne Pause maachen an eppes Klenges iessen.

    Emma: Super! WĂ©i ass d’Wieder e Samschdeg?

    Luc: D’Wieder soll gutt sinn, mee et weess een ni. Du weess jo, wĂ©i dat zu LĂ«tzebuerg ass.

    Emma: Jo (laacht). Ech weess awer net richteg, wéi eng Schong ech undoe soll.

    Luc: Du brauchs bequeem a stabil Wanderschong. D’WeeĂ«r am BĂ«sch kĂ«nnen e bĂ«sse rutscheg sinn, virun allem wann et reent. Turnschlappen mat enger gudder Suel sinn och ok, mee op kee Fall Sandalen oder normal Alldagsschong.

    Emma: A, ech hu gutt Sportschong. Dat misst goen, oder?

    Luc: Jo, dat geet! Et wier och gutt, wann s du eng Reejackett an eng waasserdicht Box undees, da gëss de net naass, falls et dann awer reene géif.

    Emma: O, gutt, datt s du dat sees! Ech hÀtt net dru geduecht. Ech huelen eng Reejackett mat. Muss ech nach eppes Wichteges mathuelen?

    Luc: Jo, e Rucksak mat Waasser an eppes Klenges fir z’iessen. E klengen Energiesnack wĂ©i eng Banann, Dattelen oder e puer NĂ«ss, sinn Ă«mmer gutt.

    Emma: Ok. Ech huelen eppes fir eis zwee mat.

    Luc: Merci, dat ass léif.

    Emma: Gi mir dono nach an e Restaurant iessen?

    Luc: Kloer, am Duerf gëtt et e Restaurant. Si hu lëtzebuergesch Spezialitéiten, wéi Bouneschlupp, Kniddelen a Gromperekichelcher.

    Emma: Mmm, dat kléngt lecker! Ech hunn elo scho Loscht drop!

    Luc: Ech och! Komm mir treffen eis um 10 Auer op der Gare.

    Emma: Perfekt! Bis e Samschdeg!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi drÀi Persounen zesummen am Buchclub iwwer e Buch schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Am Buchclub

    A: Ok, mir kënnen ufÀnken: Wéi huet iech de Roman gefall? Ech si gespaant!

    B: Ech hunn d’Buch gĂ«schter Owend nach sĂ©ier fĂ€erdeggelies. Ech war net esou motivĂ©iert. Leider huet et mir net esou gutt gefall.

    A: Dat ass schued! Wëlls de eis soen, firwat? GefÀlt dir der Schrëftstellerin hire Schreifstil net?

    B: Nee, ech mengen de Genre ass net menges. Ech hu bal nach ni eng Familljesaga gelies, ausser d’Buddenbrooks am LycĂ©e...

    A: Ok, jo, dat kann net jidderengem gefalen. An du, Catherine? Wéi hues du et fonnt?

    C: Bei mir ass et genee Ă«mgekĂ©iert. Ech konnt d’Buch bal net op d’SĂ€it leeĂ«n. Et ass zwar laang, mee ech war no vĂ©ier Deeg fĂ€erdeg. Ech sinn dĂ©i Deeg och vill ze spĂ©it schlofe gaang an hu gelies, bis d’Ae mer zougefall sinn. Ech hat vergiess, datt dat mĂ€i Liblingsgenre ass.

    A: Dat freet mech! MÀin och! Kënnt dir soen, wat iech gutt oder net gutt gefall huet?

    B: D’Beschreiwunge vun de Landschafte ware schĂ©in. Et kann ee sech alles gutt virstellen, wann een et liest. Mee et war ze laang an d’Personnagen hu mech genervt.

    A: Wéi dann?

    B: D’Emily, zum Beispill, huet quasi wĂ€rend der ganzer Geschicht schlecht Decisioune geholl an zum Schluss hat d’Buch awer en Happy End. Dat huet mech negativ iwwerrascht. Den Alexander war mat jidderengem gehĂ€sseg an och hie gouf belount. Dat kann ech net ausstoen!

    C: Mee den Alexander ass jo awer e Personnage, deen duerch e Kandheetstrauma esou ginn ass wéi en ass. Hie ka jo awer nÀischt dofir.

    B: A Nee! Dat kann awer keng Excuse fir sÀi schlecht Behuele sinn! Wat ass dat da fir e Message?

    A: Jo, dat stëmmt. Et dÀerf een him net alles verzeien.

    C: A puncto Emily: ech mengen, d’SchrĂ«ftstellerin wĂ«ll hei weisen, datt een och Guddes verdĂ©ngt huet, wann ee schlecht Decisiounen hĂ«lt, soulaang een e gudde MĂ«nsch ass.

    B: Ka sinn...

    A: Jo, mee natierlech ass et besser, wann een d’Wouerecht direkt seet. Hatt soll eebe grad weisen, datt et kee perfekte MĂ«nsch gĂ«tt.

    C: A soss wier d’Geschicht no 10 SĂ€ite fĂ€erdeg gewiescht!

    B: Jo, ok! D’Zeen mat senge SchwĂ«steren huet mer awer gutt gefall! Do huet ee gemierkt, datt hatt sech verĂ€nnert an zum Gudden entwĂ©ckelt huet.

    C: Jo! D’BezĂ©iung vun de SchwĂ«steren huet mir am beschte gefall. Se erĂ«nnert mech u meng Situatioun. Ech schenken d’Buch definitiv all menge SchwĂ«steren.

    A: Dat ass schĂ©in! DĂ«s Relatioun ass och ee vun de wichtegsten Theemaen am Roman. D’SchrĂ«ftstellerin huet och an engem Interview gesot, datt et d’Haapttheema ass. Si huet d’Geschicht geschriwwen, fir ze weisen, datt dĂ©i Relatioun alles zesummenhĂ€lt. Se huet och en Impakt op dem Alexander sĂ€i Schicksal!

    B: Lo wou s de et sees! Lo gesinn ech dat Ganzt vill méi positiv.

    A: Dat freet mech! Duerfir ass e Buchclub esou flott. Oft liese mir Bicher méi iwwerflÀchlech, mee eréischt zesumme erkenne mir Detailer, déi eis eleng net opfalen.

    B: Genee! DÀerf ech dat nÀchst Buch auswielen?

    C: Natierlech! Wat fir e Genre ass et?

    B: E Thriller!

    A: Spannend! Da so eis den Titel!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi zwou Persounen telefonéieren an e Rendez-vous ofsoen. Duerno lauschtere mir, wéi eng Persoun doheem no hirem Schlëssel sicht.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Acess as guest''.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir eng Situatioun an engem A1-Sproochecours.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Am A1-Sproochecours

    P : Gudde Moien, alleguer! WĂ©i geet et iech ?

    A & B: Ganz gutt !

    P: Haut maache mir eng kleng Widderhuelung vum leschte Cours. Eva, kanns du dech virstellen a soen, vu wou s du kĂ«nns ? FormulĂ©ier duerno eng Fro fir dĂ€in Noper.

    C : Moien, ech sinn d’Eva. Ech kommen aus Ungarn, vu Budapest. An du, wĂ©i heeschs du, a vu wou kĂ«nns du ?

    B : Ech heesche Marco an ech kommen aus Italien, vun Napoli.

    P: Oppassen: Op LĂ«tzebuergesch soe mir “Neapel”. Marco, kanns du dat widderhuelen, wannechgelift?

    B: Jo, Ech kommen aus Italien, vun Neapel.

    P: Tipptopp! Sou, mir widderhuelen elo all zesummen an der Klass! Eva, kanns du d’Instruktioune vum Exercice liesen?

    C: Jo. Kommt an d’MĂ«tt a schwĂ€tzt mat minimum drĂ€i Persounen. NotĂ©iert den Numm, d’Heemechtsland, de Wunnuert an d’Sprooche vun Ă€rem Partner an den Tableau. Dir hutt 15 Minutten ZĂ€it.

    P: Super! Hutt dir nach eng Fro? Nee? Da fÀnkt elo un!

    A : Moien ! Ech heeschen Anna. An du ?

    B : Salut, Anna ! Ech sinn de Marco.

    A : Vu wou kĂ«nns du ?

    B : Ech kommen aus Italien, vun Neapel. An du ?

    A : Ech kommen aus Schweden, vu Göteborg.

    B: Wéi schreift een dat, wannechgelift?

    A: Ech buschtawĂ©ieren: G-Ö (O mat Umlaut) – T – E – B – O -R -G.

    B: Merci!

    A: Ok, dĂ©i nĂ€chst Fro. Wunns du zu LĂ«tzebuerg ?

    B : Jo, ech wunnen zu LĂ«tzebuerg, zu Stroossen. An du?

    A: Ech wunnen och zu Lëtzebuerg, an der Stad, um Lamptersbierg. Wat fir Sprooche schwÀtz du?

    B: Ech schwÀtzen Italieenesch, Englesch, e bësse Franséisch, an elo léieren ech Lëtzebuergesch. An du?

    A: Ech schwÀtze Schweedesch, Englesch, e bëssen DÀitsch, an elo léieren ech och Lëtzebuergesch.

    B: Flott! Et freet mech, dech kennenzeléieren!

    A: Mech och!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut erziele mir iech e bëssen iwwer Bretzelsonndeg. Passend zum Theema héiere mir duerno en Dialog an enger BÀckerei.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Bretzelsonndeg

    A: Salut Alain! An, hues du schonn deng Bretzel fir Bretzelsonndeg kaf?

    B: Bretzelsonndeg? Wat ass dat? Kléngt gutt, mee ech hunn nach ni eppes dovun héieren.

    A: Seriö? Dat ass eng ganz flott Traditioun hei zu LĂ«tzebuerg. De vĂ©ierte Sonndeg an der FaaschtenzĂ€it ass Bretzelsonndeg. DĂ«st Joer fĂ€lt et op den 30. MĂ€erz. Deen Dag schenken d’MĂ€nner de Fraen eng Bretzel.

    B: A, déi mat Salz? Déi ginn et jo dat ganzt Joer beim BÀcker.

    A: Nee, nee, dat ass eng aner Bretzel! Op Bretzelsonndeg keeft een eng séiss Bretzel aus Bliederdeeg mat Mandelen an Zockergoss.

    B: A firwat genee eng Bretzel?

    A: Gutt Fro! Et soll en Zeeche fir d’LĂ©ift sinn. Wann s de genau kucks, erĂ«nnt d’Form vun der BrĂ«tzel och e bĂ«ssen un eng Ëmaarmung.

    B: StĂ«mmt! Et ass wierklech e lĂ©iwe Gest. A wat geschitt, wann d’Fra d’Bretzel kritt?

    A: Wa si och frou mam Mann ass, schenkt si him fir Ouschteren en Ouschteree. Wa si net interessĂ©iert ass, kritt de Mann en eidele Kuerf. Dohier kĂ«nnt och d’Expressioun ,,e Kuerf krĂ©ien’’, also vun enger Persoun, dĂ©i ee gĂ€r huet, ofgeleent ginn.

    B: O mei! An dat ass all Joer esou?

    A: Nee, wann e Schaltjoer ass, ass d’Traditioun Ă«mgedrĂ©it. Da mussen d’Fraen dem Mann, mat deem si frou sinn, eng Bretzel schenken, an d’MĂ€nner entscheede sech tĂ«schent engem Ee an engem Kuerf.

    B: Wéi echt! Da muss ech mech bÀi maachen an eng Bretzel fir e Sonndeg kafe goen. Wie weess, vlÀicht kréien ech jo dann och en Ee fir Ouschteren.

    A: Absolut! Vill Gléck!

    B: Merci!

    An der BĂ€ckerei

    V: Gudde Moien! Wat kritt Dir?

    C: Gudde Moien. Ech hÀtt gÀr e Brout.

    V: HÀtt Dir gÀr en donkelt Brout oder en hellt Brout?

    C: En donkelt Brout, wgl.

    V: Mir hu Roggebrout, Vollkornbrout a Walnossbrout.

    C: Hmm
 d’Walnossbrout klĂ©ngt interessant.

    V: Jo, et ass en donkelt Brout mat vill Nëss. Et ass ganz gutt a passt gutt bei Kéis.

    C: Dann huelen ech eent.

    V: Geschnidden oder net geschnidden?

    C: Geschnidden, wgl.

    V: HÀtt Dir soss nach gÀr eppes? VlÀicht Bréidercher?

    C: Jo, ech huele véier Bréidercher.

    V: Heller oder Vollkornbréidercher?

    C: Zwee hell Bréidercher an zwee Vollkornbréidercher, wgl.

    V: HÀtt Dir och nach gÀr eppes Séisses?

    C: Hmm, jo, hutt dir scho Bretzelen? Geschwënn ass jo Bretzelsonndeg.

    V: Jo, mir hunn normal Bretzelen a gefëllte Bretzelen mat Praliné.

    C: Mmh, ech huelen zwou gefëllte Bretzelen, wgl. Da si meng Kanner frou.

    V: Gutt, e Walnossbrout, zwee hell BrĂ©idercher, zwee VollkornbrĂ©idercher an zwou gefĂ«llte Bretzelen. Dat mĂ©cht 8,60 €, wgl. Bezuelt Dir boer oder mat Kaart?

    C: Boer, wgl. Hei sinn 10 €.

    V: Merci. Hei sinn 1,40 € zerĂ©ck. Braucht dir eng Tut?

    C : Nee, Merci, et geet esou. Äddi!

    V : Äddi, an nach e schĂ©inen Dag.

    C: Merci glÀichfalls.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous fir an de Kino ausmaachen. Duerno schwÀtze mir nach iwwer d'SummerzÀit an d'Auer, déi dëse Weekend geréckelt gëtt.

    -

    D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Op Nofro vum MinistÚre hu mir haut erëm en Episod zum Theema CrÚche fir iech. Mir héieren, wéi eng Educatrice eng Mamm iwwer e Problem mat hirem Kand informéiert.

    Vill Spaass!

    -

    Transkript

    Educatrice: Madamm Horvåth, hutt Dir nach ee Moment ZÀit, fir iwwer de Måté ze schwÀtzen?

    Mamm: Jo, natierlech. Ass alles ok?

    Educatrice: Et ass nĂ€ischt SchlĂ«mmes, mee mir hu gemierkt, datt de MĂĄtĂ© dĂ©i lescht Deeg drĂ€i Mol wĂ€rend der MĂ«ttesrascht an d’Bett gemaach huet an hien Ă«sst och praktesch nĂ€ischt.

    Mamm: O, ech hu gemengt, dat geschitt de Moment just doheem.

    Educatrice: A! Ech hoffen, et ass alles an der Rei! VlÀicht ass et eng Phas?

    Mamm: Dat ass gutt méiglech. Hien ass de Moment immens pappereg, mee mÀi Mann ass zënter enger Woch bei sengen Elteren an Ungarn. Si plënneren an en Altersheem an hien hëlleft hinnen dobÀi. Mir telefonéieren all Dag mat Kamera, mee de Måté verlaangert awer immens vill.

    Educatrice: Dat ass bestĂ«mmt de Grond. Esou VerĂ€nnerunge kĂ«nnen d’Kanner heiansdo veronsĂ©cheren. Mir wĂ€erte probĂ©ieren, him dĂ©i nĂ€chst ZĂ€it extra vill SĂ©cherheet ze ginn.

    Mamm: Merci! Ech probéieren och, hie sou vill wéi méiglech ze berouegen, datt sÀi Papp geschwënn nees doheem ass. Hie kënnt an ongeféier 10 Deeg nees heem.

    Educatrice: Ok! Mir halen Iech um Lafenden. Wann et net besser gëtt, da probéiere mer eng aner Léisung ze fannen.

    Mamm: Villmools Merci, datt Dir mir Bescheed gesot hutt.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun wéinst engem Pak op der Post reclaméiert. Duerno héiere mir en Dialog vun enger Urgence am Spidol.

    Vill Spaass!

    ----

    D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir brauch kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am éischten Dialog vun haut héiere mir, wéi eng Persoun sech bei enger Frëndin informéiert, wat fir en Diplom ee brauch, fir an enger CrÚche ze schaffen. Duerno héiere mir, wéi eng Stagiaire mat hirem Tuteur schwÀtzt an Aktivitéite proposéiert.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    D'Transkript vun dësem Episod kënnt dirhei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.